Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: SF6: En Zäregas, dee vill benotzt gëtt

Faktencheck: SF6: En Zäregas, dee vill benotzt gëtt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Wéi bei Kuel- oder Atomkraaftwierker muss och Stroum vu Wandrieder duerch Schaltanlage mat méi héijer Leeschtung geleet ginn. Fir Kuerzschlëss ze vermeiden, gëtt de Gas Schiefelhexafluorid (SF6) als Isolator benotzt.

Zwar ass dësen Zäregas tatsächlech ganz staark, mee net direkt Bestanddeel vu Wandrieder. En ass Deel vu Stroumschalteren, déi och vu Wandkraaftanlage genotzt ginn. SF6 gëtt bei der Stroumproduktioun onofhängeg vun der Quell, erneierbar oder fossil, benotzt – besonnesch an Transformatoren.

“Wandrieder sinn net sou ëmweltfrëndlech wéi jidderee behaapt”, schreift e User op Facebook an deelt dobäi e Video vu knapp enger Minutt. Doran heescht et: “Wandrieder enthale Baudeeler, déi erëm en zimmlech exotesche Gas enthalen. En heescht Schwiefelhexafluorid SF6. Eng Kombinatioun aus Schwiefel a Fluor. De Problem, et ass de stäerkste bekannten Zäregas. (…) Bis elo geroden an Däitschland enger offizieller Statistik no just kleng Quantitéite vum Gas an d’Loft. Awer déi suergen haut scho fir méi Zäregaseffekt wéi de gesamten däitsche Bannefluchverkéier. Tendenz steigend.”

Op Facebook gouf de Video als Reel iwwer 3.000 Mol gedeelt. Op TikTok verbreet sech de Clip och säit Juni 2023. An de gedeelte Videoen ass meeschtens en Numm ageblent, deen den AfD-Politiker Martin Sichert als Auteur nennt. Hien hat de Bäitrag schonn am September 2022 mat der Videoënnerschrëft “Wandrieder si Klimakiller – méi staark wéi all Fligeren zesummen” verëffentlecht.

RTL

Zu erneierbaren Energië sinn ëmmer nees Falschbehaaptungen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf. Aussoen zu Wandrieder huet d’AFP schonn hei oder hei iwwerpréift. Faktenchecken iwwer de Klimawandel sammelt d’AFP hei.

Bei den Opnamen, déi aktuell verbreet ginn, handelt et sech ëm Ausschnëtter aus engem Bäitrag vum ARD-Wirtschaftsmagasinn Plusminus (Link hei archivéiert) vum 17. August 2022 mam Numm “SF6 – Déi schlofend Gefor a Wandrieder”. De Video ass ronn néng Minutte laang.

Änlech Behaaptunge goufen och op franséisch (z.B. op Twitter a Facebook) verbreet. Wéi vill aner Bäiträg gräifen dës en Artikel mat der Iwwerschrëft “Klimakiller a Wandmillen” op, dee Mëtt August 2022 op der Internetsäit vun der Tagesschau vun der ARD (Link hei archivéiert) erschéngen ass. Den Artikel verlinkt direkt op de Bäitrag vu Plusminus, dee vun deem selwechte Journalist staamt, d’Informatiounen zu Schwiefelhexafluorid a Wandkraaftanlagen decke sech inhaltlech.

RTL

De Journalist Michael Houben, deen de Plusminus-Fernseebäitrag produzéiert an den Artikel op der Internetsäit vun der Tagesschau verfaasst hat, gouf vun der AFP kontaktéiert an huet betount, dass “den Artikel och an Däitschland benotzt gouf, fir Wandkraaftanlagen ze denunzéieren. Dat ass natierlech Onsënn”.

“Trotz dem Benotze vun SF6 a Schalteren [am Netz, Um. v. d. Red.] si Wandrieder natierlech vill besser fir d’Klima, wéi Kuel oder Gaskraaftwierker”, huet de Michael Houben den 13. Juni 2023 an enger E-Mail un d’AFP erkläert.

Awer souguer wa Klimaschied duerch den Asaz vun SF6 bei der Hierstellung vu Wandenergie “signifikant méi geréng sinn, wéi bei der all anerer Energiequell, ass dat net noutwenneg” a “bréngt just e vergläichsweis klenge wirtschaftleche Virdeel a soll evitéiert ginn. All aner Interpretatioun vu mengem Artikel ass ‘Fake News'”, huet hie bäigefüügt. D’EU-Gesetzgeebung géif dem Houben no an dëser Fro op alle Fall net séier genuch virukommen.

