Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: “Matrjoschka”, déi nei anti-ukrainesch Desinformatiounscampagne fir westlech Medien

Faktencheck: "Matrjoschka", déi nei anti-ukrainesch Desinformatiounscampagne fir westlech Medien - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Wärend d’Ukrain zënter bal zwee Joer mat der russescher Invasioun konfrontéiert ass, iwwerschwemmt déi pro-russesch Propaganda weiderhin d’sozial Netzwierker an déi europäesch Länner, mam Zil, d’Ënnerstëtzung vum Weste fir Kiew ze ënnergruewen. Zënter September besteet d’Desinformatioun am Internet, déi Russland zougeschriwwe gëtt, net méi just doran, anti-ukrainesch Noriichten ze verbreeden, mee och doran, déi westlech Medien direkt ze interpelléieren, fir si dozou ze bréngen, fir e puer dovun ze verifiéieren. Dat huet eng Ënnersichung vun der AFP erbruecht, woubäi Donnéeë vum Kollektiv “Antibot4Navalny” analyséiert goufen.

Eng Internetnotzerin, “Käthe”, huet beispillsweis de 4. Dezember op X eng BFM-Publikatioun kommentéiert an huet de Sender gebieden, e Video ze iwwerpréiwen, deen engem Bericht vum däitsche Sender “Deutsche Welle” änelt, an deem behaapt gëtt, en ukrainesche Kënschtler hätt den Eiffeltuerm ugeseet.

“Ech gesinn dës Zort vun Informatiounen all Dag. Déi offiziell Medie schwätzen net doriwwer, wat soll ech gleewen?”, huet si gefrot.

RTL © AFP

RTL © AFP

Bannent e puer Stonne interpelléiert dëse Profill Dosende vu franséische Medien, dorënner Le Progrès, Paris Match, Mediapart, Le Point, Franceinfo, Le Figaro, RFI, Le Parisien…

RTL © AFP

De Kont bleift da bis den 20. Dezember inaktiv an deelt dann e Graffiti, wou de Selenskyj zu Los Angeles als Strummert karikaturéiert ass. E Bild, dat en anere Kont nees vun de Medien iwwerpréiwe loosse wëll, an esou weider.

RTL © AFP

Bei de Publikatiounen, déi an dësem Artikel iwwerpréift ginn, handelt et sech meeschtens ëm Videoe mat de Kennzeechnunge vu grousse franséischen an internationale Medien. Ënne lénks imitéiert eng Publikatioun zum Beispill de Logo vun RFI, fir d’Leit gleewen ze doen, et géif sech ëm en echte Bericht iwwer d’Iwwerfäll vun engem Ukrainer an de Paräisser Katakomben handelen.

RTL © AFP

RTL © AFP

D’Donnéeën, déi vun “Antibot4Navalny” zur Verfügung gestallt an déi vun der AFP ënnersicht goufen, beleeën d’Existenz vun Dosenden oder souguer vun Honnerte vu Profiller, déi dës Strategie vun der Masseninterpellatioun vun de Medien notzen. Bei de meeschte vun dëse Konten handelt et sech ëm Konten, déi vun hirem Proprietär opginn an uschléissend gehackt goufen. Et ass en Zeechen dofir, dass dës Konte vu “Bots” iwwerholl goufen, woubäi d’Publikatiounen heiansdo mat engem Rhythmus vun enger Minutt interagéieren, fir d’sozial Netzwierker besser iwwerschwemmen ze kënnen.

D’Analys vun der AFP huet och erginn, dass Konten, déi d’Medie bieden, Desinformatiounen ze iwwerpréiwen, esou Informatiounen e bësse méi spéit selwer verbreeden.

RTL © AFP

RTL © AFP

RTL © AFP

RTL © AFP

Verontreiung vu Militärhëllef fir d’Ukrain, verkierzt oder erfonnt Graffiti vum Selenskyj a gefälscht Reklammen um Times Square: Dës Publikatioune stellen ëmmer nees Ukrainer a Fro a versichen, d’Europäer an d’Amerikaner krichsmidd ze maachen.

Déi meescht vun dëse Biller goufen fir d’éischt vu russeschen Internetnotzer gedeelt, besonnesch am sozialen Netzwierk Telegram an an Norichtebloggen, wéi Recherchë vun der AFP weisen.

