Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Schmëlzen d’Gletscher am Himalaya “méi lues wéi virausgesot”?

Faktencheck: Schmëlzen d'Gletscher am Himalaya "méi lues wéi virausgesot"? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Tëschent 2011 an 2020 sinn d’Gletscher am Himalaya ëm 65 Prozent méi séier geschmolt wéi an der Dekad virdrun a kéinte bis zum Enn vum Joerhonnert bis zu 80 Prozent vun hirem aktuelle Volume verléieren, sou wëssenschaftlech Schätzungen, déi am Summer 2023 publizéiert goufen.

D’Etüd beschreift e lokaalt Phenomeen vun der Ofkillung am Himalaya, dat en Deel vun de Gletscher schütze kéint, awer och negativ Auswierkungen huet, wéi eng Rei Spezialisten der AFP matgedeelt hunn. Doriwwer eraus hunn d’Co-Auteure vun der Etüd géintiwwer der AFP erkläert, dass d’Phenomeen, dat vun hinne beschriwwe gëtt, eng “direkt Konsequenz” vun der Temperaturhausse iwwer de Gletscher ass, wat den Zesummenhang mat der globaler Erwiermung confirméiert.

“Eng mysteriéis Entdeckung am Himalaya gëtt Klimatologe Rätselen op. Eng nei Etüd vun engem internationale Fuerscherteam, déi am Dezember an der renomméierter Fachzäitschrëft ‘Nature’ publizéiert gouf, weist en onerwaarten Trend: D’Gletscher am Himalaya schmëlze méi lues wéi erwaart”, schreift de Silvano Trotta den 3. Januar 2024 op X, fréier Twitter, deem seng Virwërf schonn e puermol vun der AFP opgekläert goufen (123 , 4).

“An der Regioun ënner de Sommeten, am Himalaya, ass et net méi waarm, mee souguer e bësse méi kal. De Klimaschwindel wäert an de kommende Joren un d’Liicht bruecht ginn”, sot hien an engem Artikel vum däitsche Mediemagasinn “Focus”.

RTL © AFP

Dës Behaaptung, déi och op Franséisch (1, 2) an Däitsch (3, 4) op Facebook verbreet gouf, bezitt sech zwar op eng Etüd, déi de 4. Dezember 2023 vum renomméierte Wëssenschaftsmagasinn “Nature” publizéiert gouf (Link archivéiert), schléisst awer fälschlecherweis doraus, dass esou e Phenomeen beweise géif, dass d’Gletscher am Himalaya méi lues schmëlze wéi erwaart an dass et keng global Erwiermung géif ginn.

Et handelt sech dobäi ëm eng Feelinterpretatioun vun der Etüd, déi sech mat engem lokale Phenomeen vun der Ofkillung am Himalaya befaasst an erkläert, dass dëst op en onerwaarten Effekt vun der globaler Erwiermung zeréckzeféiere wär.

Den Etienne Berthier, Glaziolog am franséischen CNRS, deen am ObersavtoireMidi Pyrénées/Legos schafft, huet de 5. Januar 2024 erkläert: “[Dës Etüd] stellt weeder déi global Erwiermung […] nach den offensichtleche Verloscht u Gletschermass a Fro. [Se] diskutéiert e Prozess […], deen d’Erwiermung op engem Niveau vun de Gletscherzongen an de Gebidder an der Géigend begrenze kéint.”

“De Verloscht u Mass vun den Himalya-Gletscher […] ass reell, virun allem an der Everest-Regioun, déi Géigestand vun dëser Etüd ass […]. Et gëtt och en acceleréierte Masseverloscht, obwuel d’Verloschter an dëse Gletscher méi lues si wéi an anere Regiounen an der Welt”, sot hie weider.

Den Arun Bhakta Shrestha, Spezialist fir Klimawandel am International Centre for Integrated Mountain Development (ICIMOD), enger tëschestaatlecher Organisatioun mat Sëtz an Nepal, sot der AFP den 8. Januar 2024: “Den Artikel stellt net explizitt fest, dass d’Schmëlze vun de Gletscher am Himalaya ‘méi lues wéi erwaart’ ofleeft. Villméi liwwert en eng ëmfaassend Analys vun der Klimadynamik an der Regioun mat besonneschem Aemierk op e lokaalt Phenomeen vum Ofkillen an der Géigend vun de Gletscher.”

