Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: CO2, dee vum Mënsch produzéiert gëtt, dréit zum Klimawandel bäi

Faktencheck: CO2, dee vum Mënsch produzéiert gëtt, dréit zum Klimawandel bäi - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Zäregasemissiounen, déi vum Mënsch ausgestouss ginn, droen zur Hausse vun der globaler Temperatur bäi – doriwwer ass sech d’Majoritéit vun de Klimafuerscher eens.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 06.12.2022

Ëmmer nees stelle User a sozialen Netzwierker d’Existenz vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel a Fro. D’AFP huet an der Vergaangenheet an dësem Kontext zum Beispill Behaaptungen iwwerpréift, no deenen d’Äerderwiermung natierlech an net ongewéinlech wär, oder dass fir d’Klimaerwiermung net de Mënsch, mee d’Sonn oder Verännerungen an der Äerdëmlafbunn verantwortlech wären. D’AFP huet och Behaaptunge widderluecht, Medie géife mat der Hëllef vu selektiven Temperaturdonnéeën oder manipuléierte Wiederkaarten d’Situatioun besonnesch dramatesch duerstellen. Faktenchecken zum Theema Klima sinn hei ze fannen.

Wéi vill CO2 ass an der Atmosphär?

Behaaptungen zum Undeel vun natierlechem a vum Mënsch produzéierte Kuelestoffdioxid an der Atmosphär si schonn zënter Joren am Internet am Ëmlaf (hei, hei). Si deiten domat un, et kéint een den Undeel vum Mënsch un der Äerderwiermung vernoléissegen.

Op den éischte Bléck wierkt den Undeel vun CO2 an der Atmosphär effektiv kleng. Dëse bedréit ongeféier 0,04 Prozent, wéi déi US-amerikanesch Weltraumagence NASA an d’Columbia University zu New York online erklären. Am Joer 2022 hunn e puer Institutioune gemellt, dorënner d’Vereenten Natiounen (UNO) an d’National Ocean and Atmosphere Agency (NOAA) vun den USA, vun engem opfalend héijem CO2-Undeel an der Atmosphär bericht. Dat bedeit allerdéngs net, dass de vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel “erfonnt” wär.

Den CO2, deen an eiser Atmosphär ass, verstäerkt virun allem de sougenannten Zäreneffekt. Dat däitscht Bundesumweltamt erkläert de Virgang esou: Zäregase wéi Kuelestoffdioxid, déi vum Mënsch produzéiert ginn, sammele sech an der Äerdatmosphär. D’Gase sinn duerchlässeg fir kuerzwelleg Sonnestralung, absorbéieren awer laangwelleg waarm Stralung. Duerch déi konstant Hausse vun der Konzentratioun un Zäregasen an der Äerdatmosphär zënter der Industrialiséierung verréngert sech déi waarm Stralung, déi an de Weltall ofgi gëtt, wouduerch den Äerdsystem méi waarm gëtt.

Iwwer den Afloss vum Mënsch op d’CO2-Konzentratioun huet den däitschen Ëmweltministère am Joer 2013 geschriwwen, et wär zwar richteg, dass bannent dem natierleche Kreeslaf vum Kuelestoff “vergläichsweis grouss Quantitéiten ausgetosch ginn”. D’CO2-Konzentratioun géif bannent dësem Kreeslaf awer net klammen.

Den Ozean géif zum Beispill geneesou vill Kuelestoffdioxid nees ophuelen, wéi en an d’Atmosphär ofgi géif, sou den Ëmweltministère. “Den Netto-Bilan vun CO2 fir d’Atmosphär ass also praktesch bei Null. Dat selwecht gëllt fir d’Vegetatioun.” De Mënsch wär allerdéngs eng zousätzlech Quell fir den CO2-Ausstouss. En Deel dovu kéint zousätzlech vun Ozean a Vegetatioun opgeholl ginn, awer net alles. D’Resultat wär eng Hausse vun der atmosphärescher CO2-Konzentratioun.

