Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video behaapt, dass Ofdreiwung “medezinesch ni noutwenneg” ass

Faktencheck: Video behaapt, dass Ofdreiwung "medezinesch ni noutwenneg" ass - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An den USA gëtt no engem Urteel vum Supreme Court intensiv iwwer Schwangerschaftsofbroch diskutéiert. An engem Video gëtt elo behaapt, dass Ofdreiwunge medezinesch iwwerhaapt net noutwenneg wären.

“Ofdreiwung ass medezinesch NI noutwenneg”, heescht et an engem Video, dee Live Action, eng Anti-Ofdreiwungsgrupp, de 26. Juni op Facebook gepost huet.

De Bäitrag war eng Reaktioun op d’Entscheedung vum amerikanesche Supreme Court, de Fall Roe vs Wade, e Meilesteen a wichteg Decisioun aus dem Joer 1973, ze annuléieren. Déi deemoleg Decisioun hat Ofdreiwung op federalem Niveau an den USA méiglech gemaach. Zënter der Annuléierung duerch de Supreme Court hunn eng Partie Bundesstaaten Ofdreiwung verbuedenet gëtt erwaart, dass knapp d’Hallschent vun hinnen nozéie wäert.

RTL Screenshot of a Facebook post taken June 30, 2022

“Et gëtt kee medezinesche Grond, firwat d’Liewe vum Kand onmëttelbar a virsätzlech mat engem Schwangerschaftsofbroch op en Enn komme muss”, sou d’Kolb weider.

Spéider am Video erwäänt si verschidde gesondheetlech Zoustänn a medezinesch Komplikatiounen – ektopesch Schwangerschaften inclus, bei deene sech d’Eezell baussent dem Uterus festsetzt, meeschtens am Eileiter – an deene si seet, dass dat Enn vun enger Schwangerschaft keng “Ofdreiwung” ass.

Medezinner hunn der AFP awer erkläert, dës Behaaptung wär e verzerrt an ongeneet Verständnes dovun, wat eng Ofdreiwung wär – a se géif net de wëssenschaftleche Konsens erëmginn, dass Ofdreiwung heiansdo medezinesch noutwenneg wär.

“A munche Situatiounen ass d’Ofdreiwung den eenzege medezineschen Agrëff, deen d’Gesondheet vun enger Patientin erhalen oder hiert Liewe rette kann”, sot d’Iffath Abbasi Hoskins, Presidentin vum American College of Obstetricians and Gynecologists (ACOG), den 29. Juni an engem Statement per E-Mail.

Bäitrag verzerrt Terminologie

Déi primär Behaaptung am Bäitrag vu Live Action hänkt deelweis vun der Definitioun vum Begrëff Ofdreiwung of.

D’Nicole Freehill, eng Hiewan a Gynekologin a Louisiana, sot der AFP de 7. Juli: “All Kéiers, wa mir als Doktere vu Ofdreiwung schwätzen, bedeit dat einfach den Enn vun enger Schwangerschaft – ob et sech dobäi ëm Medikamenter handelt, also eng Prozedur, oder ob et sech ëm en natierleche Virgang wéi eng Feelgebuert handelt. Eng Schwangerschaft op eng aner Manéier, wéi déi natierlech Gebuert op en Enn ze bréngen, gëllt als Ofdreiwung.”

D’Freehill huet dobäigefüügt, dass de Begrëff dacks benotz gëtt, fir “eng Schwangerschaft op en Enn ze bréngen, wann ee keng wëll.” Allerdéngs géif sech d’Terminologie och op “medezinesch noutwenneg a spontan Saache wéi eng Feelgebuert” bezéien.

RTL Maps showing reported abortions in the US in 2020, according to data from Guttmacher Institute ( AFP / Valentin RAKOVSKY, Jean-Michel CORNU)

Ektopesch Schwangerschafte sinn e Beispill dofir, wéini e Schwangerschaftsofbroch noutwenneg ass. “Déi meescht Fäll ginn tëscht véier an zéng Wochen no der leschter Period festgestallt”, sot d’Freehill.

“Mir benotzen dës Terminologie net bei enger Ektopie, well se nimools normal Schwangerschafte sinn. Technesch gesinn, ass et eng Form vun Ofdreiwung, well se d’Schwangerschaft op en Enn bréngt”, sot si. “Ech hu vill Fäll gesinn, an deene se medezinesch noutwenneg ass, fir d’Liewe vun der Fra ze retten.”

