Scroll Top

RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzeféieren?

RTL-Faktencheck: Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch anzeféieren? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Am Kader vum internationale Faktencheckdag hu mer eis User opgeruff, fir eis Sujeten eranzeschécken, déi si gäre vun der RTL-Faktencheck-Redaktioun iwwerpréift hätten.

Vun de villen Ufroen, déi mer kruten, hu mer eis an enger éischter Linn dofir decidéiert ze probéieren, Sujeten, déi op de Grand-Duché bezu sinn, nozegoen. Eng éischt Fro huet sech mat der Lëtzebuerger Sprooch an dem EU-Parlament beschäftegt. Kascht et wierklech 40 Milliounen Euro pro Joer, fir d’Lëtzebuergescht iwwersetzen ze loossen?

Laut Premier an op RTL publizéiert, géif d’Aféiere vun der Lëtzebuerger Sprooch am Europaparlament 40 Milliounen Euro d’Joer kaschten.. Ass dës Ausso einfach nëmmen Quatsch an eng faul an feig Excuse fir bei de Communautéiten kleng bäi ze ginn oder wéi kënnt sou e Schwaachsënn zestanen? Da misst jo dann och all EU-Memberstaat dës 40 Milliounen d’Joer bezuelen, wat ee sech absolut vu verschiddene Länner net virstelle kann. Dëst wier tatsächlech eng uerg Diskriminéierung a Blamage fir eist Land […]”

Interventioun vum Fernand Kartheiser reegt Diskussioun un

Eng Interventioun vum ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser am Europaparlament den 21. Oktober (hei) huet fir vill Diskussiounen ëm de Status vun der Lëtzebuerger Sprooch gefouert. Wärend an enger Reaktioun den Dag dono déi aner Lëtzebuergesch Deputéiert vun enger Zirkusnummer (hei) geschwat hunn, war d’Interventioun vum ADR-Europadeputéierten och an der Emissioun “Background am Gespréich” Thema tëscht véier vun de Lëtzebuerger Deputéierten am EU-Parlament (hei).

Tilly Metz: Iwwersetze vun eiser Nationalsprooch kascht 40 Millioune pro Joer

An dëser Ronn huet d’Tilly Metz vun déi Gréng d’Ausso widderholl, datt d’Iwwersetze vun enger Sprooch op deem Niveau iwwer 40 Milliounen Euro am Joer ka kaschten.

Tilly Metz: Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch kascht 40 Milliounen d’Joer

An der Emissioun Background am Gespréich vum 26. Oktober huet d’Tilly Metz hir Ausso nach eng Kéier widderholl.

Prezisiounen zu dëser Ausso gëtt de Büro vun der grénger Europadeputéiert. Als Beispill hëlt een déi iresch-gälesch Sprooch, déi zanter 2007 eng EU-Vertragssproch ass, mä 2022 och als offiziell Sprooch zu Bréissel a Stroossbuerg genotzt gëtt (hei). D’Aféiere vun der irescher Sprooch als offiziell EU-Sprooch kascht d’Europäesch Unioun iwwer 40 Milliounen Euro am Joer. Déi konkret Zuel, wat d’Aféiere vun enger Sproch kascht, gouf am Dezember 2023 bekannt gemaach. Deemools hat déi spuenesch Presidence d’Fro gestallt. Estiméiert gouf de Käschtepunkt fir all nei Sprooch, déi “vollstänneg am System ass”, op 44 Milliounen Euro pro Joer (hei).

Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch: Käschte ginn ënner all den EU-Memberlänner opgedeelt

Dëse Montant confirméiert och de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding a berifft sech op en Artikel vum “The Diplomat”  vum Oktober 2024 (hei). Aus dësem geet ervir, datt d’Iwwersetzunge vum Katalaneschen, dem Baskeschen an dem Galizeschen d’Europäesch Steierzueler zesumme ronn 132 Milliounen Euro pro Joer kéint kaschten. D’Plattform bezitt sech dobäi op Zuelen, déi d’Generalsekretariat vun der europäescher Kommissioun matgedeelt huet. Rechent een dat op eng Sprooch erof, kënnt een nees op déi 44 Milliounen Euro pro Sprooch.

