Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Fotoe vu Poopst-Hochzäit mat Kënschtlecher Intelligenz erstallt

Faktencheck: Fotoe vu Poopst-Hochzäit mat Kënschtlecher Intelligenz erstallt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Um Virowend vun den Ouschterfeierdeeg goufe véier Fotoen, déi angeeblech déi reliéis Zeremonie vun der Hochzäit vum Poopst François mat enger jonker Fra weisen, an Ëmlaf bruecht an hunn am Internet fir grouss Opmierksamkeet gesuergt.

Op Nofro vun der AFP huet de Vatikan ausserdeem confirméiert, dass et sech ëm “falsch Fotoen” handelt.

Déi véier Biller (virale Bäitrag hei archivéiert) weisen de 86-järege Poopst a wäisser Soutane nieft enger jonker Fra, déi e Brautkleed an e Schleier unhuet. Op enger Foto ginn déi Zwee duerch den zentrale Gank vun der voller Kierch, op enger anerer kësse si sech op der Trap virun engem Kierchegebai, matzen an engem grousse Public.

RTL © AFP

Vill Leit schéngen dat ze gleewen. “Nodeem déi kathoulesch Kierch laang Zäit Hypokrisie virgespillt huet, fänkt si un, hiert richtegt Gesiicht an hir Schlaangennatur ze weisen”, kommentéiert z.B. eng Internet-Notzerin, nodeem si de virale Message gedeelt huet.

D’Äusserunge vum Poopst zu sensibele Sujete, wéi dem Zölibat oder der Homosexualitéit, hunn heiansdo eng nach wäitgoend kathoulesch Communautéit um afrikanesche Kontinent irritéiert. Awer déi viral Biller sinn net echt. Wéi mir gesi wäerten, goufe se mam KI-Tool MidJourney erstallt.

“Falsch Fotoen”

Wann de Poopst sech wierklech bestuet hätt an domat géint d’Léier vun der kathoulescher Kierch an dësem Beräich verstouss hätt, hätt dat en Äerdbiewe bannent der reliéiser Institutioun bedeit, dat sécherlech net onbemierkt bliwwe wär. Zeitungen op der ganzer Welt hätten doriwwer bericht – a keng glafwierdeg Medien hunn dat gemaach.

Iwwregens huet de Fotodéngscht vum Vatikan, deen den 10. Abrëll 2023 vun der AFP kontaktéiert gouf, hefteg reagéiert a behaapt, et géif sech ëm “falsch Fotoen” handelen.

Op der anerer Säit – wéi de virale Message iwwer dat angeeblecht Bestietnes vum Poopst opkoum, war de Poopst am Spidol, fir eng infektiéis Bronchite ze behandelen. Hien huet d’Gemelli-Spidol zu Roum den 1. Abrëll, no dräi Nuechten nees verlooss. E puer Deeg méi spéit huet hie virun dausende Mënsche d’Ouschtermass am Péitersdoum zu Roum geleet.

Dohier huet d’AFP eng ëmgekéiert Billersich mat Google duerchgeféiert, fir den Auteur an d’Hierkonft vun de virale Biller z’ermëttelen.

RTL © AFP

D’Resultater hunn d’AFP zu enger Publikatioun am amerikanesche sozialen Netzwierk Reddit gefouert, an där den Auteur undeit, dass hien de Createur vun dëse virale Biller ass. Hei huet hien eng Serie vun 9 Fotoe mam Titel “The pope gets married” (De Poopst bestit sech) verëffentlecht, déi mat der KI-Plattform MidJourney erstallt goufen. An dëser Serie sinn ë.a. déi véier Biller ze fannen, déi an de sozialen Netzwierker viral goungen.

Op d’Fro vun engem Internetnotzer no der Identitéit vun der Fra op de Biller huet den Auteur vum Reddit-Bäitrag geäntwert, dass “MidJourney technesch ënnerschiddlech Frae geschafen huet – ech hu just déijéineg ausgewielt, déi sech am änlechste sinn”, huet hie geschriwwen a bestätegt domat implizitt, dass hien den Auteur ass.

