Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: De Klimawandel ass real

Faktencheck: De Klimawandel ass real - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Deeglaang Temperaturen iwwer 30 Grad Celsius, wéineg bis kee Reen iwwer Wochen. Dës Tatsaache bestëmmen de Summer 2022. An awer gëtt et ëmmer nach eng Rei Leit, déi behaapten, dass de Klimawandel net existent oder net vu Mënsche gemaach wär.

Honnerte User hunn zënter Enn Juli 2022 e Video op Facebook gedeelt (hei, hei), an deem den John Coleman, de Grënner vum Weather Channel, d’Existenz vum mënschegemaachte Klimawandel kontestéiert. De Weather Channel ass en amerikanesche Fernseesender, deem säi Programm ënner anerem aus Wiederprevisiounen an Noriichten iwwer d’Wieder besteet. Och op Twitter an Telegram hunn e puer honnertdausend Leit de Video gesinn.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 29.07.2022

Ëmmer nees stellen Notzerinnen an Notzer a sozialen Netzwierker d’Existenz vum mënschegemaachte Klimawandel a Fro. D’AFP huet an der Vergaangenheet an dësem Zesummenhang zum Beispill Behaaptungen ënnersicht, deenen no d’Äerderwiermung natierlech an net ongewéinlech wär oder dass fir d’Klimaerwiermung net de Mënsch, mee d’Sonn oder Verännerungen an der Äerdëmlafbunn verantwortlech wären. D’AFP huet en plus Behaaptunge widderluecht, Medie géife mat Hëllef vu selektiven Temperaturdonnéeën oder manipuléierte Wiederkaarten d’Situatioun besonnesch dramatesch duerstellen. D’AFP huet eng ganz Rei vu Faktenchecken zum Thema Klima gesammelt.

Den aktuell gedeelte Video staamt aus enger CNN-Sendung vum 1. November 2014. E weist en Extrait vun engem Interview, dee knapp zwou Minutten dauert, mam Grënner vum Weather Channel, dem TV-Meteorolog John Coleman. Den Dag nom CNN-Interview mam Coleman huet sech de Weather Channel vun deem sengen Äusserungen distanzéiert. Säit 2007 hat de Coleman ëffentlech d’Existenz vum mënschegemaachte Klimawandel bezweiwelt a sech géint Klimaschutzmesuren ausgesprach. Hien ass 2018 am Alter vun 83 Joer verstuerwen.

Wëssenschaftleche Konsens iwwer d’Existenz vum Klimawandel

Am aktuell gedeelte Clip behaapt de Coleman, et géif “keng signifikant, vum Mënsch gemaach global Erwiermung”. D’Ausso steet an eklatantem Widdersproch zu den Erkenntnesser vun der Klimafuerschung souwuel an den USA wéi och weltwäit.

Ufank August 2021 huet de Weltklimarot IPCC säi sechste Rapport iwwer den Zoustand vum Klima op der Äerd publizéiert. Rapporte vum IPCC gëllen als Resumé vum aktuelle Stand vun der Wëssenschaft zum deem Thema. Deemno ass déi duerchschnëttlech global Uewerflächentemperatur am Zäitraum vun 1880 bis 2020 ëm méi wéi 1,2 Grad geklommen. Op der Nordhallefkugel war d’30-Joresperiod vun 1991 bis 2020 déi wäermst zënter méi wéi 100.00 Joren.

RTL Temperaturanomalien im Vergleich zu vorindustriellen Werten ( JONATHAN WALTER / AFP / )

An der Arktis ass déi duerchschnëttlech Uewerflächentemperatur tëscht 1971 an 2019 ëm 3,1 Grad geklommen, wéi den Arctic Monitoring and Assessment Programme (Amap) a sengem 2021 publizéierte Rapport “Arctic Climate Change Update 2021” duerleet. Zu engem änleche Resultat kënnt eng Laangzäit-Etüd iwwer arktesch Klimachangementer, déi 2019 an der Fachzäitschrëft “Environmental Research Letters” publizéiert gouf. Hei läit d’Hausse vun der Temperatur, déi gemooss gouf, tëscht 1971 an 2017 2,7 Grad Celsius.

Eng Rei Meta-Etüden, also Etüden, déi systematesch déi international Fuerschungssituatioun zesummefaassen, kommen zur Konklusioun, dass den Afloss vum Mënsch fir d’Äerderwiermung verantwortlech ass. Esou eng Etüd aus dem Joer 2013 huet 11.944 Aarbechten iwwerpréift, déi tëscht 1991 an 2011 zum Theema Äerderwiermung verëffentlecht goufen. Vun den ënnersichten Etüde ware sech 97 Prozent eens, dass de Klimawandel vum Mënsch ausgeléist ass.

Eng weider Meta-Etüd vun 2016 resuméiert souguer déi verschidde Meta-Etüden iwwer de Konsens an der Wëssenschaft an hält als Resultat e “Konsens iwwer de Konsens” fest. An hirem Fazit schreiwen d’Autorinnen an d’Auteuren: “De Grad vun der Eenegkeet an der Wëssenschaft am Bezuch op déi vum Mënsch ausgeléist global Erwiermung ass iwwerwältegend héich, well d’Beweiser dofir iwwerwältegend staark sinn.” D’Communautéit vun der Wëssenschaft ass sech also eens, wat éischter rar ass: D’Äerderwiermung existéiert a Mënsche léise se aus.

