Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Äerdueleg ass e fossille Brennstoff an net onbegrenzt verfügbar

Faktencheck: Äerdueleg ass e fossille Brennstoff an net onbegrenzt verfügbar - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Prozess, dass Äerdueleg hiergestallt gëtt, dauert Millioune vu Joren. Bäiträg a sozialen Netzwierker behaapten awer, dass sech Ueleg méi séier regeneréiere géif wéi et ofgebaut kéint ginn.

Honnerten Notzerinnen an Notzer hunn e Bäitrag op Facebook gedeelt (hei, hei), an deem behaapt gëtt, Äerdueleg wär kee fossille Brennstoff an géif sech méi séier regeneréiere wéi en ofgebaut kéint ginn. D’Behaaptung war och op Twitter an Telegram souwéi op Englesch, Spuenesch an Ungaresch am Ëmlaf.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 29.11.2022

Äerdueleg gëtt aus den Iwwerreschter vun Organismen a Planze forméiert a gëllt net als erneierbar Energiequell. Well den Ofbau ëmmer méi deier an technesch opwenneg gëtt an alternativ Energiequellen erschloss ginn, erwaarden Expertinnen an Experten, dass d’Uelegproduktioun nach an dësem Joerhonnert zeréckgoe wäert. De Begrëff “fossil Brennstoffer” gëtt ausserdeem zanter dem 18. Joerhonnert fir Äerdueleg benotzt – laang virun der Gebuert vum John D. Rockefeller am Joer 1839. Zwar ass de Prozess fir d’Hierstellung vun Äerdueleg net ofgeschloss, mee dat bedeit awer net, dass stänneg “neien Ueleg” zur Verfügung steet an e gëtt dohier och net als “erneierbar Energiequell” ugesinn.

Äerduelegvirkomme regeneréiere sech net

An de Bäiträg, déi aktuell gedeelt ginn, gëtt behaapt, Äerdueleg géif sech “méi séier” regeneréieren “wéi et jeemools ofgebaut” kéint ginn. Dat implizéiert, dass d’Quantitéit un Ueleg, déi d’Mënschen notze kënnen, praktesch keng Limitt hätt. Expertinnen an Experten, déi vun der AFP befrot goufen, widderspriechen dëser Duerstellung awer.

RTL Ölbohrturm in der Wüste des Golfemirats Dubai ( AFP / GIUSEPPE CACACE)

D’Mathilde Adelinet ass Geologin an ausseruerdentlech Professesch un der franséischer Héichschoul fir Ingenieurwëssenschaften IFP School souwéi eemoleg Fuerschungsingenieurin fir Geophysik um franséische Fuerschungsinstitut IFPEN. Si huet de 24. November 2022 géintiwwer der AFP erkläert, dass sech Äerdueleg net a kuerzen Zäitraim “regeneréiere géif”. Ueleg géif – am Géigesaz zu Waasser – net fräi fléissen, sou d’Expertin, mee géif sech a festem Gestengs befannen. Vun do kéint en duerch Buerungen exploitéiert ginn, duerno géif awer net einfach neien Ueleg op der Plaz nofléissen, wou eng gewëss Quantitéit ofgepompelt gouf, sot d’Adelinet.

Äerdueleg entsteet wéi aner fossil Brennstoffer – Kuel oder Äerdgas – aus den Iwwerreschter vun ale Mieresorganismen. Déi organesch Bestanddeeler vun ofgestuerwene Planzen. Algen a Bakterie goufen am Laf vu Millioune vu Joren ënner grousser Hëtzt an héijem Drock a Substanzen ëmgewandelt, déi haut als Brennstoffer an an chemescher Industrie benotzt ginn.

Bildung vun Äerdueleg dauert Millioune vu Joren

D’Adelinet huet der AFP erkläert, dass Äerdueleg just op Plazen entstoe géif, op deenen d’Viraussetzunge fir dësen Ëmwandlungsprozess bestinn. “Fir d’éischt muss dat organescht Material ofstierwen – üblecherweis an den Ozeanen – an dann op de Mieresbuedem falen, bis et eng ausräichend Déift, Temperatur an Drock erreecht, fir an Ueleg oder Gas ëmgewandelt ze ginn.”