De Steven Braatz, Hiewan a Gynekolog a President vun der American Association of Pro-life Obstetricians and Gynecologists, sot der AFP den 30. Juni an enger E-Mail, dass Ofdreiwung “an all Stadium vun der Schwangerschaft mam Zil duerchgefouert gëtt, d’Liewe vum ongebuerene Kand am Bauch vun der Mamm op en Enn ze bréngen” “medezinesch net noutwenneg” wär.

Hie gesteet awer an: “Et gëtt rar Momenter, an deenen et noutwenneg ass, d’Kand vum Uterus ze trennen, fir d’Liewe vun der Mamm ze retten, an zwar an engem Stadium, an deem d’Kand just eng geréng oder guer keng Iwwerliewenschance huet. Wann esou een Agrëff an engem Schwangerschaftsalter vu manner wéi 20 Wochen duerchgefouert gëtt, ass et net falsch, déi streng medezinesch Definitioun vum Wuert ‘Ofdreiwung’ ze benotzten.”

Verschidde Komplikatiounen erfuerderen eng Ofdreiwung

Eng Rei Experte soten der AFP, dass et vill Situatioune gëtt, an deenen e Schwangerschaftsofbroch noutwenneg ka sinn, fir d’Liewe vun der Patientin ze retten.

E Beispill ass Sepsis, eng liewensbedreelech Reaktioun op eng Infektioun.

D’Chavi Eve Karkowsky, eng Doktesch fir Héichrisikoschwangerschaften zu New York sot den 30. Juni, dass bei Persounen, bei deenen “d’Frochtblos am zweeten Trimester platzt” – éier de Fötus liewensfäeg ass – den Infektiounsrisiko erhéicht ass. Si erënnert sech un e kierzleche Fall, bei deem eng Patientin eng Sepsis krut an e Schwangerschaftsofbroch néideg gouf, awer d’Häerz vum Fötus huet nach ëmmer geschloen.

Si huet d’Virzich vum Waarde fir anzegräifen hannerfrot a sot: “Ech soen Iech, Antibiotiquë wierken eréischt, wann den Uterus eidel ass. Den Uterus ass d’Plaz vun der Infektioun a soulaang den Uterus voll ass, gëtt si (d’Patientin) ëmmer méi krank.”

D’Krakowsky sot, de Fall wär vergläichbar mat deem vum Savita Halappanavar, enger 31 Joer aler Fra an Irland, déi no enger Feelgebuert un enger Sepsis gestuerwen ass. Der Madamm Halappanavar gouf eng medezinesch Ofdreiwung verweigert.

Si huet op eng aner Patientin verwisen, déi mat staarke Bluddungen an der 20. Schwangerschaftswoch hospitaliséiert gouf. No enger Rei Versich war den Dokter net am Stand, si adequat mat Blutttransfusiounen ze versuergen an huet eng Ofdreiwung recommandéiert, fir d’Liewe vun der Patientin net ze riskéieren.

“Ech wëll dorop hiweisen, dass an dësen zwee Fäll d’Chance, dass de Puppelche gesond op d’Welt kënnt, quasi bei Null louch”, sot d’Karkowsky. “Et hätt een hir en Ofbroch proposéiere sollen, wann een d’Liewe vun der Mamm appreciéiert. Muss ee waarde bis si bal stierft?”

Zu weider Beispiller fir Héichrisikoschwangerschafte gehéieren de Spigelsyndrom a Preeklampsie, schwéier Erkrankungen, déi typescherweis no der 20. Schwangerschaftswoch optrieden.

D’Kristyn Brandi, Spezialistin fir komplex Familljeplanung a Presidentin vun der Interessensgrupp Physicians for Reproductive Health (PRH), sot, dass och seele Komplikatioune wéi Molarschwangerschaften en Ofbroch erfuerdere kënnen.

“Als Doktesch ass et immens frustréierend, Behaaptungen ze héieren, dass ‘Ofdreiwung medezinesch ni noutwenneg ass'”, sot si den 29. Juni. “Ech ka mat absolutter Sécherheet soen, dass Ofdreiwung medezinesch noutwenneg ass an heiansdo Liewe rett.”

D’Dokter Hoskins vum ACOG huet dobäigefüügt, dass eng Schwangerschaft och bestoend Zoustänn, wéi Nieren– oder Häerzerkrankungen, verschlechtere kann.

