Scroll Top

Faktencheck: Lëscht vun angeebleche Pfizer-Impfniewewierkungen ass onseriö

Faktencheck: Lëscht vun angeebleche Pfizer-Impfniewewierkungen ass onseriö - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

De Covid-19-Impfstoff vu Pfizer gouf vu Gesondheetsagencen als sécher a wierksam agestuuft.

Am Februar 2025 hunn Dausende vun Notzer a Sozialen Netzwierker eng Lëscht mat angeeblechen Impfniewewierkunge mat der Behaaptung gedeelt, de Pharmakonzern Pfizer hätt dës kierzlech verëffentlecht.

Mä d’opgelëscht Niewewierkungen ënnerscheede sech däitlech vu wëssenschaftlech iwwerpréiften Niewewierkungen. D’europäesch Medikamentenagence huet ausserdeem matgedeelt, dass d’Sécherheet vun alle Covid-Vaccine kontinuéierlech op Basis vu wëssenschaftlechen Erkenntnesser iwwerpréift gëtt.

“Haalt Iech un, léif Gesprëtzter. Dir hutt do tickend Zäitbommen an der Leitung”, huet eng Facebook-Notzerin den 9. Februar 2025 geschriwwen. Dobäi huet si eng Lëscht mat 46 angeeblechen Niewewierkunge gedeelt, déi de Covid-19-Hiersteller Pfizer verëffentlecht soll hunn. Op dëser Lëscht sti liewensbedreelech Krankheeten, beispillsweis “akut Niereversoen”, “Bluttthrombosen”, “Doud vun Neigebuerenen” an “Häerzstëllstand (Honnerte vu Fäll)”.

De Bäitrag gouf villfach op Facebook gedeelt, wéi och op Telegram an X. Déi selwecht Lëscht ass och an anere Sproochen, zum Beispill  Englesch, Franséisch a Kroatesch, am Ëmlaf.

RTL © AFP

Wéi d’AFP iwwerpréift huet, gëtt et keng Unhaltspunkten dofir, dass Pfizer esou eng Lëscht mat Niewewierkunge verëffentlecht huet. Fachleit vun der Europäescher Medikamentenagence (EMA) hunn ausserdeem confirméiert, dass sech eng wëssenschaftlech iwwerpréift an ëffentlech zougänglech Lëscht vu wierklechen Impfniewewierkungen däitlech vun der am Internet gedeelter Lëscht ënnerscheet.

Niewewierkunge vun der Covid-19-Impfung

Eng erweidert Sich am Internet mat de Stéchwierder “Pfizer verëffentlecht Impfstoffniewewierkungen” hat keng Publikatioun vum Pharmakonzern Pfizer als Resultat, déi mat der online kurséierender Lëscht iwwereneestëmme géif.

De leschte Pressecommuniqué op der Internetsäit vu Pfizer, déi de Covid-19-Impfstoff mam Numm Comirnaty ernimmt, datéiert vum August 2024. An dësem Communiqué geet et dorëms, dass d’amerikanesch Agence fir d’Zouloosse vu Medikamenter, d’Food and Drugs Administration (FDA), d’Notze vun engem un déi nei Covid-Variant ugepasste Vaccin zougelooss huet. Dëst Dokument gëtt an e puer vun de franséischsproochege Bäiträg mat der Falschbehaaptung als angeeblech Quell fir d’online kurséierend Lëscht un Niewewierkunge genannt.

Op der Internetsäit vun der Europäescher Medikamentenagence (EMA) ass eng offiziell Lëscht mat bekannten Niewewierkunge vun de Covid-Impfungen ze fannen. Dës Lëscht ënnerscheet sech awer erhieflech vun der am Internet gedeelter Lëscht. Just dräi Niewewierkungen iwwerschneide sech op béide Lëschten: Gesiichtslämung – vun der EMA als “seelen” Niewewierkung opgeféiert –  souwéi d’Häerzerkrankunge Myokarditis a Perikarditis – béid gi vun der EMA als “immens seelen” Niewewierkunge genannt.

D’Lëscht, déi am Internet am Ëmlaf ass, enthält doriwwer eraus awer eng Rëtsch déidlech a gravéierend Niewewierkungen, zum Beispill Häerzstëllstand, stënterlechen Doud, Doud bei Neigebuerenen, Hiereschlag, Diabetes an epileptesch Psychos. Keng vun dësen angeeblechen Niewewierkunge gouf vun der EMA confirméiert.

