Scroll Top

Faktencheck: Rekordhëtzt am Joer 2024 kënnt net duerch e Vulkanausbroch

Faktencheck: Rekordhëtzt am Joer 2024 kënnt net duerch e Vulkanausbroch - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Summer 2024 huet elo schonn eng Rei Hëtztrekorder opgestallt. Am Internet gëtt behaapt, dass e Vulkanausbroch bei Tonga am Joer 2022 d’Ursaach fir déi héich Temperature wär. Dat ass awer ierféierend, wéi Experte géintiwwer der AFP erkläert hunn.

Vulkanausbréch kënnen zwar fir kuerz Zäit souwuel fir Erwiermung wéi och fir Ofkillung suergen. Mee déi laangfristeg global Temperaturverännerunge ginn op den Ausstouss vun Zäregasen duerch de Mënsch zeréck.

“Firwat hu mir an de leschte Méint esou vill Hëtzt op dem Planéit – dës Äntwert ass ee vun de Schëllegen: De groussen Tonga-Ausbroch vum 15. Januar 2022”, heescht et an engem Facebook-Bäitrag vum 18. Februar 2024. “146 Milliounen Tonne Waasser aus dem Pazifik goufen an déi iewescht Atmosphär gepresst”, heescht et weider am Post. Dëse Waasserdamp géif elo “15 Prozent vun de Gasen” ausmaachen, “aus deenen d’Atmosphär besteet, a si soumat gréisstendeels fir d’Hëtzt responsabel, ënnert där mir elo a Form vun engem extreem waarme Klima leiden.”

D’Behaaptung gouf nieft Facebook och op X, Youtube an Instagram gedeelt souwéi op Englesch wäit verbreet.

RTL © AFP

D’Joer 2024 huet elo schonn eng Rei Hëtztrekorder opgestallt. De Juni 2024 war den Donnéeë vum europäeschen Äerdobservatiounsprogramm Copernicus no den 13. Mount hannerteneen, deen all d’Temperaturrekorder gebrach huet. A Sozialen Netzwierker ware scho vill Behaaptungen am Ëmlaf, déi versichen, d’Auswierkunge vun den extreemen Temperaturen ze relativéieren.

Fir d’Hëtztanomalië vun de Joren 2023 an 2024 besser ze verstoen, hu Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler eng Rei Naturphenomeener vun de vergaangene Joren ënnersicht – dorënner den Ausbroch vum Ënnerwaasservulkan bei Tonga aus dem Joer 2022 an e staarken El-Niño-Wiederzyklus.

Aussergewéinleche Vulkanausbroch

Am Januar 2022 war am Südpazifik den Ënnerwaasservulkan Hunga Tonga-Hunga Ha’apai mat enger Kraaft ausgebrach, déi honnerte vun Atombommen entsprécht. D’Eruptioun – neiséilännesche Fuerscher no déi gréisst, déi jeemools gemooss gouf – huet Gasen an Aerosolen iwwer 50 Kilometer an d’Héicht geschleidert. Se huet och déi séierst Ënnerwaasserstréimungen ausgeléist, déi jee registréiert goufen, souwéi e 15 Meter héijen Tsunami, deen Haiser zerstéiert an op d’mannst dräi Mënschen d’Liewe kascht huet.

RTL © AFP

Vulkanausbréch kënnen effektiv zäitweileg d’Klima beaflossen, wéi wëssenschaftlech Etüden nogewisen hunn. Och den Ausbroch vun Tonga hat Reaktiounen ausgeléist, déi ablécklech wëssenschaftlech ënnersicht ginn. Experten hunn der AFP géintiwwer der Behaaptung awer widdersprach, dass Ënnerwaasservulkaner maassgeeblech fir déi zouhuelend Äerderwiermung responsabel wären.

Den Ausbroch vum Hunga Tonga-Hunga Ha’apai “war net fir déi jéngst Rekord-Erwiermung responsabel”, sot den Alan Robock, Professer op der amerikanescher Rutgers University zu New Jersey, de 26. Juli 2024 géintiwwer der AFP. Dem Robock no ergoufe lafend wëssenschaftlech Untersuchunge vun enger Ekipp vun der texanescher A&M University an der NASA, dass de Vulkanausbroch dat globaalt Klima minimal ofgekillt hätt.

De Robock huet erkläert, dass den Ausbroch zwar “eng grouss Quantitéit Waasserdamp an d’Stratosphär bruecht huet, wat eigentlech eng Erwiermung ausléise géif”, awer och “eng kleng Quantitéit Schwiefeldioxid emittéiert huet, dee Sulfatpartikele gebilt huet, déi d’Sonneliicht reflektéiert an eng Ofkillung ausgeléist hunn”. Méi nei Fuerschungen hunn deemno gewisen, “dass sech dës Effekter bal ophiewen, awer dass den Effekt vum Sulfat e bësse méi grouss war an eng Ofkillung ausgeléist huet”.