Dës Campagne schéngt den Nofollger vun enger anerer Campagne ze sinn, déi als “Doppelgänger” bezeechent gëtt, déi an de leschte Méint dora bestoung, anti-ukrainesch Desinformatiounen ze verbreeden, woubäi d’Identitéit vu westleche Medie genotzt gouf. Eng Campagne, déi vun de franséische Geheimdéngschter eendeiteg Russland zougeschriwwe gëtt, wéi Experten, déi vun der AFP befrot goufen, soten.

“Oflenkungsaktioun”

Den David Chavalarias, Mathematiker fir Sozialwëssenschaften a Fuerschungsdirekter beim franséischen CNRS, gesäit an dëser Campagne eng “Oflenkungsaktioun fir Faktenchecker”, fir se “mat graffen, schwéier iwwerpréifbare Sujeten ze beschäftegen”. Dem Fuerscher no, deen de 24. Januar vun der AFP befrot gouf, kéint dës Operatioun als Zil hunn, dës Desinformatioune siichtbar ze maachen, andeem ee se als Relais benotzt, ouni dass si et wëssen.

“D’Zil schéngt doran ze bestoen, d’Opmierksamkeet vun de Faktenchecker op sech ze zéien, fir hir Aarbecht ze ëmgoen an taktesch a laangfristeg Auswierkungen op Aspekter vun der Erzielung vum aktuelle Konflikt ze hunn”, ergänzt de Fuerscher fir digital Geopolitik a Russland-Fachmann Julien Nocetti de selwechten Dag a füügt bäi, dass “d’Russe léieren”. “An et gëtt eng Zort vun Agilitéit, verschidde Methoden ze testen.”

Eng franséisch Sécherheetsquell huet der AFP de 26. Januar uvertraut, vun dëser neier Operatioun “net iwwerrascht” ze sinn, well “d’Russen no Visibilitéit striewen, si wëllen, dass een iwwer si schwätzt, am Gudden oder am Schlechten.”

Zwee Deeg no der Publikatioun vun der éischter AFP-Meldung iwwer d’Operatioun “Matrjoschka” hu vill Konten, deenen hir Donnéeën analyséiert gi waren, Inhalter, déi speziell mat dëser Campagne ze dinn hunn, aus hire Profiller geläscht.

“Dat weist dorop hin, dass de Bedreiwer, deen dës Campagne initiéiert huet, erkannt huet, dass se aktualiséiert gouf”, huet de Kollektiv “Antibot4Navalny” den 29. Januar géintiwwer der AFP betount.

“Schluecht vun den Erzielungen”

Déi anti-ukrainesch Biller, déi am Kader vu “Matrjoschka” benotzt goufen, goufen och a verschiddene sozialen Netzwierker vun de selwechte Bots promouvéiert, déi Deel vun der Doppelgänger-Campagne waren.

Am Dezember 2023 hat e Rapport vun der Insikt Group  (hei archivéiert), enger Entitéit vum Norichtenagence Recorded Future, gemellt, dass d’Doppelgänger-Campagne an de sozialen Netzwierker ëmmer nach ganz aktiv war, mat op d’mannst 800 Bots, déi Reklamm fir gefälscht Artikele gemaach hunn, déi d’Identitéit vun den ukrainesche Medien usurpéiert hunn.

De Revelatioune vun der däitscher Press no, déi de 26. Januar publizéiert goufen, huet Däitschland eng grouss ugeluecht “pro-russesch Desinformatiounscampagne” ausgemaach, déi Dausende vu gefälschte Konten op der Plattform X (fréier Twitter) notzt, fir déi schiedlech Messagen iwwer d’Ukrain mat Biller vun däitsche Medien ze publizéieren.

“D’Ukrain ass nach ëmmer dat Land, dat am heefegste vun Informatiounsmanipulatioune betraff ass – an dat ass keen Zoufall”, sot de Josep Borell, Chef vun der europäescher Diplomatie, den 23. Januar op enger Pressekonferenz iwwer Desinformatioun an auslännesch Amëschung.

“Sécherheet ass net méi just eng Fro vu Waffen, et ass eng Fro vun der Informatioun”, sot hien ofschléissend.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.