Scroll Top

Faktencheck: “Elections Canada” widderleet Video iwwer angeeblech falschen Ëmgang mat Stëmmziedelen

Faktencheck: "Elections Canada" widderleet Video iwwer angeeblech falschen Ëmgang mat Stëmmziedelen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

E Video, deen am Ëmlaf war, wärend d’Kanadier an de Walbüro goungen, weist angeeblech, wéi Leit, déi an de Walbüroe schaffen, Walurne voll mat Stëmmziedelen ouni richteg Sécherheetsvirkéierunge mat heem huelen. Dat ass awer esou net richteg.

Elections Canada (d’kanadesch Autoritéit, déi fir d’Wale responsabel ass, Um. v. d. Red.) huet matgedeelt, dass an de Kartrongen, déi d’Leit an der Opnam am Grapp haten, keng markéiert Stëmmziedelen dra waren, mä dofir Materialien, déi fir d’Ariichte vun de Walbüroe genotzt goufen. Den Ëmgang mat den ausgefëllte Stëmmziedelen ënnerläit enger strenger Kontroll, well dës a Kartongen stockéiert ginn, déi mat engem amtlech ënnerschriwwene Sigel zougespaart sinn, fir Manipulatiounen ze verhënneren.

“Ech hunn Leit, déi a Walbüroe schaffen, dobäi erwëscht, wéi si Votte mat heem huelen” (“I Caught Elections Workers Taking VOTES HOME”), steet am Titel vun engem Video vum 27. Abrëll 2025 op YouTube.

RTL © AFP

De bal 30 Minutte laange Video vun “MCGA”, engem konservative Kanal mat méi wéi 53.000 Abonnenten, dee sech anscheinend op de Slogan “Make America Great Again” vum US-President Donald Trump bezitt, gouf den 28. Abrëll, wéi d’Kanadier wiele goungen, iwwer 145.000 Mol opgeruff.

Eng Rekordzuel vu 7,3 Millioune Leit hu bei de virgezunnen Neiwalen hir Stëmm ofginn. Et war eng Course tëscht dem Premierminister Mark Carney vun de Liberalen an dem Kandidat vun de Konservative Pierre Poilièvre.

De Clip fänkt domat un, dass de Proprietär vum Kanal, dee sech als Spencer virstellt, behaapt, hie wär de 25. Abrëll virun engem Walbüro zu Hamilton an der Provënz Ontario gewiescht, wéi hie “fënnef Persoune beim Verloosse vum Büro mat Walurnen observéiert huet”.

De Spencer huet si beim Beluede vun hiren Autoe gefilmt an huet weidergefilmt, wéi hien engem vun hinne bis heem nogefuer ass an hien zur Ried gestallt huet.

“Et gëtt net just keng sécher Opbewarungsketten, mee d’Stëmmziedele ginn och mat Bläistëft ausgefëllt”, seet de Spencer an Uspillung op ierféierend Behaaptungen am Internet, deenen no d’Gefor bestéing, dass d’Stëmmziedele verännert oder geläscht géifen, well d’Walbüroe verflicht wären, Bläistëfter zur Verfügung ze stellen (heiarchivéiert).

Hie füügt och eng separat Opnam bäi, an där hie mat e puer Mataarbechter vun Elections Canada telefonéiert huet, vun deenen een d’Prozeduren an d’Sécherheetsvirkéierunge fir den Ëmgang mat Walurnen erkläert hätt. Weider hätt dëse gesot, d’Urne wäre virum Waldag mat ausgefëllte Stëmmziedelen versigelt ginn.

Op Plattforme wéi FacebookInstagram an X hunn Notzer d’Opnam gedeelt, déi virum Walbüro opgeholl gouf, zesumme mat Behaaptungen, se géif Bedruch oder Feelverhale weisen.

“MCGA huet Mataarbechter vun Elections Canada dobäi erwëscht, wéi si géint d’Virschrëften, fir d’Stockéiere vun de Walziedelen, verstoussen an d’Walurnen nees mat heem geholl hunn”, heescht et an engem Instagram-Post.

RTL © AFP

“Dat ass de Beweis dofir, dass d’Wale manipuléiert sinn an d’Liberal hannert dem Bedruch stiechen”, heescht et an engem anere Bäitrag op Facebook. “All Walurn kann duerch eng aner Urn ersat ginn, genee wéi d’Walziedelen, well d’Votte just mat Bläistëft markéiert sinn.”

De Video géif awer net weisen, dass Assesseuren d’Stëmme vun de Kanadier falsch traitéieren, sou Elections Canada.

