Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Rendéieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder

Faktencheck: Rendéieren erleide keng Feelbildungen duerch Wandrieder - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Rendéiere bleiwe vu Wandkraaftanlagen ewech. Fir Gebuertsfeeler oder Deformatioune bei Källefcher, déi an engem Lieserbréif genannt ginn, deen online vill gedeelt gëtt, gëtt et awer keng wëssenschaftlech Basis. Eng Rei Expertinnen an Experte hunn der AFP confirméiert, dass hinnen esou en Effekt net bekannt wär.

An enger bayrescher Lokalzeitung bericht e Lieserbréif vu vermeintleche Schied bei norwegesche Rendéieren, déi duerch Wandparken ausgeléist solle gi sinn: “Et huet ee festgestallt, dass duerch déi stänneg Vibratioune vun der Äerd d’Källefcher vun de Rendéieren als Mëssgebuert bezéiungsweis verschampeléiert gebuer ginn.” An Norwegen géifen dowéinst 151 Wandrieder nees ofgebaut ginn, heescht et an dem Lieserbréif. Dorop opbauend schwätzt sech den Auteur géint Wandrieder am bayresche Markt Essenbach aus.

Dausenden Notzerinnen an Notzer hunn d’Behaaptung vun den angeeblech duerch Wandrieder geschiedegt Rendéieren an Norwegen op Facebook (hei, hei, hei) oder X, fréier Twitter, gedeelt. Och op Hollännesch huet sech de Lieserbréif verbreet.

Erschéngen ass de Bäitrag op der Säit 47 vun der “Landshuter Zeitung” vum 9. Oktober 2023, wéi d’AFP duerch eng Réckfro an der Maartgemeng Essenbach erausfonnt huet.

RTL © AFP

Wandenergie ass ëmmer nees Bestanddeel vu Falschinformatiounen. Notzerinnen an Notzer hunn an der Vergaangenheet zum Beispill fälschlecherweis Wandkraaftanlage fir Dréchent oder Häerzproblemer verantwortlech gemaach. Faktenchecke vun der AFP zum Theema Klima sinn hei ze fannen. Och d’Behaaptung iwwer verschampeléiert gebuer Källefcher, déi aktuell am Ëmlaf ass, ass falsch.

Sträit ëm Wandparken

D’Vollek vun de Samen ëmfaasst ronn 100.000 Mënschen, déi a Schweden, Finnland, Norwegen a Russland liewen. En Deel vun hinne lieft vun der Rendéierzuucht. Am Oktober 2021 huet dat iewescht Geriicht vun Norwegen festgestallt, dass munch Wandparken déi vun der UNO garantéiert Rechter vun der indigeener Bevëlkerung fir d’Ausübung vun hirer Kultur vun der Rendéierzuucht verletzen. 151 Wandrieder wären onrechtméisseg gebaut ginn. Eng Rei Medien hunn doriwwer bericht (hei, hei, hei), och d’AFP.

Am Urteel vum Geriicht (hei archivéiert) ass zwar vun Nodeeler fir d’Rendéiere rieds, allerdéngs net vu Mëssgebuerten. D’Rendéiere géifen d’Gebidder vun de Wandrieder meiden, heescht et am Urteel.

Och ofgerappt goufen déi 151 Wandkraaftanlage bis elo net. Den 23. Oktober 2023, zwou Wochen no der Publikatioun vum Lieserbréif, hu samesch Aktivisten an international Ëmweltschützer, dorënner d’Greta Thunberg, géint d’Wandrieder protestéiert. Si hunn d’Agäng vun enger Rei Ministèren zu Oslo blockéiert an hunn d’Ofrappe vun de Wandparke gefuerdert, wéi d’AFP gemellt hat.

RTL © AFP

Keng Feelgebuerte bei Rendéieren

D’AFP huet bei enger Rëtsch Rendéierexpertinnen an -experten nogefrot. Hinne war keen Effekt vu “Mëssgebuerten” an Deformatioun bekannt, wéi en am Lieserbréif beschriwwe gëtt.

Den Jonathan Colman ass Professer op der norwegescher Universitéit fir Ëmwelt- a Biowëssenschaften. Op d’Fro, ob Rendéierkällefcher duerch konstant Vibratioun behënnert oder deforméiert op d’Welt komme géifen, huet hien de 5. Dezember 2023 geschriwwen: “Dat ass ganz onwarscheinlech. (…) Ech hunn nach ni vu Vibratiounen an der Géigend vu Wandkraaftanlagen an Norwegen héieren. Ech hunn och nach ni vu Rendéieren héieren, déi duerch Vibratioune jeeglecher Aart negativ beaflosst goufen, och net a Bezuch op d’Entwécklung vu Fötussen oder Änlechem.”

Dat selwecht huet och d’Eva Schöll vum Institut fir Wëldbiologie a Juegdwirtschaft op der Universitéit fir Buedemkultur zu Wien de 4. Dezember 2023 geschriwwen: “Ech ka mir net erklären, op wéi enge Grondlagen déi vun Iech erwäänt Behaaptung am matgeschéckten Zeitungsartikel berout. Mir ass keng wëssenschaftlech Literatur bekannt, an där esou een Effekt gewise gëtt.”

De Patrick Scherhaufer beschäftegt sech am Institut fir Bësch-, Ëmwelt- a Ressourcëpolitik op der Wiener Universitéit fir Buedemkultur mat Wandkraaftprojeten. Hie faasst den 1. Dezember 2023 géintiwwer der AFP zesummen: “Et gëtt zum Sujet Beanträchtegung gutt Fuerschung, awer Mord a Feelgebuerte kënnen doran definitiv net nogewise / beluecht ginn.”

