Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Alen SWR-Bäitrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass

Faktencheck: Alen SWR-Bäitrag kee Beweis dofir, dass Infraschall vu Wandrieder schiedlech ass - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Säit Joren ass d’Behaaptung am Ëmlaf, dass nidderegfrequent Schallwelle vun Eolienne – sougenannten Infraschall – krank maachen.

D’Etüd, déi an dësem Bäitrag zitéiert gëtt, gouf vu verschiddenen Experte wéinst hirer Method kritiséiert an duerch aner Untersuchunge widderluecht. Weider Etüden, déi säit 2018 gemaach goufen, hu keng Indicen op Gesondheetsschied duerch Infraschall vun Eolienne fanne kënnen.

Honnerte User hu säit Ufank November 2022 e Bäitrag op Facebook gedeelt (hei, hei), deen d’Behaaptung verbreet, Wandrieder kéinten d’Gesondheet vu Residentë schiedegen. An de Bäiträg ass en SWR-Bericht iwwer eng Etüd vun der Mainzer Universitéitsmedezin ze gesinn, déi ugëtt, Infraschall kéint d’Funktiounsfäegkeet vum mënschlechen Häerz beanträchtegen.

D’Behaaptung: Den SWR-Bäitrag schwätzt iwwer déi vermeintlech Konsequenze vun Infraschall op de mënschleche Kierper, déi an enger Etüd eng éischt Kéier nogewise gi wären: “An enger aktueller, nach net publizéierter Etüd vun der Mainzer Unimedezin gouf elo nogewisen, dass sech och Infraschall negativ op de Kierper auswierkt”, heescht et am Bericht.

D’Analys hätt deemno erginn, dass d’Aktivitéit vun Häerzmuskelfaseren ofhuele géif, nodeem dës Infraschall ausgesat goufen. “Wat mir als geséchert gesinn, ass, dass d’Applikatioun vu Schallwellen […] zu enger Hemmung bei der Entwécklung vu Kraaft vun Häerzmuskelpreparater féiert” sot de Chef vun der Fuerschungsgrupp, de Mainzer Häerzchirurg Christian-Friederich Vahl géintiwwer dem SWR. Munch Bäiträg vermëttelen den Androck, de Bäitrag wär aktuell: “Wandturbinne produzéieren Infraschall, 30. Oktober 2022. Ech duecht ëmmer, dat wär eng Konspiratioun.”

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 23. November 2022

Zu Wandenergie an hiren angeeblechen Auswierkunge sinn ëmmer méi Falschbehaaptungen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf. D’AFP huet an der Vergaangenheet zum Beispill Behaaptungen iwwerpréift, no deene fir d’Constructioun vun engem Wandrad 4.000 Tonne Stol néideg wären, Eoliennen de Klimawandel verstäerken oder a Spuenien Bësch ofgebrannt wären, fir Bauland fir Wandrieder ze schafen. Faktenchecke vun der AFP zum Theema Klima fannt Dir hei.

Wat ass Infraschall a gëtt e vun Wandrieder produzéiert?

Infraschall sinn den Donnéeë vum däitschen Umweltbundesamtes (UBA) no “Geräischer mat enger Frequenz vun 20 Hertz an drënner”. Domat beweegt sech Infraschall ënnert dem mënschleche Seuil auditif. Dësen nidderegfrequente Schall ass an der Ëmwelt omnipresent a gëtt vun natierleche Schallquelle wéi dem Wand oder dem Deferlement vum Mier produzéiert, awer och vum Stroosseverkéier oder techneschen Anlage wéi Wandrieder.

RTL Die Hörbarkeit von Geräuschen hängt von der Frequenz ab. Die Frequenz von Infraschall bewegt sich im nicht hörbaren Bereich ( Bayerisches Landesamt für Umwelt)

Op der Internetsäit vum däitschen Ëmweltministère heescht et, Infraschall kéint als “Belästegung” empfonnt ginn, och wann en net ze héieren ass. Vill Etüde konnte keng Beleeg dofir fannen, dass den Infraschall, dee vun Wandrieder produzéiert gëtt, gesondheetsschiedlech ass.

Den interdisziplinäre Fuerschungsprojet “Tremac”, an deem verschidden däitsch Fuerschungsinstituter an Universitéiten d’Schallemissioune vun Eoliennen ënnersicht goufen, konnt keen Zesummenhang tëschent Infraschall a gesondheetlechen Doleancë feststellen. An enger Publikatioun vum Projet aus dem Joer 2022 heescht et: “Et gëtt am Moment keng epidemiologesch Etüden, déi kausal Zesummenhäng tëschent dem Betrib vun Wandrieder a kierperlechen Doleancen eendeiteg beleeë konnten.”

