2024 July

Faktencheck: D'Great Barrier Reef ass massiv bedrot, trotz Korallenzouwuess - Featured image

21 Jul: Faktencheck: D’Great Barrier Reef ass massiv bedrot, trotz Korallenzouwuess

Dat australescht Great Barrier Reef huet ëmmer nees mat bedrolechen Zuelen iwwer Korallestierwe Schlagzeile gemaach. Trotzdeem behaapte klimaskeptesch Stëmmen a Sozialen Netzwierker, dass am Joer 2024 eng Rekordzuel u Koralle bäikomm wär. Den Informatioune vun der australescher Mieresagence no goufen d’Donnéeë fir 2024 awer nach guer net verëffentlecht.

Faktencheck: Video vu rumänesche Fans, déi beim EM-Match géint d'Ukrain "Putin" ruffen, ass manipuléiert - Featured image

01 Jul: Faktencheck: Video vu rumänesche Fans, déi beim EM-Match géint d’Ukrain “Putin” ruffen, ass manipuléiert

Rumänien hat sech de 17. Juni 2024 am Match an der Gruppephas 3:0 géint d’Ukrain duerchgesat. A Sozialen Netzwierker ass zënterhier e manipuléierte Video am Ëmlaf, an deem rumänesch Fans op den Tribünen angeeblech “Putin, Putin” jäizen. Den Toun gouf awer ausgetosch a staamt aus engem Clip vun 2021. Dëse Clip weist ukrainesch Supportere bei Riff géint de russesche President wärend engem Futtballmatch.