D’Agence fir medezinnesch Produkter a Kroatien (Halmed) huet der AFP an enger E-Mail vum 21. Februar 2025 matgedeelt, dass déi aktuell Lëscht mat de bekannten Niewewierkungen, déi op den Internetsäite vun der EMA an der Halmed disponibel ass, op dem neiste Stand wär. En Halmed-Spriecher huet betount, dass Hiersteller vu Medikamenter am Allgemenge keng “Lëscht mat Niewewierkunge” verëffentlechen – amplaz informéiere si d’Iwwerwaachungsagencen iwwer all nei Informatiounen iwwer zougelooss Medikamenter.

RTL © AFP

“Proprietäre vun enger Maartzouloossung si gesetzlech dozou verflicht, de Sécherheetsprofil vun engem Medikament, Vaccinen abegraff, kontinuéierlech ze iwwerwaachen, soulaang d’Medikament oder de Vaccin um Maart ass”, sou den Halmed-Spriecher. “Deementspriechend si si verflicht, all nei Informatiounen an Erkenntnesser am Zesummenhang mat der Sécherheet vum Medikament den zoustännegen Autoritéite fir eng Iwwerpréiwung a Bewäertung zoukommen ze loossen. Doriwwer eraus kréien d’Reguléierungsagencen och direkt vu Patienten a Leit aus dem Gesondheetssecteur Rapporten iwwer vermutt Niewewierkungen.”

Den Halmed-Spriecher huet och dorop higewisen, dass Hiersteller vu Medikamenter verflicht wären, reegelméisseg all gesammelt Donnéeën iwwer d’Sécherheet vu Medikamenter a Vaccinen a sougenannte PSURe (Periodic Safety Update Reports) virzeleeën.

Impfstoffer gi reegelméisseg iwwerpréift

Den aktuelle PSUR fir de Pfizer-Vaccin Comirnaty gouf wärend der zweeter Hallschent vum Joer 2023 erstallt. D’EMA huet am Juli 2024 hir Recommandatiounen op Basis vun dësem PSUR verëffentlecht. Der EMA no wär d’Notze-Risiko-Verhältnis vum Impfstoff onverännert bliwwen, firwat d’Zouloossung bäibehale gouf. Déi nächst PSUR-Iwwerpréiwungsprozedur fir Comirnaty wäert viraussiichtlech 12 Méint no deem viregten ufänken, also am Mäerz 2025.

RTL © AFP

Op AFP-Ufro huet de Pressedéngscht vun der EMA an enger E-Mail vum 19. Februar 2025 matgedeelt, dass déi lescht Aktualiséierung vun de Produktinformatioune vu Comirnaty am November 2024 war. Dobäi gouf besonnesch d’Sécherheet vun de Vaccine fir Puppelcher vu wärend der Schwangerschaft geimpfte Persounen an immungeschwächte Participanten ënnersicht. Donnéeën aus den dräi wëssenschaftlechen Etüde goufen dobäi matabezunn, déi awer keng nei Geforen oder Niewewierkunge festgestallt hunn.

Den EMA-Spriecher huet ausserdeem drop higewisen, dass d’Europäesch Medikamentenagence zesumme mat nationale Gesondheetsagencen an Impfstoffproduzente fir de Management vun de Sécherheetshiweiser responsabel wär. Soumat leien der EMA all d’Informatioune vir, déi méiglech Niewewierkungen oder weider Untersuchunge rechtfäerdege géifen.

Soubal en Hiweis iwwer eng méiglech Niewewierkung opdaucht, gëtt den EMA-Kommitee fir Risikobewäertung am Beräich vun der Pharmakovigilenz (Prac) eng Recommandatioun of, wéi dorop reagéiert gi sollt. All Recommandatioune sinn an enger ëffentlecher Tabell ofruffbar (hei archivéiert). De Prozess fir d’Erkenne vun neien Niewewierkungen, déi zum Beispill am Fall vu Myokarditis a Perikarditis, kann an der Tabell poursuivéiert ginn.

Wéi d’EMA confirméiert huet an aus den online disponibelen Donnéeën ervirgeet, war de leschten ënnersichte Sécherheetshiweis d’Symptom “postmenopausal Bluddung”, dat am Mäerz 2024 gepréift gouf. De Prac huet awer keng ausräichend Beweiser dofir fonnt, dass dëst Symptom am Zesummenhang mam Pfizer-Impfstoff steet.

