Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Cannabis heelt kee Kriibs!

Faktencheck: Cannabis heelt kee Kriibs! - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A sozialen Netzwierker gëtt behaapt, dass Inhaltsstoffer vu Cannabis Kriibs heele kënnen, andeem se eng Villzuel vun Tumeuren zerstéieren. Dat ass awer ierféierend.

“THC ass e Kriibskiller”, heescht et an engem Facebook-Video vum 30. Mee 2022 mam kanadesche Cannabisproduzent Rick Simpson.

An deem Clip mécht de Simpson – deen e Produkt mam Numm “Rick Simpson Oil” verkeeft – Reklamm fir de psychoaktiven Haaptbestanddeel vu Marihuana als Heelmëttel fir verschidde Kriibszorten. Hie seet, d’Therapie kéim duerch “all déi verschidde Cannabinoiden, déi zesummewierken.”

RTL Screenshot of a Facebook post taken July 11, 2022

Aner Facebook-Bäiträg behaapten, d’US-Regierung hätt Informatiounen iwwer Cannabis als Traitement géint Kriibs ënnerdréckt. Eng Partie dovu promouvéieren Aussoe vu Persounen, déi behaapten, vu Kriibs am Endstadium geheelt ginn ze sinn, wärend Notzer vun Twitter Fuerschungsresultater iwwer Cannabis als potentiellt Heelmëttel gedeelt hunn.

D’Behaaptungen entbieren awer der klinescher Fuerschung, sou Medezinner a Gesondheetsagencen.

Den National Cancer Institute (NCI), Deel vun den National Institutes of Health (NIH), erkläert op senger Websäit, dass Cannabinoiden a klineschen Etüde keng Wierksamkeet als Traitement géint Kriibs gewisen hunn. E puer Cannabinoiden, wéi Dronabinol an Nabilon, sinn awer fir d’Behandlung vu kriibsbedéngten Niewewierkungen zougelooss.

“Héichkonzentréiert THC- oder Cannabidiol-Uelegextrakter (CBD) ginn illegal als potentiellt Kriibsmëttel promouvéiert”, seet den NCI. “Dës Ueleger goufen a kenger klinescher Etüd op hir kriibsreduzéierend Wierkung oder Sécherheet ënnersicht.”

Den Institut füügt dobäi, dass verschidde Bestanddeeler vun dësem angeeblechen Traitement “potentiell d’Toxicitéit erhéijen oder d’Wierksamkeet” vun approuvéierte Medikamenter verréngere kéint.

Cancer Research UK kënnt zu enger änlecher Konklusioun, déi op verfügbare Fuerschungsresultater baséiert. Der brittescher Nonprofit-Organisatioun no hu sech e puer Cannabinoiden als wierksam bei der Behandlung vu Péng an Iwwelzegkeet vun der Chemotherapie gewisen – awer et gëtt wéineg oder keng Hiweiser dorop, dass Cannabinoide géint Kriibs selwer wierksam sinn.

“Mir brauche méi Fuerschung, fir erauszefannen, ob Cannabis oder déi doran enthale Chemikalie Kriibs heele kënnen”, seet d’Grupp op senger Websäit. “Klinesch Etüde mussen a grousser Zuel duerchgefouert ginn, bei deenen eng Rei Patienten d’Medikament huelen an anerer net. Da kënne mir vergläichen, wéi gutt d’Behandlung wierkt. Vill vun den Etüden, déi bis elo duerchgeféiert goufen, ware kleng an am Labo.”

D’Behaaptungen, déi online gemaach goufen, komme matzen an enger wuessender Beweegung an den USA, fir Marihuana ze entkriminaliséieren oder ze legaliséieren, ob fir de Medezineschen- oder de Fräizäitkonsum. Awer medezinesch Ausnamen an de jeeweilege Bundesstaate bedeiten net, dass Cannabis Kriibs heelt, soen Experten.

“Et gëtt e Mëssverständnes, dass symptomatesch Erliichterung eppes mat therapeutescher Wierkung ze dinn huet”, sot den Timothy Rebbeck, Professer fir medezinesch Onkologie um Dana-Farber Cancer Institute an Dozent op der Harvard TH Chan School of Public Health. “Et gëtt u Verbindunge vu Cannabis (fir den Traitement géint Kriibs) geschafft, awer et ass eng ganz grondleeënd Etüd, wäit ewech dovun, wat mir als Medikament benotze kéinten.”

De Rebbeck huet festgestallt, dass vill Stoffer an Tester am Labo Potential dofir weisen, Kriibszellen ze zerstéieren. Awer dat ass wäit fort vun enger bewäerter medezinescher Behandlung, déi sech an Tester am Labo, un Déieren an a strengen, grouss ugeluechten Humanetüden als wierksam erweise muss.

“D’Unzuel vun den tatsächleche Medikamenter, déi zu enger méiglecher Behandlung bäidroen, ass extreem kleng”, sou de Rebbeck. “Fir déi allermeescht Verbindungen ass näischt festzestellen.”

Hie sot, dass Mënschen, déi sech fir net-approuvéiert Therapien decidéieren an op medezinesch Berodung verzichten, Traitementer verpasse kéinten, déi eng vill besser Chance op Wierkung hunn.

Vill Kriibsbehandlunge baséieren op Immuntherapien oder notzen den eegenen Immunsystem, fir Kriibs ze bekämpfen. D’Gesamtzuel vu kriibsbedéngten Doudesfäll ass den Donnéeë vun der Amercian Cancer Society opgrond vun der Fréierkennung a verbesserten Traitementsmethod kontinuéierlech erofgaangen.

“D’Fortschrëtter, déi mir an der Kriibsfuerschung gemaach hunn, sinn net manner wéi e Wonner”, sot de Rebbeck.

D’AFP huet nach aner Behaaptungen (hei, hei) iwwer de gesondheetlechen Notze vu Cannabis engem Faktencheck ënnerzunn.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.