Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Offshore-Wandparken net responsabel fir Wal-Stierwen

Faktencheck: Offshore-Wandparken net responsabel fir Wal-Stierwen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Un der mëttel-atlantescher Küst vun den USA sinn eng Rei Walen am nidderege Waasser hänke bliwwen, wat a sozialen Netzwierker zu de Behaaptunge geféiert huet, dass Offshore-Wandparken angeeblech responsabel wieren. Dës Behaaptunge sinn awer ierféierend.

Zanter dem 16. Februar gouf d’Behaaptung an engleschsproochege Bäiträg op Twitter (hei an hei) an op Facebook verëffentlecht an e puer honnert Mol gedeelt.

RTL Twitter-Screenshot der Behauptung: 9. März 2023

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 9. März 2023

Tëscht Dezember 2022 a Mäerz 2023 goufe 25 Strandunge vu grousse Wale laanscht déi mëttel-atlantesch Küst gezielt. Déi meescht dovu ware Buckelwalen, sou déi US-amerikanesch Wieder- an Ozeanographie-Agence (NOAA). Lokal, national an international Medien hunn iwwert de Probleem bericht an e puer Ëmweltgruppen an Aktiviste fir de Schutz vum Mier hu Bedenke geäussert.

D’Behaaptungen, dass Vermiessungsaarbechte fir Wandparke fir d’Walstierwe responsabel wären, wären awer onbegrënnt, hunn Expertinnen an Experte géintiwwer der AFP erkläert. Eoliennë ware schonn an der Vergaangenheet dacks Géigestand vu Falschinformatiounen (hei, hei).

D’Allison Ferreira ass Spriecherin vum regionale Fëscherei-Büro fir de Groussraum Atlantik, deen zur NOAA gehéiert. Si huet géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 6. Mäerz 2023 matgedeelt: “Zum jëtzegen Zäitpunkt gëtt et keng Unhaltspunkte fir Spekulatiounen, dass Kaméidi, dee vun Ënnersichunge fir d’Plange vun Offshore-Eoliennen ausgeet, méiglecherweis zum Doud vu Wale féiere kéint.”

Schëffskollisioune sinn “heefegst Doudesursaach”
D’Ferreira sot, dass d’NOAA zanter 2016 ongewéinlech Doudesfäll vu Buckelwalen observéiert huet, “mat méi Strandungen un der gesamter Ostküst. Am Moment betrëfft dëst ongewéinlecht Virkommen 186 Buckelwalen”, sot si.

Weider huet si erkläert, dass bei ongeféier der Hallschent vun den doudege Walfësch deelweis oder vollstänneg Ënnersichunge virgeholl goufen. “Vun den ënnersichte Wale weisen ongeféier 40 Prozent Unzeeche fir mënschlech Interaktioun op, entweder duerch Schëffskollisiounen oder duerch Verhedderen.”

RTL Screenshot einer NOAA-Grafik vom 9. März 2023, Anzahl der jährlich gestrandeten Buckelwale seit 2012. ( NOAA)

RTL Screenshot einer NOAA-Grafik vom 9. März 2023, Anzahl der jährlichen Todesfälle von Glattwalen im Nordatlantik und ihre Ursachen. ( NOAA)

D’Frances Gulland, d’Presidentin vun der US-Kommissioun fir Mieresmamendéieren, huet an enger E-Mail vum 3. Mäerz 2023 erkläert, dass “an de Fäll, an deenen d’Doudesursaach ermëttelt konnt ginn, eng Schëffskollisioun déi heefegst Doudesursaach ass”.

D’Regina Asmutis-Silvia, Gerante vun der Déiereschutzorganisatioun Whale and Dolphin Conservation (WDC) fir Nordamerika, sot den 9. Mäerz 2023 géintiwwer der AFP, dass Buckelwalen an den Atlanteschen Nordkaper, eng vun de menacéierte Glattwal-Aarte mat engem Bestand vu manner wéi 350 Déieren, am stäerksten ënner Observatioun stéingen.

“Alles, wat engem Glattwal zoustéisst, ass besuergneserreegend an e weidere Schratt a Richtung Ausrottung”, sot si.

Am Februar 2023 gouf beispillsweis e Glattwal zu Virginia Beach am US-Bundesstaat Virginia ugespullt. Eng Rei Agencen hunn d’Läich opgeschnidden a festgestallt, dass de Wal “katastrophal Verletzungen duerch stompeg Gewaltawierkung erlidden huet”, sou de WDC, mat Verletzungen, “déi op eng Schëffskollisioun zeréckzeféiere sinn”.

Nieft esou Kollisiounen huet d’Asmutis-Silvia och d’Erwiermung vun den Ozeaner an d’Verännerung vun de Liewensraim als Grënn fir déi jéngst Hausse vu Wal-Strandunge genannt.

“Et ass eng Kombinatioun aus dem sech erwiermende Klima, bei deem sech d’Gewässer erwiermen, an de spezielle Fësch, vun deene si sech ernieren: Menhaden“, sot si.

