Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Gouf op enger “ukrainescher” Hochzäit den “Hitlergruß” gewisen?

Faktencheck: Gouf op enger "ukrainescher" Hochzäit den "Hitlergruß" gewisen? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© AFP / RTL-Grafik

Den Ukrain-Konflikt bréngt béid Säiten dozou, Falschinformatiounen iwwert de Géigner ze verbreeden. Zënter Kuerzem zirkuléiert eng Foto vun enger Hochzäit mam “Nazi-Grouss” a mam ukrainesche Fändel a sozialen Netzwierker. Wéi d’AFP erausfonnt huet, ass déi Foto e Fake.

“Sou bestit ee sech an der Ukrain!”, behaapt dësen Tweet, deen zanter dem 4. September bal 200 Mol mat enger Foto gedeelt gouf. Op dëser Hochzäitsfoto sinn zwee Gäscht ze gesinn, déi am Hannergrond den ukrainesche Fändel a Giel a Blo héichhalen, an aacht vun den néng Persounen, déi present sinn, dorënner d’Brautpuer, hiewen den Aarm a weisen den Nazi-Grouss.

Op Twitter (op Englesch oder op Franséisch hei oder hei) , op Facebook (hei, hei) an op Telegram ass d’Bild zanter Ufank September viral gaangen a gouf zesumme mat Messagë gedeelt, déi op eng “ukrainesch” Hochzäit hindeiten. D’Foto war schonn am Joer 2020 op Reddit opgedaucht, mat engem Kommentar, deen dorop higewisen huet, dass dat “just e ‘Sonne-Grouss’-Spill” wär, oder nach a russeschen Internetforen.

RTL

A Wierklechkeet gouf d’Foto awer modifizéiert, fir en ukrainesche Fändel anzebauen: De Fändel op der Originalfoto, vun där de Groussdeel ze gesinn ass, besteet aus zwou schwaarzen a giele Sträifen, déi warscheinlech de Fändel vum russeschen Imperium symboliséieren, gouf digital beaarbecht, fir déi ukrainesch Faarwe Giel a Blo ze weisen.

D’Originalfoto gouf zu Novokuznetsk a Russland fotograféiert an ass a Publikatiounen ze fannen, déi op d’mannst aus dem Joer 2017 stamen, laang virun der russescher Invasioun an der Ukrain um Ufank vum Joer 2022.

Well eng ëmgedréint Billersich mat der Sichmaschinn TinEye erméiglecht et, séier d’Originalfoto ze fannen, an déi eelst Verëffentlechung, déi ze fannen ass, datéiert op de 17. Oktober 2017.

Se gouf zu dësem Zäitpunkt op der russescher Meme-Websäit “Yaklapal” a spéider op anere Plattforme publizéiert. D’AFP konnt de geneeën Ursprong vum Bild net ermëttelen.

RTL Capture d'écran effectuée le 6 septembre 2022 du site Yaklapal.com ( AFP Factuel / )

Et gesäit een direkt, dass de Fändel aus enger schwaarzer Sträif uewen an enger gieler Sträif ënnen zesummegesat ass an net aus Blo a Giel, wéi den ukrainesche Fändel. Déi viral Foto, déi hei ze gesinn ass, gouf manipuléiert, fir Schwaarz duerch Blo z’ersetzen.

Och wann den ënneschten Deel op der Originalfoto net ze gesinn ass, well e vum Brautpuer an de Gäscht verdeckt gëtt, änelt de Fändel staark dem russesche Fändel aus der Zarenzäit, deen tëscht 1858 an 1883 Schwaarz, Gold a Wäiss war an nieft dem russeschen Nationalfändel a Wäiss, Blo a Rout existéiert huet.

Eng Foto, déi a Russland geschoss gouf, an net an der Ukrain

Zanter hirer Verëffentlechung am Joer 2017 gouf d’Foto e puer Mol verifizéiert, wéi 2018 op dëser ukrainescher Noriichtesäit an a Bäiträg a Foren (wéi hei an hei) mat Verweiser op zwee englesch– a russeschsproocheg Tweets, déi déi retuschéiert Foto schonn 2018 iwwerpréift haten.

An de verschiddene Linken ass ze liesen, dass d’Foto net “ukrainesch Neonazien” weist, mee zu “Novokuznetsk a Russland mam Zarefändel” opgeholl gouf.

Den Tweet, deen d’Foto vun 2018 verifizéiert, enthält eng Foto, déi d’Gebai, dat op der Foto, déi viral goung, ze gesinn ass, identifizéiert, souwéi e Link zu enger touristescher Websäit, déi op de “Lenin-Monument” verweist a säi Standuert an der Stad Novokuznetsk ugëtt.

D’Gebai, dat op der viraler Foto hannert dem Lenin-Monument ze gesinn ass, befënnt sech an der Stad Novokuznetsk: Déi genee Geolokaliséierung, déi vun der touristescher Websäit matgedeelt gëtt, erméiglecht et engem, déi genee Positioun op Google Street View an eng Foto op Google Maps ze gesinn.

Wann een d’Fotografie, déi ënnersicht gëtt, mat dëse Biller vergläicht, erkennt een de Sockel vum Lenin-Monument an d’Fassad vum Gebai am Hannergrond. D’Bild gouf zu Novokznetsk a Russland, méi genee an der Lenin-Strooss 38 fotograféiert.

RTL Comparaison d'une capture d'écran de l'image Google Street View à l'adresse “38 Ulitsa Lenina, Novokouznetsk, Oblast de Kemerovo”, et de la photographie d'un mariage prise au même endroit, originale et non retouchée, comportant un drapeau impérial russe et où les personnes figurant sur la photo font des saluts nazis. ( AFP Factuel / )

Zanter der russescher Invasioun an der Ukrain zirkuléieren a sozialen Netzwierker falsch Behaaptungen, dorënner reegelméisseg d’Rhetorik vum Kreml, no där d’Ukrain der Nazi-Ideologie verfall wär.

D’AFP huet eng Rei vu Faktenchecken iwwer neonazistesch Ideologie an der Ukrain oder iwwer d’Kleedung vum Wolodymyr Selenskyj, déi angeeblech Nazisymboler enthale soll, verëffentlecht. D’Iwwerpréiwunge vun der AFP iwwer de Konflikt an der Ukrain sinn ënner dësem Link ze fannen.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.