De Pierre Reding präziséiert dann nach, datt dës Käschten net eleng vu Lëtzebuerg musse gedroen, mä datt déi ënner all de Memberstaaten opgedeelt ginn. Spréch, wann eng nei Sprooch als offiziell EU-Sprooch agefouert gëtt, bezilt och Lëtzebuerg all Kéiers en Deel vun de Käschten. Mam Bléck op d’Irescht, dat jo rezent agefouert gouf, bleift et awer net bei den 44 Milliounen Euro pro Joer. Déi iresch Ambassade zu Lëtzebuerg huet nämlech confirméiert, datt nach zousätzlech Käschten op déi iresch Republik zoukommen. Well eleng d’Formatioun vun den Iwwersetzer an Dolmetscher kascht ronn 1,6 Millioune pro Joer. Dës Käschten dréit Irland awer eleng, esou de Pierre Reding.

Wat fir Käschte falen un?

RTL © Photo by Jakub Porzycki / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Fir all offiziell EU-Sprooch si verschidde Konditiounen z’erfëllen, respektiv et fale verschidden Aufgaben un. Esou mussen Iwwersetzer an Interprete fir d’EU-Institutiounen engagéiert ginn. Dozou zielt dann och d’Formatioun an d’Zertifizéierung vum qualifizéierte Personal.

Weider missen all déi existent juristesch Texter an d’Lëtzebuergescht iwwersat ginn, genau wéi och sämtlech Meetingen, Debaten a schrëftlecht Material. All déi national Gesetzer, offiziell Dokumenter a d’Fachterminologie missen an d’Lëtzebuergescht iwwersat ginn, fir den EU-Normen z’entspriechen.

Da missen awer och d’Institutiounen ausgebaut ginn, fir d’Standardiséierung vun der Terminologie an der rechtlecher Upassung vun enger Sprooch gerecht ze ginn.

Dëst weist, datt d’Aféiere vun enger Sprooch als offiziell EU-Sprooch eng grouss Unzuel u Manpower mat sech bréngt. Eleng fir den EU-Geriichtshaff hei um Kierchbierg brauch ee fir d’Irescht ze iwwersetzen 20 Leit, do sinn dann d’Mataarbechter zu Bréissel a Stroossbuerg nach guer net mat aberechent.

40 Milliounen Euro: Premier Luc Frieden huet déi Zuel net genannt

De Staatsministère deelt mat, datt de Luc Frieden d’Zuel vu 40 Milliounen net genannt huet. Dëst gëtt duerch eng Äntwert op eng parlamentaresch vum Premierminister zesumme mam Aussen- a Kulturminister confirméiert. Hei hat den ADR-Deputéierte Fred Keup d’Fro opgeworf (hei).

An der Äntwert (hei) ass ze liesen, datt “d’Regierung keng Informatioune betreffend der honorabeler Europadeputéiert Tilly Metz hiren Aussoen zu de Käschten, déi eng Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als EU-Sprooch mat sech géif bréngen” huet. An der Äntwert, déi Enn 2024 publizéiert gouf, kuckt een op de Budget 2025 no vir. Hei sinn am Budget 80.000 Euro virgesinn, fir d’Iwwersetzung vun den offizielle Verträg vun der europäescher Unioun. Dee Montant confirméiert de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch och. Dem Pierre Reding no sinn d’Käschte mat 54.000 Euro awer méi déif ausgefall, well et bei den Iwwersetzunge vill Textpassage gouf, déi ëmmer nees erëmkoumen an esou net nach eng Kéier hu missten iwwersat ginn.

Déi dräi zoustänneg Ministere präziséieren awer, datt een awer “déi méi praktesch Aspekter mat en compte ze huelen, wéi z.B. den administrativen Opwand, deen dat op alle Säite bedeit an de Mangel un Dolmetscher, déi Lëtzebuergesch kënnen“.

Fernand Kartheiser huet net gefrot, datt Lëtzebuergesch offiziell EU-Sprooch soll ginn

Fernand Kartheiser am Europaparlament

Den Europadeputéierte wollt jo eng Ried op Lëtzebuergesch halen.