SF6 an Héichspannungsleitungen, net a Wandkraaftanlagen

Schwiefelhexafluorid ass eng Verbindung vun den Elementer Schwiefel a Fluor an en zimmlech stabillen an effizienten elektreschen Isolator, dee Kuerzschlëss a Liichtbéi verhënnert. Dowéinst gëtt de Gas zënter den 1950er-Jore weltwäit a Leeschtungsschalteren an elektreschen Transformatiounsstatiounen fir Mëttel- an Héichspannung a Stroumiwwerdroungs- a -verdeelungsnetzer agesat. E spuert och Plaz an Transformatiounsstatiounen, well en d’Ofstänn tëscht den elektresche Conducteuren verréngert, wéi de Bedreiwer vum franséischen Héichspannungsnetz RTE de 15. Juni 2023 géintiwwer der AFP illustréiert huet.

SF6 gëtt och bei der Hierstellung vun Aluminium, Magnesium an “Halbleitere” benotzt. “A Wandrieder kënnt SF6 iwwerhaapt net vir”, huet de Régis Olivès, Direkter vun der Ingenieurschoul Sup’EnR zu Perpignan, Frankräich, déi sech mat der Energietechnik an den erneierbaren Energië beschäftegt, de 16. Juni 2023 géintiwwer der AFP betount. SF6 kéim weeder am Hierstellungsprozess, nach am Opbau vu Wandkraaftanlage vir. Dës géifen de Gas och net emittéieren.

“Well Wandparken awer Héichspannungsstroum hierstellen, ginn och si mat gasisoléierte Schutzschalteren ausgerëscht – geneesou wéi Kuel-, Gas- an Atomkraaftwierker”, sot de Jérémy Simon, stellvertriedende Generalsekretär vum franséische Verband fir erneierbar Energien, de 14. Juni 2023 géintiwwer der AFP. Opgrond vu sengen Eegeschafte géif SF6 soumat vun allen Acteure vun der Stroumproduktioun benotzt, onofhängeg vu senger Hierkonft: Wandkraaft, Solarenergie, Waasserkraaft, Kärenergie oder fossill Energieträger wéi Gas a Kuel.

Fir all Element, dat Stroum ënner héijer Intensitéit hierstelle géif, hätt een esou ee Schalter, dee mat dësem Gas isoléiert ass, well dëse quasi den idealen Isolator duerstelle géif. Dat heescht, et kann een SF6 geneesou gutt “an der nuklearer Energiehierstellung fannen, wéi an engem Derivateur tëscht zwou Stroumleitunge matzen an der Beauce [franséische Kallekregioun, Um. v. d. Red.]”, huet de Jean-François Gérard, stellvertriedende wëssenschaftlechen Direkter  um Insitut fir Chimie vum franséische Centre national de la recherche scientifique (CNRS) a Chef vun de Fuerschungsprogrammer Recycling (PEPR) am Kader vum Investitiounsplang vu Frankräich fir 2030, den 12. Juni 2023 géintiwwer der AFP.

Fir de Jean-François Gérard vum CNRS ass eng Debatt iwwer SF6-Emissiounen, déi angeeblech just bei erneierbaren Energien optriede géifen, dohier “spekulativ”, zemol se am Verglach zu CO2-Emissiounen, déi d’Atmosphär erwiermen, äusserst geréng wären.

“Et ass en Theema vun de Stroumnetzer”, sot de Jérémy Simon an huet eng Fixéierung op SF6 a Wandrieder ugeprangert, déi duerch d’Verëffentlechung a sozialen Netzwierker ervirgeruff gëtt an “op Manipulatioun erausleeft”.

Staarken Zäregasimpakt vun SF6

Fest steet, dass SF6 en enormt Zäregaspotenzial huet. Dat ass e Grond zur Suerg, sollt et a grousse Quantitéiten an d’Atmosphär geroden. Mat engem Zäithorizont vun 100 Joer ass et nämlech 23.500 Mol méi staark wéi eng gläichwäerteg Quantitéit CO2. An obwuel de Weltklimarot (IPCC) a sengem leschte Rapport vun 2022 (Link hei archivéiert) seng Schätzung vun der Dauer, déi de Gas an der Atmosphär verbleift, no ënne korrigéiert huet, ass et ëmmer nach extreem laang: 1.000 Joer (géintiwwer 3.200 Joer, déi bis dohi geschat goufen).