Och eng experimentell Etüd vum däitschen Ëmweltministère aus dem Joer 2020 huet keng Indicen op kierperlech Schied duerch Infraschall fonnt. D’Untersuchung huet “keen Zesummenhang tëschent Infraschallgeräischer ronderëm oder ënnert der Perceptiounsschwell an akute kierperleche Reaktiounen”, heescht et an der Zesummefaassung vun der Etüd. Allerdéngs hunn d’Probanden den Infraschall als “e bësse” bis “mëttelméisseg” lästeg bewäert. Duerch den Design vun der Etüd kéinten d’Resultater zudeem net generaliséiert ginn, dofir misst eng méi ëmfaassend Fuerschung gemaach ginn.

Och eng groussugeluecht Etüd vum Finneschen Techneschen Fuerschungszentrum (VTT) aus dem Joer 2020, déi sech op Gebidder konzentréiert huet, an deenen Awunner iwwer Symptomer am Zesummenhang mat Infraschall vu Wandparken, déi an der Géigend stinn, geklot haten, konnt keng Indicen op gesondheetlech Auswierkunge vun Infraschall aus den Eoliennë fannen.

Wat weist de gedeelte Video?

De Clip, deen an de Bäiträg gedeelt gëtt, weist de Logo vun der lokaler Noriichtesendung “SWR Aktuell”. Eng Sich no “SWR Aktuell” an “Infraschall” op Facebook huet zu engem Video gefouert, deen de 26. Abrëll 2018 op der Facebook-Säit vum Sender eropgeluede gouf. Den urspréngleche Bäitrag op der Tëlee gouf dem SWR no den Dag virdrun, de 25. Abrëll 2018, diffuséiert. Dësen ass awer net méi an der Mediathéik vum SWR ze fannen.

Am Mëttelpunkt vum Bericht steet eng Etüd vun der Mainzer Universitéitsmedezin ënner der Leedung vum Häerzchirurg Christian-Friedrich Vahl, déi zu dësem Zäitpunkt nach net verëffentlecht war. Am Bericht vum SWR gouf d’Etüd mam Resultat zitéiert, dass d’Funktioun vun Häerzfaseren duerch Infraschall beanträchtegt géif.

De Bericht kënnt zur Konklusioun: “Nach muss dës Erkenntnis quantifizéiert ginn, dat heescht op d’Liewensrealitéit vun de Mënschen an der Ëmgéigend vun de Wandrieder iwwerdroe ginn. Am schlëmmste Fall awer bedeit dat, dass d’Liewen an der Géigend vun esou Anlagen häerzkrank maache kann”. An deem Bericht gëtt och eng Koppel interviewt, déi fäert, dass hir Gesondheetsprobleemer duerch e Wandpark an der Géigend ausgeléist goufen.

An der Reportage schwätz de Vahl iwwert d’Resultater vu sengem Experiment. Deemno géif Infraschall d’Fäegkeet vum ënnersichte Geweebe vum Häerzmuskel beanträchtegen, sech unzespanen: “Wat mir als sécher ugesinn, ass, dass d’Uwendung vu Schallwellen […] zu enger Hemmung vun der Kraaftentwécklung vun Häerzmuskelpreparater féiert” seet hien an deem Interview.

SWR: “Bericht géif haut net méi diffuséiert ginn”

Eng SWR-Spriecherin sot den 29. November 2022 géintiwwer der AFP, d’Versioun vum Bericht, déi 2018 verëffentlecht gouf, géif haut net méi diffuséiert ginn. “Well et entre-temps eng breet Ausenanersetzung mat der Etüd vum Professer Vahl aus dem Joer 2018 gëtt, géife mir de Bäitrag, sou wéi en 2018 produzéiert gouf, zum aktuellen Zäitpunkt net méi bréngen. Hei géife mir méi staark op d’Kritik agoen.”

Informatioune vum SWR no gouf et zum Zäitpunkt vun der Ausstralung vum Bäitrag keng Indicen, “déi Zweiwel un der Methodik vun der Etüd hätten opkomme loossen”. Dem Vahl säin Usaz wär zu dësem Zäitpunkt “schlësseg an novollzéibar” gewiescht. “Dowéinst hu mir dat och an den Noriichtesendunge vum SWR bruecht”, huet d’Spriecherin erkläert. Eng kritesch, ëffentlech Debatt iwwer dem Vahl seng Fuerschungsmethoden a -resultater hätt et eréischt no der Diffusioun ginn, sot d’Spriecherin.

