Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Gefier gehéiert Mann vum Xavier Bettel: Den zerkraazten Auto gouf den Dag vun de Manifestatioune beschiedegt!

4e8761eced6082ef47f8a7b00d792541

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Kontext

Et ass d’Foto vun engem zerkraazten Auto virun der Dier vum Premier Xavier Bettel senger Wunneng, déi zu engem vun de Symboler vum Ausaarte vun de Maniffe leschte Samschdeg gouf. An de soziale Reseaue gëtt ënnert anerem behaapt, datt d’Foto net vun deem Owend war. RTL huet de Faktencheck gemaach.

Stoung den Auto wärend der Manifestatioun virum Haus vum Premier?

Eng Foto vum Auto gëtt an den ënnerschiddleche Medie gewisen a gëtt op de soziale Reseauen als Symbol vun den Ausschreidunge vum Samschden den Owend virum Haus vum Premier benotzt.

D’Sich no der original Foto.

No enger kuerzer Recherche ass d’RTL-Redaktioun un déi Persoun komm, déi d’Foto deen Owend gemaach huet. Beim Originalbild handelt et sech ëm eng “Live Photo”, déi mat engem iPhone 12 gemaach gouf.

Aus de Metadate geet ervir, datt d’Foto de 4. Dezember 2021 um 17:34 op der Plaz vun der Manifestatioun virum Haus vum Xavier Bettel a Gauthier Destenay gemaach gouf.

Op der Plaz war och ee Fotograf vun der RTL-Redaktioun. Aus senge Fotoe geet ervir, datt et sech ëm deen nämmlechte schwaarzen Auto handelt, ronderëm deen d’Manifestante stoungen. D’RTL-Recherche huet erginn, datt et sech ëm den Auto vum Mann vum Premier Xavier Bettel handelt.

Op Nofro beim noen Entourage vum Proprietär koum d’Confirmatioun, dass op dëse Fotoen effektiv dee geschréipsten Auto ze gesinn ass.

D’Metadaten op der Foto vum RTL-Fotograf beleeën, dass déi Biller 14 Minutte virun der “Live Photo” gemaach goufen. Sengen Aussoen no waren deen Ament Manifestanten op der Plaz, awer nach keng Schréipsen um Auto.

D’Schréipse goufe scho Woche virdrun dra gemaach?

An de soziale Medie gëtt deels behaapt, datt d’Schréipsen net frësch wieren a scho laang virdrun dra gewiescht waren. D’RTL-Redaktioun huet verschidde Carrossiere kontaktéiert. All d’Expertise kommen zur Conclusioun, datt et sech ëm Schréipsen handelt, déi kuerz éier d’Foto gemaach gouf gewollt an den Auto geritzt gi sinn.

Analys vun de Schréipsen

Den Experten no kënnen dës Schréipse keng zwou Wochen al sinn, well een op Plaze wéi dëser gesäit, dass de Vernis vill ze wäiss ass, a beim éischte Reen de Knascht vum Auto dëse gefierft hätt. D’Metadate vun der Foto ginn Indikatiounen, dass d’Foto net truquéiert gouf.

Conclusioun

Aus de Recherche geet ervir, datt d’Schréipsen den Dag vun de Manifestatioune gemaach goufen. Datt d’Foto kuerz nodeems d’Manifestanten d’Plaz verlooss hu geknipst gouf an datt et sech ëm den Auto vum Mann vum Premierminister handelt, dem Gauthier Destenay.

An engem Artikel am Tageblatt goufen aus der Siicht vum Besëtzer vum Auto d’Faiten duergeluecht.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.