Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Fleesch, Mëllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt

Faktencheck: Fleesch, Mëllechprodukter a Privatautoe bleiwen och no 2030 erlaabt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Am Paräisser Klimaofkommes hu sech d’Vereenten Natiounen d’Zil vun 1,5 Grad gesat, fir géint d’Klimaerwiermung virzegoen. A sozialen Netzwierker gëtt fälschlecherweis behaapt, 100 Stied géifen – ënnerstëtzt vum Weltwirtschaftsforum – de Konsum vu Fleesch a Mëllechprodukter oder och de Besëtz vu privaten Autoen ab 2030 verbidden.

“100 Stied wëlle bis 2030 Fleesch, Mëllechprodukter a privat Autoe verbidden”, heescht et an der Iwwerschrëft vun engem online gedeelten Artikel. “Fir dat ‘Zil’ ze erreechen, hu sech d’C40-Stied verflicht, dass hir Awunner déi follgend Lëscht vu verbindleche Reegelen anhale wäerten: 0 kg Fleeschkonsum, 0 kg Mëllechprodukter, 3 nei Kleedungsstécker pro Persoun a Joer, 0 privat Gefierer am Besëtz, 1 Kuerzstreckefluch (manner wéi 1500 km) all 3 Joer pro Persoun”, gëtt an dësem Bäitrag aus dem Artikel zitéiert, deen iwwer 200 Mol gedeelt gouf.

Den Artikel staamt vum Internetblog “tkp”, d’Behaaptung ass och an Artikelen op den Internetsäite vu “Report24“, “Weltwoche“, “Tichys Einblick” a “Reitschuster” ze fannen. D’AFP huet an der Vergaangenheet scho Falschbehaaptungen iwwerpréift, déi beispillsweis vu “tpk” a “Report24” verbreet goufen (hei an hei).

Och op X (fréier Twitter) fanne sech Honnerte vu gedeelte Bäiträg mat der Behaaptung, an Telegram-Kaneel goufen Norichten iwwer dëse Sujet iwwer honnertdausend Mol ugekuckt. En Tiktok-Video, an deem e Mann iwwer d’Behaaptung schwätzt, gouf och iwwer dausend Mol gedeelt.

Net just privat Notzerinnen an Notzer verbreeden dës Behaaptung iwwer dat angeeblecht Virgoe vu Stied, och déi däitsch Querdenker-Partei Die Basis (Facebook-Bäitrag hei archivéiert), d’AfD-Deputéiert am Bundestag Dirk Spaniel und Jörn König (Bäiträg hei an hei archivéiert) souwéi déi nationalkonservativ Schweizerische Volkspartei (Bäitrag hei archivéiert) hu se op Facebook gedeelt.

Änlech Behaaptungen doriwwer eraus sinn op Englesch, Spuenesch a Finnesch am Ëmlaf.

RTL

D’Behaaptunge sinn awer falsch. D’Bäiträg an den Artikel, dee mat hinne gedeelt gëtt, beruffe sech op e Bericht aus dem Joer 2019 (Link hei archivéiert), deen ënner dem Titel “The Future of Urban Consumption in a 1.5C World” (op Lëtzebuergesch “D’Zukunft vum stättesche Konsum an enger 1,5-Grad-Welt”) vum Netzwierk vun den C40-Stied verëffentlecht gouf.

Bei dësem Netzwierk handelt et sech ëm eng Grupp vu weltwäit ronn 100 Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren (Link hei archivéiert), déi sech zesummegedoen hunn, fir zesumme géint de Klimawandel virzegoen, andeem se hir Zäregasemissioune reduzéiere wëllen.

Eng Rëtsch vun de Bäiträg schwätzen net just vun 100, mee vun 1000 Stied, wéi dësen dacks gedeelte Bäitrag op X:

RTL

Dat kënnt dohier, dass d’Netzwierk vun den C40 zesumme mat weidere Partnere zu der Campagne “Race to Zero” opgeruff huet (Link hei archivéiert). Dobäi sollen 1000 Stied zesummeschaffen, fir hir Ënnerstëtzung fir integrativ Klimaschutzmesuren am Aklang mat den Ziler vum Paräisser Ofkommes ze demonstréieren.

CO2-Emissiounen duerch Konsumverhalen

Am Rapport vun den C40-Stied aus dem Joer 2019 heescht zu den Zäregasen, déi duerch Konsumverhalen entstinn: “Am Joer 2017 hunn d’Emissiounen, déi a Relatioun mat Liewensmëttel stinn, schätzungsweis 13 Prozent vun de gesamte verbrauchsbedéngten Emissiounen an den C40-Stied ausgemaach.” D’Zil vum Rapport wär et, “praktesch Moossnamen unzereegen”.

“Ongeféier dräi Véierel vun dësen Emissioune stamen aus der Consommatioun vun déieresche Liewensmëttel, déi aner 25 Prozent aus der Consommatioun vu planzleche Liewensmëttel” heescht et.

Etüd formuléiert Ziler fir CO2-Reduktioun

Fir de Bericht huet d’Netzwierk vun den C40-Stied mat der Universitéit Leeds an der global täteger Firma Arup, déi op nohalteg Entwécklung spezialiséiert ass, zesummegeschafft. Dora goufe Modeller ausgeschafft, wéi fënnef verschidde liewensmëttelbezu Moossnamen d’Evolutioun vun der globaler Erwiermung beaflosse géifen. De Bericht enthält souwuel “progressiv” wéi och “éiergäizeg” Ziler fir 2030.

Déi “éiergäizeg” Ziler gi vun engem Null-Kilogramm-Konsum vu Fleesch a Mëllechprodukter, enger Uewergrenz vun 2500 Kalorien den Dag a kenge Liewensmëtteloffäll an engem Stot aus.