De Christian-Friedrich Vahl huet op eng Rei Ufroe vun der AFP, seng Fuerschungsresultater ze kommentéieren, net reagéiert. An dësem Interview mam “Nordkurier” vum 24. Mee 2022 äussert hie ech zwar zeréckhalend, wann et drëm geet, d’Resultater aus dem Labo vu senger Etüd op d’Funktiounsweis vun engem echte mënschlechen Häerz ze iwwerdroen, hält awer un de grondsätzleche Resultater vun der Etüd fest: “Do sinn ech grondsätzlech ganz virsiichteg. An de Preparater sinn d’Muskelfaseren anescht ugeuerdent wéi am wierklechen Häerz, a si goufen am Laboratoire gläichméisseg beschallt. An der Praxis kéint d’Wierkung also méi geréng sinn”, sot hien. Hien huet nach bäigesat: “Entscheedend ass awer, dass et dësen Effekt gëtt: Infraschall schwächt d’Kraaft vum Häerz.”

Kritik un ze héijen Infraschallwäerter

Am Kader vun der Etüd vun 2018, déi 2021 an der Fachzäitschrëft “Noise & Health” verëffentlecht gouf, huet dem Vahl seng Fuerschungsekipp preparéiert Häerzmuskelfaseren ënner Konditiounen am Labo Infraschall ausgesat. D’Fuerscher hu jee zwou Prouwe vun 18 Probanden ënnersicht, déi dëse wärend enger Häerzoperatioun entholl gi waren. D’Prouwe goufe jeeweils eng Stonn laang mat Infraschall an enger Stäerkt vun 100, 110 an 120 Dezibel beschallt. Déi zweet Prouf huet als Kontrollgrupp gedéngt a gouf dem Infraschall net ausgesat.

De Schalldrockpeegel, deen an Dezibel gemooss gouf, beschreift d’Intensitéit vun engem Geräisch. Fir d’Audibilitéit ass awer net just d’Intensitéit, mee och d’Frequenz entscheedend. E Geräisch mat 70 Dezibel bei 1.000 Hertz ass esou haart wéi e Staubsauger, wärend en Toun mat 70 Dezibel bei 2 Hertz fir de Mënsch net ze héieren ass.

D’Etüd huet erginn, dass d’Kraaft vun den Häerzmuskelfaseren, déi beim Zesummenzéien duerch d’Infraschall-Beschallung ofgeholl huet. Bei 110 Dezibel huet hir Kontraktiounsfäegkeet deemno ëm eelef Prozent ofgeholl, bei 120 Dezibel ëm 18 Prozent am Verglach zur Kontrollgrupp ouni Beschallung. Opgrond vun dëse Resultater huet d’Aarbechtsgrupp vum Vahl am Fazit vun der Etüd konkreet politesch Fuerderungen zum Schutz vun de Residentë vu Wandkraaftanlage formuléiert: “D’Fuerscher vun dësem Artikel recommandéieren, de Peegel vum produzéierten Infraschall op 80 Dezibel (20 Dezibel ënner dem kritesche Wäert vun 100 Dezibel) als maximal toleréierbar Grenz fir déi chronesch Belaaschtung festzeleeën”.

Eng Laangzäitmiessung vum Bayerischen Landesamtes für Umwelt (LfU) huet awer erginn, dass den Infraschall vu Wandkraaftanlage scho bei enger Distanz vun 200 Meter däitlech ënner 60 Dezibel an domat wäit ënner der Perceptiounsgrenz läit. Eng änlech Untersuchung vun der Landesanstalt für Umwelt Baden-Württemberg (LUBW) koum zum Resultat, dass d’Intensitéit vum Infraschall ab enger Distanz vu 700 Meter vun enger Eolienne esou geréng ass, dass sech net méi ënnerscheede léisst, ob eng Anlag an- oder ausgeschalt ass.

RTL Infraschall in der Umgebung von Windenergieanlagen liegt deutlich unter der Hör- und Wahrnehmungsschwelle ( Bayerisches Landesamt für Umwelt)

De Rapport vum LUBW stellt ausserdeem fest, dass vill alldeeglech technesch Sourcen däitlech méi héich Infraschallpeegele verursaache wéi Wandkraaftanlagen. “Sou ginn zum Beispill bei gewéinlechen Apparater am Stot wéi Wäschmaschinn oder Masuttsheizung deels méi héich Infraschallpeegele gemooss wéi bei Wandkraaftanlagen an enger Distanz vun 300 Meter”, heescht et an engem Resumé vum Rapport.

