Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: De “Greenwashing” vu Pëtrolsentreprisen: eng klimatesch Desinformatioun

Faktencheck: De "Greenwashing" vu Pëtrolsentreprisen: eng klimatesch Desinformatioun - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Klimawandel ass e wichtege Sujet och fir Pëtrols- a Gaskonzerner. A selwer produzéierte Reklamme weise si hiert Engagement fir de Klimaschutz. Mä ass dat Engagement reell oder just Fassad?

D’Wuert “Greenwashing”, dat vun den ONGe reegelméisseg géint Entreprisen oder Regierunge benotzt gëtt, bezeechent dem Larousse-Dictionnaire no “dat ierféierend Benotze vun Argumenter iwwer gutt Ëmweltpraktiken a Marketing- oder Kommunikatiounsmoossnamen”, well dës Argumenter falsch sinn oder, wat nach méi heefeg de Fall ass, well se net mat enger Ried a virun allem mat Aktiounen iwwerenee stëmmen, déi dorop ofzilen, géint dës “gréng” Kommunikatioun virzegoen, an zwar sou wäit, dass se ierféierend ginn.

Zesummefaassend schätzen d’Kritiker, dass dës Messagen de gréissten Deel vun den Aktivitéiten vun Entreprisen, déi d’Ëmwelt verknaschten, verschleieren, obwuel d’Auswierkunge vu fossillen Energien op déi global Erwiermung wuel bekannt an dokumentéiert sinn.

Den intergouvernementale Grupp vun Experten iwwer d’Entwécklung vum Klima (IPCC) vun de Vereenten Natiounen erkläert, dass d’Zäregasemissioune bis 2050 op “netto Null” gesenkt musse ginn, fir d’Zil vun 1,5 °C Erwiermung ze erreechen, dat theoreetesch dozou féiert, dass déi schlëmmst Konsequenze fir d’Ëmwelt verhënnert kënne ginn.

Déi International Energieagence (IEA) huet hirersäits am Joer 2021 e Fuerplang fir d’Ëmstellung op net fossil Energië publizéiert, fir dat Zil ze erreechen. “Et geet virun allem dorëm, ab haut net méi an nei Projete fir d’Versuergung mat fossiller Energie ze investéieren”, preziséiert se.

“Null Emissiounen”

Eng ganz Partie Entreprisen hu sech verflicht, dëst “Null-Emissiounszil” ze erreechen, déi erfuerderlech ass, fir déi global Erwiermung konform zum Paräisser Klimaaccord vun 2015 op 1,5 °C ze begrenzen. Gläichzäiteg fërdere si awer, wéi Fuerscher betounen, fossil Energien a starte souguer nei Buerprojeten.

Wourop besonnesch Klimaaktivisten a vill Experten hiweisen, ass d’Diskrepanz tëscht “gréngem” Discours an Aktiounen, déi net nokommen oder souguer an déi aner Richtung ginn.

Op Ufro vun der AFP verdeedege sech ExxonMobil a Chevron mam Hiweis, dass d’Zenarie vum Accord vu Paräis a vun der IEA dovun ausginn, dass fossil Energien nieft den erneierbaren Energiequellen eng Roll bei der Ëmstellung spille mussen.

An der Suitte sinn zwee Beispiller fir widderspréchlech Kommunikatioun vu BP op Facebook ze gesinn: Lénks: “Entreprisen, déi gréng ginn, erméiglechen et opgrond vun hirer Gréisst an hire Ressourcen, d’Ziler vum Paräisser Klimaaccord méi séier ze erreechen.” Op der rietser Säit steet eng Annonce (aus Südafrika), an där erkläert gëtt, dass ee beim Tanke bei BP un engem Gewënnspill deelhuele kann, fir vill Suen ze gewannen.

RTL Capture d’écran réalisée le 2 mai 2022 d’une publication Facebook du 6 janvier de BP ( Roland LLOYD PARRY)

RTL Capture d’écran réalisée le 2 mai 2022 d’une publicité de BP sur Facebook en avril 2022 ( Facebook Ad Library / )

An engem Bäitrag op senger Facebook-Säit vum Februar 2022 sot de franséische Konzern TotalEnergies, dass hie sech un der Dekarboniséierung vum Stroosseverkéier bedeelege wäert. Gläichzäiteg huet d’Entreprise hire Clienten an enger Reklamm proposéiert “Bensinn fir ee Joer” ze gewannen.

