Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Däitsch Regierung huet kee Lien tëscht Covid-Vaccin an AIDS hiergestallt

Faktencheck: Däitsch Regierung huet kee Lien tëscht Covid-Vaccin an AIDS hiergestallt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

“Däitscher, déi géint Covid geimpft goufen, sinn un AIDS erkrankt, duerno gouf et eng Millioun Doudeger a manner wéi engem Joer”.

Am Géigesaz zu deem, wat an der Rhetorik vun den Impfgéigner ëmmer behaapt gëtt, gouf keen Zesummenhang tëschent enger Covid-Impfung an AIDS hiergestallt, wéi eng Rei Experten der AFP schonn erkläert haten.

RTL Capture d'écran prise sur Twitter le 08/02/2023

RTL Capture d'écran prise le 08/02/2023

D’Behaaptung, dass Covid-Impfstoffer AIDS ausléise géifen, ass net nei. AIDS ass eng Krankheet, déi den Immunsystem schwächt an duerch den humanen Immunschwächevirus (HIV) ausgeléist gëtt. Dëse Virus zerstéiert den Immunsystem an hënnert de Kierper dorun, sech selwer ze verdeedegen.

AFP Factuel huet an der Vergaangenheet schonn eng Rei Artikelen (1, 2, 3, 4) iwwer dës onbegrënnt Theorie erausginn, an deene Wëssenschaftler erklären, dass d’Behaaptung, dass Covid-Impfstoffer den Immunsystem ugräife kéinten, wëssenschaftlech net beluecht ass, well si den Immunsystem stimuléieren, fir e Schutz géint SARS-CoV-2 opzebauen.

Doriwwer eraus gëtt d’Sécherheet vun Impfstoffer vun der WHO an der Europäescher Medikamenten-Agence iwwerwaacht, déi alleguer d’Niewewierkungen, déi nom Sprëtze vum Impfstoff optrieden, ermëttelen an ënnersichen. Am Kader vun der Pharmacovigilance goufe keng AIDS-Fäll ermëttelt, déi mat der Impfung géint Covid-19 a Verbindung bruecht konnte ginn.

A Frankräich iwwerwaacht och d’Agence nationale de sécurité du médicament (ANSM) Covid-19-Impfstoffer a publizéiert reegelméisseg Sécherheetspunkten iwwer d’Vaccinen. Och am leschte Rapport vum 25. Januar 2023 ginn esou Fäll net ernimmt.

Vu wou kommen dës Donnéeën?

De Blogartikel, deen an de sozialen Netzwierker propagéiert gëtt, géif op Zuele vum Robert-Koch-Institut (RKI), der federaler Gesondheetsagence an Däitschland, déi dem Bundesgesondheetsministère ënnersteet, berouen.

Awer och wann an de Verëffentlechunge vun enger rezenter “Bomm vun der däitscher Regierung” rieds geet, sinn dës Zuelen net nei. D’Donnéeë stamen aus engem fréiere wëchentleche Covid-19-Rapport, deen den 30. Dezember 2021 vum RKI publizéiert gouf. Dozou zielt ënner anerem  d’Zuel vu Fäll mat der Omikron-Variant an der däitscher Bevëlkerung.

D’Dokument war schonn zum Zäitpunkt vu senger Verëffentlechung vun Internetnotzer falsch interpretéiert ginn, wéi d’AFP deemools iwwerpréift hat, wat zum Deel op engem Feeler vum RKI an der éischter Versioun vum Dokument berout huet.

RTL Capture d'écran prise le 08/02/2022 sur le site du Robert Koch Institut

Am Ufank housch et am Rapport, dass déi grouss Majoritéit vun de 6.788 Fäll vun Omikron, déi gemellt goufen, geimpft Persoune betreffe géifen – a just an 186 Fäll net geimpft Persounen.

Den RKI huet der AFP du matgedeelt, dass en a sengem Rapport vum Dezember 2021 eng Korrektioun virgeholl hätt, an där et housch, dass a Wierklechkeet 1.097 Fäll vun Omikron bei net geimpfte Persoune gouf. Dës Korrektioun gouf awer an de Bäiträg an de sozialen Netzwierker net consideréiert, firwat déi falsch Zuelen aus der éischter Versioun vum Dokument (hei online zougänglech) weider benotzt goufen.