Urnen enthale keng ausgefëllt Stëmmziedelen

An engem Thread op X vum 28. Abrëll, dee sech mat dem MCGA-Video beschäftegt huet, huet d’Autoritéit d’Leit, déi de Video kucken, do virdru gewarnt, “alles ze gleewen, wat si gesinn”.

“Et gëtt e Video, deen online gedeelt gëtt, zesumme mat enger Rëtsch ongeneeën Informatiounen”, huet Elections Canada geschriwwen (hei archivéiert). “D’Walurnen am Video sinn net mat ausgefëllte Stëmmziedele gefëllt; do war Material dran, dat fir d’Ariichte vun de Walbüroen um Waldag néideg ass.”

Am Thread gouf erkläert, dass Beamten “eidel Walurne benotzen, fir d’Material ze transportéieren, déi fir d’Ariichte vun de Walbüroen um Waldag néideg sinn”, an dass “Walurnen, wou ausgefëllt Stëmmziedelen dra sinn, uerdnungsgemäss mat engem offizielle Sigel geséchert ginn, dee vun Assesseure virun Zeien ënnerschriwwe gëtt” (hei an hei archivéiert).

D’Autoritéit huet mat änleche Kloerstellunge villen aner Notzergeäntwert, déi wéinst dem Video nogefrot haten – an och als Äntwert op den X-Account vum MCGA-Kanal (hei, hei, hei an hei archivéiert).

Elections Canada huet der AFP an enger E-Mail vum 28. Abrëll matgedeelt, dass zum Material, dat fir d’Preparatioun vun de Walbüroe fir de Waldag erfuerderlech war, Schëlter, Feedback-Formulairen an Aktivitéitsprotokoller gehéiert hunn.

D’Autoritéit sot, dass d’stellvertriedend Walbürospresidenten oder déi zentral Bürospresidenten dëst Material virun de Walen am lokale Walbüro ofhuelen, wou dëst Material stockéiert gëtt.

“Si huele se mat heem, wa se net virdrun Zougang zum Walbüro hunn, well e puer Walbüroe just fir een Dag gelount ginn”, sou d’Autoritéit géintiwwer der AFP. “Déi eidel Walurne kënne fir den Transport vum Material benotzt ginn.”

An de weideren Opname vum MCGA-Kanal sot d’Persoun, där de Spencer bis heem nogaangen ass a si befrot huet, iwwer d’Urn: “Se ass eidel.” De Mann sot dunn, hie misst d’Urn mat heem huelen, fir dass hie se um Waldag an e Walbüro brénge kéint.

Schutzmesurë fir Walurnen

D’Walurnen, wou d’Walziedelen aus de Walbüroen dra sinn, si bis zum Ausziele vun de Resultater um Waldag duerch eng Rëtsch Sécherheetsvirkéierunge geschützt, sou Elections Canada géintiwwer der AFP.

An der Rubrik “ElectoFacts” op der Internetsäit vun der Autoritéit heescht et, dass de stellvertriedende Walbüropresident (DRO, deputy returning officer) no all Dag bei virgezunnen Neiwale de Schlitz vun der Walurn versigelt an de Sigel zesumme mat den Vertrieder vun de Parteien oder Kandidaten, déi present sinn, ënnerschreift, fir Manipulatiounen ze verhënneren (hei archivéiert). D’Säite vun all Walurn ginn och versigelt.

D’Walurne mussen zu all Moment versigelt an op enger sécherer Plaz stockéiert ginn, an d’Iwwergi vun den Urne muss ëmmer protokolléiert ginn, heescht et op der Internetsäit.

“An der Zäit tëscht de virgezunnen Neiwalen an der Auszielung vun de Stëmmziedelen um Waldag ginn d’Walurnen entweeder op senger sécherer Plaz am Walbüro oder ënnert der Opsiicht vum DRO ënnerbruecht”, heescht et weider.

D’Zerstéierung oder soss eng Beanträchtegung vun enger Walurn oder den Stëmmziedelen, déi an der Urn sinn, ass no kanadeschem Walgesetz illegal. Wie géint dëst federaalt Walgesetz verstéisst, muss mat Geld- a souguer Prisongsstrofe rechnen (hei archivéiert).

“Assesseure schwieren en Eed, dass si d’Walënnerlagen net manipuléieren a keng Stëmmen ewechgeheie wäerten, a si ënnerschreiwen en offizielle Protokoll am lokale Walbüro vun Elections Canada, wa si déi net ausgefëllt Walziedele kréien”, sou Elections Canada an hirer E-Mail.

D’AFP huet nach aner Feelinformatiounen iwwer d’Walen a Kanada opgedeckt.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.