Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachzäitschrëften an

Faktencheck: Klimaskeptiker schleise falsch Fuerschungsresultater a Fachzäitschrëften an - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Ierféierend Etüden, déi Zweiwel un der Menace duerch de Klimawandel séien, schläiche sech a Fachzäitschrëfte mat Peer-Review ein. Do virdru warne Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen an nennen en aktuellt Beispill. D’Auteuren vun dëser Etüd hunn en Interessekonflikt bestridden.

Säit laangem bestinn Zweiwel un de Geschäftsmodeller vu Zäitschrëften, déi eng finanziell Entschiedegung vun Akademikerinnen an Akademiker huelen, déi op Verëffentlechungen ugewise sinn. Elo koum de Virworf op, dass Auteuren an Autorinnen, déi virageholl sinn, de System ausnotzen, fir de Klimaschutz ze ënnergruewen.

Etüd iwwer peruanesch Gletscheren

An engem vun der AFP ënnersichte Fall hu Spezialisten a Spezialistinne fir Gletscheren op eng Etüd verwisen, déi am November 2022 an der Fachzäitschrëft “Journal of South American Earth Sciences” erschéngen ass, déi vun der grousser hollännescher akademescher Verlagsgrupp Elsevier erausgi gëtt. D’Etüd huet virdrun e Peer-Review-Prozess duerchlaf. Domat ass d’Qualitéitssécherung vun enger wëssenschaftlecher Aarbecht duerch onofhängeg Expertinnen an Experten aus dem selwechte Fachgebitt, déi d’Schreiwes duerchginn, gemengt.

D’Etüd huet eng aner Aarbecht vu Fuerscher vun der brittescher Oxford University opgegraff, déi an der Fachzäitschrëft “Nature Geoscience” verëffentlecht gouf. Se huet där hir Resultater zeréckgewisen, no där déi vum Mënsch verursaacht Erwiermung d’Schmëlze vun engem peruanesche Gletscher ausgeléist hätt, deen eng no geleeë Stad iwwerschwemme kéint.

D’Etüd am “Nature” ass och dowéinst wichteg, well se an engem Geriichtsprozess als Beweis opgelëscht ass. E peruanesche Bauer verklot mat Ënnerstëtzung vun enger Netregierungsorganisatioun den däitschen Energiekonzern RWE wéinst der Roll, déi deem seng Emissiounen u Kuelestoff bei der Äerderwiermung – an domat och bei der Menace vu senger Heemechtsstad Huaraz – gespillt soll hunn.

Zwee vun den Auteure vun der zweeter Etüd, de Geolog Sebastian Lüning an de Chemiker a Politiker Fritz Vahrenholt, sinn eemoleg Managere vun RWE. Si si bekannt Klimaskeptiker an hunn 2012 zesummen e Buch publizéiert, dat den Titel “Die kalte Sonne: Warum die Klimakatastrophe nicht stattfindet” huet. Béid Auteure ware fir eng Reaktioun net disponibel.

RTL © AFP

Den Nathan Stansell ass Paläoklimatolog op der Northern Illinois University an den USA. Hien ass ee vun de Wëssenschaftler, deenen hir Aarbecht an der Etüd zitéiert gouf. Hie sot géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 22. Mäerz 2022, d’Etüd wär “voll vu Feelinformatiounen, falsche Charakteriséierungen a Partialitéit”.

Weider sot hien: “Si féieren ëmmer dat selwecht widderluechtent Argument un: Well et am Mëttelalter waarm war, wär déi jéngst Erwiermung net alarméierend. De Groussdeel vun der Paläoklima-Gemeinschaft huet erkannt, dass déi Gruppen, déi versichen, dësen Iertum ze verbreeden, net mat wëssenschaftlechen Donnéeë konkurréiere kënnen.”

An anere Fäll, sot hien, “ginn d’Klimaleegner ganz raffinéiert. Si fügen hirer Etüd eng Geschicht bäi, déi eigentlech näischt domat ze dinn huet, fir dass si spéider dorop verweise kënnen. Als Redakter vun e puer Zäitschrëften hunn ech dat schonn e puermol erlieft. Dat ass immens iergerlech.”