Fir dësen Artikel kontaktéiert, huet TotalEnergies op eng Ried vum CEO Patrick Pouyanné op der Generalversammlung am Mee 2022 verwisen, an där hien de Plang vun der Entreprise fir null Netto-Emissioune bis 2050 ausféierlech explizéiert huet.

“Dës Visioun ass keng Illusioun oder Greenwashing, se ass a quantifizéierbaren Objektiver fir d’Reduzéierung vun eisen Zäregasemissioune verankert”, huet hie verséchert.

BP huet op d’Demande vun der AFP fir e Commentaire net reagéiert.

RTL Capture d’écran réalisée le 18 mai 2022 d’une publication Facebook du 12 février 2022 de TotalEnergies

RTL Capture d’écran réalisée le 18 mai 2022 d’une publicité de TotalEnergies sur Facebook en février 2022 ( Facebook Ad Library / )

Vu Pinguinen a Pëtrol

Och wann et net verwonnerlech ass, dass Entreprisen, déi fossil Energië bedreiwen, weiderhin no Pëtrol, Gas oder Kuel sichen a fërderen, kann ee vun “Eko-Blanchiment” schwätzen, wa si esou Projeten envisagéieren a gläichzäiteg behaapten, si géifen d'”Null-Emissiounszil” verfollegen, mengt déi amerikanesch Fuerscherin an Aktivistin Genevieve Guenther géintiwwer der AFP.

De Schlëssel fir “Greenwashing” ze identifizéiere läit doran, d’Diskrepanz tëscht de Mesuren, mat deenen d’Entreprisë sech bretzen, an den Normen ze moossen, déi no der Usiicht vun der Wëssenschaftlerin erfuerderlech sinn, fir d’Emissiounen effektiv ze reduzéieren.

Greenpeace verweist op “riskant Behaaptungen, vun der Natur inspiréiert Biller oder moudesch ‘gréng Wierder'” a “symbolesch Gesten … déi e ‘grénge’ Charakter fërderen, wärend aner méi wichteg Ëmweltfroen ignoréiert ginn.”

De Weltwirtschaftsforum zu Davos selwer warnt virun “Aussoen, déi d’Opmierksamkeet op méi kleng Probleemer lenken, ouni dass entspriechend Mesuren ergraff ginn.”

Den digitalen Observatoire Eco-Bot.net (deem säin Zil et ass, “Feelinformatiounen iwwer de Klimawandel an de Greenwashing vun Entreprisen a sozialen Netzwierker wärend der COP26 zu Glasgow Enn 2021 opzedecken”) verweist op d’Matdeelung, déi “selektiv d’Referenze vun den Entreprisen opweist oder symbolesch Aktioune virstellt, fir e sympathescht Bild vun der Mark opzebauen.”

D’Organisatioun huet a sozialen Netzwierker Reklammen a Messagen iwwer de Schutz vu Seidenraupen (déi mexikanesch Entreprise Cemex), Fräschen (de Gaskonzern TransCanada), Opposumen (Electronuclear, eng Duechtergesellschaft vum brasilianesche Konzern Eletrobras), Bëscher (verschidden Entreprisë wéi déi spuenesch Ueleggesellschaft Repsol a Petronas aus Malaysia) an e Message vum amerikanesche Gigant ExxonMobil iwwer de Recycling vun Aangelschnoueren a Patagonien.

RTL Capture d’écran réalisée le 8 avril 2022 d’une publication Facebook du 28 juillet 2021 de l’entreprise brésilienne Petrobras ( AFP / )

An dëse Screenshots schwätzt déi brasilianesch Ueleggesellschaft Petrobras (uewen) dovun, Pinguinen an Nout ze hëllefen, wärend (ënnen) de russesche Gasgigant Gazprom mat Walrosse schafft an déi chineesech Staatsgesellschaft Sinopec behaapt, dass Fiederkrounen an der Géigend vun enger vun hire Raffinerie wuessen, “dank enger exzellenter Klärung vum Ofwaasser.”

