Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Russesch Desinformatioun: Fakenews géint d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain

Faktencheck: Russesch Desinformatioun: Fakenews géint d'Ënnerstëtzung fir d'Ukrain - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Desinformatioun gehéiert zënter dem Ufank vum Ugrëff op d’Ukrain zum russesche Waffenarsenal. No bal zwee Joer Krich zilen d’Propagandisten zu Moskau elo op d’Ënnerstëtzung vum Weste fir Kiew – ouni déi d’Ukrain verluer wier. D’Norichtenagence AFP huet dozou eng Rei Desinformatiounen opgedeckt.

Dës Falschinformatioune “loossen den Androck opkommen, dass europäescht an amerikanescht Geld onnéidegerweis ausgi gëtt, ouni dass sech doduerch den Ausgang vum Konflikt ännert“, seet de Valentin Châtelet, Wëssenschaftler am Labo fir digital Analys vun der US-Denkfabrik Atlantic Council. Domat sollten d’Verhandlungen iwwer weider Waffeliwwerungen a Finanzhëllefe fir d’Ukrain torpedéiert ginn.

“Europäesch Ënnerstëtzung ënnergruewen”

Am russesche Propagandakrich “geet et drëms, déi europäesch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze ënnergruewen“, seet och d’Elina Treyger, Politologin beim amerikanesche Thinktank Rand Corporation. Sou géife beispillsweis déi wirtschaftlech an energiepolitesch Problemer am Westen opgrond vu Sanktioune géint Russland zur Sprooch kommen oder d’ukrainesch Krichsflüchtlingen zu Sënnebock erkläert ginn.

Déi effektiivst Narrative sinn déijéineg, déi op enger bestoender Problematik opbauen. Et ass vill méi komplizéiert, bei Null unzefänken“, analyséiert d’Treyger. Sou bleift déi russesch Desinformatioun an Europa besonnesch hänken, wa se un d’Kontrovers ëm de Sujet Migratioun oder de Problem vun der réckleefeger Kafkraaft uknäppt.

Wéi de Krich an der Ukrain ugefaangen huet, wären zum Beispill den Noen Osten an Afrika vu Moskau mat geziilten Narrativen an d’Viséier geholl ginn, déi op Ressentimenter géint d’USA an déi eemoleg Kolonialmuechten opgebaut hunn, seet d’Christine Dugoin-Clément vun der Wirtschaftshéichschoul IAE zu Paräis.

Oflenkungsmanöver duerch Operatioun  “Matrjoschka”

Eng weider russesch Taktik ass, Journaliste mat Falschinformatiounen ze iwwerschëdden, a si domat ze beschäftegen, d’urkainfeindlech Noriichten op hir Authentizitéit hin ze iwwerpréiwen. Esou eng Campagne war d’Operatioun “Matrjoschka”, déi am Januar vun der AFP opgedeckt gouf.

Zu den ëmfangräichste Campagnen huet d’Operatioun “Doppelgänger” gehéiert, déi de franséische Geheimdéngscht Russland zouschreift an déi Experten no ëmmer nach leeft. Dobäi gëtt déi prorussesch Propaganda esou am Internet presentéiert a verbreet, dass ee mengt, et géif sech ëm Artikelen oder Videoe vu seriéise westleche Medien handelen.

Den däitschen Ausseministère huet eng grouss ugeluecht prorussesch Desinformatiounscampagne an Däitschland opgedeckt, wéi den Norichtemagasinn “Der Spiegel” Enn Januar gemellt huet. Deemno hunn Experte vum Ministère op der Onlineplattform X (fréier Twitter) méi wéi 50.000 gefälscht Konten identifizéiert, iwwer déi Roserei géint déi däitsch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain verbreet gouf.

Och Frankräich war Zil vun dëser Campagne: Sou huet de russesche Verdeedegungsministère am Januar behaapt, d’Arméi hätt bei engem Ugrëff zu Charkiw am Nordoste vun der Ukrain ongeféier 60 Kämpfer, gréisstendeels Fransousen, dout gemaach. Op Telegram ware Lëschte mat den Nimm vun den angeeblech Doudegen am Ëmlaf. Franséisch Söldner hunn dës Informatiounen dementéiert.

Experte fäerten, dass d’Propaganda Auswierkungen op d’Europawal am Juni hu wäert. “Et wäert Desinformatiounscampagne iwwer d’Ukrain an enger ganzer Rei vun aktuelle Sujete ginn“, erwaart de Wëssenschaftler Châtelet. “Zil ass et, eng konservativ oder nationalistesch Agenda ze fërderen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.