Verzerrt Grafik

D’Haaptgrafik an der Etüd vum Haaptauteur Lüning nennt als Quell eng Aarbecht vum Gletschergeolog Jorge Strelin vun der Universitéit Córdoba an Argentinien aus dem Joer 2008. De Strelin huet géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 22. Mäerz 2023 erkläert, dass d’Donnéeën, déi a senger Aarbecht zitéiert goufen, falsch duergestallt goufen, besonnesch duerch d’Ewechloosse vun Elementer, déi de staarke Réckgang vum Gletscher am vergaangene Joerhonnert weisen.

En drëtten zitéierte Wëssenschaftler aus der Lüning-Etüd ass de Ben Marzeion. Hien ass Professer fir Klimageografie op der däitscher Universität Bremen. Hien hält d’Etüd fir “feelgeleet”, well se “näischtsoend” Vergläicher tëschent Verännerungen an ënnerschiddlechen Zäitraim mat ënnerschiddleche Klimavariabelen a Gletschermoossstief amplaz.

“Wär ech Expert gewiescht, hätt ech vun enger Verëffentlechung dréngend ofgeroden”, sou de Marzeion géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 20. Mäerz 2023.

D’Redaktere vun der Zäitschrëft hate virdru Bedenken iwwer d’Etüd geäussert, waren allerdéngs “mat der Äntwert vum Auteur zefridden”, huet den Andrew Davis, de stellvertriedenden Direkter vum Kommunikatiounsdepartement vun der Entreprise Elseviers an Europa, der AFP de 17. Mäerz 2023 per E-Mail matgedeelt. “D’Editeure konnte keen oneethescht Verhale feststellen a sinn der Meenung, dass déi zwou Fuerschungsgruppen einfach net mateneen iwwereneestëmmen”, sot hien.

De Verlag huet sech awer och fir d’Sträiche vun engem Oppeleeë an der Originalversioun entschëllegt. “Et ass unzemierken, dass SL (Lüning) an FV (Vahrenholt) eemoleg Mataarbechter vun der Firma RWE sinn. D’Etüd gouf dovun net beaflosst”, housch et ursprénglech an der Umierkung. Se ass an enger virleefeger Versioun vun der Etüd erschéngen, gouf awer an der publizéierter Versioun net méi ernimmt.

Elsevier huet matgedeelt, dass d’Oppeleeën no Zoustëmmung vun den Auteuren an d’Etüd opgeholl géif. “De Verlag géif sech gär fir déi entstanen Ëmstänn entschëllegen”, heescht et an enger E-Mail vum 4. Abrëll 2023 un d’AFP.

RTL © AFP

Den Auteur vun der Oxford-Etüd, de Rupert Stuart-Smith, huet der Zäitschrëft am Abrëll 2023 eng Widderleeung vum Lüning senger Aarbecht virgeluecht. An enger éischter Versioun, déi vun der AFP konnt agesi ginn, gëtt d’Benotze vun Donnéeën an dëser Géigenetüd ugefecht an opgeféiert, wéi eng “ongenee oder ierféierend Behaaptungen” opgestallt goufen.

De Stuart-Smith huet der AFP den 23. Mäerz 2023 an enger E-Mail matgedeelt: “Et ass vill méi einfach, dat als einfach Meenungsverschiddenheet ofzedinn an eis ze erlaben, de reguläre Prozess vun den ëffentleche Kommentarer a Reaktiounen ze duerchlafen, wéi formal Moossname géint e verëffentlechten Artikel ze ergräifen.”

Den Davis vun Elsevier huet der AFP an enger E-Mail vum 31. Mäerz 2023 matgedeelt, dass den “Journal of South American Earth Sciences” Autorinnen an Auteuren erlaabt, “eng Beaarbechtungstax fir den Artikel ze bezuelen a fir d’Verëffentlechung an der Zäitschrëft ze bezuelen. Dat ass e ganz normaalt Ofkommes tëscht allen akademesche Verlager”. D’Artikele ginn am Kader vun dësem Prozess engem Peer-Verfaren ënnerzunn.

