Scroll Top

Faktencheck: Dës Foto weist keen Tunnel tëscht Gaza an Ägypten

Faktencheck: Dës Foto weist keen Tunnel tëscht Gaza an Ägypten - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Mee 2024 huet Israel seng Buedemoffensiv géint d’Hamas zu Rafah am Süde vun der Gazasträif verschäerft. A sozialen Netzwierker ass wärenddeem eng Foto am Ëmlaf, déi e grousse Verbindungstunnel tëscht Rafah an Ägypten weise soll. Vill vun de Bäiträg bezéie sech op d’Ausso vun engem israeeleschen Affekot, deenen no d’Hamas duerch Tunnellen aus Ägypten versuergt géif.

“Ee vu 50 autogroussen Tunnellen, déi Israel entdeckt huet an déi #Rafah mat Ägypten verbannen”, huet en Notzer vun der Plattform X den 20. Mee 2024 iwwer d’Foto vun engem groussen Tunnelagank geschriwwen. Eng Facebook-Notzerin huet dat selwecht Bild den 19. Mee mat de Wierder gedeelt: “Insgesamt goufen zu Rafah méi wéi 700 Tunnellen entdeckt, duerch déi Waffe geliwwert goufen, an d’Cheffe vun der Hamas si mat Geisele weidergezunn.”

Mat dësen an änleche Behaaptunge mécht d’Foto am Moment an däitschsproochege Kanäl op Facebook an X (hei, hei an hei) den Tour. Och an anere Sprooche gëtt d’Foto mat änleche Behaaptunge gedeelt (z.B. op Hollännesch, Englesch an Thai).

RTL © AFP

Bild gouf net zu Rafah gemaach 

Dës Behaaptunge sinn awer falsch: D’Foto gouf wäit vu Rafah ewech fotograféiert. Eng ëmgekéiert Billersich huet erginn, dass d’Bild de 7. Januar 2024 vu Getty Images verëffentlecht gouf. Deemno gouf d’Foto net am Süden, mee ganz am Norde vun der Gazasträif un der israeelescher Grenz vum Fotograf Noam Galai fir Getty opgeholl. An der Bildbeschreiwung steet “Nord-Gaza, 7. Januar 2024: Bléck an en Tunnel, deen d’Hamas de 7. Oktober Meldungen no benotzt soll hunn, fir Israel iwwer de Grenziwwergang Erez unzegräifen.”

De Fotograf Noam Galai huet op senger Instagram-Säit eng Rei Fotoe vum selwechten Tunnel verëffentlecht. Dorënner fënnt ass och d’Bild ze fannen, dat elo a Sozialen Netzwierker mat der falscher Behaaptung am Ëmlaf ass, et géif vu Rafah stamen. A sengem Post schreift de Galai: “Op de Fotoen hei gesitt Dir israeelesch Zaldoten, déi en Terrortunnel sécheren, deen d’Hamas de 7. Oktober benotzt huet, fir Israel iwwer de Grenziwwergang Erez unzegräifen.”

Google Maps no läit Erez am Norde vun der Gazasträif, ongeféier 40 Kilometer vu Rafah am Süden ewech. Dobäi handelt et sech ëm déi zwee wichtegst Grenziwwergäng vun der Gazasträif.

Tunnel tëscht Gaza an Ägypten

Déi meescht vun de Bäiträg, déi d’Bild am falsche Kontext weisen, bezéie sech op eng Ausso vum israeeleschen Affekot Gilad Naom virun dem Internationale Geriichtshaff (IGH) vum 17. Mee 2024 (YouTube-Kanal vun de Vereenten Natiounen, ab Minutt 9:45): “Bal 700 Tunnelschächt goufen zu Rafah identifizéiert, dovu féieren ongeféier 50 Tunnellen an Ägypten”, sot den Naom.

De Gilad Naom gouf als Vertrieder vum israeelesche Justizministère virum IGH gehéiert, an enger Reaktioun op déi urgent Requisitioun vu Südafrika, där no déi israeelesch Buedemoffensiv op Rafah direkt gestoppt soll ginn. Iwwer aner Tunnellen tëscht Ägypten a Rafah seet den Naom (ab Minutt 9:55): “Dës Tunnelle gi vun der Hamas benotzt, fir sech mat Waffen a Munitioun ze versuergen. Méiglecherweis kënne si och dozou benotzt ginn, Geiselen oder héichrangeg Hamas-Kämpfer aus der Gazasträif erauszeschmuggelen.

Ënner der Gazasträif gouf am Laf vun de Joren e grousst Tunnelnetz gebaut. D’AFP hat am Joer 2015 (op Englesch) gemellt, dass déi ägyptesch Arméi angeeblech méi wéi 1.600 Tunnellen aus der Gazasträif zerstéiert hätt, déi vun der Hamas fir de Schmuggel vu Waffen, Liewensmëttel a Geld genotzt gi wären. D’Hamas hat Kairo deemools virgeheit, d’Tunnelle mat Waasser volllafe gelooss ze hunn.

Wéi vill Tunnellen haut nach tëscht Ägypten a Rafah existéieren, ass opgrond vum aktuelle Krich vun onofhängeger Säit schwéier ze iwwerpréiwen. Scho virum 7. Oktober 2023 war d’Gebitt schwéier zougänglech, well dat ägyptescht Militär eng Pufferzon laanscht d’Grenz ageriicht hat.

Am Internet konnt d’AFP just Biller vun Tunnellen tëscht Ägypten a Rafah fannen, déi ongeféier 10 Joer al sinn (z.B. hei an hei). Dës AFP-Foto vun engem Tunnel ënner der Grenz tëscht Gaza an Ägypten staamt aus dem Joer 2013:

RTL © AFP

Den 30. Mee huet Israel eegenen Angaben no d’Kontroll iwwer e 14 Kilometer laange Grenzkorridor tëscht der Gazasträif an Ägypten iwwerholl.

Weider Faktenchecken iwwer de Krich tëscht Israel an der Hamas sinn hei ze fannen.

Fazit: A Sozialen Netzwierker ass am Moment d’Bild vun engem Tunnel am Ëmlaf, vun deem behaapt gëtt, e géif Rafah am Süden vun der Gazasträif mat Ägypten verbannen. Deem ass net esou. D’Foto gouf schonn am Januar 2024 opgeholl a weist en Tunnel am Norden, direkt un der Grenz zu Israel.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.