“Dës an aner Erkrankunge kënnen d’Gesondheet staark beaflossen. Se kënne souguer den Doud ausléisen”, sot si. “Ouni Zweiwel kann eng Ofdreiwung medezinesch noutwenneg sinn.”

D’Kriibstherapie, déi am Live-Action-Video erwäänt gëtt, ass e weidert Beispill, an deem den Ofbroch vun enger Schwangerschaft heiansdo wichteg fir d’Iwwerliewe vun enger Patientin ass. Awer der Madamm Freehill, der Hiewan a Gynekologin aus Louisiana, no, “ass et wierklech vu Fall zu Fall ofhängeg”, ob eng Ofdreiwung envisagéiert gëtt.

“All Zenario muss berécksiichtegt ginn, well et gëtt sécherlech ëmmer nach Héichrisikoschwangerschaften, déi Mamme gefäerde kënne, awer net an deem Mooss, wéi munch et maachen”, sot si.

‘Ausléiser-Gesetzer’ schafe ‘Grozon’

Virun der Entscheedung vum Ieweschte Geriichtshaff haten 13 US-Bundesstaate sougenannt “Ausléiser-Gesetzer” (trigger laws) votéiert, fir Ofdreiwungen no der Annuléierung vum Fall Roe vs Wade ze verbidden. Dës Gesetzer ënnerscheede sech am Ëmfang, andeem se medezinesch noutwenneg Ofdreiwungen zouloossen.

A Missouri zum Beispill ass Ofdreiwung komplett verbueden – och bei Vergewaltegung an Inzest. Déi eenzeg Ausnam ass déi “medezinesch Noutsituatioun”, déi an der staatlecher Gesetzgebung als Fäll definéiert ginn, an deenen e spéideren Agrëff eng “eeschthaft Gefor vun enger erhieflecher an irreversibeler kierperlecher Schiedegung vu wichtege Kierperfunktioune vun der schwangerer Fra” nosechzitt.

“E puer vun dësen Ausléiser-Gesetzer – an ech kann am beschte iwwer dat vu Louisiana schwätzen, well ech et am beschte kennen – si ganz vag”, sot d’Madamm Freehill. “Et gëtt dës Grozon vu “Wat consideréiere mir als genuch Risiko, fir ze soen, dass d’Liewe vun der Mamm a Gefor ass?'”

RTL Abortion rights activists protest outside the Planned Parenthood Reproductive Health Services Center after the overturning of Roe v. Wade by the US Supreme Court, in St Louis, Missouri on June 24, 2022 ( AFP / ANGELA WEISS)

Fuerscher vu Parkland Health an dem Southwestern Medical Center vun der University of Texas hunn d’Auswierkunge vun engem texanesche Gesetz vun 2021 op d’Morbiditéit vu Mammen ënnersicht. D’Legislatioun enthält streng Definitioune vum Begrëff “medezinesch Noutfäll”.

D’Pre-Proof-Etüd, déi am American Journal of Obstetrics and Gynecology publizéiert soll ginn, beseet, dass erwaart Handlungen – bei deene medezinesch Agrëff just dann duerchgefouert ginn, wann eng onmëttelbar Gefor fir d’Liewe vun der Mamm besteet – dozou gefouert hunn, dass “57 Prozent vun de Patientinnen eng schwéier maternal Morbiditéit opweisen, am Verglach mat 33 Prozent, déi ënner änleche klineschen Ëmstänn, ouni esou eng Legislatioun, en direkte Schwangerschaftsofbroch gewielt hunn”.

E méi laangt Waarden op en Agrëff war fir déi schwanger Patientinne méi geféierlech an huet net dozou gefouert, dass méi Kanner iwwerlieft hunn. “Dat primäert perinataalt Resultat war e fetalen oder neonatalen Doud”, schreiwen d’Fuerscher.

D’Jamila Perritt, Presidentin vun PRH, sot den 29. Juni an engem Statement, dass Ofdreiwung “eng wesentlech medezinesch Interventioun ass.”

“Als Hiewan a Gynekologin, déi zënter iwwer engem Joerzéngt evidenzbaséiert Medezin a menger eegener Communautéit praktizéiert, weess ech, dass de gesamte Spektrum vun der reproduktiver Gesondheetsfleeg ëmmer och Ofdreiwungen a Betruecht zéie muss”, sot si.

D’AFP huet nach aner Behaaptungen zum Theema Ofdreiwung iwwerpréift.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.