Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Däitsch Gasreserve ginn net duer fir zwee Wanteren

Faktencheck: Däitsch Gasreserve ginn net duer fir zwee Wanteren - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An Däitschland lafen d’Preparatiounen, fir am Wanter genuch Gasreserven ze hunn, op Héichtouren. Eng Behaaptung, déi aktuell am Ëmlaf ass, dass déi aktuell Reserve souguer fir zwee Wanteren duer goe géifen, ass par conter net richteg, wéi d’AFP recherchéiert huet.

Dosenden Notzerinnen an Notzer hunn zënter Ufank August e Bäitrag op Facebook (hei, hei) gedeelt, deen ierféierend Behaaptungen iwwer déi däitsch Gasreserve verbreet.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 17.08.2022

Iwwer déi europäesch Gasversuergung kurséieren zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain eng sëllege Falschmeldungen a sozialen Netzwierker. D’AFP huet an der Vergaangenheet scho Behaaptunge gepréift, an deenen éisträichesch Energieversuerger d’Gasreserve vum Land mat Benefice an d’Ausland verkaaft hätten, souwéi verschidde Behaaptungen zum Spritverbrauch vu Flësseggasschëffer.

Den Artikel ass den 3. August 2022 an der Meenungsrubrik “Laut gedacht” an der Gratiszeitung “WochenKurier” erauskomm. D’Zeitung kënnt all Woch a Südbrandenburg an Deeler vu Sachsen eraus an thematiséiert virrangeg lokal Sujeten aus der Regioun. A sozialen Netzwierker ginn zanterhier Fotoe vum Zeitungsextrait gedeelt.

Däitschland ass weiderhin op russesch Gasliwwerungen ugewisen

Den Zeitungsextrait erwäänt eng Analys vum Leibniz-Institut zu Halle iwwer d’Sécherheet vun der Gasversuergung. Ënnert dem Projetsnumm “Gemeinschaftsdiagnose” publizéiert eng Grupp vu Fuerscher aus sechs Wirtschaftsfuerschungsinstituter zweemol am Joer eng aktuell Konjunkturanalys a -prognos fir déi däitsch Ekonomie. Dat ganzt am Optrag vun der däitscher Bundesregierung.

De russesche Staatsbetrib Gazprom hat de 27. Juli 2022 d’Gasliwwerungen a Richtung Däitschland duerch d’Pipeliine Nord Stream 1 op ronn 20 Prozent vun der Maximalleeschtung, oder 33 Millioune Kubikmeter pro Dag, reduzéiert. Een Dag méi spéit huet d’Projetsgrupp “Gemeinschaftsdiagnose” eng Auswäertung mam Titel “Iwwer d’Gefor vun engem Manktem u Gas an Däitschland bei engem Erofstelle vun de russesche Liwwerungen op 20 Prozent” (Original: “Zur Gefahr einer Gaslücke in Deutschland bei einer Drosselung russischer Lieferungen auf 20 Prozent”) publizéiert. Dora simuléieren d’Fuerscher verschidden Zenarie fir d’Gasversuergung an Däitschland, falls déi russesch Gasliwwerungen iwwer laang Zäit op 20 Prozent erofgesat bleiwe sollten.

D’Auswäertung baséiert dobäi op der Suppositioun, dass Russland vun August 2022 u just nach ronn eng Milliard Kubikmeter Äerdgas pro Mount liwwert, wat ronn 20 Prozent vun der maximaler Capacitéit entsprécht. Insgesamt 96 Milliarde Kubikmeter Äerdgas importéiert Däitschland zousätzlech aus anere Länner. Gläichzäiteg geet d’Auswäertung bei de Reserve vun engem Stand vu ronn 67 Prozent (16,4 Milliarde Kubikmeter) Ufank August 2022 aus. D’Nofro beleeft sech an dësem Modell tëscht August 2022 an Dezember 2023 op maximal 119 Milliarde Kubikmeter.

D’Auswäertung kënnt fir dës Simulatioun zum Schluss, “dass sech ausgoend vum initiale Späicherstand en Defizit vu méi wéi 7 Milliarde Kubikmeter ergëtt, dat am Abrëll, Mee an Dezember 2023 zu engem Manktem u Gas féiert.” A kengem vun den errechenten Zenarie ginn déi gespäichert Reserven eleng fir déi zwee nächst Wanteren duer.

