Den US-President Donald Trump huet zweemol e Video gedeelt, an deem behaapt gëtt, Walmart géif méi wéi 250 Butteker a Kalifornien opgrond vum Mindestloun vun 22 Dollar d’Stonn, deen de Gouverneur Gavin Newsom ageféiert huet, zoumaachen.
Fact Check
Den 3. Februar koum et an de Paräisser Büroe vum Sozialen Netzwierk X zu enger Perquisitioun, déi am Kader vun enger Enquête iwwer angeeblech Feelentwécklunge bei der Plattform duerchgeféiert gouf. An dësem Zesummenhang ware séier angeeblech Fotoe vun der Hausduerchsichung am Internet.
Wéi den amerikaneschen Dropgänger Alex Honnold am Januar 2026 ouni Sécherung op den héchsten Wollekekrazert vun Taiwan geklommen ass, gouf dat live iwwer déi ganz Welt gestreamt.
Honnerten Notzerinnen an Notzer haten Enn Mee 2022 a Sozialen Netzwierker d’Behaaptung gedeelt, dass Flüchtlingen aus der Ukrain, déi ab Juni 2022 ukoumen, an Däitschland eng Pensioun ufroen dierften – Männer ab 60 Joer, Fraen ab 57 Joer.
Eng Hickecht Entreprisen hu sech zënter dem russeschen Iwwerfall op d’Ukrain am Joer 2022 aus Russland zeréckgezunn. Am Januar 2026 hu Userinnen a User am Internet doriwwer spekuléiert, ob den Autohiersteller Mercedes-Benz op de russesche Maart zeréckkéim. Beleeë soll dat en Dokument, dat awer aus dem Kontext gerappt gouf.
Zënter Ufank Januar 2026 protestéiere franséisch Baueren géint d’Fräihandelsofkommes tëscht der EU an de südamerikanesche Mercosur-Staaten. An dësem Zesummenhang gouf am Internet e Video gedeelt, deen angeeblech Trakteren op enger Autobunn an der Géigend vu Paräis weist.
Wann een eng Internetadress mam Domaine “.lu” agëtt, rechent een u sech domadder, op enger Lëtzebuerger Säit erauszekommen.
Kanada huet de Status, d’Riedelen eliminéiert ze hunn, 2025 verluer. An och a ganz Nordamerika kënnt et ëmmer nees zu Ausbréch.
Den Doud vun der Renée Nicole Good, enger amerikanescher Fra a Mamm, déi de 7. Januar erschoss gouf, wéi si wärend enger Razzia vun der Immigratiounsagence ICE zu Minneapolis an hirem Auto souz, huet an de Vereenegte Staate vill Emotiounen ausgeléist. No der Dot hunn Internetnotzer séier Fotoe vum Affer verëffentlecht.
5G ass déi fënneft Generatioun vum Mobilfunkstandard, déi zënter 2019 ageféiert gëtt. Enger am November 2025 kurséierender Behaaptung no géif 5G e “mëllt Verkuele vum Liewen op der Äerd” ausléisen, änlech wéi eng Mikrowell Narung erwierme géif. Fachleit hunn awer erkläert, dass de Verglach net richteg a 5G bei Anhale vun de gesetzleche Sécherheetsvirgabe sécher wier. En Zitat vun engem Medezinner, dat ugeféiert gëtt, wär ausserdeem net korrekt.