© RTL Grafik / AFP
An der Fuerschung besteet Konsens iwwer d’Tatsaach, dass sech d’Weltklima erwiermt. A sozialen Netzwierker gëtt am Moment en Artikel iwwer en norweegeschen Diskussiounsbäitrag gedeelt, an deem den Afloss vun CO2 op déi global Temperatur-Hausse a Fro gestallt gëtt.
“D’Statistikamt vun Norwegen widdersprécht Klimanarrativ: CO2 ze schwaach, fir Temperatur ze beaflossen” ass an engem Video als Iwwerschrëft vun engem Artikel ze liesen. “D’Klimakris ass opgeflunn”, kommentéiert d’Userin, déi den Artikel an deem Clip diskutéiert, deen zënter dem 6. Februar 2024 iwwer 4.000 Mol op Facebook gedeelt gouf.
Am Video gëtt den Instagram-Account “robertkattirs” als Quell genannt, de Clip krut op dësem Kont iwwer 5.000 Likes.
An anere Bäiträg ass den Artikel, dee vun der Internetsäit “Epoch Times” verëffentlecht gouf, direkt verlinkt a gëtt op Facebook an der Plattform X verbreet. An dëse Bäiträg ass och e Post vun der Presidentin vun der AfD-noer Desiderius-Erasmus-Stëftung Erika Steinbach ze fannen.
© AFP
Den Artikel faasst d’Ausféierunge vu béiden Auteure vum Diskussiounsbäitrag, John Dagsvik a Sigmund Moen, zesummen. Den Androck, deen d’Massemedie vermëttelen, wär, dass “ënner ville Klimafuerscher anscheinend e wäitgoende Konsens iwwer de systemateschen an deelweis vum Mënsch gemaache Klimawandel bestoe géif”, hunn den Dagsvik an de Moen an der Introduktioun vum Bäitrag erkläert. Schliisslech zitéiert den Artikel hire Fazit: “Den Effekt vun den CO2-Emissiounen, déi vum Mënsch verursaacht sinn, schéngt net staark genuch ze sinn, fir systematesch Verännerunge vun den Temperaturschwankunge wärend de leschten 200 Joer ze verursaachen.”
D’Internetsäit “Epoch Times” sponsert op X eege Bäiträg vun hirem Artikel iwwer de Fuerschungsbäitrag:
© AFP
“Epoch Times” ass schonn an der Vergaangenheet duerch d’Verbreedung vu Falschinformatiounen opgefall, déi d’AFP widderleeë konnt, wéi beispillsweis d’Behaaptung, dass Wandrieder de Klimawandel verstäerke géifen.
De Bäitrag, deen am Artikel zesummegefaasst ass, gouf vun der norwegescher Statistikagence Statistics Norway am September 2023 publizéiert. D’Auteuren Dagsvik a Moen analyséieren doran d’Temperaturdonnéeë vu verschiddene Miessstatiounen. “Unhand vu verschiddenen Auswielkrittäre goufe 75 Zäit-Serien aus 32 Länner an der statistescher Analys an dësem Pabeier” berécksiichtegt, schreiwe si.
Wëssenschaftlecht Virgoe vum Bäitrag onüblech
Kuerz no der Publikatioun vum Diskussiounsbäitrag huet dat norwegescht Statistikamt e Statement verëffentlecht, no deem der Agence virgehäit gouf, Zweiwel un etabléierte Fuerschungsresultater iwwer d’Äerderwiermung opkommen ze loossen. D’Fuerschungsdirektesch Linda Nøstbakken huet erkläert, de Bäitrag géif net d’Meenung vum Statistikamt erëmspigelen. An awer géif sech d’Agence dofir staark maachen, dass hir Fuerscher “hir akademesch Meenungsfräiheet notzen dierfen”.
Kritik um Pabeier huet och den Edgar Hertwich, Professer fir Industrieökologie op der Norwegian University of Science and Technology, an engem Bäitrag op der norwegescher Fuerschungswebsäit “forskersonen.no” geäussert. Sou ass hien der Meenung, dass eng Stéchprouf vun Donnéeë vun e puer Klimastatiounen ze kleng wier, fir eppes iwwer dat globaalt Klima auszesoen. Ausserdeem géifen d’Statiounen, déi an der statistescher Analys berécksiichtegt goufen, just sechs Prozent vun der Äerduewerfläch ofdecken, wouduerch d’Miessunge “manner empfindlech” wäre wéi allgemeng an der Klimafuerschung üblech wär. Dowéinst zitt hien d’Zouverlässegkeet vun de Resultater an Zweiwel.
E weidere Kritikpunkt vum Hertwich wier, dass et net emol en Hiweis op eng Zesummefaassung vum Wëssen iwwer d’Auswierkunge vum mënschleche Klima gëtt, déi vum Weltklimarot (IPCC) erstallt gi wier. De Réckbléck op d’Fuerschung, déi bis elo gemaach gouf, op d’Gebitt, mat deem sech e wëssenschaftleche Bäitrag befaasst, wär awer feste Bestanddeel vun eebe genee sou Artikelen.