Entreprise bestreit Finanzéierung vun der Etüd

2021 war e weidere wëssenschaftlechen Artikel iwwer de Peru-Gletscher an der Zäitschrëft “Remote Sensing” vum Verlag MDPI mat Sëtz an der Schwäiz erschéngen. An der Etüd, déi RWE a sengem Ripostement d’instance als Beweismëttel ugeféiert huet, goufen Donnéeën iwwer d’Fléissgeschwindegkeet vum Äis gepréift an de Risiko vu Lawinen an doraus resultéierenden Iwwerschwemmunge bewäert.

De Stansell sot an enger E-Mail vum 22. Mäerz 2023, de Passage iwwer den Iwwerschwemmungsrisiko hätt an engem separaten Artikel sollen traitéiert ginn, well “en op der falscher Plaz ze si schéngt an net direkt mat den Haaptresultater an Zesummenhang steet”.

An engem Artikel vun der brittescher investigativer Mediegrupp “Source Material” aus dem Joer 2022 heescht et, dass d’Etüd zum Deel duerch d’Finanzéierung vun RWE erstallt gouf. An deem Artikel ginn déi zwee Haaptauteure vun der Etüd mat de Wierder zitéiert, si hätten d’Etüd gratis an ouni Opfuerderung duerch d’Entreprise erstallt. Béid Auteuren hunn net op d’Ufro fir eng Stellungnam géintiwwer der AFP reagéiert.

Den RWE-Spriecher Guido Steffen huet an enger E-Mail vum 24. Mäerz 2023 un d’AFP erkläert, dass d’Etüd “onofhängeg vun RWE an dem Geriichtsprozess erstallt an net vun RWE finanzéiert oder bezuelt gouf. D’Wëssenschaftler hunn aus fräie Stécker gehandelt, fir hir wëssenschaftlech Ziler ze verfollegen”. Betreffend d’Lüning-Etüd sot de Steffen: “Weder hu mir d’Etüd an Optrag ginn nach hu mir iergendeng Roll an der Erstellung gespillt.”

RTL © AFP

MDPI publizéiert Open-Access-Artikele géint eng finanziell Entschiedegung: 2.500 Schwäizer Frang, ronn 2.540 Euro, am Fall vu “Remote Sensing”, der Zäitschrëft, déi d’Etüd iwwer de Gletscher verëffentlecht huet. Op der Internetsäit heescht et, dass alleguer déi verëffentlecht Artikele vun op d’mannst zwee renomméierten Expertinnen oder Experten op dem jeeweilege Gebitt aviséiert ginn an déi endgülteg Entscheedung iwwer d’Publikatioun vun engem Artikel vun engem externe Redakter oder enger Redaktesch getraff gëtt.

De Verlag kann Aarbechten a Fäll vu “wëssenschaftlechem Feelverhalen” zeréckzéien, heescht et op der Internetsäit. “Wëssenschaftlerinnen oder Wëssenschaftler, déi en Artikel an enger vun den Zäitschrëfte vun MDPI envisagéieren, gi gebieden, e wëssenschaftlech fundéierte Kommentar ze schreiwen an en den Editeure vun der Zäitschrëft fir déi redaktionell Préiwung virzeleeën.”

Probleemer mat Peer-Reviews

Untersuchunge weisen, dass Feelinformatiounen zum Klima am Internet floréieren, an Zäiten, an deene verschidde Regierunge Reforme virundreiwen, fir d’Notzung vu fossille Brennstoffer anzeschränken. Dës si fir d’Erwiermung vum Planéit duerch d’Emissioun vu Kuelendioxid verantwortlech.

Och d’AFP widderleet ëmmer nees Falschbehaaptungen zum Sujet Klima, déi hei gesammelt sinn.