D’Geophysikerin huet dorop higewisen, dass dëse Prozess op kengem Fall bannent engem Joerzéngt oder Joerhonnert oflafe kéint, mee éischter Millioune vu Joren dauert. “70 Prozent vum Äerdueleg, dee mir haut notzen, ass viru ronn 250 Millioune Joren entstanen”, huet si erkläert. Den Ofbau vun Äerdueleg brauch deemno just e Brochdeel vun der Zäit, an där d’Matière première entstanen ass. Wéi an dësem spuenesche Faktencheck vun der AFP duergestallt, sinn esouguer déi jéngst Uelegquelle virun e puer Millioune Joren entstanen. Déi eelst ginn esouguer op d’Devon-Period zeréck, déi viru méi wéi 410 Millioune Joren ugefaangen huet.

Änlech wéi d’Mathilde Adelinet huet sech de Zoltán Turzó, Direkter vum Departement fir Äerdueleg-Technik op der Universitéit Miskolc an Ungarn, de 16. November 2022 an enger E-Mail géintiwwer der AFP geäussert. Et wär falsch, ze mengen, dass Ueleg, dee sech nei forméiert huet, déi exploitéiert Quantitéiten ersetze kéint, sou den Turzó. “Obwuel och haut nach Kuelewaasserstoffer gebilt ginn, dauert et vill méi laang, se aus dem urspréngleche Gestengs fräizesetzen an an nei Reservoiren ze bréngen, wéi déi Reserven, déi schonn do sinn, ze fërderen. Dohier gëtt keen ‘neien’ Ueleg a gréisserem Ëmfang gebilt”, sou den Expert géintiwwer der AFP.

Fërderung vun Äerdueleg wäert an Zukunft zeréckgoen

No der Definitioun vun de Vereenten Natioune stamen “erneierbar Energien” aus natierleche Quellen, déi “sech méi séier regeneréieren, wéi se verbraucht ginn”, wéi zum Beispill Sonneliicht a Wand. Äerdueleg zielt par conter net dozou. “Ueleg ass eng net erneierbar Ressource, déi sech am Laf vun der Äerdgeschicht iwwer Millioune vu Jore forméiert huet”, huet den Heiko Balzter, Direkter vum Institut fir Landschafts- a Klimafuerschung op der Universitéit Leicester a Groussbritannien, der AFP den 21. November 2022 per E-Mail matgedeelt.

Zudeem huet sech net just d’Fro gestallt, ob et ënnert der Äerd genuch Ueleg géif, mee och, ob et iwwerhaapt exploitéiert kéint ginn, sot den Arndt Peterhänsel, Geolog a Spezialist fir Äerdueleg um Geowëssenschaftlechen Institut vun der Universitéit Heidelberg, der AFP den 21. Juni 2022. “D’Fërderung vun Äerdueleg ass eng Fro vun der Wirtschaftlechkeet. Grouss Quantitéiten Ueleg wäerten an hire Reservoire verbleiwen, well et wirtschaftlech net rentabel ass, se ze fërderen.”

Expertinnen an Experten an Uelegkonzerner ginn de Moment dovun aus, dass d’Exploitatioun vun Ueleg nach an dësem Joerhonnert zeréckgoe wäert. “Mir verbrauchen den Ueleg esou séier, dass den Héichpunkt vun der weltwäiter Äerduelegproduktioun jee no Offer an Nofro schonn am Joer 2050 oder méiglecherweis tëscht 2070 an 2080 erreecht wäert sinn”, huet den Heiko Balzter erkläert.

RTL Ein Arbeiter kontrolliert das Wassersystem in der ungarischen Donau-Raffinerie ( AFP / ATTILA KISBENEDEK)

“D’Uelegproduktioun wäert zeréckgoen, soubal mir de ‘Peak Oil’ iwwerschratt hunn. Déi global Uelegkonzerner preparéiere sech dorop vir a siche schonn no alternativen Energiequellen, fir Ueleg ze ersetzen”, sou den Expert weider. Der “Peak Oil”-Theorie no wäert déi konventionell Exploitatioun vun Ueleg an de kommende Joerzéngten hiren Héichpunkt erreechen an doropshin ofhuelen. Wa genee dësen Zäitpunkt erreecht si wäert a wat fir Konsequenzen domat verbonne sinn, ass awer ëmstridden.

Och ënner den Uelegproduzenten herrscht keng Eenegkeet, wann den Héichpunkt vun der Uelegfërderung erreecht ass, awer souguer Ueleggigante wéi Saudi Aramco a Shell rechnen an Zukunft mat engem Réckgang vun der Uelegproduktioun. Shell zum Beispill huet am Joer 2021 erkläert, d’Entreprise hätt den Héichpunkt vun hirer Uelegproduktioun schonn am Joer 2019 erreecht.

