Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Tsunami-Biller op TikTok fälschlecherweis mat Israel a Verbindung bruecht

Faktencheck: Tsunami-Biller op TikTok fälschlecherweis mat Israel a Verbindung bruecht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An engem TikTok-Video, dee milliounefach geklickt gouf, gi Welle gewisen, déi Autoen a Gebaier an Israel zerstéieren, wärend dat Land selwer d’Gazasträif als Reaktioun op d’Attacke vun den Hamas-Kämpfer am Oktober 2023 bombardéiert. D’Clips an deem Bäitrag sinn awer falsch duergestallt.

RTL © AFP

De Video gouf bis Ufank November 2023 iwwer 6,9 Millioune Mol gekuckt, wärend de Konflikt tëscht Israel an der palästinensescher Militärgrupp a Gaza amgaang war. E gouf spéider geläscht, awer aner Versiounen hu sech op TikTok weiderverbreet.

Den israeelesche Militär sot, seng Buedemtruppen hätten d’Akreese vu Gaza City, d’Héichbuerg vun der Hamas, verstäerkt. D’Kämpfer vun der Hamas hate bei engem beispilllosen Ugrëff de 7. Oktober 1.400 Mënschen, haaptsächlech Zivilisten, ëmbruecht an ongeféiert 240 Geisele geholl, wéi israeelesch Beamte matgedeelt hunn.

De palästinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, huet matgedeelt, dass no bal engem Mount vun israeelesche Bombardementer méi wéi 10.000 Mënschen op palästinenseschem Gebitt ëm d’Liewe koumen, virun allem Fraen a Kanner.

Awer d’Filmmaterial, dat Héichwaasser weist, dat Autoen a Gebaier zerstéiert, huet näischt mam Konflikt ze dinn – a gouf wäit ewech vun Israel opgeholl.

Béid Videoe konnte mam Tsunami vum 11. Mäerz 2011 a Japan a Verbindung bruecht ginn, wéi eng ëmgekéiert Biller– a Stéchwierdersich erginn huet.

Den Tsunami 2011 gouf duerch e massiivt Äerdbiewen ausgeléist, deen d’Küst getraff a Welle produzéiert huet, déi Schëffer an d’Banneland gedriwwen hunn, Waasser iwwer Blockaden ewech gedréckt an eng Nuklearkatastroph ausgeléist huet. Heibäi ware méi wéi 18.500 Mënschen ëmkomm oder goufe vermësst.

Déi éischt Biller am TikTok-Video, déi japanesch Zeechen op der Strooss weisen, stamen aus enger AFP-Reportage, déi Méint no der Katastroph verëffentlecht gouf, wéi de Knascht an anert Gedrecks an den USA a Kanada un der Küst ugespullt gouf (hei archivéiert).

En AFP-Spriecher am Video seet: “Méi wéi 20 Milliounen Tonne Knascht a Material kéinten an de Pazifik gezu gi sinn.”

Am zweeten TikTok-Video ginn ënner anerem Opname vum Tsunami zu Miyako City gewisen, déi vun Japan News Network (hei archivéiert) verëffentlecht goufen.

RTL © AFP

Gebaier an aner Elementer aus dem Video schénge mat Biller vu Google Street View vun engem Hafen an der Stad iwwereneenzestëmmen (hei archivéiert).

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn aner Bäiträg aus de sozialen Netzwierker iwwerpréift, an deenen Opname vum Tsunami falsch duergestallt goufen.

D’AFP huet och aner Feelinformatiounen iwwer de Konflikt tëscht der Hamas an Israel opgedeckt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.