Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Internetdiskussioun an den USA iwwer Konspiratiounstheorien zu “falschem Schnéi”

Faktencheck: Internetdiskussioun an den USA iwwer Konspiratiounstheorien zu "falschem Schnéi" - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Wéi am Januar 2024 Wanterstierm duerch d’Vereenegt Staate gezu sinn, hunn Notzer vu sozialen Netzwierker Videoe vu Schnéiklatzen, déi bei Feier aus engem Briquet net schmëlzen, als Beweis dofir gedeelt, dass d’Wieder kënschtlech hiergestallt gouf.

“E puer Leit kréie FALSCHE Schnéi vum Himmel”, heescht et an engem Post vum 15. Januar 2024, deen Dausende vun Interaktiounen op X erreecht huet. De Video an dësem Bäitrag gouf ursprénglech den 18. Dezember 2023 op Instagram publizéiert. “Dat kann net wouer sinn, wat geschitt mat dëser Welt, ass de Schnéi iwwerhaapt echt”, steet an der Bildbeschreiwung. Wärend d’Duechter probéiert, eng Schnéiklatz mat engem Briquet schmëlzen ze doen, seet eng Fra am Clip: “Se schmëlzt mol net. Wat fir e Schnéi ass dat?”

RTL © AFP

D’Behaaptung koum op, wéi staark Stierm d’Vereenegt Staate getraff hunn an zu op d’mannst 50 wiederbedéngten Doudesfäll geféiert hunn, wéi Autoritéiten a Medie gemellt haten. Äiseg Temperaturen, Schnéistierm an déckt Äis haten zu déidlechen Accidenter op Stroosse geféiert, haten de Fluchverkéier zum Erleeë bruecht, haten dozou geféiert, dass d’Schoulen zoublouwen, an haten d’Stroumversuergung fir Dausende Leit ënnerbrach.

An enger Rei Bäiträg gouf behaapt, de Schnéi hätt eng onnatierlech Konsistenz an et gouf spekuléiert, ob “iergendee” Styropor vum Himmel fale gelooss hätt. Anerer hu behaapt, de Schnéi géif Chemikalien enthalen.

Et gëtt awer keng Beweiser fir dës Behaaptungen. D’Struktur an d’Form vu Schnéiflacke variéiert jee no Wiederkonditiounen.

De Chris Bianchi, Meteorolog zu Denver, Colorado (hei archivéiert), huet den 19. Januar 2024 géintiwwer der AFP erkläert, dass de Video, deen am Internet gedeelt gëtt, Glëtz ze weise schéngt (hei archivéiert), dee aus “ënnerkillte” Waasserdrëpse besteet, déi “op enger Schnéiflack weider gefréieren – e Prozess, deen Akkretioun genannt gëtt.”

“Glëtz ass mëll an zerfält einfach, wann een drop dréckt”, sot hien an enger Direktnoricht op X. “En ass anescht wéi (normale) Schnéi. Et kann een et sech wéi Schnéi mat engem mätschegen äussere Kär virstellen.”

Zombie-Behaaptung

D’AFP huet schonn an der VergaangenheetFalschinformatiounen ënnersicht, déi op Schnéi, deen net schmëlt, zeréckginn an déi zënter op d’mannst 2021 am Internet am Ëmlaf sinn.

D’Phenomen ass op e Prozess zeréckzeféieren, dee Sublimatioun oder Phaseniwwergang genannt gëtt, bei deem e Stoff déi flësseg Phas iwwerspréngt an direkt an e Gas iwwergeet.

“Et ass normal, dass Schnéi net brennt”, huet d’Cecilia Bitz, Professesch fir Atmosphärwëssenschaften a Geophysik op der Washington University, an enger E-Mail vum 19. Januar 2024 géintiwwer der AFP erkläert. “Schnéi sollt awer schmëlzen, wann en iwwer de Schmelzpunkt erhëtzt gëtt. Wann de Schnéi am Video net schmëlzt, ass e warscheinlech immens kal an erwiermt sech just am Feier.”

Wëssenschaftler vum Musée Imagination Station Toledo am US-Bundesstaat Ohio hu schonn den 1. Februar 2014 e Video vun engem Schnéierwiermungsexperiment op YouTube publizéiert (hei archivéiert) an domat Behaaptungen iwwer gefälschten Nidderschlag widderluecht.

D’Formatiounsinternetsäit “Science Notes” huet 2021 ausserdeem eng Grafik publizéiert, déi sech mat der Falschinformatioun befaasst an dorop higewisen hat, dass de Stëbs, deen an e puer Videoen ze gesinn ass, vun enger “onvollstänneger Verbrennung vum Feier” kënnt (hei archivéiert).

“Wann et méiglech wär, kënschtleche Schnéi ze produzéieren an en am ganze Land ze verdeelen, hätte mir keng Klimaerwiermungskris”, sot d’Cecilia Bitz. “Dës Technologie gëtt et einfach net.”

An de leschte Joerzéngten huet déi global Erwiermung dozou geféiert, dass d’Gletscher an Äisschëlder séier geschmolt sinn (hei archivéiert). D’Hausse vun der Duerchschnëttstemperatur huet sech och op d’Zirkulatiounsmusteren an der Atmosphär an an den Ozeaner ausgewierkt (hei archivéiert) – mat engem insgesamt ofhuelenden Trend bei de Schnéi- an Äisquantitéiten a ville Regiounen.

Fazit: Et gëtt guer keng Beweiser dofir, dass de Schnéi am Video net echt war. D’Phenomen léisst sech duerch Sublimatioun erklären: E Feststoff ka beim Erhëtzen och direkt zu engem Gas ginn, ouni virdrun ze schmëlzen. Et ass normal, dass Schnéi net brennt.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.