De Fësch aus der Famill vun den Hierken aus dem mëttleren Atlantik huet sech an de vergaangene Joren nees erholl, ënnert anerem dank de Limitte beim Fëschen, déi 2012 festgeluecht goufen. Dat huet nees aner Fësch-Aarte wéi d’Sträifepiisch an den Thon ugezunn. Wale sinn hirer Nahrung nogaangen, och a staark befuere Séigebidder.

“D’Verdeelung vun de Liewensraim an d’Bestännegkeet, mat där ee Wale gesi kann, ännert sech definitiv”, sot d’Asmutis-Silvia. “Leider hale si sech do op, wou vill Schëffer ënnerwee sinn, a besonnesch den Hafe vun New York ass en Héich-Risiko-Gebitt.”

Sonoresch Pollutioun

E puer Etüden hunn erginn, dass Geräischer ënner Waasser Wale perturbéiere kënnen. Esou Stéierunge kënne vu ville Quellen ausgoen, beispillsweis vu militäreschen Tester, Ueleg- oder Gas-Exploratiounen a Schëffer.

Am Joer 2008 huet d’US-Marinn viru Geriicht zouginn, dass hir militäresch Sonare bei Walen an Delfine “Verhalensstéierungen” a kuerzfristege Verloscht vum Héieren ausléise kënnen. Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler haten d’Marinn virdru beschëllegt, esou Geräischer erofzespillen. Engem Gesetz zum Schutz vu Mieresmamendéiere vun 1972 no gëllen e puer vun dëse Geräischer als “Belästegung“.

Kaméidi wierkt sech op Mieresdéieren aus a gëtt jee no Facteure wéi Waassertemperatur ënnerschiddlech iwwerdroen. D’Asmutis-Silvia sot, et wär “net einfach, d’Auswierkunge vum Kaméidi op Déieren ze bewäerten, déi verweest sinn.” Dat trëfft besonnesch op Walen zou.

“Se si mat Fëschtran bedeckt”, sot si. “Se erhëtze sech fërmlech an d’Geweebe zersetzt sech quasi direkt.”

RTL Die Grafik zeigt, wie Grindwale die Echoortung nutzen, um unter Wasser zu navigieren, und stellt verschiedene Theorien auf, was passieren könnte, um zu Strandungen zu führen. ( AFP Graphics)

Den Douglas Gillespie ass Fuerschungsobservateur op der University St. Andrews a Schottland. Hien huet an enger E-Mail un d’AFP vum 5. Mäerz 2023 erkläert, dass et “sécherlech richteg” wär, “dass d’Ramm-Aarbechte [Bueraarbechten, Um. v. d. Red.] beim Bau vu Wandparken esou haart sinn, dass Mieresdéieren an der Géigend zu Schued komme kéinten.”

Däraarteg Geräischer kéinten an extreeme Fäll zum Verloscht vum Héiere féieren, sot den Gillespie, awer et wär “sécher falsch, den Doud vun engem Wal mat enger Technologie a Verbindung ze bréngen, just well se nei ass.”

“All Joer strande vill Waler un der US-Küst”, sot den Gillespie. Seng Aarbecht konzentréiert sech op d’Iwwerwaache vun den Auswierkunge vun Offshore-Energie op d’Mieresfauna. “Verschiddener sinn op onbekannt Ursaachen zeréckzeféieren, vill sinn op Ursaachen zeréckzeféieren, déi mir gutt kennen, nämlech d’Verhedderen a Fëschernetzer a Schëffsaccidenter.”

De Yanis Souami, Expert fir Ënnerwaassergeräischer, huet confirméiert, dass de Bau vun Anlage fir erneierbar Energien erhiefleche Kaméidi verursaache kann. Awer “wärend der Betribsphas goufe keng nennenswäert Auswierkunge festgestallt”, huet hien an enger E-Mail vum 9. Mäerz 2023 geschriwwen.

Den US-amerikanesche Bureau of Ocean Energy Management (BOEM) iwwerwaacht a verwalt Offshore-Energieaktivitéiten. D’Erica Staaterman, eng Bioakustikfuerscherin vum BOEM-Zenter fir Mieresakustik, huet bei enger Pressekonferenz am Januar 2023 verschidde Geräisch-Quelle verglach. Aner Ursaachen huet si als méi grouss beschriwwen: “An der Ueleg- a Gasindustrie gi seismesch Loft-Kanounen agesat, déi speziell dofir ausgeluecht sinn, kilometerwäit an de Mieresbuedem anzedréngen”, sot d’Staaterman.

Fazit: Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler hunn der AFP confirméiert, dass et keen erwisenen Zesummenhang tëscht den Anlagen an den Doudesfäll vu gestrante Wale gëtt. Dogéint hunn aner Facteure wéi d’Erwiermung vun den Ozeaner, d’Verännerunge vun de Liewensraim an d’Konfrontatioun mat Schëffer eng wichteg Roll gespillt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.