D’Entwécklung a Richtung Elektroautoen an erneierbaren Energien huet bei Skeptikerinnen a Skeptiker Ofleenung ervirgeruff. Si gesinn doran eng Menace vun hirem Liewensstil an hire Wäerter. Analystinnen an Analyste gesinn an der Klimaskepsis eng Indikatioun vu politescher oder ideologescher Zougehéieregkeet fir ekonomesch orientéiert Konservativ.

Observante soen, dass dat akademescht Verlagswiesen an dësem Réngen eng weider Front duerstellt.

De Carl Schleussner ass Wëssenschaftler bei der Netregierungsorganisatioun “Climate Analytics”, déi zu Berlin hire Sëtz huet. Hie sot géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 22. Mäerz 2023: “Déi jéngst Explosioun vun de sougenannte ‘raibereschen Zäitschrëfte’ schaaft Probleemer, déi vu Klimaskeptiker aktiv entdeckt ginn.” Ausserdeem sot hien an engem Telefonsgespréich mat der AFP den 23. Mäerz 2023: “Dat mécht deejéinegen alleguer d’Dier op, déi bereetwëlleg zweiwelhaft Fuerschungsresultater an Ëmlaf brénge wëllen.”

MDPI, den Editeur vun der Etüd iwwer Äisstréimungen an den Anden, gouf fir déi séier Ofwécklung vu senger Peer-Review-Procedure kritiséiert.

De Brian Nosek ass Psycholog a Matbegrënner vum Center for Open Science, enger US-Organisatioun, déi sech fir Transparenz an der Wëssenschaft asetzt. Hie sot den 9. Abrëll 2023 géintiwwer der AFP, dass am Allgemengen “d’Qualitéit vun de Peer-Reviews ganz ënnerschiddlech” wär. “Ausserdeem ass Wëssenschaft komplex. Sou kann et virkommen, dass eng Expertin oder en Expert just fir een Deel vum Contenu vun enger Aarbecht qualifizéiert ass an dohier kritesch Detailer iwwersäit.”

De Stansell, dee selwer eng Zäitschrëft fir MDPI erausgëtt, verdeedegt de System. “Just well ee méintlaang un enger Aarbecht souz, heescht dat net, dass de Peer-Review-Prozess besser war”, sot hien

RTL © AFP

Interessekonflikt

Dausende vu wëssenschaftlechen Aarbechte gi pro Joer vun der Verëffentlechung zeréckgezunn. Dëse Phenomeen war wärend der Corona-Pandemie ze observéieren, déi en Ustuerm op d’Verëffentlechung vun Etüden iwwer de Virus an Impfstoffer ausgeléist hat.

Retraction Watch” ass e Blog, dee Fäll vun zeréckgezunnen akademeschen Aarbechte verfollegt. Säi Matbegrënner Ivan Oransky sot de 6. Abrëll 2023 géintiwwer der AFP, dass am Joer 2022 “Retraction Watch” 5.000 esou Fäll gezielt huet. Dat wär just een Zéngtel Prozent vun der Gesamtzuel vun de verëffentlechten Etüden. “D’Zuel sollt méi héich ausfalen. Et gëtt vill problematesch Aarbechten, déi aus verschiddene Grënn net zeréckgezu ginn”, sot hien.

Vu dass Autorinnen an Auteuren op der Sich no enger Befërderung oder engem CDI wären an dofir bezuele géifen, verëffentlecht ze ginn, “ass dat e Probleem vum Ureiz, ze publizéieren oder ënnerzegoen, kombinéiert mat engem Geschäftsmodell fir Zäitschrëften, dee beseet, dass et fir si besser ass, méi ze publizéieren”, sou den Oransky.

Déi US-amerikanesch Fachzäitschrëft “Proceedings of the National Academy of Sciences” huet 2012 eng Ëmfro publizéiert. Se huet erginn, dass zwee Drëttel vun den Zeréckzéiunge vun Aarbechten op Feelverhale wéi Bedruch an net op fachlech Feeler zeréckzeféiere waren.

