Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Duechter vum WEF-Grënner schwätzt sech net fir Klima-Lockdowns aus

Faktencheck: Duechter vum WEF-Grënner schwätzt sech net fir Klima-Lockdowns aus - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

D’Duechter vum WEF-Grënner Klaus Schwab, d’Nicole Schwab, ass Member vum Virstand vum Weltwirtschaftsforum (WEF). A sozialen Netzwierker gëtt d’Behaaptung gedeelt, si hätt an engem Video vu kommende “Klima-Lockdowns” geschwat. An dësem Extrait aus dem Joer 2020, dee mat der Behaaptung verbreet gëtt, schwätzt si allerdéngs net vu “Lockdowns”, mee vun der Noutwendegkeet, den Naturschutz an der Wirtschaft méi ze staark ze berécksiichtegen.

“Dauerhaft Klima-Lockdowns kommen – ob et Iech gefält oder net”, heescht et a Bäiträg, déi op Facebook gedeelt ginn. Doran ass e Video mam Nicole Schwab aus dem Joer 2020 an en Artikel ze gesinn, déi vermeintlech aus dem Extrait zitéieren. Deemno soll si angeeblech soen, dass “Klima-Lockdowns” komme wäerten. A Wierklechkeet schwätzt d’Schwab an deem Video net vun däraartege Lockdowns.

Och op Twitter an Telegram ass d’Behaaptung an Ëmlaf, geneesou wéi an anere Sprooche wéi Tschechesch, Englesch a Finnesch.

RTL

De gedeelte Screenshot berout op engem Artikelvun “The People’s Voice” vum 30. Juli 2023. Doran ass e Video enthalen, deen Enn Juli 2023 op der Plattform Rumble eropgeluede gouf. De Video déngt dem Text als Grondlag fir d’Behaaptung vun den angeebleche Klima-Lockdowns. D’AFP huet an der Vergaangenheet scho Falschinformatioune vun “The People’s Voice” a Faktenchecken iwwerpréift.

“Klima-Lockdowns” ginn net ernimmt

De Video gouf ursprénglech am Juli 2021 vun der Organisatioun InTent am Internet verëffentlecht (hei archivéiert). Aus der Beschreiwung vum Video, deen och op YouTube eropgeluede gouf, geet ervir, dass en zu Yvorne an der Schwäiz am Juni 2020 opgeholl gouf an domat dräi Joer méi al wéi d’Bäiträg mat der Behaaptung ass.

Am Video schwätzt d’Nicole Schwab net vu “Klima-Lockdowns”. Amplaz schwätzt si doriwwer, wéi Moossname fir d’Erhuelung vun der Wirtschaft no der Corona-Pandemie dorop ofzile sollten, eng méi nohalteg Ekonomie ze schafen.

“Ech gesinn et als eng enorm Chance, dëse groussen Neistart ze erliewen an dëse risege Geldfloss ze notzen – fir déi gréisser Hiewel, déi de politeschen Decideuren haut zur Verfügung stinn, op eng Aart a Weis ze notzen, wéi et virdrun net méiglech war – fir e Wandel erbäizeféieren, deen net schrëttweis erfollegt, mee op dee mir zeréckblécken a soe kënnen, dass dat de Moment war, an deem mir wierklech ugefaangen hunn, d’Natur an de Mëttelpunkt vun der Ekonomie ze stellen”, seet d’Schwab an deem Video.

Den Trevor Chueu, Spriecher vum WEF, huet der AFP géintiwwer an enger E-Mail vum 10. August 2023 erkläert, dass d’Nicole Schwab, Direktesch vun 1t.org an naturbaséierte Léisungen am WEF, keng Droung iwwer e “Klima-Lockdown” ausgeschwat hätt. “Mir kënne confirméieren, dass et sech heibäi ëm Falschinformatiounen handelt”, huet den Chueu erkläert.

D’Kontrovers ëm de “Great Reset”

Den Artikel an d’Bäiträg an de sozialen Netzwierker sinn déi neist Beispiller vu Konspiratiounstheorië ronderëm de WEF. D’AFP huet sech scho mat verschiddene Falschbehaaptungen iwwer de Forum ausenanergesat, z.B. d’Behaaptung, dass Kënschtlech Intelligenz eng nei Bibel schreiwe sollt oder dass de WEF zur Schluechtung vun Hausdéieren opgeruff hätt.