D’aktuell gülteg Sécherheetsinformatiounen iwwer Covid-19-Impfstoffer, déi den Impfstoff Comirnaty vu Pfizer/BioNTech matabezéien, besoen, dass all d’Impfstoffer, déi an der EU zougelooss sinn, sécher an effikass sinn. Der EMA-Internetsäit no schützen d’Vaccine weiderhin zouverlässeg Mënsche viru schwéieren Erkrankungen an Doudesfäll duerch Covid-19.

“Zënter Dezember 2020 hu Mënschen an der EU bal eng Milliard Dosisse vu Covid-19-Impfstoffer gesprëtzt kritt, wat et zum gréissten Impfprogramm an der Geschicht mécht”, heescht et op der Internetsäit vun der EMA. “D’Opsiichtsautoritéite verfügen iwwer eng Quantitéit, déi hires Gläiche sicht, un Donnéeën, fir d’Sécherheet an d’Effikassitéit vu Covid-19-Impfstoffer ze confirméieren.”

E Spriecher vu Pfizer huet géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 17. Februar 2025 och confirméiert, dass déi aktuell Sécherheetsinformatiounen iwwer den Impfstoff vun der Entreprise um Site vun der EMA ze fanne wären. “Pfizer verfüügt iwwer robust Prozesser, fir senger regulatorescher Verantwortung nozekommen, all onerwënscht Resultater genee ze iwwerpréiwen, ze mellen an ze analyséieren souwéi relevant Informatiounen ze sammelen, fir nei potenziell Sécherheetsrisiken ze bewäerten, déi mam Covid-19-Impfstoff verbonne kéinte sinn”, sou de Spriecher. “Vu dass weltwäit scho Milliarde vun Impfstoffdosisse gesprëtzt goufen, ass de Sécherheetsprofil vum Impfstoff fir all zougelooss Gruppe weiderhi positiv.”

Ursprong vun der Falschbehaaptung

D’AFP konnt keng glafwierdeg Quell fannen, déi d’Lëscht, déi zirkuléiert, als vu Pfizer verëffentlecht Niewewierkunge vun der Covid-19-Impfung confirméiere géif. D’Falschbehaaptung schéngt hiren Ursprong an engem falsch zitéierte Pfizer-Dokument aus dem Joer 2021 ze hunn (hei archivéiert). D’Dokument beinhalt eng Lëscht vun allen als vermeintlech Impfniewewierkungen observéiert Erkrankungen, ouni dës awer enger wëssenschaftlecher Préiwung ënnerzunn ze hunn. Dës Lëscht iwwerschneit sech deelweis mat der am Februar 2025 opgedauchter Lëscht vu 46 angeeblechen Niewewierkungen.

Dat selwecht Dokument war schonn am Joer 2023 fälschlecherweis mat der Behaaptung am Ëmlaf, et géif all bekannt Niewewierkunge weisen – eng Falschbehaaptung, déi d’AFP scho widderluecht huet.

Am September 2023 hat en Halmed-Spriecher der AFP fir e kroatesche Faktencheck gesot, dass just well eppes no enger Impfung geschitt wär, dat net automatesch bedeite géif, dass et duerch d’Impfung ausgeléist gouf. “Berichter iwwer vermut Niewewierkunge bedeiten net, dass d’Medikament oder de Wierkstoff d’observéiert Wierkung ausgeléist huet oder dass de Wierkstoff onsécher ass”, hat de Spriecher der AFP an enger E-Mail geschriwwen. “Just eng grëndlech Iwwerpréiwung a wëssenschaftlech Bewäertung vun allen disponibelen Donnéeën erméiglecht et, Schlussfollgerungen iwwer den Notzen an d’Risike vun engem Medikament ze zéien.”

Weider Faktenchecken zum Sujet Covid-19 sinn um AFP-Site ze fannen.

Fazit: Entgéint den am Internet kurséierende Behaaptunge gouf eng Lëscht vun angeeblech gravéierende Covid-Impfniewewierkungen net vum Impfstoffhiersteller Pfizer verëffentlecht an entsprécht och net den tatsächlechen Niewewierkungen. Wéi Spriecher vu Medikamentenagencë géintiwwer der AFP confirméiert hunn, gëtt d’Sécherheet vu Vaccine kontinuéierlech no wëssenschaftleche Krittären iwwerpréift.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.