Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falsch CNN-Story iwwer Klimawandel am Ëmlaf

Faktencheck: Falsch CNN-Story iwwer Klimawandel am Ëmlaf - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Bäiträg an de sozialen Netzwierker behaapten, CNN hätt en Artikel mat der Iwwerschrëft “Klimawandel wäert am nächste Summer zeréckkommen” verëffentlecht. Dat Bild, dat online zirkuléiert, staamt awer net vum amerikanesche Sender.

“Wat ass den IQ vum CNN-Publikum?”, heescht et an engem Tweet vum 7. September 2022 mat Honnerte Likes a Shares.

RTL Screenshot of a tweet taken September 15, 2022

Dat selwecht Bild ass och op Facebook an Instagram zirkuléiert, mä et gouf manipuléiert.

“Dat Bild staamt net vun eis an ass keen echte CNN-Artikel”, sot d’Spriecherin Emily Kuhn géintiwwer der AFP.

D’AFP konnt keng Trace vun dëser Geschicht op Live- oder Archivversioune vun der CNN-Websäit fannen. Déi selwecht Foto gouf de 4. September 2022 op iFunny gepost, enger Säit, déi sech selwer als Plattform fir “déi bescht Memes, Videoen, Gifs a witzeg Biller” beschreift.

De CNN-Spriecher Matt Dornic huet och confirméiert, dass dat Bild gefälscht ass a bäigefüügt, dass déi Londoner Sportmoderatorin Amanda Davies – eng vun de vermeintlechen Auteure vum Artikel – de Sujet vum Klimawandel net traitéiert.

Dat Bild, dat online gedeelt gouf, schéngt eng gefälscht Versioun vun engem echte CNN-Artikel iwwer den däitsche Rennfuerer Sebastian Vettel ze weisen. D’Bylines an den Zäitpunkt vun der Publikatioun stëmme mat deene vun der verännerter Foto iwwereneen.

RTL Screenshot of a CNN article taken September 16, 2022

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng Partie vu gefälschte CNN-Artikelen als falsch opgedeckt. (hei, hei, hei an hei)

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.