Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Nëmme well et reent a schneit, heescht dat net, dass et keng Klimaerwiermung gëtt

Faktencheck: Nëmme well et reent a schneit, heescht dat net, dass et keng Klimaerwiermung gëtt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Klimaverännerungen, hir Ursaachen a Konsequenze sinn an der Wëssenschaft allgemeng unerkannt. Mä reegelméisseg gräife Klima-Skeptiker op hefteg Reefäll, Schnéifäll oder Temperaturen ënnert der joreszäitlecher Norm zeréck, fir dëst ze bestreiden. Si vergläichen hei awer Äppel mat Bieren.

Opgepasst: Si verwiessele Wieder, dat sech op kuerzfristeg Phenomeener bezitt, a Klima, dat sech op déi laangfristeg Entwécklung vun dëse Phenomeener konzentréiert.

Laangfristeg Klimaerwiermung trotz wiesselende Wiederphenomeener

Et ass erwisen, dass sech d’Klima zënter der industrieller Period opgrond vun den Zäregasen, déi vum Mënsch verursaacht goufen a ginn, erwiermt huet (Quell: sechste Rapport vum IPCC). Mat dëser Erwiermung trieden Drécheperiode reegelméisseg méi fréi, méi laang a méi intensiv op.

Mä am Fréijoer 2023 goufe beispillsweis staark Reefäll a Frankräich vun Internetnotzer als Beweis dofir gedeit, dass et keng Dréchent gouf. Si hunn och d’Stéierung vum Klima a Fro gestallt. Just well et e puer Deeg vill gereent huet, heescht dat net, dass et keng Dréchent gëtt: de Ree kann ze spéit kommen, fir d’Grondwaasser an der Déift nees opzefëllen, an/oder de Buedem ass ze dréchen, fir et opzehuelen.

De même pour des épisodes neigeux en été en altitude, ou importants en hiver : en Europe, cela n’empêche les glaciers des Alpes de fondre au fil des décennies

(Quell : Schwäizer Akademie fir Naturwëssenschaften)

An dësem Biergmassiv ass zënter den 1970er-Joren duerchschnëttlech “ee Mount Schnéi a 50 Joer verluer gaangen” (Quell: Etüd vun europäesche Fuerscher, verëffentlecht an der Zäitschrëft “The Cryosphere” am Joer 2021).

Tëscht Wieder a Klima ënnerscheeden

Dohier muss tëscht kuerzfristegen, wiederbedéngten a laangfristege Phenomeener ënnerscheet ginn, déi duerch Klimaverännerungen ervirgeruff goufen.

D’Wieder ass den Zoustand, “deen et zu enger bestëmmter Zäit an op enger bestëmmter Plaz gëtt”, an dee sech “vun enger Stonn oder vun engem Dag op den aneren” ännere kann, an dës Wiederprevisioune “gi keng genee Viraussoe fir méi wéi eng Woch” (Quell: Institut fir Universell Wëssenschaften vum CNRS).

L’étude du climat recouvre, elle, toutes les variables atmosphériques qui varient sur le long terme

Wann ee se studéiert, kann ee “Warscheinlechkeete vu laangfristege Verännerungen” determinéieren, awer “keng detailléiert deeglech Viraussoen”. Dat heescht, “och wann dësen Duerchschnëtt ëmmer méi waarm gëtt, ännert dat näischt dorun, dass d’Wanteren heiansdo méi kal si wéi den Duerchschnëtt vun den extreeme Wiederkonditiounen.”

Also, “wann Dir e Réckgang vu 5°C wärend dem Dag constatéiert, ass dat näischt Schlëmmes. Awer e Réckgang vum Klima ëm 5°C féiert an eng komplett aner Welt.”

D’Erwiermung féiert och zu nach méi heftege Phenomeener

De Summer 2023 war de wäermsten, dee jeemools an der nërdlecher Hemisphär gemooss gouf, an 2023 gëtt viraussiichtlech dat wäermst Joer, dat jeemools op der Welt enregistréiert gouf (Quell: Europäesche Copernicus-Déngscht).

Inondations, longues périodes de sécheresse, fortes chutes de neige après un déficit de précipitations : l’augmentation de la fréquence et l’intensité de ces phénomènes extrêmes est aussi une des conséquences attendues de ce réchauffement climatique

An dës Konsequenze si schonn a villen Deeler vun der Welt ze spieren. (Quell: IPCC)

RTL © AFP

Archiv vu Linken zu dëser Kaart:

Sechste Rapport vum IPCC

Schwäizer Akademie fir Naturwëssenschaften

Etüd am “The Cryosphere”

Institut des sciences de l’Univers vum CNRS

Europäesche Copernicus-Déngscht

Fannt d’Faktenchecke vun der AFP zum Sujet Extreem Wiederphenomeener an zum Ënnerscheed tëscht Wieder a Klima:

Avec la sécheresse, de nombreuses théories complotistes refont surface

Les pluies récentes ne remettent pas en cause l’existence du réchauffement climatique

Des pluies de niveau habituel au printemps soulageraient les cultures, mais ne combleraient pas le déficit d’eau

Une carte qui remet en cause la réalité de la sécheresse actuelle en France ? C’est trompeur

Ni la neige récente en Italie ni les épisodes de pluie en France ne remettent en cause le changement climatique

Les variations climatiques n’invalident pas l’existence du réchauffement climatique global

Attention aux conclusions trompeuses d’un montage de cartes météo de journaux télévisés

Non, une carte météo de la France n’a pas été rougie pour “manipuler” l’opinion

La moyenne des températures à Paris entre août et septembre 1895 était de 20°C – pas de 37°C

Dësen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.