Am gedeelte Video erwäänt d’Schwab de “groussen Neistart”, also de “Great Reset”. Dobäi handelt et sech ëm e Konzept, dat vum WEF virugedriwwe gëtt an d’Weltwirtschaft no der Corona-Pandemie entspriechend de Grondsätz vu wirtschaftlecher Fairness an ekologescher Nohaltegkeet ëmgestalte soll. Gläichzäiteg gëtt de Begrëff “Great Reset” a Konspiratiounstheorië genotzt a steet dora fir eng globalKonspiratioun vun den Elitten, déi no der Weltherrschaft striewen.

Den Artikel vu “People’s Voice” ernimmt och déi sougenannt 15-Minutte-Stied, e Konzept fir d’Plange vu Stied, dat dorop ofziilt, Quartieren ze entwerfen, an deenen all d’Bedierfnesser vun de Bewunner bannent 15 Minutten ze Fouss oder mam Vëlo erfëllt kënne ginn. Experten hunn der AFP schonn erkläert, dass d’Zil vun dëser Philosophie net dora besteet, d’Beweegungsfräiheet vun de Mënschen anzeschränken.

WEF-Konzepter sollen Naturschutz fërderen

“Wirtschaftleche Wuesstem ka mat engem positiven Afloss op d’Natur anhiergoen. Regenerativ Landwirtschaft ass natierlech och e groussen Deel dovun”, seet d’Schwab am gedeelte Video. “Kënne mir eis selwer als eng Generatioun vun der Ëremhierstellung begräifen?”, seet si weider.

D’Konzepter, déi vun hir erwäänt ginn, goufe vum WEF an der Vergaangenheet schonn diskutéiert. Mat der regenerativer Landwirtschaft sollen d’Biedem verbessert ginn, déi duerch den Asaz vu schwéiere Maschinnen, Düngemëttel a Pestiziden an der intensiver Landwirtschaft geschiedegt goufen. D’Iddi vun der “Generatioun vun der Ëremhierstellung” bezitt sech op méi jonk Mënschen, déi sech fir den Ëmweltschutz asetzen.

D’Schwab raumt an, dass de Wandel, dee si sech wënscht, vill politesche Wëllen erfuerdere géif, an dass d’Acteure vun der Wirtschaft “mat der gewinnter Praxis brieche missten, awer op eng ganz eescht Aart a Weis, fir ze soen: ‘Mir musse ganz schwiereg Entscheedungen treffen’.” Si füügt bäi: “D’Schocke wäerte kommen an nach schlëmmer ginn, wa mir elo net handelen.”

Si erwäänt an hiren Ausféierungen awer keng detailléiert politesch Virschléi fir d’Ëmsetzung vun dëser Visioun. D’AFP konnt keng sou Beleeg dofir fannen, dass d’Schwab oder de WEF ëffentlech zu “Klima-Lockdowns” opgeruff hätten.

Ee vun de Bäiträg zitéiert en Artikel vu “Report24”. Dora gëtt zousätzlech behaapt, dass “Klima-Lockdowns” d’Ursaache vum Klimawandel net bekämpfe” kéinten, well CO2 “just eng limitéiert Roll a Bezuch op d’Erwiermung vun der Atmosphär” spille géif. Behaaptunge wéi dës huet d’AFP schonn hei an hei widderluecht. Bei “Report24” handelt et sech ëm eng Internetsäit, déi an der Vergaangenheet Falschinformatioune verbreet huet, déi vun der AFP iwwerpréift goufen, beispillsweis zu Corona-Schutzimpfungen.

Fazit: Online kurséiert e Video, an deem d’Nicole Schwab 2020 vun der Noutwendegkeet schwätzt, bei der wirtschaftlecher Entwécklung den Naturschutz méi staark an de Fokus ze réckelen. Behaaptungen, dass si dora vun engem “Klima-Lockdown” schwätzt, deen onweigerlech komme géif, si falsch. Am gedeelte Video schwätzt d’Schwab net vu Lockdowns vun dëser Zort.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.