Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Falsche CNN-Bericht iwwer verschwonnent U-Boot

Faktencheck: Falsche CNN-Bericht iwwer verschwonnent U-Boot - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Bild, dat am Ëmlaf ass, schéngt engem CNN-Bericht no ze weisen, dass Rettungsekippen d’Tauchboot fonnt hätten, dat um Wee bei d’Wrack vun der Titanic mat fënnef Mënschen u Bord verschwonne war. Dat stëmmt awer net.

“Vermësst U-Boot vun Oceangate eidel fonnt”, steet an der Iwwerschrëft vun engem Screenshot vun engem Bericht vu “CNN News” vum 21. Juni 2023.

Den Text vun der angeeblecher Noriicht ass: “Dem Matgrënner vun Oceangate no gouf d’U-Boot fonnt, awer d’Passagéier waren net méi am U-Boot. ‘D’U-Boot gouf vu bausse verschrauft, sou dass et fir d’Passagéier onméiglech war, d’U-Boot ze verloossen, bal esou, wéi wa si verschwonne wären’, sou d’Wendy Rush, Matgrënnerin vun Oceangate. Mir halen Iech um Lafenden, wann et nei Informatioune gëtt.”

RTL © AFP

Bäiträg, déi d’Bild gedeelt hunn, waren op Facebook, Instagram an anere Plattforme wéi zum Beispill  TikTok, wou se duerch Videoe verstäerkt Opmierksamkeet kruten, ze fannen a kruten zéngdausende vu Views.

D’Bäiträg koumen een Dag, ier déi amerikanesch Garde Côte den 22. Juni matgedeelt hat, d’Debrisen an den Déifte vum Nordatlantik deiten op eng “katastrophal Implosioun” vum vermëssten U-Boot hin. OceanGate Expeditions, déi privat Fuerschungs- a Mierestourismusentreprise hannert der Excursioun, sot an engem Communiqué, si géif dovun ausgoen, dass all fënnef Persounen u Bord dout wären.

Rettungsekippen haten deeglaang international Gewässer an enger Course géint d’Zäit duerchsicht, fir dat vermësst Schëff an d’Leit u Bord ze fannen, ier déi begrenzt Sauerstoffversuergung ausgoe géif.

D’U-Boot mam Numm Titan, dat fir eng Expeditioun am déiwe Mier bei déi versonken Titanic bestëmmt war, war den 18.Juni gestart, hat awer no manner wéi zwou Stonnen de Kontakt zur Uewerfläch verluer. Zu den Dout-Gegleeften u Bord gehéieren de CEO vun OceanGate, de Stockton Rush, e franséischen U-Boot-Bedreiwer, bekannt als “Mr Titanic”, e britteschen Aviatiounstycoon an e räiche pakistanesche Geschäftsmann a säi Bouf.

D’Schëff gouf net onbeschiedegt an eidel opfonnt, och wann d’Behaaptungen, déi online am Ëmlaf sinn, dat mengen doen.

CNN huet den 21. Juni net esou e Bericht publizéiert, wéi d’AFP bei enger Iwwerpréiwung vun der Internetsäit vun der Noriichtenorganisatioun festgestallt huet.

“Dat Bild ass fabrizéiert an näischt, iwwer dat CNN gemellt huet”, sot d’Emily Kuhn, Vizepresidentin fir Kommunikatioun vum Sender, der AFP an enger E-Mail vum 22. Juni.

Am Géigendeel, d’Live Updates vu CNN (hei archivéiert) hu bis den 22. Juni weider iwwer d’Beméiungen, fir d’Boot ze fannen, bericht – dozou huet och d’Entdeckung vun engem Ënnerwaasserroboter vun den Debrisen an der Géigend vum Wrack vun der Titanic gezielt, déi de baussechte Kierper vum U-Boot weise soll. Am Update war och d’Matdeelung vun OceanGate ze liesen, an där de “Verloscht vu Liewe” beklot gëtt.

De gefälschte Bericht weist Unzeeche vu Fälschung, dozou gehéiert och déi net konsistent Groussschreiwung vum Buschtaf “G” am Wuert “OceanGate” an e Format, deen net mat der Internetsäit an der mobiller App vu CNN iwwereneestëmmt.

Den erfonnte Bericht huet fälschlecherweis d’Wendy Rush, d’Fra vum OceanGate-CEO, als Matbegrënnerin vun der Entreprise genannt. Hirem LinkedIn-Profil no ass si Kommunikatiounsdirektesch a Member vun der Expeditiounsekipp (hei archivéiert).

D’AFP huet schonn eng Rei gefälscht CNN-Contenuen opgedeckt (hei, hei an hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.