Déi zwee Co-Auteure vun der Etüd, den Nicolas Guyennon an de Franco Salverno, Wëssenschaftler am italieenesche Conseil national de la recherche (CNR) souwéi am italieeneschen Institut de recherche sur l’eau (IRSA) an am italieeneschen Institut de sciences polaires (ISP), hu schliisslech den 9. Januar 2024 géintiwwer der AFP erkläert, “d’Hypothees an [hirer] Recherche opzestellen, dass d’Phenomeen”, dat do beschriwwe gëtt, “(soulaang et aktiv ass) d’Gletscherzong [de viischten Deel vun engem Gletscher an engem Dall, Um. v. d. Red.] zum Deel schütze kéint, ouni et quantifizéieren ze kënnen.”

D’Acceleratioun vum Schmëlzprozess ass “net ze bestreiden”

Am eenzele baséiert d’Etüd op enger Method, déi dora bestoung, “d’Donnéeë vun der Wiederstatioun Pyramid um Mount Everest iwwer déi glazial Héicht, déi zënter 1994 all Stonn gesammelt ginn, auszewäerten an zousätzlech Buedemobservatiounen an eng Klima-Reanalys bäizefügen.”

“Déi global Erwiermung féiert net zu méi kaler Loft am Himalaya, mee zu méi kale Stierm. Dës Stierm si scho bekannt, awer se kommen haaptsächlech an der Nuecht, wann d’Monsunstierm, déi d’Pentë vum Himalaya eropzéien, méi schwaach sinn”, hunn den Nicolas Guyennon an de Franco Salverno géintiwwer der AFP erkläert.

An hiren Aarbechte gi si dovun aus, dass “als Reaktioun op déi klammend Temperature wärend de méi waarmen Dagesstonnen d’Gletscher a gewësser Hisiicht iwwerschësseg Energie verbrauchen, fir ze versichen, d’Lofttemperatur op der Gletscheruewerfläch bei Null Grad ze halen”, wat dozou féiert, dass “kill Loftmassen un de Gletscher an enger méi waarmer Ëmgéigend entstinn, déi méi dacks a méi intensiv katabatesch Stierm [offalend Loftstréimungen, Um. v. d. Red.] entstoe loossen”.

RTL © AFP

“Wat d’Auteure wierklech ervirhiewen, ass, dass d’Klamme vum Schmëlzvirgang méiglecherweis nach méi grouss gewiescht wär, wann et net zu enger Verstäerkung vun de katabatesche Stierm komm wär, déi normalerweis “lokal vun de Gletscher produzéiert ginn”, huet de Patrick Wagnon, Glaziolog am Institut des Géosciences de l’environnement zu Grenoble a Spezialist fir de Suivi vu Gletscher am Himalaya, der AFP den 8. Januar 2024.

“Mir si sécher, dass et an allen héije Biergregioune vun Asien tëscht 2000 an 2020 zu enger Acceleratioun vum Schmëlzvirgang komm ass, déi wäitverbreet ass”, sot den Expert weider an huet preziséiert: “Wa mir den Zäitraum 2000-2020 a véier Fënnefjoreszäitraim ënnerdeelen, ass den Zäitraum 2015-2020 deen Zäitraum, an deem onofhängeg vun der Regioun vum Himalaya e méi séiere Schmëlzvirgang stattfonnt huet wéi am Ufankszäitraum 2000-2005. Insgesamt gëtt et eng Acceleratioun vum Schmëlzen, och wann een zougi muss, dass et sech ëm e kuerzen Zäitraum handelt: Et ass mat Virsiicht ze genéissen, wann een Trends aus engem méi kuerzen Zäitraum erauszeliest.”

E lokaalt Phenomeen, dat och negativ Auswierkungen op d’Gletscher hätt

Wéi den Arun Bhakta Shrestha weider an Erënnerung rifft, huet eng Etüd, déi am Juni 2023 vun der ICIMOD publizéiert gouf (Link archivéiert), gewisen, dass d’Gletscher vum Himalaya tëscht 2011 an 202 65 Prozent méi séier geschmolt si wéi an de leschten zéng Joer.

Ausgoend vun den aktuellen Emissiounsverleef kéinten d’Gletscher bis zum Enn vum Joerhonnert bis zu 80 Prozent vun hirem jëtzege Volume verléieren, schätzt d’ICIMOD, woubäi d’Gletscher vum Himalaya 10 vun de gréisste Flëssanzuchsgebidder vun der Welt versuergen – dorënner de Ganges, den Indus, de Giele Floss, de Mekong an den Irrawaddy – an direkt oder indirekt Milliarde vu Mënsche mat Narung, Energie an Akommes versuergen.