RTL Capture d’écran réalisée le 8 avril 2022 d’une publication Facebook du 5 août 2021 de l’entreprise russe Gazprom ( AFP / )

RTL Capture d’écran réalisée le 8 avril 2022 d’une publication Facebook du 27 juillet 2021 de l’entreprise chinoise Sinopec ( AFP / )

Gro-gréng Zon

Dëse Genre vu Messagen entzitt sech an de meeschte Fäll der traditioneller journalistescher Verfikatiounsaarbecht (“fact-checking”), wéi verschidde Fachleit, déi vun der AFP befrot goufen, festgestallt hunn.

“Den Eko-Blanchiment ass eng vill méi komplex Form vun Infox”, wéi just ze préiwen, ob eppes “wouer” oder “falsch” ass, seet d’Melissa Aronczyk, stellvertriedend Professorin fir Kommunikatioun op der Rutgers University an New Jersey, déi eng Rei Etüden zu dësem Sujet mat verfaasst huet.

“Et stëmmt, dass d’Desinformatioun, déi dora besteet, einfach d’Existenz vum vu Mënsch verursaachte Klimawandel ze niéieren, haut net méi esou offensichtlech ass wéi fréier. Nei Forme vun Desinformatioun, déi dorop ofzilen, d’Adoptioun vu Klimawandelmoossnamen ofzebremsen, betreffen ëmmer méi d’Léisungen (wéi Attacken op erneierbar Energien)”, seet och den Emmanuel Vincent, Grënner vum Verifikatiounssite Climate Feedback, dee sech op Klimafroe spezialiséiert huet, am Gespréich mat der AFP.

“Greenwashing” ass eng “Grozon” mat kommerzielle Messagen, déi “net direkt an d’Aktivitéite vun de ‘Faktenchecker’ afléissen”, seet hien.

No Usiicht vun der Madamm Guenther sinn déi grouss Entreprisen, déi fossil Energien hierstellen, schlau genuch, fir net in flagranti erwëscht ze ginn. “Si hunn aus der Zweedeitegkeet eng Wëssenschaft gemaach”, seet si.

RTL Des militants écologistes lors d’un rassemblement en France en août 2021 ( AFP / Alain Jocard)

D’Natur vun de Behaaptungen iwwer “ekologesche Blanchiment” mécht se “schwéier ze erkennen”, seet nach d’Madamm Aronczyk.

“Et ass schwiereg, d’Resultat vu bestëmmten Aarte vun Ëmweltengagementer ze moossen, virun allem, wann et sech ëm laangfristeg Verflichtungen handelt”, füügt d’Expertin dobäi a weist dorop hin, dass munch Behaaptunge sou vag sinn, dass se schwéier ze widderleeë sinn.

“Wann eng Entreprise seet, dass se mat Elektroautoen ‘dem Zil vun Null-Emissioune méi no kënnt’ oder ‘de Klimawandel bekämpft’ […], wéi kann een dat ënnersichen oder bekämpfen?, freet si.

Fir d’Ëmweltschützer ergëtt sech doduerch eng wierklech Front vun Desinformatioun, wat d’Engagementer géint de Klimawandel betrëfft.

Auswierkungen a Retard

Klimaaktivisten argumentéieren, dass d’Promotioun vu berouegenden Ëmweltsloganen (z.B. déi vill Initiativen, déi Entreprisë fir de Schutz vun der Fauna an de lokale Communautéiten ugekënnegt hunn) an Aktiounspläng, déi heiansdo just vu begrenztem Notze sinn, d’Ustrengunge fir d’Auswierkunge vum Klimawandel ze limitéieren, ënnergruewen.

“Dësen ‘ekologesche Blanchiment’ ass am Grond eng Taktik, déi dorop ofziilt, staatlech Reglementatiounen an d’Längt ze zéien. Et huet och d’Potenzial, d’Ëffentlechkeet an d’Ier ze féieren a se dovun ze iwwerzeegen, dass scho Mesuren am Sënn vum Klimaschutz ergraff goufen, wärend ‘Big Oil’ (déi grouss Pëtrolskonzerner, Um. v. d. Red.) hannert de Kulisse weiderhin Drock op nei Ueleg- a Gasfelder ausüübt”, mengt d’Faye Holder, Programmdirektesch bei InfluenceMap.