Och d’Max-Planck-Gesellschaft huet am Joer 2010 geschriwwen, de Mënsch géif de Kreeslaf vum Kuelestoff déifgräifend veränneren, andeem en zum Beispill “fossil Energiequelle verbrennt a Bëscher ëmhat”. Dat schreift och déi amerikanesch Agence NOAA.

Dëse mënschlechen Afloss op d’CO2-Konzentratioun léisst sech och unhand vun historeschen Donnéeën noweisen. Wéi den däitschen Ëmweltministère explizéiert, louch déi weltwäit Konzentratioun vu Kuelestoff am Joer 2021 bei 414.7 ppm. Dobäi entsprécht ee “ppm” engem Moleküll Kuelendioxid pro enger Millioun Moleküller dréchener Loft. 0,04 Prozent entspriechen domat 400 ppm. Och d’NASA mécht änlech Angaben iwwer d’CO2-Konzentratioun an der Atmosphär.

Am Verglach dozou hätt d’Konzentratioun vu Kuelestoffdioxid an der virindustrieller Zäit nach bei ongeféier 280 ppm geleeën, sou den Ëmweltministère. Sou schreift och d’Max-Planck-Gesellschaft: “Zënter dem Ufank vun der Industrialiséierung virun ongeféier 150 Joer ass d’CO2-Konzentratioun an der Atmosphär als Konsequenz vun der Verbrennung vu fossille Brennstoffer vun 280 op méi wéi 400 ppm geklommen.” D’Verännerung vun der CO2-Konzentratioun huet d’AFP an der nächster Grafik illustréiert:

RTL Höhe der CO2-Konzentration in der Atmosphäre in den letzten 400.000 Jahren.

Drastesch Hausse vu Kuelestoffdioxid

Fir d’Bestëmme vun der CO2-Konzentratioun an der virindustrieller Zäit huet d’AFP schonn an der Vergaangenheet e Faktencheck publizéiert. Fir méi iwwer d’Klimadonnéeë vun der Vergaangenheet gewuer ze ginn, buere Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler zanter den 1950er-Joren am déiwen Äis vun der Antarktis. Mat de klenge Loftblosen, déi am Äis agespaart sinn, léisst sech den CO2-Gehalt vu virun e puer honnertdausend Jore bestëmmen, wéi déi éisträichesch Zentralanstalt für Meteorologie und Geodynamik (ZAMG) geschriwwen huet.

Esou Äisbuerkären “erginn eng CO2-Konzentratioun ëm 1890 vun 294 ppm, wat gutt mam historesche Mëttelwäert vun allen historesche Miessungen iwwereneestëmmt”, huet de Stefan Brönnimann, Chef vun der Grupp fir Klimatologie um Geographeschen Institut vun der Universitéit Bern, den 9. Abrëll 2021 der AFP erkläert. Enger Schwäizer Fuerscherekipp war et am Joer 2008 mat dëser Method gelongen, mat Äiskärbuerungen ze weisen, dass den CO2-Wäert vun 2008 bis dato deen héchsten an de vergaangenen 800.000 Jore war. De Wäert vun 2008 läit nach emol däitlech ënnert dem haitege Wäert.

Och op der Websäit vum British Antarctic Survey, dem brittesche Programm fir Polarfuerschung, gëtt dozou geschriwwen: “Antarktesch Äisbuerkäre weisen, dass d’CO2-Konzentratioun am leschte Joerdausend bis an dat fréit 19. Joerhonnert stabil war. Dunn huet se ugefaangen ze klammen an d’Konzentratioun ass haut bal 50 Prozent méi héich wéi virun der industrieller Revolutioun.”