RTL Erdgasverfügbarkeit bei einer Drosslung der russischen Erdgasimporte auf 20 Prozent ( Gemeinschaftsdiagnose / Sonderauswertung 28. Juli 2022 / )

Dat confirméiert den Oliver Holtemöller, Vizepresident vum Leibniz-Institut fir Wirtschaftsfuerschung Halle, deen un der Analys bedeelegt war. Hien huet den 18. August an enger E-Mail un d’AFP erkläert, dass déi aktuell gespäichert Gasquantitéiten ouni weider Liwwerungen net duer géife goen, fir den däitsche Gasverbrauch an den zwee nächste Wanteren ze decken. Souguer wann d’Reserven aktuell komplett gefëllt wären, kéint dat gespäichert Gas de Bedarf net decken.

Voll Gasreserven decken emol net e Véierel vum Joresbedarf

De järleche Gasverbrauch an Däitschland läit däitlech iwwer de Späichercapacitéiten. Den Donnéeë vun der Bundesnetzagentur no, déi den däitschen Energiemaart iwwerwaacht, goufen am Joer 2020 an Däitschland 941,1 Terawattstonnen (TWh) Gas verbraucht. 2019 waren et ronn 948 TWh. Déi maximal Späichercapacitéit vun den däitsche Gasreservoire beleeft sech den Donnéeë vum europäesche Portal fir Gasreservoiren Agsi no op insgesamt 243,4 TWh. Dat entsprécht manner wéi engem Véierel vum Gesamtverbrauch vun de leschte Joren.

RTL Entwicklung des Füllstands der deutschen Gasspeicher 2022 im Vergleich zu Vorjahren, Stand 14.08.2022 ( THORSTEN EBERDING, STF / AFP / )

Och d’Bundesnetzagentur huet a verschiddenen Zenarien d’Konsequenze fir d’Gasversuergung an Däitschland, am Fall vu reduzéierte russesche Gasliwwerungen oder engem vollstännege Liwwerstopp, berechent. All Zenario baséiert op  aneren Aschränkunge bei der Liwwerung a Verbrauchswäerter. Eng vun de Modellrechnungen ënnersicht de Fall, dass vun Enn Juli 2022 u just nach 20 Prozent vun de russesche Liwwercapacitéiten an Däitschland ukommen.

Op AFP-Ufro huet e Spriecher vun der Bundesnetzagentur de 17. August 2022 geschriwwen: “Bei enger Upassung vun den Exporter op 20 Prozent wär eng Reduktioun vun der Consommatioun vun op d’mannst 20 Prozent noutwenneg, fir d’Gasversuergung fir den nächste Wanter – awer net automatesch och fir de Wanter 2023/24 – ze sécheren.” Ouni entspriechend Mesure kéinten iwwer de ganze Wanter 2022/23 Berechnunge vun der Bundesnetzagentur no 248 TWh Gas feelen.

D’AFP huet den Auteur vum Artikel am “Wochenkurier” no senge Quelle fir d’Behaaptung gefrot. Hien huet den 18. August 2022 per E-Mail geäntwert, hie géif sech op e Bäitrag bezéien, deen den 28. Juli 2022 bei “Zeit Online” publizéiert gouf. Dësen zitéiert erëm aus engem Artikel vum “Handelsblatt”, deen iwwer d’Resultater vun der Auswäertung vun der Projetsgrupp Gemeinschaftsdiagnose bericht.

A béiden Zeitungsartikele geet awer net dovu rieds, dass déi aktuell gespäichert Gasquantitéiten “nach fir zwee Wanteren” duer goe géifen. Villméi heescht et am Bäitrag vun der “Zeit”: “D’Fuerscher hu berechent, wat geschitt, wann déi russesch Gasliwwerungen iwwer laang Zäit bei 20 Prozent bleiwe géifen. Hir Konklusioun: ‘Wann eis Suppositiounen esou antrieden, géif de Gas souwuel an dësem wéi och am nächste Wanter duer goen’, zitéiert d’Zeitung de Christoph Schult vum Leibniz-Institut fir Wirtschaftsfuerschung zu Halle (IWH).”

Fazit: De Gas, deen Ufank August 2022 an den däitsche Reserve gespäichert ass, geet net duer, fir de Bedarf fir déi nächst zwee Wanteren ze decken. Eng Modellrechnung vun enger Rei Wirtschaftsinstituter koum Enn Juli zum Resultat, dass Däitschland och weiderhin op Gasliwwerungen ugewisen ass, fir säi Bedarf ze decken. D’Capacitéite vun den däitsche Gasspäicher entspriechen ongeféier engem Véierel vun der järlech verbrauchter Quantitéit u Gas an Däitschland.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.