De Stefan Holzheu, Ëmweltwëssenschaftler op der Universitéit Bayreuth, beschäftegt sech säit e puer Jore mat Infraschall vu Wandkraaftanlagen. Hie widdersprécht am Gespréich mat der AFP vum 5. Dezember 2022 der Behaaptung, dass Infraschall der mënschlecher Gesondheet schuede géif. “Firwat hu mir da kee medezineschen Noutfall, wa mir eis an en Auto setzen?”, huet den Holzheu gefrot. “Dobäi entstinn Intensitéiten, déi dausendmol méi héich si wéi déi vu Wandkraaftanlagen”. Et wär iwwerhaapt net kloer, wéi den angeeblech schiedlechen Infraschall iwwerhaapt an de Kierper komme soll. “Drock op de Kierper ass wäitgoend irrelevant an Infraschall ass an dësem Zesummenhang komplett harmlos”, sot hien.

Dat beleet eng Etüd vum däitschen Umweltbundesamt iwwer d’Auswierkunge vun Infraschall, an där et heescht: “Fir eng negativ Auswierkung vun Infraschall ënner der Perceptiounsgrenz konnte bis elo keng wëssenschaftlech geséchert Erkenntnesser fonnt ginn, och wann zuelräich Fuerschungsbäiträg entspriechend Hypotheese postuléieren.”

Och an enger Publikatioun vum Hesseschen Energieministère heescht et zu Wandenergie an Infraschall: “An Etüden, an deenen ausschliisslech Infraschall ënner der Perceptiounsgrenz virlouch, konnte keng gesondheetsschiedlech Wierkungen op de Mënsch observéiert ginn.” An der Publikatioun heescht et och, dass Infraschall iwwer der Perceptiounsgrenz ënner Ëmstänn negativ Auswierkungen op déi mënschlech Gesondheet kann hunn.

Schwéiere Rechefeeler vun enger federaler Agence

D’Etüd iwwer Infraschall vum Vahl senger Aarbechtsgrupp gouf zousätzlech ugezweiwelt, nodeem sech offiziell Miessdonnéeë vun enger federaler Agence zu den Infraschallpeegelen, déi vu Wandkraaftanlagen ausginn, als falsch erausgestallt an nodréiglech korrigéiert misste ginn. Eng Etüd vun der Bundesanstalt für Geowissenschaften und Rohstoffe (BGR) aus dem Joer 2005 huet Infraschallwäerter am Ëmfeld vun Eoliennë mat bis zu 100 Dezibel uginn.

Am Abrëll 2021 musst d’BGR no Kritik aus der Wëssenschaft op en Neits e Rechenfeeler an hirer Etüd vun 2005 zouginn. D’Infraschallwäerter wären opgrond vun Programméierungsfeeler an der benotzter Software däitlech ze héich berechent ginn, housch et.

Den deemolege Bundeswirtschaftsminister Peter Altmaier (CDU), deem sengem Ministère d’BGR ënnerstallt ass, huet sech fir de Feeler entschëllegt. Den tatsächleche Wäert huet sech deemno op 64 an net 100 Dezibel belaf. D’Differenz vu 36 Dezibel mécht en enormen Ënnerscheed an der Schallintensitéit, well d’Dezibelskala logarithmesch an net linear klëmmt. Eng Hausse ëm 10 Dezibel bedeit eng Verzéngfachung vum Schalldrock. Soumat huet d’Etüd vun der BGR d’Infraschallpeegelen an der Ëmgéigend vu Wandkraaftanlagen ëm de Faktor 4000 ënnerschat.

D’BGR huet hir ursprénglech Etüd zeréckgezunn an am Dezember 2021 eng Korrektur vun hire Berechnunge verëffentlecht. An der Korrektur heescht et: “Als Mooss fir d’Stäerkt vum Infraschall vun enger Eolienne goufen an der Publikatioun Schalldrockpeegele gewisen. Dës hunn awer e systematesche Feeler enthalen a ware 36 Dezibel ze héich.”

De Vahl berifft sech an enger Konferenzserie op der Universitéit Mainz den 3. Dezember 2019, wou hien der Ëffentlechkeet säin Infraschall-Experiment virstellt, op déi feelerhaft Infraschallwäerter vun der BGR. Den Infraschallpeegel op engem Kilometer Distanz zu engem Wandrad géif 100 Dezibel ausmaachen, “obwuel een näischt héiert”, seet de Vahl bei Minutt 34:17 a weist eng Grafik, déi op den Donnéeë vun der BGR baséiert.