Dëse Think Tank ass op d’Analys vun Aktioune vun Entreprisen am Bezuch op Klimaziler spezialiséiert. En analyséiert Dausende vun Dokumenter, fir déi ëffentlech Messagë vun Energieentreprisen a sozialen Netzwierker ze bewäerten a se mat hiren Aktiounen ze vergläichen.

“Mir hu gesinn, wéi déi grouss Pëtrolskonzerner ënnerschiddlech Kommunikatiounsstrategien asetzen, fir hir Besuergnes iwwer den Zesummenhang mam Klimawandel ze zerstreeën, andeem si ze verstoe ginn, dass si d’Zil vun enger ‘Null-Emissioun’-Zukunft deelen”, erkläert d’Faye Holder.

An enger Etüd, déi am Februar vun der Fachzäitschrëft PLOS One publizéiert gouf, hu Wëssenschaftler och den Ecart tëscht Wierder an Aktioune vu véier multinationalen Energiekonzerner ënnersicht: BP, Shell, ExxonMobil a Chevron.

Obwuel se ëmmer méi vu grénge Strategië schwätzen, “ginn dës éischter vu Verspriechunge wéi vu konkreten Aktiounen dominéiert”, heescht et an der Etüd, vun där d’Mei Li vun der Tohoku Universitéit a Japan d’Haaptautorin ass.

“Soulaang Aktien an Investitiounsverhalen net mam Discours iwwereneestëmmen, schéngen d’Virwërf vum Greenwashing fondéiert ze sinn”, fügen d’Auteure bäi.

RTL Capture d’écran réalisée le 2 mai 2022 d’une publication Facebook du 18 janvier 2022 de l’entreprise américaine ExxonMobil ( AFP / )

RTL Capture d’écran réalisée le 2 mai 2022 d’une publicité sur Facebook de l’entreprise américaine ExxonMobil en février 2022 ( Facebook Ad Library / )

A Bezuch op déi grouss Energiekonzerner, “sti verschidde Mesuren am Widdersproch zu de Verspriechungen”, schreiwen d’Wëssenschaftler an der Etüd PLOS One. “Dat betrëfft besonnesch d’Intentioun, d’Produktioun vu fossillen Energien ze bremsen an d’Exploratioun an nei Entwécklungen anzeschränken.”

Nodeems d’AFP dës Entreprisë kontaktéiert huet, hunn dës hir Klimaschutzbeméiungen detailléiert duergeluecht: alternativ Energiequellen (Wand- a Solarenergie, asw.), d’Afänken an d’Späichere vun CO2 (der IEA an dem IPCC no spillt d’Afänke vun CO2 eng wichteg Roll, awer déi aktuell Capacitéite ginn net duer, fir d’Klimaziler ze erreechen).

ExxonMobil a Chevron stellen hir Klimaschutzmoossnamen an enger Rei Rapporte vir. Shell huet d’Null-Emissiouns-Zil an d’Iwwergangsmesuren ervirgehuewen. D’Entreprise sot, dass Reklamm wichteg war, fir d’Clienten iwwer CO2-aarm Léisungen ze informéieren.

BP huet d’Ufroe vun der AFP net beäntwert. Déi detailléiert Klimastrategie kann hei nogelies ginn.

Tatsächlech hunn e puer Entreprisen hir Strategien an de leschte fënnef Joer op CO2-aarm Energien ëmgestallt. Shell behaapt, dass d’Uelegproduktioun hiren Héichpunkt am Joer 2019 erreecht hat. BP behaapt, Milliarden an CO2-aarm Energiequellen investéiert ze hunn.

Entreprisë wéi TotalEnergies hunn en Deel vun hirer Produktioun op Gas ëmgestallt, eng Energie, déi vu Klimaaktiviste kritiséiert gëtt, déi awer als Mëttel fir Ëmstellung op fossil Energië virgeschloe gëtt, well se manner Zäregasen emittéiert wéi Kuel oder Ueleg.