Op Nofro präziséiert de Fernand Kartheiser, datt hien zu Stroossbuerg ni gefrot huet, datt d’Lëtzebuergescht soll eng offiziell EU-Sprooch mat allen Iwwersetzungen an Acquise ginn. “Ech halen dat am Abléck net fir realistesch an och net fir néideg. Ech hu gefrot, datt Lëtzebuergesch soll opgewäert ginn, fir datt een an der Plenière vum Europäesche Parlament seng Rieden och kann op Lëtzebuergesch halen“, esou den ADR-Europadeputéierte géintiwwer RTL. Weider hätt hien eng pragmatesch Léisung virgeschloen, déi “esou gutt wéi näischt” géif kaschten. “D’Interprete sollen en Text am viraus kréien, fir datt d’Iwwersetzung méiglech ass. Bei Tëschefroen oder Nofroen kann ee jo dann eng vun deenen offizielle Sprooche benotzen“. Dem Fernand Kartheiser geet et hei ëm d’Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch an, well hien net de Statutt vun enger offizieller Sprooch freet, gëllt fir hien “d’Argument vun de Käschten” net.

Op d’Käschten ugeschwat, seet de Fernand Kartheiser, datt senges Wëssens no “d’Iwwersetzungen an EU-Sproochen aus dem allgemengen EU-Budget bezuelt“, wat bedeit, datt Lëtzebuerg seng Contributioun fir all Sprooch matdréit, ausser “fir seng eegen Nationalsprooch“.

Muss aus dem Lëtzebuergeschen eng offiziell EU-Sprooch ginn?

D’Nationalsprooch vum Grand-Duché ass jo an der Verfassung verankert. Do stellt sech dann d’Fro, ob et dowéinst elo eng Verflichtung gëtt, fir datt Lëtzebuergescht eng EU-Sprooch muss ginn. Dorobber konnt de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding elo keng direkt Äntwert ginn, mä hien huet op e Regierungsrot verwisen, dee sech mat dësem Thema beschäftege wäert. Dësen ass fir den Abrëll dëst Joer ugesat. Iwwerhaapt solle bei dësem Treffe vun de Lëtzebuerger Minister verschidde Sujeten zum Thema Sprooch op der Agenda stoen, dorënner och, wéi d’KI beim Iwwersetze kann hëllefen oder op Lëtzebuergescht “just” EU-Vertragssprooch an net offiziell EU-Sprooch sollt ginn.

Fazit: Ausso koum net vum Premierminister, ma d’Iwwersetze kéint iwwer 40 Milliounen Euro pro Joer kaschten

Anescht, wéi an der Fro, déi eis erageschéckt gouf, koum dës Ausso net vum Luc Frieden an och op RTL ass keen Artikel ze fannen, an deem de Premier dës Zuel konkret nennt. De Montant vun “iwwer 40 Milliounen” Euro kënnt vun der Europadeputéierte vun déi Gréng Tilly Metz.

Als Erklärung heescht et aus hirem Büro, datt ee sech bei dësem Chiffer un dem Montant orientéiert, deen et 2022 kascht huet, fir d’Gälescht aus Irland als offiziell EU-Sprooch anzeféieren. Dëst ass och déi rezentste Sprooch, déi de Statut vun der offizieller EU-Sprooch krut. De Chiffer vu 44 Milliounen Euro pro Joer war an enger Äntwert op eng offiziell Ufro vun der spuenescher Presidence gestallt ginn a gëtt duerch eng Héichrechnung vum Generalsekretariat vun der europäescher Kommissioun, wou d’Fro vum Katalaneschen, Baskeschen a Galizesche gestallt gouf, confirméiert gëtt. Wuelgemierkt als offiziell EU-Sprooch, mä net als Vertragssprooch, déi awer och eng offiziell Unerkennung duerstellt.

Ob Sproochen, déi méi laang de Statut vun der offizieller EU-Sprooch hunn, dee selwechte Montant kaschten, geet aus dësen Zuelen net ervir.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.