Och d’Korrektur vun den Donnéeë verännere fir de Vahl näischt u senger Aschätzung zu den angeeblech gesondheetsschiedleche Konsequenze vun Infraschall. An engem Interview mat der Zeitung “Die Welt” vum Mee 2021 sot hien, dass déi niddereg Infraschallpeegelen näischt un de “grondleeënde Stresswierkunge” vun Infraschall ännere géifen. Déi vermeintlech Gesondheetsschied triede scho bei nidderege Schalldrockpeegelen op, behaapt de Vahl: “No der Korrektur vum BGR ginn d’Doleancë vun de Betraffenen net méi am Beräich vu méi wéi 90 Dezibel matgedeelt, mee schonn am Beräich tëschent 60 a 70 Dezibel.”

Am Interview mam “Nordkurier” vum Mee 2022 huet hien zousätzlech zum SWR-Bäitrag vun 2018 argumentéiert, dass den Infraschall vu Wandkraaftanlage méi schiedlech wär, well en am Géigesaz zu anere Forme vun Infraschall net net gläichméisseg ofgi géif.

Techneschen Opbau vum Vahl sengem Experiment kritiséiert

Verschidden Expertinnen an Experte kritiséieren en plus, dass den techneschen Opbau vum Vahl sengem Experiment d’Infraschallwierkung vu Wandkraaftanlagen net realistesch nostelle géif. Den hollännesche Schallexpert Frits van den Berg schreift an enger Replik op d’Etüd vum Vahl senger Aarbechtsgrupp an der Fachzäitschrëft “Noise & Health”, déi 2022 publizéiert gouf: “Är Resultater si schlicht net op den Infraschall vun Eoliennen iwwerdrobar. Dat läit zum engen dorun, dass d’Infraschallpeegel vu Wandkraaftanlagen ze niddereg sinn, an zum aneren dorun, dass Äert Verständnis vun der Wierkung vum Schall op de mënschleche Kierper falsch ass.”

D’Häerzmuskelpreparat befënnt sech am Opbau vum Vahl senger Etüd an enger Kummer aus Plexiglas. Un der ieweschter Ofdeckung vum Plexiglas ass e Lautsprecher ubruecht, deen den nidderegfrequente Schall produzéiert. Den Ëmweltwëssenschaftler Stefan Holzheu huet géintiwwer der AFP argumentéiert, dass eleng d’Beweegunge vum Lautsprecher d’Resultater kéinte beaflosst hunn.

Zesumme mat dräi anere Wëssenschaftler, zwee Physiker an enger Medezinerin, huet den Holzheu an der Zäitschrëft “Noise & Health” eng weider Replik op dem Vahl seng Etüd verëffentlecht. Doran heescht et, Resultater vum Vahl senger Etüd wären ongëlteg, well d’Organisatioun vum Versuch net gëeegent wär a sech net op reell Konditioune iwwerdroe loosse géif. D’Resultater vu senger Fuerschungsekipp géifen “duerch eng physikalesch ongëeegent Versuchsorganisatioun widderluecht, déi eng iwwerméisseg Loftbeweegung produzéiert, déi bei enger normaler Schallwell mat dem selwechte Loftdrock am Rayonnement net optrëtt. Dës staark Loftbeweegung bréngt d’Spëtzt vun der Pincette zum Vibréieren a setzt déi befestegt Muskelgeweebeprouwen enger lokaler mechanescher Reizung aus, déi am Häerz in vivo net virkënnt”, heescht et an der Publikatioun.

Dat heescht, de Loftstroum, deen duerch d’Beweegung vum Lautsprecher produzéiert gëtt, wéi och d’Vibratioun vum Lautsprecher verfälschen no der Opfaassung vun de Wëssenschaftler dem Vahl seng Miessresultater.

Fazit: Den SWR-Bericht, deen aktuell am Ëmlaf ass, staamt aus dem Joer 2018 an net aus dem Joer 2022, wéi d’Bäiträg menge loossen. Den SWR huet géintiwwer der AFP erkläert, dass de Bäitrag vereelzt wär an diffuséiert gouf, éier Froen zum Vahl senge Resultater opkoumen. Zuelräich Etüden, déi säitdeem publizéiert goufen, hu keng Beweiser dofir fonnt, dass Infraschall vu Wandkraaftanlage physesch Schied am mënschleche Kierper ausléist. De Vahl hält weiderhin u senge Fuerschungsresultater fest.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.