Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Nei Konspiratiounstheorie iwwer “gefaked Moundlandung” vun der NASA

Faktencheck: Nei Konspiratiounstheorie iwwer "gefaked Moundlandung" vun der NASA - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© AFP

Facebook-Posts behaapten, dass eng NASA-Missioun, fir d’Auswierkunge vu Stralung aus dem Weltraum op Astronauten ze testen, e Beweis dofir ass, dass d’Landung vu Mënschen um Mound eng Ligen ass. Mee firwat mécht d’NASA dës Tester?

“Dës NASA-Rakéit ass en Test, fir ze kucken, wéi vill Stralung se ofkritt, fir ze kucken, ob e Mënsch d’Verloosse vum ënneschten Äerdorbit iwwerliewe géif”, steet an engem Facebook-Post, deen den 30. August op enger Säit mat méi wéi 90.000 Follower gedeelt gouf.

“Et ass am Fong e Beweis, dass si gelunn hunn an ni um Mound waren.”

D’NASA bereet sech dorop vir, Mënschen nees op de Mound ze schécken, an eng vun de gréisste Gefore fir zukünfteg Astronauten ass d’Weltraumstralung, déi laangwiereg gesondheetlech Konsequenzen kann hunn.

Déi US-amerikanesch Raumfaartagence wëll eng nohalteg Presenz vum Mënsch um Mound – wou d’Stralung zwee bis dräi Mol méi héich ass wéi op der Internationaler Raumstatioun – hierstellen, mat Missiounen, déi e puer Wochen daueren. Am Verglach dozou huet d’Moundlandung am Joer 1969 just aacht Deeg gedauert.

De Bäitrag op Facebook weist eng Foto vun der Artemis-1-Missioun, déi dorop waart, d’Space-Launch-System-Rakéit – déi performantst Rakéit op der Welt – an déi onbemannt Orion-Kapsel, déi mat der Rakéit verbonnen ass, ze testen.

RTL A screenshot of the Facebook post with the false claim, captured on September 12, 2022

Eng Partie Facebook-Posts ronderëm déi ganz Welt deelen déi selwecht Behaaptung, vun Australien bis Sri Lanka, an d’Vereenegt Staaten a Kanada. D’Behaaptung ass awer falsch.

Déi presuméiert trafiquéiert Moundlandung ass eng vun de populäerste Konspiratiounstheorien a behaapt, dass d’Biller, déi d’NASA am Juli 1969 ausgestraalt hat, an engem Hollywood-Studio gedréit goufen.

Eng Rei vu falsche Behaaptunge goufe vun den Ënnerstëtzer vun dëser Konspiratioun iwwer Joren am Internet verbreet, goufen awer vun der AFP opgedeckt (hei, hei).

De Professer Jack Burns, en Astrophysiker op der University of Colorado Boulder, sot, d’Konspiratioun wär “kompletten Onsënn”. “Mir hu vill Beweiser, dass 12 Apollo-Astronauten de Mound besicht a Prouwe vu Moundbuedem matbruecht hunn, dee sech vun deenen op der Äerd erhieflech ënnerscheet”, sot hien der AFP.

Laangfristeg Stralen-Aussetzung

D’Orion-Kapsel wäert dräi Dummien transportéieren, déi mat Stralungssensoren ausgerüst sinn, fir Informatioune fir zukünfteg bemannt Missiounen opzezeechnen.

En Dummy, deen e Ganzkierper-Weltraumkostüm unhuet, verbënnt zwee Mannequin-Torsoen, sougenannt “Phantomer”, déi aus Materialien hiergestallt sinn, déi Knachen, mëllt Geweebe an Organer vu Fraen imitéieren, déi typescherweis méi empfindlech op Weltraumstralung reagéiere wéi Männer, wéi d’NASA seet.

D’Agence sot, si wéilt déi éischt Fra an déi éischt faarweg / BPoc-Persoun op zukünfteg Artemis-Missiounen a Richtung Mound schécken.

“Fir dës speziell Missioun wär et déi éischt Kéier, dass eng organspezifesch Dosis gemooss gëtt. Dat geschitt duerch déi Dausenden Detekteren an de Phantomer”, sot de Professer Paul Segars, deen un den Artemis-1-Stralungstester bedeelegt war.

“Mat liewege Mënsche kann een dat net maachen, well een implantéiert Detektere bräicht”, sot hien der AFP.

De Ganzkierper-Mannequin gëtt och mat Sensoren ausgerüst sinn, déi d’Acceleratioun an d’Vibratioune wärend der gesamter Missioun erfaassen.

De Segars sot, dass d’NASA zanter Laangem d’Auswierkunge vun der Stralung op Astronauten observéiert. D’Agence huet Dokumenter verëffentlecht, déi Astronaute weisen, déi bei fréieren Apollo-Missioune Stralendetektiounssystemer unhaten.

D’Astronaute wäerten op zukünftege Missiounen awer méi héijen Dosissen ausgesat si wéi op fréiere Reesen.

“Mat Artemis verbréngen Astronaute Méint, jo souguer Joren um Mound. Dohier musse mir d’Auswierkunge vu laangfristeger Stralenexpositioun verstoen”, sot de Burns.

Doriwwer eraus huet Artemis 1 net just als Zil, d’Wierkung vu Weltraumstralung op Astronauten ze testen.

D’Haaptziler vun der Missioun sinn “d’Demonstratioun vun den Orion-Systemer wärend engem Weltallfluch an d’Garantie vun engem séchere Retour, enger Landung op Buedem a Waasser an engem Rapatriement virum éischte Fluch mat enger Crew op der Artemis-2-Missioun”, wéi d’NASA sot.

D’Agence sot och, dass de Start “eng Basis fir déi mënschlech Erfuerschung vum Weltraum bitt an eist Engagement an eis Fäegkeet weist, Mënschen nees op de Mound ze schécken an doriwwer eraus.”

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.