Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video vu besoffenem Elefant staamt net aus dem Kongo

Faktencheck: Video vu besoffenem Elefant staamt net aus dem Kongo - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Video, deen en Elefant bei hallwem Bewosstsinn weist an Dosende Kanner ronderëm e stinn an op e klammen, gouf an de sozialen Netzwierker an der Demokratescher Republik Kongo verbreet.

“En Elefant ass an eng Fabrick fir Lotoko [Maiswäin] agebrach”, steet an der Beschreiwung zu engem Video vu 40 Sekonnen, an deem Dosende Kanner op engem hallef bewosstlosen Elefant spillen a kloteren, dee sech trotz der Hektik ronderëm hie bal net beweegt.

“Well d’Hiersteller vum Gedrénks geflücht waren, huet eisen Elefantefrënd op d’mannst 200 Liter consomméiert, déi fir de Verkaf virgesi waren. Resultat, den Elefant ass besoff an d’Kanner spillen op him”, steet am Schlusswuert vum Bäitrag, dee vun diverse Konten a Säite gedeelt gouf.

RTL © AFP

Dës Biller goufe säit dem 27. Abrëll e puer zéngdausend Mol op Facebook gekuckt a waren och op Twitter am Ëmlaf. Se goufen och an englescher Sprooch an de sozialen Netzwierker gedeelt, woubäi anglophon Internetnotzer behaapt hunn, se wären an Nigeria gedréit ginn.

Video vun 2020 vun der Côte d’Ivoire

De Video gouf awer a kengem vu béide Länner opgeholl. E gouf 2020 an der Côte d’Ivoire gedréit.

Eng Sich mat de Schlësselwierder “vollen Elefant Afrika” féiert zu dëser Sequenz op der Internetsäit vum beninesche Internetsender, Benin Web TV, déi de 4. September 2020 publizéiert gouf (Archiv). Der Beschreiwung no soll d’Zeen an der Côte d’Ivoire stattfonnt hunn an en Elefant weisen, dee wéinst Koutoukou, engem ivoresche wäissen Alkohol, voll ass (Archiv).

Medieberichter no gouf d’Déier an der Géigend vun Divo gesinn, enger Stad am südlechen Deel vun der Côte d’Ivoire. Eng Sich op YouTube mat de Stéchwierder “Elefant Divo Koutoukou” huet zu engem 15 Minutte laange Reportage vun der Nouvelle Chaîne Ivorienne (NCI) mam Titel “Rett den Elefant Ahmed” gefouert. Dëse Reportage gouf den 21. September 2020 online gestallt (Archiv).

D’Biller, déi d’AFP iwwerpréift huet, kommen an der 53. Sekonn vum Video vir.

RTL © AFP

Den Elefant, dee vun den Awunner vun der Regioun Ahmed gedeeft gouf, huet an der Géigend vu Guitri, engem Duerf 44 Kilometer südlech vun Divo, gelieft, wéi an dësem Artikel vu France24 steet (Archiv).

De Medium preziséiert, dass d’Authentizitéit vum Video deemools vum ivoresche Ministère fir Waasser a Bëscher bestätegt gouf, obwuel d’Autoritéiten erkläert haten, dass et hinnen net méiglech wär ze iwwerpréiwen, ob d’Déier Alkohol gedronk hat.

Den Ahmed gouf landeswäit wéinst sengem aggressive Verhalen a senger Virléift fir alkoholescht Gedrénks bekannt, sou eng lokal Source, déi vu France24 zitéiert gouf.

D’Tensioune mat de Bewunner – d’Déier huet de Verkéier gestéiert, Plantagen zerstéiert an hat en Teenager op engem Vëlo ugegraff, deen awer net blesséiert gouf – hunn zu senger “Rettung” gefouert, wéi d’NCI an hirem Reportage erkläert.

Den Ahmed gouf an den Zoo vun Abidjan verluecht (Archiv), éier hien am September 2020 am Reservat N’Zi River Lodges, am Zentrum vun der Côte d’Ivoire, fräigelooss gouf (Archiv).

D’Elefanten, déi d’Ofzeeche vun der Côte d’Ivoire sinn, sinn den Donnéeë vum ivoresche Ministère fir Waasser a Bëscher am westafrikanesche Land vum Ausstierwe menacéiert (Archiv). Hir Zuel huet sech bannent 30 Joer hallwéiert an ass am Joer 2021 ënner de Seuil vu 500 gefall. An de 60er Jore louch d’Zuel nach bei knapp 100.000, déi awer duerch déi kombinéiert Auswierkunge vun Deforestatioun a Wëlderen zeréckgoung.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.