RTL Un conducteur fait le plein dans une station-service TotalEnergies en Corse en février 2022 ( AFP / Pascal POCHARD-CASABIANCA)

Déi vun TotalEnergies ergraffe Mesurë fir d’Reduzéierung vun der Ueleg- a Gasproduktioun hunn dozou bäigedroen, dass d’Entreprise vun Observateure wéi der Transition Pathway Initiative, enger Organisatioun fir Investisseuren, déi d’Beméiunge vun Entreprisë fir CO2 anzespuere berechent, als eng vun de wéinegen agestuuft gouf, déi konform zu den Objektiver vu Paräis sinn (mä dës Berechnunge gi vu verschiddenen ONGe kontestéiert).

De ‘Greenwashing’ viru Geriicht

An awer steet de franséische Konzern zënter Mäerz 2022 wéinst “ierféierende Geschäftspraktike” viru Geriicht, well ONGe Plainte gemaach hunn. Dës geheien der Entreprise vir, d’Konsumente bei der Presentatioun vun hire Produkter duerch eng Werbecampagne an de Medien, am Internet an an de sozialen Netzwierker am Joer 2021 getäuscht ze hunn. Se stelle besonnesch dat erkläertent Zil vun der Entreprise vun der CO2-Neutralitéit bis 2050 an d’Duerstellung vun Erdgas als “propperst” fossil Energie a Fro.

“TotalEnergies setzt seng Strategie konkreet ëm (Investissementer, nei Geschäftsfelder, signifikant Reduzéierung vun Zäregasemissiounen, …) an ass op enger Linn mat den Ziler, déi sech d’Entreprise gesat huet, fir bis 2050 CO2-neutral ze sinn”, huet eng Spriecherin vum Pëtrolskonzern geäntwert. “Et ass dohier falsch ze behaapten, dass eis Strategie ‘Greenwashing’ wär”, sot si géintiwwer der AFP.

An den USA huet d’Stad New York am Joer 2021 en änlecht Verfare géint ExxonMobil, Shell, BP an den American Petroleum Institute (API), eng mächteg Lobby vum Secteur, entaméiert. Hinne gëtt virgeheit, “d’New Yorker Bierger systematesch a virsätzlech ze beléien“, besonnesch duerch ierféierend Reklamm.

RTL Des militants du climat manifestent à New York en 2019 alors qu'ExxonMobil est jugé pour avoir trompé les investisseurs sur l'impact financier du changement climatique ( AFP / Angela Weiss)

Frankräich huet am Abrëll 2022 en Dekret erlooss, fir d’Behaaptungen iwwer d'”CO2-Neutralitéit” ze ënnermaueren. Ab 2023 wäert et verbuede sinn, e Produkt an der Reklamm als “CO2-neutral” duerzestellen, ouni seng CO2-Bilanz an aner Ausgläichsmesuren ze erklären.

Den Dekret soll “Transparenz géintiwwer der Ëffentlechkeet garantéieren an all Risiko vu ‘Greenwashing’ verhënneren”, huet d’Regierung bei hirer ëffentlecher Consultatioun am Januar erkläert.

Déi sozial Netzwierker

Duerch d’Kommunikatioun iwwer sozial Netzwierker kënne Millioune vu Mënsche fir manner Sue mat Messagen erreecht ginn”, betount d’Melissa Aronczyk.

“Et ass ganz einfach a méi bëlleg, Reklamm a Campagnë fir sozial Netzwierker ze produzéieren, déi eng massiv Wierkung kënnen hunn”, seet si, “wéi mir bei den amerikanesche Presidentschaftswalen 2016 geléiert hunn.”

An enger Etüd aus dem Joer 2021 hunn amerikanesch Soziologen ënnersicht, wéi PR-Firmen d’Messagë vun den Pëtrolskonzerner iwwer “Informatiouns- an Beaflossungscampagnen (CII) verbreeden, déi wäitgoend am Internet propagéiert ginn.

“All ënnersicht PR-Firmen hu souwuel Reklammen an de Medien wéi och Campagnen an de sozialen Netzwierker geschalt. Dës sinn essentiell Aufgabe vu modernen CII”, estiméieren d’Auteuren.