Laut enger Etüd, déi am Abrëll 2021 an der Fachzäitschrëft “Nature” publizéiert gouf (Link archivéiert) an “déi éischt vollstänneg Kartéierung vun der Ausdënnung vun de Gletscher op der Welt” bitt, wéi hiren Auteur Romain Hugonnet der AFP erkläert huet, huet sech de Schmëlzvirgang vun de Gletscher op der Äerd opgrond vun der globaler Erwiermung an de leschten 20 Joer nach méi beschleunegt.

Der Etüd no hunn d’Gletscher vun der Äerd tëscht 2000 an 2019 pro Joer duerchschnëttlech 267 Milliarden Tonnen Äis verluer, an d’Schmëlzen ass erhieflech méi séier ginn: vun duerchschnëttlech 227 Milliarden Tonne pro Joer tëscht 2000 an 2004 op duerchschnëttlech 298 Milliarden Tonne pro Joer tëscht 2015 an 2019.

RTL © AFP

Wéi den Nicolas an de Franco Salverno géintiwwer der AFP betount hunn, féiert d’Phenomeen, dat an hirer Etüd beschriwwe gëtt, zwar zu enger ëmmer méi staarker Ofkillung vun der Loft un der Basis vun de Gletscher, awer ëmgekéiert wäerten dës Loftmassen, déi vun de Gletscher erofkommen, de Monsunstierm (mat Fiichtegkeet belueden), déi d’Häng vum Himalaya erofzéien, entgéintwierken an doduerch d’Nidderschléi a ganz héijen Héichte reduzéieren, déi d’Gletscher ‘oplueden’.”

“Dësen zweeten Effekt, eng Konsequenz vum éischten, wierkt sech negativ op d’Gletscher aus”, sou d’Fuerscher weider. Och den Arun Bhakta Shrestha huet betount: “Obwuel de lokalen Ofkillungseffekt, deen an der Etüd identifizéiert gouf, eng Form vu Schutz virun der onmëttelbarer Erwiermung vun den déifste Gletscherregioune bitt, huet en och negativ Auswierkungen. D’Reduzéierung vun den Nidderschléi an déi negativ Auswierkungen op d’Bilanz vu de Gletschermasse sinn och problematesch. D’Etüd kënnt zur Konklusioun, dass dësen Ofkillungseffekt staark genuch ass, fir den allgemengen Trend vum Schmëlze vun de Gletscher am Himalaya entgéintzewierken.”

De Patrick Wagnon raumt zwar an, dass dës “Pionéieretüd” an dësem Beräich “konzeptionell ganz interessant” wär an “e potentiellen negative Réckkopplungsprozess opweist, deen d’Auswierkunge vun der Klimaerwiermung op gefruere Gebidder ofschwäche kéint”, mengt awer, dass seng Resultater nach “validéiert” gi missten an dass verschidden Aspekter vun dëser Aarbecht – d’Donnéeën, op deene se berout, abegraff – duerch weider wëssenschaftlech Ënnersichungen zu dësem Sujet confirméiert oder widderluecht gi missten.

“Et ass wichteg ze verstoen, dass iwwer dat ongewësst Schicksal vun de Gletscher am Himalaya eraus, dass d’Konsequenze vun der séierer globaler Erwiermung, déi mir erliewen, net wierklech ze prognostizéiere sinn, opgrond vun engem komplexe Klimasystem, dee konstant interdependent ass”, schléissen de Franco Salverno an den Nicolas Guyennon, déi an de kommende Joren doru schaffe wëllen, d’Hypothees, déi si an hirer Etüd opgestallt hunn, “ze iwwerpréiwen”.

An den 2000er-Joren war den IPCC (Intergovernmental Panel on Climate Change) wéinst engem sachlechen Iertum an d’Schlagzeile geroden. Et war behaapt ginn, dass d’Himalaya-Gletscher warscheinlech “bis 2035” verschwanne géifen. En Onsënn, dee Waasser op d’Mille vu Klimaskeptiker war.

Dësen Datum hat sech op onzouverlässeg Quelle gestäipt, an den IPCC huet e “bedauerlechen Iertum” araumen a gläichzäiteg betoune mussen, dass en d’Gültegkeet vu senge Konklusiounen iwwer d’Acceleratioun vum Schmëlzvirgang vun de Gletscher net a Fro stelle géif.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.