Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymitéit eraus Verwirrung stëften

Faktencheck: Troll-Profiller: Aus der Anonymitéit eraus Verwirrung stëften - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Falsch Profiller a sozialen Netzwierker ginn och Troll-Profiller genannt a verbreede masseg Falschinformatioune bei den Notzer. Virun allem Russland setzt op esou Profiller, fir Verwirrung ze stëften. Zënter dem russeschen Ugrëff op d’Ukrain sinn dës Konten och eng Waff vun der Desinformatioun am Krich.

Och an anere Sproochen huet d’AFP verschidde Behaaptungen iwwerpréift, déi vun Troll-Profiller verbreet goufen, beispillsweis huet déi spuenesch Dageszeitung “El País” keen Tweet iwwer “d’Virdeeler” vum islamesche Recht fir Frae publizéiert; an déi stierflech Iwwerreschter vum spueneschen Diktator Francisco Franco goufen net an de “Valle de los Caídos” oder den Dall vun de Gefalenen, an der Géigend vun der spuenescher Haaptstad Madrid, iwwerféiert. Dës Behaaptunge ginn och op Profiller vun Trollen zeréck.

RTL © AFP

D’Ekipp vum Observatoire fir audiovisuell Contenue vun der Universitéit Salamanca a Spuenien (Ocausal) huet an enger Äntwert un d’AFP vum 30. Mäerz 2023 zesummegefaasst: “En Troll-Account versicht aus der Anonymitéit eraus ze destabiliséieren oder Verwirrung ze stëften.”

D’Mariluz Congosto ass Fuerscherin op der Universitéit Carlos III. zu Madrid. Si sot den 29. Mäerz 2023 géintiwwer der AFP: “En Troll-Account ass e Profil, dee sech a Konversatiounen amëscht, fir ze nerven an Tensiounen ze produzéieren.” D’Natalia Meléndez ass Professesch fir Journalismus op der Universitéit Málaga. Si huet der AFP den 3. Abrëll 2023 matgedeelt, dass Troll-Profiller och Profiller aschléissen, déi “béiswëlleg Informatiounen an Noriichte verbreeden”.

D’Meléndez sot weider: “Si probéieren, d’Ëmfeld ze vergëften, souwuel am sozialen Netzwierk Twitter [wou sech déi meescht analyséiert Persounen ophalen] wéi och am Allgemengen.”

D’Ekipp vum Observatoire vun der Universitéit Salamanca (Usal) huet weider ausgeféiert: “Heiansdo gi se sech als eng bestëmmt Persoun oder e bestëmmt Medium aus. Méi heefeg awer notze se de Profil vun engem bestëmmte Persounentyp (zum Beispill vun enger Persoun, déi enger bestëmmter Partei ugehéiert), fir bestëmmt Behaaptungen ze verbreeden, déi mat dëser Grupp a Verbindung bruecht kënne ginn, fir se ze diskreditéieren.” D’Ekipp huet hei d’Beispill vu “Feministen-Trolls” genannt.

Weider Beispiller vun Troll-Konte sinn den Twitter-Profil sanchezcasrejon, dee sech just duerch de Buschtaf “r” vum Benotzernumm vum echte Profil vum spuenesche Ministerpresident sanchezcastejon ënnerscheet. Dem Konto ass et gelongen, angeeblech Messagen als wouer duerzestellen, déi duerno an anere sozialen Netzwierker viral goungen.

E weidert Beispill ass de Kont vun der angeeblecher “Feministin, Republikanerin, Anti-Wëssenschaftlerin” hannert dem Numm Jenytrans17.

Dës Konten “zilen net onbedéngt dorop of, dass e gefälschten Inhalt viral geet oder dass eng bestëmmt Regierungsmossnam scheitert”, sou d’Professeren a Professesche vun der Universitéit Salamanca (Usal).

Si füge bäi: “Et handelt sech ëm eng éischter ënnerschwelleg Aktivitéit, déi d’Debatt lues ënnergrueft an eng negativ Astellung géintiwwer der Grupp oder Beweegung produzéiert, déi lächerlech gemaach soll ginn.”

Troll-Accounts erkennen

An der Flut un Informatiounen, déi User Dag fir Dag kréien, gi souguer Expertinnen an Experten zou, dass et “komplizéiert ass”, erauszefannen, ob e Profil Verwirrung stëfte wëll. An awer gëtt et Hiweiser, déi hëllefe kënnen.

“Et muss ee sech d’Biografie [vum Profil] ukucken”, souwéi “d’Stëmmegkeet vun den Tweets”, sot d’Meléndez an huet dozou geroden, de User- a Profilnumm ze kontrolléieren. “Vläicht sinn et Konten, déi grad eréischt erstallt goufen”, sot si. Dorop huet och d’Congosto higewisen: “Munch si scho méi al”, wéi de Profil vum sanchezcasrejon (vun 2018), “awer déi meescht sinn ab 2020 opgedaucht”.