Ausserdeem géif et änlech Analysen iwwer den Afloss vum Mënsch op d’Klima ginn, déi mat dem selwechte statistesche Modell zum géigendeelege Resultat kommen, nämlech dass d’Erwiermung “wäit iwwer dat, wat ze erwaarde war, eraus zougeholl huet”, sou den Hertwich.
Hie kritiséiert och d’Literatur, déi vum Dragsvik a vum Moen benotzt gouf. An hire Quellen ass d’Buch “D’Kal Sonn” (Die Kalte Sonne) vum fréiere President vum däitschen Energiekonzern RWE a fréiere Politiker Fritz Vahrenholt opgelëscht. Dëst Buch wär dem Hertwich duerch selektiv Literatur a falsch zitéiert Quellen opgefall, sot hien. Och der Iwwerpréiwung duerch Klimajournaliste vu “klimafakten.de” hält d’Buch net duer.
Bäitrag ignoréiert wëssenschaftleche Konsens
De Jochem Marotzke, Direkter a wëssenschaftleche Member vum Max‐Planck‐Institut für Meteorologie zu Hamburg souwéi Member vun der Akademie der Nationalen Wissenschaften Leopoldina, huet géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 29. Februar 2024 erkläert: “Et gëtt kee Grond, der Etüd am ëffentlechen Discours iergendeng Roll zouzegestoen.” Dat begrënnt hien och och mam Virgoen am Diskussiounsbäitrag. En ignoréiert nämlech honnerte vun Etüden a sechs IPCC-Sachstandsberichter, déi eendeiteg gewisen hunn: Déi global Erwiermung ass op de Mënsch zeréckzeféieren. Dës Etüde ginn op d’Erkenntnis vum Klaus Hasselmann aus dem Joer 1979 zeréck, dass een eeben NET eenzel Donnéeë vu Statiounen huele soll, mee no engem MUSTER vun der erwaarter Verännerung siche sollt.
Den Duktus vum Pabeier géif awer weisen, dass et ëm d’Ofstreide vum mënschegemaachte Klimawandel géing, huet de Marotzke weider erkläert. “Hei gëtt déi komplett Literatur vun de Ligener erugezunn, net awer seriö Publikatiounen.”
Och de Peter Braesicke, Professer a Chef vum Institut für Meteorologie und Klimaforschung – Atmosphärische Spurengase und Fernerkundung um Karlsruher Institut für Technologie, huet an engem Gespréich mat der AFP vum 27. Februar 2024 a Bezuch op déi global Erwiermung erkläert: “Am Duerchschnëtt gëtt et méi waarm – dat bedeit net, dass d’Temperatur op alle Miessstatioune klëmmt.” De Fazit vum Pabeier, dass et onméiglech erschéngt ze ermëttelen, wéi wäit CO2 fir d’Temperatur-Hausse responsabel ass, wier keng zoulässeg Schlussfollgerung, huet hien ergänzt.
Sou géif sech beispillsweis un den am Diskussiounsbäitrag analyséierten Donnéeë vun der Miessstatioun Hohenspeißenberg “d’Klimaerwiermung gutt ofliese” loossen. D’Statioun léich op engem Bierg am Süde vun Däitschland, d’Donnéeë gi bal bis an d’preindustriellt Zäitalter zeréck – “hei géif een eng Erwiermung erwaarden. Dës Donnéeë géifen dem Braesicke no net genuch berécksiichtegt an dem Fazit vum norweegesche Bäitrag widderspriechen. Ausserdeem hunn de Braesicke wéi och de Marotzke an den Hertwich kritiséiert, dass ënnert de Verëffentlechungen, déi béid Auteuren am Literaturverzeechnes opféieren, Aarbechte vu Klimaskeptiker wären, déi net no de Standarde vun enger Peer-Review-Etüd gemaach goufen.
Zwar wär den Undeel vu Kuelestoffdioxid an der Atmosphär “prozentual wéineg”, wéi de Braesicke erkläert huet. Haut wären et iwwer 400 ppm (part per million), an der virindustrieller Zäit hätt de Wäert awer nach bei 280 ppm geleeënen. Dat wär eng Hausse vu bal 50 Prozent. “Den Undeel ass ëmmer nach geréng, mee dëse klengen Undeel ass eeben immens wierksam.”
CO2 verstäerkt Zäreneffekt
Och an aneren Zesummenhäng gouf den Afloss vun CO2 op déi global Temperatur-Hausse schonn a Fro gestallt a vun der AFP iwwerpréift. Faktenchecken zum Sujet Klima sammelt d’AFP hei.