Den Eigil Reimers ass emeritéierte Professer op der Fakultéit fir Biowëssenschaften vun der Universitéit Oslo. De 7. Dezember 2023 huet hien der AFP geschriwwen: “Mir hu keng Donnéeën, déi beleeën, dass Rendéieren opgrond vu Wandkraaftanlage Feelgebuerten oder Entstellungen erlidden hunn.” Hien huet weider ausgeféiert: “Als Biolog fir Wëld- an Hausdéieren, dee säit méi wéi 40 Joer mat Rendéiere schafft, bezweiwelen ech indirekt Schiedegunge vu Wandrieder a Form vu Stierflechkeet oder Flucht.” Wäre mat de Wandrieder net méi Verkéier oder aner mënschlech Aktivitéite verbonnen, géife sech d’Rendéieren an de Joren no der Bauzäit warscheinlech un d’Anlagen upassen, sou de Reimers.

RTL © AFP

Stéierung duerch Wandrieder

Effektiv gëtt et Diskussiounen iwwer d’Effekter vu Wandrieder op Rendéieren, wéi och de Sindre Eftestøl vun der Fakultéit fir Biowëssenschaften vun der Universitéit Oslo geschriwwen huet: “An der wëssenschaftlecher Gemeinschaft herrscht Oneenegkeet doriwwer, wéi eng Auswierkungen e Wandkraaftpark op Rendéieren hu kann. Souwäit ech weess, geet et dobäi ëm d’Fro, wéi an a wéi engem Ausmooss d’Beweegungsmusteren an d’Flächennotzung beanträchtegt ginn an ob d’Beweegung vun den Turbinne selwer dës Auswierkungen ausléisen (oder ob se duerch verstäerkt mënschlech Aktivitéiten oder physesch Hindernisser duerch Stroossen a sou weider verursaacht gëtt), an net dorëm, ob Vibratiounen zu Feelgebuerten oder Entstellunge féiere kënnen.” Fir esou Behaaptunge géif et senges Wëssens no keng publizéiert Beleeg ginn.

Och d’Eva Schöll huet geschriwwen: “Et gëtt e puer Etüden, déi weisen, dass d’Beweegungsmustere vu Rendéieren am Ëmkrees (zirka ee bis fënnef Kilometer) ëm d’Wandkraaftanlage beaflosst waren, dat heescht, et gouf eng Verännerung an der Wiel an Notzung vum urspréngleche Liewensraum. Virun allem wärend der Zäit vum Opzéie vun de Jongdéieren am Fréijoer goufe Flächen an der Géigend vun den Eoliennë gemidden.”

D’Anna Skarin vun der Schweedescher Universitéit fir Agrarwëssenschaften huet de 6. Dezember 2023 och op d’Nodeeler vu Wandrieder verwisen: “Mir hunn an eisen Etüde festgestallt, dass Rendéiere Gebidder meiden, an deene si d’Wandturbinne gesinn (a warscheinlech och héiere) kënnen, a Gebidder preferéieren, an deenen d’Turbinnen net ze gesi sinn.” Wa Rendéieren immens gestresst sinn, zum Beispill wann e Raubdéier se jot, kéinten och Feelgebuerte passéieren. Si füügt bäi, dass Wandparken och an dësem Kontext schiedlech kéinte sinn, well se a Schweden op Hiwwelen a Bierger stinn an dës Standuerter fir Rendéiere besonnesch wichteg wären.

Si huet awer och festgehalen, dass de Bréif d’Effekter iwwerdriwwen a falsch zesummegestallt hätt. Wandparke wäre “schlecht fir d’Rendéierzuucht, awer d’Informatiounen, déi am Ëmlaf sinn, schénge wierklech Fakenews ze sinn.”

Och aner Etüde (hei, hei, hei, hei, hei, hei) befaasse sech mat den Effekter vu Wandrieder op Wëll Déieren a stelle fest, dass Rendéieren d’Wandrieder meiden. D’Auswierkunge si jee no Joreszäit ënnerschiddlech. Vu Feelgebuerten duerch Vibratioun ass allerdéngs keng Ried.

Am Lieserbréif ass ausserdeem vun Iwwerpréiwunge vu Wandparken um Mier op Fësch rieds. Mat änleche Behaaptungen iwwer Walstrandungen opgrond vun Offshore-Wandparken huet sech d’AFP scho beschäftegt. Wärend Lärmverschmotzung och duerch Wandparke schiedlech fir d’Déieren ass, konnt keen Zesummenhang zu Walen, déi un der US-Atlantikküst gestrant waren, fonnt ginn.

Fazit: Dat iewescht Geriicht vun Norwegen huet am Oktober 2021 entscheet, dass 151 Wandrieder onrechtméisseg gebaut gi waren. Se géifen déi indigeen Bevëlkerung bei der Ausübung vun hirer Kultur behënneren. Anescht wéi an engem Lieserbréif behaapt, gouf dobäi allerdéngs net festgestallt, dass Vibratioune vu Wandkraaftanlage bei Rendéieren zu behënnerte Källefcher féiere géifen. Eng Rei Expertinnen an Experten hunn de Behaaptungen am Lieserbréif widdersprach. De Bau vu Wandkraaftanlage ka fir Wëll Déieren awer och de Verloscht vu Liewensraum bedeiten.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.