D’Meléndez huet och dorun erënnert, dass et heiansdo “an de Kommentare vun den Tweets” Notzerinnen an Notzer géif, déi virdru warne géifen, dass de Profil “verdächteg” kéint sinn.

En aneren Hiweis huet den Observatoire vu Salamanca genannt: Den Discours géif sech “ganz staark op een an dee selwechte Sujet” konzentréieren, awer “bal keen ass esou ee flaachen a karikéierte Charakter wéi deen, deen normalerweis an dëse Profiller gezeechent gëtt”.

Ausserdeem wär “d’Foto meeschtens aus enger Datebank fir Biller”. Dat konnt d’AFP a Profiller wéi Valentinavaliente (beschriwwen als “feministesch Aktivistin, kommunistesch Kämpferin an ökosexuell”) feststellen, deenen hir Profilfotoen op der Plattform fir Stock-Fotoen “Alamy” ze fanne sinn. E weidert Beispill ass trinidadMNovo, deenen hir Fotoen eigentlech zu der kubanescher Universitéitsprofessesch Lucía Argüelles Cortés gehéieren.

Am Fall vum Jenytrans17 staamt d’Profilbild vun der US-amerikanescher Sängerin Ezra Furman, déi an engem Tweet dorop opmierksam gemaach hat.

RTL © AFP

Heiansdo warnen Notzerinnen an Notzer, déi hanner dëse Profiller stinn, selwer an hirer Biografie virun dem Troll- oder Fake-Charakter vum Profil, wéi am Fall vum Kont, deen dee vum Pedro Sánchez imitéiert. “Vill Troll-Konte ginn an hire Profiller un, dass et sech ëm eng ‘Parodie’ handele géif, fir net géint d’Konditioune vun den Netzwierker ze verstoussen oder fir net bestrooft ze ginn, obwuel si en anert Zil suivéieren”, huet d’Ekipp vun der Usal erkläert.

Awer net an alleguer d’Troll-Konte steet esou eng Warnung. Déi gëtt souwisou net ugewisen, wann Noriichten retweet oder Screenshots erstallt ginn, fir se an anere sozialen Netzwierker ze deelen. An anere Fäll wenden Notzerinnen an Notzer Tricken un, déi hir Identifizéierung erschwéieren: Se fügen dat griichescht Wuert fir “Parodie” (“παρωδια”) an dat chineesescht Wuert fir “inkorrekt” (“錯誤的”) an, fir eng Verwarnung vun den Netzwierker ze ëmgoen.

De Risiko bestéing doran, sou d’Meléndez, “dass wenn et eppes gëtt – a sief et och nach esou iwwerdriwwen – dat confirméiert, wat een denkt, entscheet een, et ze gleewen an et weiderzeschécken.” Ausserdeem, sou den Usal-Observatoire, “passt den Notzer net op an iwwerleet net”, soudass “mir all Noriicht, déi mir gesinn, e puer Momenter ginn” a “wa mir eppes gesinn, dat eis opreegt, deele mir et, äntweren oder reagéieren dorop oder soss eppes – an zwar direkt”.

En Account mam Numm “Violeta Izquierdo” vereent déi feministesch Faarf Mof mat enger politescher Ideologie. Mat dësem Profil gi beispillsweis Behaaptungen iwwer de Jesus oder eng angeeblech Manipulatioun vun Informatioune verbreet. Dat versetzt dës angeeblech Persoun hannert dem Profil an eben dës karikaturéiert Iwwerdreiwung, vun där Expertinnen an Experte schwätzen. De Profil Valentinavaliente huet en Tweet verëffentlecht, an deem d’Recht op Ofdreiwung ouni Schwangerschaft gefuerdert gëtt an de Penis als “Instrument vun de faschisteschen extreeme Rietse”bezeechent gëtt.

Net all Parodie ass en Troll, wärend munch Trolle wéi eng Parodie wierke kënnen

Den Ënnerscheed tëscht engem Troll-Account an engem parodisteschen oder satireschen Account ass Expertinnen an Experten no geréng, awer en existéiert.

“E parodistesche Profil wëll keng Verwirrung stëften a mécht an der Reegel däitlech, dass et sech ëm Satir oder Parodie handelt (…) en ass op der Sich no Humor a ka vill méi staark iwwerdreiwen, well en net op Glafwierdegkeet aus ass”, sou den Observatoire vun der Usal.

Anerersäits “versicht den Troll-Kont als dat Profil duerchzegoen, fir dat e sech ausgëtt. (…) Säin Zil ass, Onrou an Instabilitéit ze produzéieren, a wann dës Noriichten net minimal glafwierdeg sinn, gëtt dat Zil net erreecht”, sou d’Ekipp vu Salamanca.

