Déi israeelesch Arméi ass an der Nuecht op de 15. November an d’Al-Schifa-Spidol, dat gréisst an der Gazasträif, agedrongen, wou d’Hamas eng strateegesch Basis opgestallt soll hunn. Dausende Palästinenser sinn op der Flucht virum Krich an d’Spidol geflücht. An dësem Zesummenhang hunn Internetnotzer e Video a sozialen Netzwierker gedeelt, an deem behaapt gëtt, et géif weisen, wéi israeelesch Zaldoten am Spidol ronderëm schéissen.
Israel beschéisst ouni Paus d’Gazasträif als Revanche fir eng beispilllos Attack vun Hamas-Kämpfer de 7. Oktober 2023. Loftbiller vun enger zerstéierter Stad, déi op Facebook am Ëmlaf sinn, weisen awer net d’Konsequenze vun israeeleschen Attacken op dëst Gebitt. Dëst Filmmaterial gouf nom groussen Äerdbiewen am Februar 2023 an der Tierkei opgeholl.
An engem TikTok-Video, dee milliounefach geklickt gouf, gi Welle gewisen, déi Autoen a Gebaier an Israel zerstéieren, wärend dat Land selwer d’Gazasträif als Reaktioun op d’Attacke vun den Hamas-Kämpfer am Oktober 2023 bombardéiert. D’Clips an deem Bäitrag sinn awer falsch duergestallt.
Israel huet eng Online-Campagne gestart, déi virun allem Mënschen an Europa mat traumatiséierende Biller a Berichter vun der Attack vun der radikal-islamistescher Palästinenserorganisatioun Hamas vum 7. Oktober konfrontéiere soll.
De Krich tëscht Israel an der Hamas huet zënter dem Ugrëff vun der radikalislamescher Terrororganisatioun de 7. Oktober an de Vergeltungsschléi vun der israeelescher Arméi an der Gazasträif Dausende vun Doudege gefuerdert. An dësem Zesummenhang si vill viral Videoen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf, fir de Konflikt ze dokumentéieren, awer och eng Zuel un Desinformatiounen. Dozou zielt e Video, an deem een Zaldoten aus engem Fliger klamme gesäit.
No der Attack vun der radikalislamistescher Hamas op Israel de 7. Oktober 2023 an dem uschléissende Beschoss vun der Gazasträif duerch déi israeelesch Arméi goufe sozial Netzwierker intensiv fir d’Dokumentatioun a Kommentéierung vum déidleche Krich genotzt. Gläichzäiteg gouf eng Well vu Feelinformatioune lassgetrëppelt. Sou gouf zum Beispill e Video op TikTok op verschiddene Plattformen an a verschiddene Sprooche mat der falscher Behaaptung gedeelt, dass de Krich tëscht der Hamas an Israel gestallt wier.
Vu Fake-Konten, déi sech als Journalisten ausginn, bis zu Krichscomputerspiller, déi Wouerechte verdréinen: Tech-Plattforme kämpfe mat engem Tsunami u Falschinformatioune ronderëm de Konflikt am Noen Osten tëscht Israel an de Palestinenser, nodeem se hir Mesurë fir d’Moderatioun vum Contenu zeréckgezunn hunn.