A Bezuch op déi ierféierend Publikatiounen, déi d’AFP an dësem Artikel ënnersicht, heescht et: “D’Donnéeën hu bestätegt, dass den Immunsystem vu komplett geimpfte Persoune schonn ëm duerchschnëttlech 87 % ofgebaut huet. (…) Wann d’Autoritéite behaapten, dass d’Effikassitéit vun den Impfstoffer mat der Zäit noléisst, menge si domat, dass d’Leeschtung vum Immunsystem mat der Zäit noléisst.”

AFP Factuel huet an dësem Artikel schonn erkläert, dass d’Zuel vu 87% op enger falscher Berechnung berout.

Well de Schutz, deen duerch den Impfstoff opgebaut gouf, mat der Zäit ofhëlt, besonnesch bei der Omikron-Variant a bei manner schwéiere Forme vun der Krankheet (wat Wëssenschaftler an Hiersteller selwer zënter Méint soen), kënnt de Blogartikel zu der falscher Konklusioun, dass den Immunsystem bei dräifach geimpfte Persoune méi schwaach wär wéi bei net geimpften.

Ausgoend vun dëser falscher Thees, kommen d’Publikatiounen zu der Konklusioun, dass “ëmsou méi Dosissen ee gesprëtzt kritt, ëmsou méi séier den Ofbau vum Immunsystem virugeet”, wat zur Entwécklung vum “acquiréierten Immunschwächesyndrom” féiert.

De Rapport vum RKI vum 30. Dezember enthält awer keng däraarteg Behaaptungen. Bei der Sich no de Stéchwierder “AIDS” oder “Immunsystem” am Rapport dauchen dës net op.

Den Institut hat der AFP den 11. Januar 2022 confirméiert, dass “de Rapport vum 30.12.2021 d’Wuert “AIDS” net ernimmt”.

2022 gouf et an Däitschland eng Iwwerstierflechkeet

Fir ze behaapten, dass “bal eng Millioun Mënschen un AIDS gestuerwe sinn”, angeeblech nodeem si géint Covid geimpft gi waren, zitéiert de Blogartikel virleefeg Projektiounen, déi am Januar 2023 vum däitsche Statistesche Bundesamt (Destatis) publizéiert goufen.

Dës Agence ënner der Tutelle vum Inneministère huet d’Donnéeë fir d’Joer 2022 verëffentlecht, “éier déi üblech Resultater vun der offizieller Statistik vun den Doudeszuele virlouchen”, wéi se op hirer Websäit erkläert.

Aus de Statistiken, déi am Januar 2023 verëffentlecht goufen, geet ervir, dass am Joer 2022 an Däitschland insgesamt 1,06 Millioune Mënsche gestuerwe sinn an net “un AIDS”.

RTL Capture d'écran prise le 08/02/2023 sur Destatis.de

Dëse Chiffer entsprécht enger Hausse vun 3,4% bei den Doudeszuelen (méi wéi 35.000 Doudesfäll zousätzlech) am Verglach zum Virjoer an 19% méi am Verglach zu véier Joer virdrun. Awer dës Iwwerstierflechkeet ass der däitscher Regierung no net op AIDS zeréckzeféieren, entgéint de Behaaptungen an de virale Publikatiounen.

Als méiglech Ursaachen nennt dat Statistescht Bundesamt zum Beispill Covid-19-Infektiounen am Fréijoer an Oktober, déi héich Temperaturen am Summer an ongewéinlech héich Zuele bei Otemweeerkrankungen um Enn vum Joer.

An de methodologeschen Umierkunge vum Statistesche Bundesamt heescht et, dass “d’Bewäertung fir 2022 op den éischte virleefegen Donnéeë baséiert“, déi op enger “einfacher Zielung vun den Doudesfäll berout, déi vun de jeeweilege Büroe vum Etat civil ouni Kontroll op Plausibilitéit a Vollstännegkeet hin erageschéckt goufen” an dass “dës Donnéeën nach net komplett sinn”.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.