“Wann d’C40-Stied hir Gewunnechte vum Liewensmëttelkonsum am Aklang mat de festgeluechte progressiven Ziler änneren, kéinten d’Emissiounen an dëser Kategorie tëscht 2017 an 2050 ëm 51 Prozent gesenkt ginn”, heescht et an deem Bericht. “D’Unhuele vun éiergäizegen Ziler géif eng weider Reduzéierung ëm 9 Prozent erméiglechen.”

RTL

RTL

De Bericht enthält och dat éiergäizegt Zil, den Neikaf vu Kleedung pro Persoun a Joer op dräi Kleedungsstécker ze reduzéiere souwéi d’Reduktioun op keng Persounegefierer am Privatbesëtz ab dem Joer 2030.

Keent vun dësen Ziler ass dobäi eng Recommandatioun fir politesch Entscheedungen. “An dësem Bericht gëtt net dofir plädéiert, dës éiergäizeg Ziler an allen C40-Stied ze iwwerhuelen. Villméi solle se eng Rei vu Bezuchspunkte bidden, iwwer déi Stied an aner Acteuren nodenke kënnen, wa se verschidden Alternative fir d’Emissiounsreduzéierung a laangfristeg stättesch Visiounen a Betruecht zéien” heescht et am Dokument.

D’Netzwierk huet bestätegt, dass de Bericht “eng Analys vun op Konsum baséierenden Emissiounen an den C40-Stied ass an et sech net ëm e Plang fir Stied handelt, dee si iwwerhuele sollen”, huet e Spriecher an enger E-Mail vum 10. Juli 2023 géintiwwer der AFP matgedeelt. “Et ass un all Eenzelem, seng eegen Entscheedunge fir säi Liewensstil ze treffen, inklusiv de Liewensmëttel, déi hien zou sech hëlt, an der Kleedung, déi hie bevirdeelegt.”

WEF widdersprécht Behaaptungen

An den Artikelen a Bäiträg gëtt ausserdeem de Weltwirtschaftsforum (Englesch: World Economic Forum, WEF) genannt, deen deemno mat de Pläng vun de Stied a Verbindung stoe soll. Effektiv hunn d’C40-Stied eng Säit op der Internetsäit vum WEF (Link hei archivéiert). Op der Lëscht vun hire Partner a Donateure féieren d’C40-Stied de Forum net op (Link hei archivéiert), par conter gi se als Partner fir den Equivalent vum WEF, d'”Net Zero Carbon Cities” opgeféiert (Link hei archivéiert).

De WEF, eng international Netregierungsorganisatioun, déi all Joer zu Davos an der Schwäiz zesummekënnt, ass heefeg Zil vun Desinformatiounen. D’AFP huet an der Vergaangenheet scho Falschbehaaptungen iwwer de WEF widderluecht, zum Beispill iwwer eng KI-generéiert Bibel oder Klima-Lockdowns.

Och de WEF huet de Rumeure ronderëm d’Beschränkunge fir Fleesch a Mëllechprodukter widdersprach, wéi de Spriecher vum WEF, de Yann Zopf, géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 7. Juli 2023 erkläert an och d’Behaaptungen als “komplett falsch” bezeechent huet. Doriwwer eraus hätt d’Organisatioun guer keen Afloss op Regierungen oder d’Politik.

“Wärend de Weltwirtschaftsforum dozou bäidréit, doriwwer nozedenken, wéi eng wuessend Weltbevëlkerung nohalteg an narhaft ernäert kéint ginn, huet eis Organisatioun net d’Absicht, d’Ernierung vun de Mënschen anzeschränken”, huet den Zopf erkläert.

Kee Bezuch zu “Smart Cities”

De WEF dirigéiert d’G20 Global Smart Cities Alliance on Technology Governance, eng Initiativ, déi eng verantwortungsvoll an eethesch Notzung vu Smart-City-Technologië sécherstelle wëll (Link hei archivéiert). A Smart Cities soll intelligent Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie d’Bedeelegung an d’Liewensqualitéit erhéijen souwéi déi nohalteg Entwécklung fërderen. Och bei dësem Projet ass Arup Partner (Link hei archivéiert).

An dësem vum WEF dirigéierten Zesummeschloss setze 36 Stied Pionéierprojeten ëm a wëlle sou den Zougang zu Infrastruktur an Ariichtunge verbesseren an zukünfteg Technologien, wéi autonom Gefierer, plangen. Am Bericht vun den C40-Stied aus dem Joer 2019 gi Smart Cities awer net ernimmt.

Am Zesummenhang mat der Falschbehaaptung iwwer d’Consommatiounsaschränkunge gëtt an de Bäiträg an Artikelen och de “Great Reset” genannt. Dobäi handelt et sech ëm den Titel vun engem Buch vum Klaus Schwab aus dem Joer 2020 (Link hei archivéiert) iwwer d’Auswierkunge vun der Corona-Pandemie souwéi ëm eng Initiativ vum WEF fir d’Ëmgestaltung vun der Ekonomie, fir global Erausfuerderunge meeschteren ze kënnen (Link hei archivéiert). D’Initiativ geréit ëmmer nees an de Fokus vu Konspiratiounstheorien, wéi d’AFP beispillsweis hei beliicht huet.

Fazit: Behaaptungen, no deenen 100 resp. 1000 Stied ab 2030 Fleesch, Mëllechprodukter an an de Besëtz vu Privatautoe verbidde wëllen, si falsch. Se berouen op dem Bericht vum Netzwierk vun den C40-Stied, dee Stied Denkustéiss fir d’Reduktioun vun den Zäregasemissioune soll liwweren. Och e Spriecher vum Netzwierk souwéi de WEF-Spriecher Yann Zopf hunn der Behaaptung widdersprach.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.