“Et gëtt vill Fäll, an deene Mënschen et verpassen, Interessekonflikter oppenzeleeën”, sot den Oransky. “Meeschtens zéien d’Zäitschrëften hir Artikelen net aus dësem Grond zeréck”, mee se géifen amplaz eng Korrektur eraus.

Onéierlech Autorinnen an Auteuren hu versicht, onseriéis Aarbechten an Zäitschrëfte mat engem laxe Peer-Review-System ze verëffentlechen, deen dacks op onqualifizéiert Expertinnen an Experten zeréckgräife géif, huet hie bäigefüügt. “Ganz vill Schrott kënnt duerch d’Peer-Review”, sot hien. “Et ass wierklech un der Zäit, dass jiddereen et zougëtt, fir dass mir versiche kënnen, et besser ze maachen.”

De Schleussner, den Nosek an den Oransky hu sech weder zu den Etüden, déi an dësem Artikel ernimmt ginn, nach zu eenzele Verlager geäussert.

Etüd iwwer extreem Wiederkonditiounen an der Kritik

Am September 2022 hu féierend Klimawëssenschaftler a -wëssenschaftlerinnen d’Zeréckzéie vun enger Etüdgefuerdert, an där ënner Beruffung op Daten iwwer extreem Wiederphenomeener wéi Reen, Wierbelstierm, Tornadoen an Dréchente behaapt gouf, et géif keng wëssenschaftlech Beweiser fir eng Klimakris.

Zwee vun den Auteure waren Ënnerzeechner vun der “World Climate Declaration”. Dës Weltklimadeklaratioun ass en Text, dee verschidde scho widderluecht Behaaptungen iwwer de Klimawandel widderhëlt. D’AFP huet dës och widderluecht. Weider Ënnerzeechner sinn de Vahrenholt, Matverfaasser vun der Gletscher-Etüd, an eng Rei aner Persoune mat Verbindungen an d’Industrie fir fossil Brennstoffer.

Véier prominent Klimafuerschender hunn erkläert, d’Etüd hätt Date manipuléiert, Fakten erausgepickt a Material ignoréiert, dat de Behaaptunge widdersprieche géif.

RTL © AFP

D’Aarbecht, déi vu véier italieenesche Wëssenschaftler, dräi Physiker an engem Meteorolog an der Peer-Review ënnersicht gouf, ass am Januar 2022 am “European Physical Journal Plus” erauskomm. Déi allgemeng informéierend Physikzäitschrëft gëtt vu “Springer Nature”, engem vun de renomméiertste Wëssenschaftsverlager op der Welt, publizéiert. D’Aarbecht gouf an etabléierte Medien zitéiert souwéi an Online-Bäiträg, déi d’AFP op hir Richtegkeet iwwerpréift huet.

De Stefan Rahmstorf ass Direkter vun der Erdsystem-Analys um Postdamer Institut für Klimaforschung. Hie sot géintiwer der AFP, dass d’Aarbecht “vu Leit verëffentlech gouf, déi net an der Klimatologie schaffen an offensichtlech net mat deem Theema an de relevanten Donnéeë vertraut sinn”. Weider sot hien: “Et gouf net an engem Klimajournal verëffentlecht. En übleche Wee vun de Klimaskeptiker a -skeptikerinnen, fir eng Iwwerpréiwung duerch richteg Expertinnen an Experten op dësem Gebitt ze vermeiden.”

Am September 2022 huet “Springer Nature” en Hiweis an den Artikel bäigesat, dee virdru warnt, dass “d’Konklusiounen an dësem Manuskript am Ament ëmstridde” wären an huet erkläert, dass d’Entreprise eng Enquête duerchféiere géif.

Am Mäerz 2023 huet de Christian Caron, geschäftsféierenden Editeur vu “Springer Nature”, géintiwwer der AFP, dass d’Enquête “weider geet, awer nach net ofgeschloss ass. Zousätzlecht Material, dat am Kader vun der Enquête agaangen ass, duerchleeft därzäit déi üblech Prozedure vun engem ëmfaassende Peer-Review-Prozess, dee méi Zäit, wéi erwaart, an Usproch huele kann.”

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.