Den Douglas Maraun, Chef vun der Fuerschungsgrupp “Regionales Wetter” am Wegener Center für Klima und Globalen Wandel vun der Universität Graz, huet der AFP dozou matgedeelt, dass d’Konzentratioun vun Zäregasen am Verglach zu Stéckstoff a Sauerstoff tatsächlech geréng wär. “Allerdéngs sinn déi leschtgenannt zweeatomeg Gasen, déi am Weesentlechen keen Afloss op d’Ofstralung vun der Wäermtstralung vun der Äerd hunn.” Deem géintiwwer wären Zäregase kapabel, Wäermtstralung ze absorbéieren an e groussen Deel dovun nees a Richtung Äerd ze senden.
Och dem Stefan Rahmstorf, Klimafuerscher um Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung, no wär CO2 esou schiedlech, well et den Zäreneffekt verstäerke géif. D’Äerdatmosphär géif wéi e Schutzschëld ronderëm eise Planéit agéieren, wouduerch d’Temperature méi moderat sinn. Gase wéi CO2 géifen eng entscheedend Roll dobäi spillen, d’Zeréck-Strale vun der Sonnenenergie an de Weltall ze verhënneren. Molekülle mat méi Atomen, wéi Kuelestoff-Dioxid, beaflossen d’Reflektéierung vun der Hëtzt op eng aner Manéier a leeë souzesoen eng waarm Decke ronderëm d’Äerd.
© AFP
Den IPCC schreift a senger Synthees zu sengem sechste Sachstandsbericht aus dem Joer 2021: “Mënschlech Aktivitéiten hunn eendeiteg déi global Erwiermung ausgeléist, virun allem duerch d’Emissioun vun Zäregasen. Doduerch louch déi global Temperatur vun der Uewerfläch am Zäitraum 2011-2020 ëm 1,1° Celsius méi héich wéi de Wäert vun 1850 bis 1900.” D’Berichter vum IPCC gëllen als Resumé vum aktuelle Fuerschungsstand zum Sujet Klima. Och eng ëmfaassend Aarbecht vum “Deutschen Klimakonsortium” zesumme mat aneren Institutioune schreift: “D’Mënschheet ass noweislech Ursaach vun der aktueller Klimaverännerung; se ass no aktuellem Stand vun der Wëssenschaft haaptsächlech ausgeléist duerch d’Verstäerkung vum Zäreneffekt, dee vum Mënsch gemaach ass.”
Wiessel vu Kal- a Waarmzäite schwätzt net géint CO2-Afloss
Den Douglas Maraun huet erkläert, dass d’Klimaverännerunge vun de leschten 100.000 Joer, am Weesentlechen de Wiessel tëscht Kal- a Waarmzäiten, duerch Ännerunge vun der Äerdëmlafbunn an der Schréi un der Äerd ervirgeruff goufen, déi d’Verdeelung vun der Sonnenastralung iwwer d’Joer verännert hunn. “Do war CO2 effektiv keen Dreiwer, mee huet déi astronomesch Ännerunge just verstäerkt.” Den aktuelle Klimawandel wär awer “am Weesentlechen” duerch CO2 verursaacht: “D’Sonnenastralung schwankt zwar e bëssen iwwer d’Joerzéngten, ass awer am Duerchschnëtt zënter dem Enn vun der klenger Äiszäit konstant bliwwen an huet an de leschte Joerhonnerte souguer éischter ofgeholl.”
Den Hauke Schmidt, Geophysiker am Max-Planck-Institut für Meteorologie, huet zum Oflaf vun de Waarm- a Kalzäiten iwwer déi lescht 100.000 Joer och erkläert: “D’CO2-Konzentratioun vun der Atmosphär huet wärend dëser Zäit ongeféier tëscht 190 an 280 ppm variéiert, also wäit ënnert deem, wat mir aktuell observéieren.” Fir verschidden Iwwergäng vun enger Kal- an eng Waarmzäit oder ëmgekéiert geséich et och esou aus, dass d’Temperatur sech eréischt veränneren an dann den CO2 nozéie géif. “Dëst gëtt zënter méi laanger Zäit vu Leit, déi de Klimawandel ofstreiden, als supposéierte Beweis dofir ugefouert, dass den aktuelle Klimawandel net duerch CO2 verursaacht gëtt”, sou de Schmidt.
Fazit: Den norwegeschen Diskussiounsbäitrag, dee vum nationlae Statistikamt verëffentlecht gouf, widdersprécht dem wëssenschaftleche Konsens, no deem den Afloss vun CO2 op d’Äerderwiermung als erwise gëllt. En plus hunn eng Rei Fuerscher géintiwwer der AFP erkläert, dass de Bäitrag Literatur vu Leit, déi de Klimawandel leegnen, zitéieren an de Feeler maache géif, op Donnéeë vun eenzele Statiounen ze kucken, amplaz Verännerungen ze analyséieren.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.