De Klimawandel ass vum Mënsch gemaach

Och a Bezuch op d’Ursaache vum Klimawandel ass sech d’Wëssenschaft am Prinzip eens. De vum Mënsch ausgeléisten Zäreneffekt féiert zu enger Hausse vun den Temperaturen op der Äerd. Dat däitscht Bundesumweltamt erkläert den Zäreneffekt esou: Zäregase wéi Kuelestoffdioxid (CO2), déi vum Mënsch produzéiert ginn, sammele sech an der Äerdatmosphär. Kuelestoffdioxid entsteet zum Beispill beim Verbrenne vu Kuel, Äerdgas oder Ueleg. Zäregase sinn duerchlässeg fir kuerzweileg Sonnestralung, absorbéieren awer laangwelleg Wäermestralung. Duerch déi stänneg Hausse vun der Zäregaskonzentratioun an der Äerdatmosphär zënter der Industrialiséierung verréngert sech d’Wäermestralung, déi an de Weltall ofgi gëtt, wouduerch sech de System vun der Äerd erhëtzt.

De Weltklimarot a vill aner renomméiert Institutiounen op der ganzer Welt, wéi den Deutsche Zentrum für Luft- und Raumfahrt (DLR), d’ American Association for the Advancement of Science (AAAS), d’ Nasa an de WWF beschreiwen d’Äerderwiermung als mënschegemaacht. Am Fazit vum IPCC-Rapport vun 2021 heescht et: “Et ass eendeiteg, dass den Afloss vum Mënsch d’Atmosphär, den Ozean an d’Landflächen erwiermt huet.” Eng Opstellung vum “Office of Planning and Research”, engem Fuerschungsinstitut vun der kalifornescher Regierung, lëscht ronn 200 Wëssenschaftsorganisatiounen op der ganzer Welt op, déi och d’Opfaassung deelen, dass de Klimawandel mënschegemaacht ass.

Och zuelräich Experten, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, confirméieren dat. Sou huet zum Beispill de Stefan Brönnimann, Professer fir Klimatologie um Geographischen Institut der Universität Bern den 11. August 2021 fir e Faktencheck iwwer den Undeel vum Mënsch un der aktueller Äerderwiermung erkläert: “De Mënsch dréit zum majoritären Deel zum aktuell oflafende Klimawandel bäi.” Den Aiko Voigt, Professer um Institut für Meteorologie und Geophysik vun der Universitéit Wien, sot den 12. August 2021 an dësem Zesummenhang: “Natierlech dreiwend Facteuren spille praktesch keng Roll.” De Matthias Mauder, Professer fir Meteorologie un der Technischen Universität Dresden huet den 3. Juni 2022 geschriwwen: “Dës Erwiermung wär ouni d’Verbrenne vu fossille Brennstoffer net denkbar. Soulaang d’Mënschheet weiderhin CO2 duerch d’Verbrenne vu fossille Brennstoffer an d’Atmosphär emittéiert, wäert dës Erwiermung weidergoen.”

D’Konsequenze vun der Äerderwiermung si schonn ze spieren

D’Konsequenze vun der globaler Erwiermung si schonn haut däitlech ze spieren, och an Europa. Den Däitsche Wiederdéngscht (DWD), déi éisträichesch Zentralanstalt für Meteorologie und Geodynamik (Zamg) an dat Schwäizer Bundesamt für Meteorologie und Klimatologie, MeteoSchweiz, hunn 2020 an enger gemeinsamer Auswäertung festgestallt, dass d’Summeren an Däitschland, Éisträich an der Schwäiz ëmmer méi waarm ginn an Hëtztwellen ëmmer méi heefeg optrieden. Donnéeë vum DWD weisen, dass d’Zuel vu ganz waarme Joren an Däitschland konstant zouhëlt.

RTL Temperaturanomalien in Deutschland von 1881 bis 2021 ( DWD / )

Och ëmmer méi heefeg optriedend extreem Wiederphenomener hänken deelweis mam Klimawandel zesummen. Eng Etüd vun internationale Klimafuerscherinnen a -fuerscher huet den Zesummenhang tëscht der Äerderwiermung an der Héichwaasserkatastroph vun 2021 an Däitschland confirméiert.

Esou Auswierkunge vum Klimawandel confirméiert och d’Helmholtz-Klima-Initiativ, en Zesummeschloss vun enger Rei vun däitsche Fuerschungszentren. “Eng Konsequenz vum Klimawandel an Däitschland ass d’Zouhuele vu Staarkreen-Evenementer”, heescht et op der Websäit vun der Initiativ a weider: “Geet de Klimawandel ongebremst weider, gëtt mat enger staarker Erhéijung vum Risiko a Bezuch op Dréchenten an deenen hir Konsequenze gerechent. Eng global Erwiermung ëm weider dräi Grad Celsius géif zum Beispill fir Deeler vu Südwestdäitschland géintiwwer dem Zäitraum 1971 bis 2000 eng Verdueblung un Drécheperiode bedeiten.”

RTL Das teilweise ausgetrocknete Flussbett des Rheins bei Düsseldorf am 25. Juli 2022 ( AFP / INA FASSBENDER)

Dat ass net zwéngend e Widdersproch, wéi eng 2021 am Fachjournal “Science Advanced” publizéiert Etüd erkläert. D’Äerderwiermung géif d’Klima an ongeféier zwee Drëttel vun der Welt aus dem Gläichgewiicht bréngen. “Dat bedeit gréisser Schwankungen tëscht naassen an dréchenen Extreemen.”

Fazit: De Klimawandel ass eng wëssenschaftlech Tatsaach an a sëllegen internationalen Etüden erfuerscht a beluecht. Konsequenze vum Klimawandel, wéi eng Hausse vun der Uewerflächentemperatur, waarm an dréche Summeren, souwéi ëmmer méi extreem Wiederphenomener sinn elo schonn ze spieren. D’Ursaach fir déi global Erwiermung läit an den Zäregasen, déi vum Mënsch produzéiert ginn.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.