Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falsch Behaaptungen iwwer éischte Schnéi zënter 100 Joer a Saudi-Arabien

Faktencheck: Falsch Behaaptungen iwwer éischte Schnéi zënter 100 Joer a Saudi-Arabien - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Schnéi a Saudi-Arabien ass keng Ausnam. Eng Rei vun Twitter-Bäiträg, déi e Video aus der mat Schnéi bedeckter Wüüst vu Saudi-Arabien deelen, behaapten awer, dass et am Februar 2023 “eng éischt Kéier zënter bal 100 Joer” an der Regioun geschneit hätt.

Dat stëmmt awer net. Dës Sequenz gouf schonn 2021 diffuséiert an, an der Géigend vun der Stad Tabuk am Nordweste vum Land gedréint. D’Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) huet der AFP confirméiert, dass dës Schnéifäll de wëssenschaftleche Konsens iwwer d’Klimaerwiermung net a Fro stellen.

“Saudi-Arabien: Fir d’éischt Kéier zënter bal 100 Joer schneit et.” An enger Rei vun Tweets, déi zënter dem 23. Februar e puer dausend Mol gedeelt goufen, gëtt behaapt, dass d’Land op der Arabescher Hallefinsel am Moment eng fir d’Regioun aussergewéinlech Schnéifäll erlieft hätt.

D’Biller, déi gedeelt goufen, weisen zwee Dromedaren am Schnéi, déi matzen an der Nuecht an enger schnéibedeckter Bierg- a Wüüsteregioun gefilmt goufen.

E puer Internetnotzer hunn dëse Clip dofir genotzt, fir de wëssenschaftleche Konsens iwwer d’Klimaerwiermung a Fro ze stellen an ënnerstallt, dass de Schnéifall an enger Regioun, déi un héich Temperature gewinnt ass, d’Wëssen iwwer de Klimawandel a Fro stelle géif.

“Klimawandel, ouni Zweiwel!”, huet sech de Silvano Trotta an engem Tweet doriwwer lëschteg gemaach. Säi Re-Tweet vum Video gouf zënter dem 23. Februar bal 1.800 Mol gedeelt.

RTL Capture d'écran du tweet de Silvano Trotta, réalisée le 27 février 2023

Just dass dëse Video net am Joer 2023 opgeholl gouf. Dës Sequenz gouf 2021 vun enger Rei Medien diffuséiert, déi zu där Zäit vun de Schnéifäll am nërdleche Saudi-Arabien an der Géigend vun der Stad Tabuk bericht hunn. Am Géigesaz zu deem, wat an dësen Twitter-Bäiträg behaapt gëtt, ass et net déi éischt Kéier, dass an deem Land wärend de leschten 100 Joer Schnéi gefall ass, wéi d’Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) der AFP erkläert huet an unhand vun Archivbiller weise konnt.

E Video aus dem Joer 2021

Wéi fënnt een d’Hierkonft vun dëser Sequenz? Duerch eng ëmgekéiert Billersich mam Tool Google Lens ass et méiglech, d’Biller aus dem Video a verschiddenen Artikelen ze fannen, déi am Februar 2021 verëffentlecht goufen.

RTL Recherche d'images inversée via Google Lens. A droite, les sites qui ont partagé la vidéo (capture d'écran du 27 février 2023)

Medieberichter no (z.B. Arab News oder Gulf Today) vum 19. Februar 2021 ass de Schnéifall am Nordweste vum Land an der Géigend vun der Stad Tabuk erofgaangen – d’Stad huet de selwechten Numm wéi d’Regioun.

Deemools war de Video och an de sozialen Netzwierker ze gesinn a klimaskeptesch Internetnotzer hu scho bei der Verëffentlechung déi global Erwiermung a Fro gestallt.

Schnéifäll a Saudi-Arabien? En “net seelent” Phenomen a verschiddene Regiounen

Trotzdeem sinn esou Wiedersituatiounen net esou exzeptionell a verschiddenen Deeler vu Saudi-Arabien, besonnesch an der Biergregioun an der Géigend vun der Grenz zu Jordanien.

Wärend de Schnéifäll an Tabuk am Februar 2021 hat de Spriecher vun der saudescher Ambassade an den USA, de Fahad Nazer, an engem Tweet vum 18. Februar 2021 erkläert, dass esou Wiederphenomeener “an der Regioun net seele” wären.

“Entgéint der landleefeger Meenung sinn net alleguer d’Regioune vum Kinnekräich [Saudi-Arabien] dat ganzt Joer iwwer waarm”, wéi hie preziséiert huet.

RTL La réponse du porte-parole de l'ambassade d'Arabie Saoudite à Washington sur Twitter, datée du 18 février 2021. (Capture d'écran du 27 février 2023)

E Punkt, deen d’Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) de 27. Februar der AFP confirméiert huet: “An der Vergaangenheet, also virun 2021, gouf et a Saudi-Arabien Schnéifäll“, huet den Omar Baddour, Chef vum Departement fir Klimaiwwerwaachung, erkläert.

“Am Wanter zéie kal Loftstréimungen aus de Polarregiounen an der Reegel bis an den Noen Osten, besonnesch an de Libanon, Syrien, Jordanien an Ëmgéigend”, esou de Meteorolog. “Heiansdo, wann och seelen, kënne se weider an de Süde zéien, bis a Saudi-Arabien. Wa genuch Fiichtegkeet an der Loft ass an d’Temperatur vun der Uewerfläch wäit ënner oder géint Null fält, kann et souguer an der Wüüst zu Schnéifäll kommen.”

