Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, säi Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen

Faktencheck: AstraZeneca gouf net vun der EMA gezwongen, säi Covid-Impfstoff vum Maart ze huelen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De brittesche Labo AstraZeneca huet den 8. Mee annoncéiert, dass e säi Covid-19-Impfstoff Vaxzevria vum Maart hëlt.

Opgepasst: Niewewierkunge vu Vaxzervia sinn immens seelen an den Impfstoff weist den Donnéeë vun der EMA no e séchere Risikoprofil op. Dora gëtt och confirméiert, dass de Labo selwer d’Medikament zeréckzitt, well et als net méi der Demande entspriechend consideréiert gëtt.

“Den Arrêt vun AstraZeneca steet net am Zesummenhang mat engem Réckgang vun der Demande… mee mat engem Entzuch vun der Geneemegung duerch d’EMA wéinst ‘Niewewierkungen’!”, huet de Kont “l’infotox” den 8. Mee 2024 op der Plattform X geschriwwen.

Anerer begréissen de Réckzuch, wat hir Meenung doriwwer bestätegt, wat si zënter dem Joer 2021 behaapt hunn, sou wéi dësen Internetnotzer: “AstraZeneca-Impfstoff endlech vun der EMA zeréckgezunn: Den Didier Raoult war den Éischten, dee virun den eeschten Niewewierkunge vun dësem Produit gewarnt huet. Merci un hien! Schlussendlech lauschteren d’Gesondheetsautoritéiten op d’Medezin an op d’Wëssenschaft. 3 Joer ze spéit”. Dës Publikatioun vum 8. Mee 2024 gouf méi wéi 400 Mol gedeelt, mat engem Portrait vum ëmstriddenen eemolege Chef vun der IHU vu Marseille.

Och op Facebook behaapte vill Leit, dass “d’Europäesch Kommissioun den AstraZeneca-Impfstoff vum Maart hëlt”, a verbannen dës Informatioun mat der Tatsaach, dass den Impfstoff “fir Thrombose responsabel erkläert gouf”, wéi an dëser Publikatioun, déi e puer Honnert Mol gedeelt gouf.

Esou ierféierend Behaaptunge sinn an diverse Sproochen a Sozialen Netzwierker viral gaangen. An engem tschechesche Bäitrag huet en Anti-System-Kandidat fir d’Europawale geschriwwen: “D’Zouloossung vum AstraZeneca-Impfstoff a ganz Europa gouf de 7. Mee 2024 zeréckgezunn. D’Wouerecht ass ëmmer just eng Fro vun der Zäit. Mir warne schonn zënter dräi Joer do virdrun.”

Réckzuch vum Maart ass eng “fräiwëlleg Decisioun” vun AstraZeneca

D’Europäesch Kommissioun huet am Mäerz 2024 bekannt ginn, dass si “op Demande vum Proprietär” en Entzuch vun der Maartzouloossung vum Vaccin Vaxzevria ageleet hätt (Archiv).

De 7. Mee huet d’EMA dohier logescherweis eng Informatioun verëffentlecht, dass den Impfstoff an der EU net méi zougelooss géif ginn (Archiv). Och hei erkläert d’EMA op hirer Internetsäit, dass d’Geneemegung fir d’Maartzouloossung vu Vaxzevria “op Demande vum Proprietär […] zeréckgezu gi wär”.

RTL © AFP

E Spriecher vun der EMA huet géintiwwer vun AFP Factuel den 13. Mee confirméiert, dass AstraZeneca de Réckzuch vum Vaccin ugefrot hätt: “AstraZeneca huet d’Europäesch Kommissioun iwwer seng Entscheedung informéiert, de Produit definitiv vum Maart ze huelen”.

“Dëst ass eng fräiwëlleg Entscheedung, déi eng Grupp eesäiteg huele kann, awer et gëtt eng Prozedur, déi agehale muss ginn, fir d’Maartzouloossung um europäesche Maart rechtméisseg ze entzéien”, huet d’EMA erkläert.

D’Agence huet dorun erënnert, dass “d’Verhältnis tëscht Risiko an Notze vum Impfstoff positiv war” an dass “d’Entscheedung vun der Grupp, den Impfstoff zeréckzezéien, vu réng kommerzieller Natur ass”.

Dat confirméiert och d’Spriecherin vun AstraZeneca, d’Fiona Cookson, déi de 15. Mee per E-Mail kontaktéiert gouf: “AstraZeneca huet de Réckzuch initiéiert, net d’EMA, an dëst opgrond vun engem Mangel u Commanden, well nei Impfstoffer op de Maart koumen, déi fir déi nei Covid-Variante gëeegent sinn.”

Niewewierkungen a Geriichtsaffären

Dëse Vaccin, ee vun den éischten um Maart, obwuel Impfstoffer net d’Spezialitéit vun AstraZeneca waren, hat eng Rei Réckschléi ze verdauen, dorënner dass de Vaccin an den USA ni d’Maartzouloossung krut a Liwwerschwieregkeeten an Europa (Archiv).

Seele Fäll vu graven Niewewierkungen gehéieren och zur Geschicht vun dësem Impfstoff: AstraZeneca musst am Abrëll 2021, mam Accord vun der brittescher Reguléierungsagence MHRA, d’Informatiounen iwwer Vaxzevria aktualiséieren, fir d’Méiglechkeet anzebezéien, dass et a seelene Fäll Thrombosen ausléist.

Déi méiglech Thrombosesyndromer, d’Thrombozytopenie (TTS), féieren zur Bildung vun engem Bluttgerënnsel mat potenziell déidleche Konsequenzen. Dëse seelene Syndrom war bei ongeféier 2 bis 3 vun 100.000 Geimpften opgetrueden, déi mat AstraZeneca geimpft goufen.

D’Grupp ass mat enger Rei Geriichtsaffäre wéinst de Konsequenze vum Vaccin konfrontéiert, ënner anerem mat engem am Vereenegte Kinnekräich, wou 51 Leit eng Plainte gemaach hunn.

D’Impfstoffer vun AstraZeneca a vun Johnson & Johnson (Janssen an Europa) goufe bal iwwerall opginn. An Europa gouf a gëtt haaptsächlech op d’mRNA-Impfstoffer vu Pfizer-BioNTech a Moderna gesat.

AstraZeneca an Johnson & Johnson hunn awer eng zentral Roll bei Covax, engem internationalen Hëllefsprogramm fir Covid-Impfungen vun der UNO, behalen; dat opgrond vun de gerénge Käschten an der einfacher Hierstellung a Verdeelung (Archiv).

Den AstraZeneca-Impfstoff war an der Vergaangenheet Géigestand vun enger Rei Desinformatiounen, besonnesch wéinst senger angeeblecher Ineffikassitéit, awer och virun allem wéinst dem Thrombos-Risiko, deen duerch ierféierend Publikatioune immens verstäerkt an iwwerdriwwen duergestallt gouf.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.