D’Meléndez huet ugemierkt, dass et Konte ginn, déi un der Grenz tëscht Parodie an Troll agéieren, “vun normale Bierger, déi sech zum Beispill als Stereotyppen ausginn.” Dozou géinge Mënsche gehéieren, déi enger Ideologie ganz no stéingen oder “ganz feministesch Fraen”. Weider huet d’Professesch erkläert:

Zum Beispill: En Tweet vu rosadozuruta kritiséiert eng spuenesch Regioun. Oder en aneren Tweet, vun deem selwechten Notzer – deen de Reeboufändel nieft sengem Numm stoen huet – soll fir Opreegung géintiwwer der homosexueller Communautéit suergen. E weidert Beispill fir widderspréchlech Aussoe fënnt een am Profil vun der “kommunistescher Kämpferin” Valentinavaliente: An dësem Tweet schéngt déi angeeblech “Valentina” Kuba ze luewen a schwätzt vun engem Erfollegsmodell, dee “just opgrond vun der Blockad Aarmut kreéiert”. An engem aneren Tweet rifft d’Userin allerdéngs dozou op, d’Geschichtsbicher ëmzeschreiwen, fir ze verstoppen, “dass de Kommunismus ëmmer gescheitert ass”.

Organisatioun an Typpe vun Trollen

Och wann dës Zorte vu Konte “sech géigesäiteg followen an ënnereneen interagéieren, heescht dat net, dass ëmmer eng Organisatioun dohannert stécht”, huet d’Congosto op AFP-Ufro geäntwert. Si huet weiderhi follgendermoossen ageuerdent: “A verschiddene Fäll schéngt et beim Consultéiere vum Erstellungsdatum vun de Profiller, vum Stil, an deem hir Avataren erstallt goufen, an de Sujeten, mat deene se sech befaassen, eng gewëss Koordinatioun ze ginn.”

“Et gëtt Gruppen, déi bestëmmt Interessien hunn a sech vläicht iergendwann koordinéieren”, huet d’Ekipp vu Salamanca bäigefüügt, hält et awer fir “schwiereg”, ze wëssen, ob et sech wierklech ëm organiséiert Gruppen handelt. “Et handelt sech ëm eng knaschteg Aktivitéit, déi Glafwierdegkeet a Koexistenz stänneg ënnergrueft, an dat kann och ouni Koordinéierung erreecht ginn, andeem een einfach liicht Tensiounen ausléist”, sot d’Ekipp weider.

D’Meléndez huet vun zwou Zorte vu Profiller geschwat: “Een, dee fir sech geholl en anonymme Kämpfer ass”, deen decidéiert hätt, e Konto anzeriichten, “fir ze trollen, fir déi géigneresch Ideologie ze verdeedegen” an op der anerer Säit een, deen “a groussem Moossstaf mat sougenannte Bot-Farmen orchestréiert Campagnen lasstrëppelt.”

D’Ekipp vun der Universitéit Salamanca huet dëser Anuerdnung zougestëmmt an den zweete Fall als “méi problematesch” bezeechent.

“Bot-Farmen” oder “Troll-Farmen”, wéi déi organiséiert Campagnë vun den Experten an Expertinnen dacks bezeechent ginn, goufen an Nicaragua (2021), Kuba a Bolivien (2023) zerschloen. D’Versich vu Russland, déi ëffentlech Meenung duerch gefälscht Konten ze beaflossen, sinn och allgemeng bekannt. A Brasilien waren d’Walen 2018 déi vum “knaschtege Krich an den Netzwierker“.

Internationaalt Muster

Dëse Phenomen “ass international”, sot d’Ekipp vun der Usal a seet weider, “et ass net onbedéngt koordinéiert, awer d’Muster widderhëlt sech an anere Länner”.

D’Meléndez huet op d’Vereenegt Staaten als Plaz higewisen, wou “verschidde Saache fir d’éischt ausprobéiert an dann a Spuenien” an anere Länner imitéiert géifen. D’Professesch huet un de Walkampf vum Donald Trump am Joer 2016 an d’Brexit-Campagne a Groussbritannien als Schlësselmoment vun dëser Zort vu Falschinformatiounen, wat d’Quantitéit an den Afloss bei dësen Evenementer ubelaangt, erënnert. Zënter 2019 wären awer Versich vun der Desinformatioun an op d’mannst 70 Länner nogewise ginn.

“Et gëtt Beweiser fir den Asaz vu Bot-Farmen (…) am Kampf, fir a sozialen Netzwierker mat enger bestëmmter Iddi Fouss ze faassen”, sou d’Expertin. “Op verschiddene Plaze goufe se getest a leider och perfektionéiert”, war hire Fazit.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.