D’AFP huet den Auteur den 12. Abrëll kontaktéiert, awer hien hat bis zum Zäitpunkt vun der Verëffentlechung net op verschidden Ufroe geäntwert.

Wéi an dësem AFP-Artikel (hei archivéiert) erkläert gëtt, gëtt et bis elo kee capabelt Geschier, mat deem ee kënschtlech erstallt Biller mat Sécherheet identifizéiere kann. Et kënnen awer visuell Inkoherenze festgestallt ginn, fir e kënschtlech kreéiert Bild ze erkennen. Op de Biller, déi déi angeeblech Hochzäit vum Poopst weisen, sinn der puer ze fannen.

Wéi en Notzer op Twitter bemierkt huet, deen d’AFP no enger ëmgekéierter Billersich op Google fonnt huet, sinn d’Gesiichter vun de Charakteren op e puer vun dëse Biller schlecht geformt an hu bont Charakterzich. Dat ass liicht op de Fotoen ënnen ze gesinn.

RTL © AFP

Wann een op eent vun de Biller zoomt, gesäit een och, dass de Brëll vum Poopst op sengem Gesiicht sëtzt a keng Glieser huet. Just d’Bigele vun dësem Accessoire si visibel.

RTL © AFP

Doriwwer eraus ass de Schleier vun der Braut graff geholl eng Erweiderung vun der Mozetta (kuerzen Ëmhang) vun der peepstlecher Soutane.

RTL © AFP

Op engem vun de Biller gesäit een, dass den angeebleche Poopst zwee riets Hänn huet. Et schéngt, wéi wann hien der Fra eppes gëtt, mat senger lénkser Hand, awer d’Handfläch vun dëser Hand ass no bausse geriicht, parallel zur rietser Hand.

RTL © AFP

D’Plaz, wou angeeblech d’Hochzäitszeremonie vum Poopst stattfonnt huet, erënnert direkt un de Péitersdoum am Vatikan, deen ë.a. u senge monumentale korinthesche Sailen z’erkennen ass. Awer wann ee méi genee hikuckt, stellt ee fest, dass et vill Ënnerscheeder gëtt, déi och hei duerch d’Kreatioun vu kënschtleche Biller erkläert kënne ginn.

Op der Foto mam Kuss virum Gebai stëmmt den Hannergrond net mat der richteger Fassad iwwereneen, besonnesch net mat de Fënsteren.

Beim Bild vun der Koppel virum Altor entsprécht den Uerdensmann riets vun der Koppel kengem Member vun der Nomenclature vum Vatikan. Hien huet eng rout Kaputz, déi just fir Kardineel virgesinn ass, awer säi Rimm misst och rout sinn, net wäiss. Ausserdeem handelt et sech ëm déi stättesch Soutane, wärend d’Kardineel bei reliéise Feiere gewéinlech e rout Kleed wéi dëst droen (Link hei archivéiert):

RTL © AFP

RTL © AFP

Schlussendlech huet d’Brautkleed, dat um Kate Middleton, der Herzogin vu Cambridge, inspiréiert ze si schéngt, op zwou vun den Opnamen en ënnerschiddlechen Ausschnëtt um Hals an ënnerschiddlech Äerm.

RTL © AFP

Déi viral Biller hunn also kee Bezuch zur Realitéit. Vill Perséinlechkeete vum ëffentleche Liewen goufen a leschter Zäit Affer vu Feelinformatiounen a Verbindung mat Fotoen, déi duerch Kënschtlech Intelligenz erstallt goufen. Enn Mäerz haten d’Biller vum Poopst François an engem wäissem Anorak am Stil vun engem amerikanesche Rapper fir Opreegung gesuergt.

D’Renee DiResta vum “Stanford Internet Observatory” sot der AFP: “Mir befannen eis un engem interessanten technologesche Wendepunkt, op deem realistesch Biller, déi duerch KI generéiert goufen, (…) fir jidderee liicht ze erstelle sinn.”

Si huet dobäigefüügt, dass Online-Medienerzéiung noutwenneg ass, fir d’Ëffentlechkeet dofir ze sensibiliséieren, dass si “de sensationelle Biller, déi vun hinnen onbekannte Konte gedeelt ginn, skeptesch géintiwwer stinn.”

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.