Uelegreservë gi rasant ofgebaut

An de Bäiträg, déi aktuell ronderëm ginn, gëtt weider behaapt, Ueleg wär no Waasser déi zweetheefegst Flëssegkeet op der Äerd. Et ass richteg, dass et ënnert der Uewerfläch beträchtlech Quantitéiten un Äerdueleg gëtt. “Estimatioune vum U.S. Geological Survey gi vun ongeféier 78 Milliarden Tonnen Ueleg ënnert dem Buedem aus, déi sech iwwer Millioune vu Jore gebilt hunn”, sot den Arndt Peterhänsel an huet drop higewisen, dass Ueleg tatsächlech eng vun den heefegste Flëssegkeeten op der Äerd wär.

D’Websäit Worldometers weist déi geschätzt Quantitéite vun de weltwäiten Uelegreserven, déi nach iwwereg bleiwen, op Basis vun Donnéeë vun der amerikanescher Agence fir Energieinformatiounen (EIA) an dem britteschen Uelegkonzern British Petroleum an.

Eng ofschléissend Äntwert op d’Fro, wat déi zweetheefegst Flëssegkeet no Waasser op der Äerd ass, hänkt dovun of, wat als Flëssegkeet ziele géif: Géif zum Beispill Magma och dozou zielen, da gëtt et méi dovu wéi Waasser, wéi den Heiko Balzter an d’Mathilde Adelinet géintiwwer der AFP betount hunn.

Äerdueleg gëllt säit dem 18. Joerhonnert als “fossille Brennstoff”

De Bäiträg no soll den US-amerikaneschen Uelegmagnat John D. Rockefeller den Internationale Comité fir Chimie am Joer 1892 zu Genf dofir “bezuelt” hunn, d’Bezeechnung “fossille Brennstoff” fir Äerdueleg festzeleeën. Den Internationale Comité fir Chimie war vum 19. bis den 22. Abrëll 1892 zu Genf an der Schwäiz zesummekomm, fir Reegele fir d’Nomenklatur vun organesche Stoffer festzeleeën. D’Beschlëss vun der Kommissioun kënnen am Original op Franséisch nogelies ginn. Den Ofschlosstext entwërft e System fir d’Bezeechnung vu Kuelewaasserstoffer.

Cheemesch Verbindungen op Basis vu Kuelestoff gëllen an der Chimie als organesch Verbindungen. Och Äerdueleg besteet haaptsächlech aus esou Verbindungen. D’Beschlëss vum Internationale Comité fir Chimie erwänen awer weder “fossil Brennstoffer” nach aner ëmgangssproochlech Bezeechnungen, mee befaasse sech ausschliisslech mat de standardiséierter wëssenschaftlecher Benennung.

Dat éischt dokumentéiert Benotze vum Begrëff  “fossille Brennstoff” fënnt sech an engem Wierk vum Berliner Chimiesprofesser Caspar Neumann aus dem Joer 1759, wéi den Arndt Peterhänsel géintiwwer der AFP erkläert huet. “Den Neumann huet de Begrëff ‘fossille Brennstoff’ fir d’éischt benotzt, dokumentéiert an enger Editioun vu senge cheemesche Wierker, déi 1759 an englescher Sprooch publizéiert gouf.” De Begrëff ass am Index vum Buch vermierkt.

RTL Die Bezeichnung “fossiler Brennstoff” in der englischen Übersetzung der Werke von Caspar Neumann auf Google Books. Screenshot vom 25. November 2022. Hervorhebung durch AFP.

“Ueleg ass e fossille Brennstoff. Äerdueleg, Kuel an Äerdgas hu sech iwwer Millioune vu Joren ënner grousser Hëtzt an héijem Drock aus den Iwwerreschter vun urale Mieresplanzen, Algen, a Bakterie forméiert. Well dës Brennstoffer aus den Iwwerreschter vun dëse Mieresorganismen entstane sinn, nennt ee se “fossil Brennstoffer”, sot den Heiko Balzter der AFP.

Fazit: De geologesche Prozess, fir dass sech Ueleg forméiert, dauert Millioune vu Joren. Mënsche bauen Äerdueleg bis elo wesentlech méi séier of wéi et sech regeneréiere kann. De fréisten Noweis fir d’Benotze vum Begrëff “fossille Brennstoff” fir Äerdueleg staamt vu 1759 – Joerzéngte virun der Gebuert vum John D. Rockefeller.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.