An de leschte Joer hunn eng Rei international Artikelen aus der Press iwwer Schnéifäll an dëser Wüüsteregioun am Nordweste vu Saudi-Arabien bericht, z.B. an de Wanteren 2013-2014, 2016-2017 oder méi rezent 2022. D’AFP huet ënner anerem Fotoe vun dëse Schnéifäll – déi hei ënnen ze fanne sinn – am vergaangene Joer verëffentlecht.

RTL Des Saoudiens prennent le café sous la neige dans la ville de Jabal al-Lawz, à l'Ouest de la ville de Tabuk le 17 janvier 2022. ( AFP / IBRAHIM ASSIRI)

D’Tourismusagence vu Saudi-Arabien selwer gëtt un, dass Schnéi keen “ongewéinlecht” Phenomeen ass a mécht op hirer Internetsäit souguer Reklamm fir d’Schlittfueren am Norde vu Saudi-Arabien.

“Wéinst dem ongewéinleche Schnéi am Kinnekräich Saudi-Arabien gëtt d’Schlittfueren als Wanteraktivitéit nach méi attraktiv”, verséchert d’Internetsäit, déi awer dorop hiweist, dass “Schnéifäll net esou heefeg si wéi an anere Länner op der Welt”.

Klimaerwiermung: Et gëtt en Ënnerscheed tëscht Wieder a Klima

An der Regioun Tabuk huet et och Ufank 2023 geschneit, wéi et an engem Artikel vum 10. Januar vum saudesche Medium Arab News heescht.

Awer dës kal Periode stellen net déi global Erwiermung an der Regioun an am Land a Fro. Déi järlech Temperaturen a Saudi-Arabien an an der Regioun Tabuk si säit dem Ufank vum 20. Joerhonnert konstant geklommen, wéi d’Donnéeën vum Portal iwwer de Klimawandel, déi vun der Weltbank verëffentlech goufen, weisen.

RTL Moyenne annuelle et sur cinq ans des températures en Arabie Saoudite, selon les données de la Banque mondiale (données récupérées le 28 février 2023)

RTL Moyenne annuelle et sur cinq ans des températures de la région de Tabuk, selon les données de la Banque mondiale (données récupérées le 28 février 2023)

“Am grousse Ganze widderspriechen [dës Schnéifäll] net deem, wat ee vum Klimawandel erwaart”, huet den Omar Baddour erkläert. “Weltwäit ginn extreem niddereg Temperaturen ëmmer méi seelen, awer se ginn ëmmer nach enregistréiert a wäerten och weiderhin opgezeechent ginn.”

Den Expert weist weider dorop hin, dass eng méi héich Verdonstung , déi déi duerch d’Erwierme vun den Ozeaner ausgeléist gëtt, och zu enger “méi héijer Loftfiichtegkeet” féiere kéint, wat schlussendlech Schnéifäll “begënschtege” kéint.

Dohier ass et noutwenneg, Klima a Wieder net ze verwiesselen: Wéi an engem Erklärvideo vu Météo France detailléiert beschriwwe gëtt, ass d’Klima d’Fuerschung, déi sech mat mëttel- bis laangfristegen Tendenze befaasst, am Géigesaz zum Wieder, dat ganz kuerzfristeg Wiederkonditioune beschreift.

Um Beispill vu Frankräich erkläert Météo France, dass dës kal Picken, déi iwweregens “zanter 1947 ëmmer méi seele ginn”, n et op en Ofkille vum Klima hindeiten, mee “just eng ganz normal Instabilitéit a Variabilitéit vum Wieder weisen”.

Um globalen Niveau huet d’Weltorganisatioun fir Meteorologie den 12. Januar 2023 bekannt ginn, dass déi lescht aacht erfaasste Joren déi “wäermst jeemools op der Welt” wären. Dës Feststellung steet am Aklang mat de Prognose vum IPCC, engem Gremium aus internationalen Experte fir d’Klima, dee säit senger Grënnung am Joer 1988 virun enger globaler Klimaerwiermung am Verglach zum virindustriellen Zäitalter warnt.

D’Existenz vum mënschegemaachte Klimawandel, déi Géigestand vun engem wëssenschaftleche Konsens ass, gëtt reegelméisseg a Fro gestallt, besonnesch vun Notzer a sozialen Netzwierker. An de vergaangene Méint huet d’AFP och eng Rei ierféierend Publikatiounen iwwer d’Klima iwwerpréift, dorënner Klimamodeller, dat arktescht Mieräis, eng NASA-Etüd iwwer d’Äismass an der Antarktis, eng Erklärung, déi de Klimanoutstand negéiert, oder nach iwwer d’Temperaturen an der Arktis.

Et ass net déi éischt Kéier, dass ierféierend Informatiounen iwwer angeeblech Wiederphenomeener op der arabescher Hallefinsel am Ëmlaf sinn. Ufank Januar war e Video, dee Schnéifäll zu Mekka weise soll, a verschiddene Sproochen op Twitter gedeelt ginn. D’AFP hat och dëse Video ënnersicht.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.