“Den Departement fir Relations publiques kann aggressiv Reklamme fir eng bestëmmt Perspektiv bedreiwen, déi duerch ‘Trolls’ oder ‘Bots’ verstäerkt gëtt… a bezuelte Participatioun an Online-Diskussiounsforen (…) fir d’Geschicht ze diffuséieren a Persounen unzegräifen, déi aner Usätz vertrieden”, soen d’Auteure weider.

RTL Une sculpture de glace réalisée par des militants près du Capitole à Washington DC en novembre 2021, accusant Facebook de diffuser de la désinformation sur le climat ( AFP / Olivier DOULIERY)

De sozialen Netzwierker gëtt am Iwwregen ëmmer nees virgeheit, dass se dës Entreprisë “Greenwashing” praktizéiere loossen, obwuel se sech dogéint wieren.

Wat fir Emissiounen?

Aktivisten a Fuerscher weisen dorop hin, dass d’CO2-Bilanz vun den Entreprisen duerch hir Kommunikatioun heefeg am Donkele bleift an den Androck vermëttelt, d’Entreprisë wäre méi gewëssenhaft, wéi se et tatsächlech sinn.

D’Zäregasemissioune ginn an dräi Kategorien agedeelt: “Scope 1”, “Scope 2” a “Scope 3”.

Awer eng Entreprise, déi just d’Emissiounen am Zesummenhang mat der Exploitatioun vun hiren Uelegquellen (“Scope 1”) oder vun der Versuergung vun hire Büroen (“Scope 2”) comptabiliséiert, net awer déi vun de Milliounen Autoen, déi Sprit aus dem eegenen Ueleg verbrauchen, an den Heizungen an de Stéit, déi Gas verbrauchen (“Scope 3”), verschweigt de gréissten Deel vun hiren Emissiounen.

RTL

Wann d’Entreprise just a Bezuch op Scope 1 an 2 kommunizéiert, kéint se sech de Virwërf vun Eko-Blanchiment aussetzen.

Enger Etüd vum NewClimate Institute for Climate Policy and Global Sustainability no, enger däitscher Fuerschungsgrupp, un där 25 grouss Entreprisen aus ënnerschiddleche Branchen, déi grouss Quantitéiten un Zäregasen emittéieren, bedeelegt waren, hunn déi Meescht vun hinnen net uginn, ob se déi kritesch Scope-3-Emissiounen an Ugrëff geholl hunn.

“Aacht vu 25 Entreprisen hunn Null-Emissiouns- oder CO2-Neutralitéitsziler festgeluecht, déi just hir direkt operationell Emissiounen (Scope 1 an 2) ofdecken, obwuel déi vir- an nogelagert Emissiounen an der Wäertschöpfungsketten (Scope 3) duerchschnëttlech 87% vun den Emissioune vun dësen Entreprisen ausmaachen”, schreift d’Institut.

“Dës Nuancë sinn net ëmmer transparent a kënne Consommateuren, Aktionären, Regulateuren an Observateuren ierféieren, well se d’Integritéit vum Zil falsch interpretéiere kéinten”, mengt d’Organisatioun.

Lobbying an Interessensgruppen

No der Usiicht vun Aktiviste weisen d’Verbindungen tëscht dësen Entreprisen a Lobbygruppen, déi sech fir fossil Energie asetzen, déi ambivalent Aart vun hirer ëffentlecher Kommunikatioun iwwer Energie a Klimawandel.

Eng Analys vun InfluenceMap huet gewisen, dass déi fënnef gréisst Pëtrols- a Gasentreprisen, déi un der Bourse kotéiert sinn, an den dräi Joer nom Paräisser Accord eng Milliard US-Dollar ausginn hunn, fir “ierféierend” Messagen iwwer d’Klima duerch “Markenimagen a Lobbying” ze fërderen.

An den USA huet eng demokratesch geféiert Kommissioun déi grouss Uelegkonzerner wéinst hirer Lobbyaarbecht a Saache Klima verurteelt a verlaangt, dass hir Cheffen aussoen.

“Engersäits maache si sou, wéi wa si dës wichteg Klimaschutzziler erfëllen. Anerersäits bilde si esou (Interessens-) Gruppen, fir e Message ze vermëttelen, dee komplett géint dës Ziler geet”, huet den demokrateschen Deputéierten John Sarbanes den 8. Februar bei enger Unhéierung an der Kommissioun erkläert.