 

Liicht “Nettoofkillung”

Fréier Analyse vun enger NASA-Ekipp hate fir d’éischt dorop higedeit, dass d’Eruptioun zur Erwiermung vun der Äerd bäidroe géif, well riseg Quantitéiten un iwwerschëssegem Waasserdamp an d’Atmosphär a Stratosphär gerode wären.

Am September 2023 koum eng gemeinsam weiderféierend Etüd vu Wëssenschaftler vun der texanescher A&M University an der NASA awer zur géigendeeleger Konklusioun: Den zousätzleche Waasserdamp an der Stratosphär géif deemno fir eng méi staark Ofschwächung vun der Sonnenastralung suergen. D’Sonneliicht géif vun de Waasserdamp-Aerosole schonn an der Stratosphär blockéiert, d’Atmosphär géif ofkillen, soudass et op der Südhallefkugel vun der Äerd zu enger “liichter Nettoofkillung” komme kéint.

E weideren Artikel vun der A&M University a vun der NASA vum Juli 2024 huet dës Erkenntnisser confirméiert. D’Auteuren hu geschriwwen: “Eis Resultater weisen, dass et zënter dem Ausbroch vum Hunga-Vulkan zu enger globaler Nettoofkillung koum. Eenzeg Ausnam vun dësem Trend ass den Zäitraum vu Januar bis Februar 2022 direkt nom Ausbroch. Deemools hat de wiermenden Effekt vum Waasserdamp säin Héichpunkt erreecht, éier sech de gréissten Deel vum Aerosolmantel gebilt hat.”

“D’Fuerschungsekipp widderleet eendeiteg, dass de Vulkanausbroch en Haaptfaktor fir déi jéngst Erwiermung duerstellt. Domat ënnermauert se de Standpunkt, dass déi vum Mënsch ausgeléist Zäregasemissiounen d’Haaptursaach vum Klimawandel sinn”, sot de Grant Hawkins, Spriecher vun der A&M University, den 31. Juli 2024 géintiwwer der AFP. “Ugesiichts der unhalender Debatt a Feelinformatiounen iwwer d’Ursaache vun der globaler Erwiermung sinn dës Resultater besonnesch wichteg.”

Emissioune vu Mënschen a Vulkaner

D’Emissiounen, déi mam Vulkanausbroch verbonne sinn, hunn der Usiicht vu Wëssenschaftler no nohalteg Auswierkungen. De Christoph Kern, Physiker am USGS Vulkanwëssenschaftszentrum zu Washington, sot de 26. Juli 2024 géintiwwer der AFP, dass de bei engem Vulkanausbroch fräigesaten CO2 joerzéngtelaang an der Atmosphär verbléif. “Awer wärend den Taux vun der CO2-Fräisetzung bei immens grousse Vulkanausbréch kuerzzäiteg  den anthropogeenen Emissiounstaux erreeche kann, daueren esou Ausbréch just Stonnen, wärend d’anthropogeen Emissioune kontinuéierlech weiderginn. Am Duerchschnëtt droe Vulkaner dohier just ongeféier 1 Prozent zum gesamten atmosphäreschen CO2-Floss pro Joer bäi”, huet de Kern ausgeféiert.

Vulkaner an aner “magmatesch aktiv Regioune” setzen tëschent 280 bis 360 Millioiunen Tonne Kuelestoffdioxid pro Joer fräi, wéi eng Ekipp vum Fuerschungsprojet Deep Carbon Observatory zu Paräis erausfonnt huet. Am Géigesaz dozou hunn déi vum Mënsch ausgeléist Aktivitéiten den Donnéeë vun der Internationaler Energieagence no eleng am Joer 2023 en neie Rekordwäert vu 37,4 Milliarden Tonne Kuelestoffdioxid erreecht.

De Weltklimarot (IPCC) huet d’Auswierkunge vun de vum Mënsch fräigesaten CO2-Emissiounen an aneren Zäregasen op d’Klima ëmfaassend dokumentéiert.

Alleguer d’Faktenchecken zum Sujet Klima vun der AFP fannt Dir hei.

Fazit: Vulkanausbréch kënnen zwar e klengen Afloss op dat globaalt Klima hunn, mee se droen net maassgeeblech zur Äerderwiermung bäi. Och déi massiv Eruptioun vum Ënnerwaasservulkan bei Tonga am Joer 2022 ass net fir d’Hëtztrekorder vum Joer 2024 responsabel. Amplaz si mënschlech Emissioune vun Zäregase wéi CO2 déi haaptsächlech Ursaach, wéi Experten erkläert hunn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.