D’Wäerter vun de vergaangene Joerzéngte stamen dogéint aus exakte Loftmiessungen. De Christian Pfister ass emeritéierte Professer fir Ekonomie-, Sozial- an Ëmweltgeschicht vum Historeschen Institut vun der Universitéit Bern an huet sech an zuelräiche Publikatioune mat Klimageschicht beschäftegt. Hien huet d’AFP den 8. Abrëll 2021 op eng Fuerschungsrei zu Mauna Loa op Hawaii verwisen.

Do miesse Fuerscher op engem Vulkan säit 1958 duerchgoend d’CO2-Wäerter an der Loft. Eng Grafik vun der NOAA weist, wéi d’CO2-Wäerter säit dem Ufank vun de Miessunge kontinuéierlech klammen – vun ënner 320 ppm am Ufank vun den 1960er Joren op den aktuelle Wäert vun iwwer 417 ppm Enn November 2022.

RTL Veränderung der atmosphärischen CO2-Konzentration am Mauna Loa laut NOAA.

Kee Klimawandel duerch mënschlech Zäregasen?

Eng Rëtsch weider Aarbechten, Fuerscher a wëssenschaftlech Ariichtunge stëtzen zënter Joren d’Virstellung vum Mënsch als Dreiwer vum Klimawandel, wéi d’AFP scho bericht huet.

D’Verännerung vun der CO2-Konzentratioun zanter Ufank vum Industriezäitalter duerch mënschlech Emissiounen ass eng wesentlech Ursaach vum Zäreneffekt. Am Fazit vun engem Rapport vum Weltklimarot (IPCC), deen 2021 erauskoum, heescht et: “Et ass eendeiteg, dass den Afloss vum Mënsch d’Atmosphär, den Ozean an d’Landflächen erwiermt huet.” Den IPCC ass eng Institutioun vun de Vereenten Natiounen, déi d’Entwécklung vum Klimawandel observéiert a bewäert. Rapporte vum IPCC gëllen als Resumé vum aktuelle Stand vun der Wëssenschaft zu deem Sujet.

De Rapport enthält och en ausféierlecht Kapitel iwwer d’Funktiounsweis vum Kreeslaf vum Kuelestoff. Verschidde Gasen droen dozou bäi, dass méi Sonnewäermt an d’Äerdatmosphär andréngt wéi se verléisst. Dem Rapport no louch de Bäitrag vun CO2 zu dësem Prozess, dass et ëmmer méi waarm op der Äerd gëtt, vun 1960 bis 2019 méi wéi 60 Prozent.

Eng Opstellung vum “Office of Planning and Research”, engem Fuerschungsinstitut vun der kalifornescher Regierung, lëscht ronn 200 Wëssenschaftsorganisatiounen op der ganzer Welt op, déi och d’Opfaassung deelen, dass de Klimawandel vum Mënsch gemaach ass.

Zudeem hu méi wéi 40 meteorologesch Gesellschaften aus diverse Staaten am Joer 2021 eng gemeinsam Stellungnam publizéiert, an där et housch: “D’Auswierkunge vun den Zäregasen, déi vum Mënsch produzéiert ginn, op d’Klima sinn ëmmer méi an iwwerwältegend däitlech. Déi dräi wäermst Jore säit dem Ufank vun den Opzeechnunge (…) sinn alleguer säit dem Paräisser Ofkommes vun 2015 iwwer d’Begrenze vum Klimawandel opgetrueden.”

Fazit: Dem däitschen Ëmweltministère an der Max-Planck-Gesellschaft no veränneren d’Zäregasen, déi vum Mënsch ausginn, de Kreeslaf vum Kuelestoff. Den iwwerschëssegen CO2 kann net vun Ozeanen an der Vegetatioun opgeholl ginn an dréit zum Zäreneffekt bäi. Miessunge weisen, dass d’CO2-Konzentratioun an der Atmosphär zanter Ufank vum Industriezäitalter däitlech geklommen ass. Wëssenschaftlech Institutioune si sech eens: D’Emissiounen, déi vum Mënsch ausgestouss ginn, sinn eng wesentlech Ursaach vum Klimawandel.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.