RTL Une capture d’écran réalisée le 8 avril 2022 d’une publicité Facebook de l’Americain Petroleum Institute en août 2020 ( Facebook Ad Library / )

“E groussen Deel vun der Lobbyaarbecht gouf indirekt, op intelligent, clever an zynesch Manéier vu kommerziellen Industriegruppe bedriwwen, déi vun dëse Firme forméiert goufen”, sot de Sarbanes virun der Kommissioun.

Eng vun de bekanntste Lobbyen ass d’American Petroleum Institute (API). Zu senge Membere gehéieren zuelräich grouss Ueleg- a Gaskonzerner. Wärend Entreprisen d’Meritte vun alternative Methode wéi dem Opfänke vun CO2 luewen, ënnerstëtzt d’API d’Extraktioun vu Kuelewaasserstoff duerch Reklamm a Lobbyaarbecht.

“Abordabel an zouverlässeg Energieléisunge ginn an Amerika hiergestallt. Entdeckt d’Virdeeler vun der amerikanescher Äerdgas- an Uelegproduktioun”, heescht et an enger vum API am September an Oktober 2021 diffuséierter Reklamm (sponsoréiert Reklamm), déi am Virfeld vun der Klimakonferenz COP26, dem Klimasommet zu Glasgow, geschalt gouf.

“Zesumme kënne mir de Klimawandel bekämpfen an den Energiebedarf decken”, heescht et an enger anerer API-Reklamm, déi am Abrëll/Mee 2021 diffuséiert gouf.

An enger Reportage vun Channel 4 News aus dem Joer 2021 gouf e Lobbyist, dee fir ExxonMobil geschafft huet, gefilmt, wéi hien an engem Interview mat Greenpeace-Aktivisten, déi sech als Kappgeldjeeër ausginn hunn, zouginn huet, dass hien tatsächlech “ganz aktiv géint bestëmmt wëssenschaftlech Erkenntnisser gekämpft” hätt, an erkläert, dass hie “seng Investissementer beschütze” wéilt.

Op d’Zitat aus der Reportage ugeschwat, huet ExxonMobil geäntwert, dass “Greenpeace an anerer eis Positioun zur Klimawëssenschaft an eis Ënnerstëtzung fir effektiv Léisunge verzerrt hunn.”

A Bezuch op Lobbyaarbecht huet de multinationale Konzern erkläert, dass e sech “an transparenter Manéier mat verschiddene Wirtschaftsassociatiounen, Denkfabricken a Koalitiounen zesummeschléisst, fir en informativen Dialog an eng vernënfteg ëffentlech Politik a Beräicher ze promouvéieren, déi fir d’Interête vun der Gesellschaft pertinent sinn.”

RTL Rex Tillerson, alors PDG d'ExxonMobil, prend la parole lors d'une conférence sur le gaz à Paris en juin 2015 ( AFP / Eric PIERMONT)

Déi Zommen, déi vu verschiddene Konzerner vu fossillen Energië fir Lobbyaarbecht vun der amerikanescher Regierung an d’Lobbyaarbecht bei den EU-Institutiounen zu Bréissel ausgi ginn, sinn disponibel an ëffentlech zougänglech.

Déi deklaréiert Montante sinn awer am Verglach zu de Gesamtzommen, déi d’Entreprisë fir Reklammen, Ëffentlechkeetsaarbecht an aner Forme vu Beaflossung ausginn, lächerlech, soen d’Etüde vu Fuerscher wéi d’Madamm Aronczyk.

Enn Mäerz huet d’UNO eng Aarbechtsgrupp en place gesat, fir Drock op d’Entreprisen auszeüben, fir dass se hir Versprieche vun den Emissiounsreduktiounen anhalen.

“Munch Féierungsperséinlechkeeten a Regierungen an Entreprisen soen dat eent, maachen awer dat anert”, sot de Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, Antonio Guterres, de 4. Abrëll 2022 bei der Presentatioun vum leschte groussen UN-Rapport zum Klimawandel.

“Fir et einfach auszedrécken, se léien. An d’Resultater wäerte katastrophal sinn.”

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.