Entreprisen a Frankräich sinn awer verflicht, SF6-Lächer ze mellen an ofzedichten, an de Gas um Enn vun der Liewensdauer vun Anlagen erëm ze verwäerten. Op der Websäit vun der franséischer Elektricitéitsgesellschaft EDF beispillsweis, déi verflicht ass, der franséischer Atomsécherheetsagence ASN all Leck ze mellen, déi de Grenzwäert vun 100 Kilogramm SF6 an der Atmosphär iwwerschreiden, si Lächer, z.B. vun eenzele Kraaftwierker, online ze consultéieren.

Obwuel SF6 opgrond vu vereelzten Apparater, Maintenanceaarbechten oder der Erneierung vun Anlagen entwäiche kann, ass et an elektreschen Anlagen “ëmmer an dichte Gehais agespaart”, wéi déi franséisch Agence fir ekologesche Wandel Ademe de 14. Juni 2023 géintiwwer der AFP betount huet.

A “well et e ganz staarken Zäregas ass, gëtt et zënter dem Kyoto-Protokoll, deen 1997 ënnerschriwwe gouf, ganz genee iwwerwaacht”, huet d’Cathy Clerbaux, Fuerschungscheffin fir Atmosphär a Klima um CNRS, rappelléiert: D’Konzentratioun an der Atmosphär, déi vu Klimafuerscherinnen a -fuerscher weltwäit ganz genee verfollegt gëtt, bléif bis elo zimmlech geréng.

“Eendeiteg Desinformatioun”

D’Behaaptung, dass Wandrieder Baudeeler mat SF6 enthalen a massiv an d’Atmosphär fräigesat géifen, gëtt och a sozialen Netzwierker verbreet, andeem en Artikel vun der brittescher BBC (Link hei archivéiert), mat dem Titel “Klimawandel: Dat ‘knaschtegt Geheimnis’ vun der Stroumindustrie dreift d’Erwiermung un”, deen am September 2019 verëffentlecht gouf, gedeelt gëtt. Den Artikel fënnt sech z.B. an dësem Bäitrag vum 18. September 2019 erëm:

RTL

Den Auteur vum Artikel, de Matt McGrath, huet op eng AFP-Ufro vum 12. Juni 2023 bis zur Publikatioun vun dësem Faktencheck net geäntwert.

De BBC-Artikel ass awer iwwer dräi Joer al a staamt aus dem Joer 2019. D’Etüd vun der Cardiff University a Wales, déi doran zitéiert gëtt, staamt aus dem Joer 2018 (Link hei archivéiert) an hat Donnéeë aus de viregte sechs Joer gesammelt. D’Etüd hat erginn, dass déi consomméiert Quantitéit SF6 a Groussbritannien ëm 30 bis 40 Tonne pro Joer zouhuele géif. Ënner dem Titel “Bewäertung vun SF6-Leckagen aus gasisoléierten Anlagen an de Stroumnetzer vu Groussbritannien” huet si awer SF6-Lecks am ganze brittesche Stroumsiwwerdroungs- a -verdeelernetz iwwer all Energiequellen ënnersicht – also net just am Beräich vun der Wandkraaft. SF6 ass deemno net just op de Beräich vun der Wandenergie limitéiert.

Dass Wandrieder mat “massiven SF6-Emissiounen, déi  seriöe Risiko fir d’Klima duerstellen”, a Verbindung bruecht gi kéinten, huet déi bekannt franséisch Paläoklimatologin Valérie Masson-Delmotte, déi bis Juli 2023 Kopresidentin vun enger Aarbechtsgrupp vum Weltklimarot war, an engem Bäitrag a sozialen Netzwierker am Oktober 2022 (Link hei archivéiert) mat engem Hiweis op “eendeiteg Desinformatioun” kommentéiert.

Boom vun erneierbaren Energien

D’Benotze vun SF6 als Isolator an elektreschen Héichleeschtungssystemer, déi an den 1950er-Joren ugefaangen huet, huet trotzdeem iwwer eng Rei Joerzéngten ewech kontinuéierlech zougeholl, well de Stroumbedarf weltwäit gewuess ass an d’Stroumverdeelungsreseauen ausgebaut goufen. Gläichzäiteg sinn d’Emissioune vum SF6-Gas geklommen.

Den Ausbau vun der Stroumproduktioun gouf an de leschte Joren duerch déi d’Hausse bei der Nofro a Schwellelänner souwéi de Boom vun erneierbaren Energië weltwäit ugedriwwen.

Sou huet “déi séier Expansioun vun der weltwäiter Nofro no Stroum an dat séiert Aféiere vun erneierbaren Technologien, wéi d’Kapazitéit a Wand- a Sonnenenergie am leschte Joerzéngt, besonnesch am asiatesche Raum, eng grouss Reserv un SF6 bereetgestallt, déi am Moment zu der atmosphärescher Belaaschtung duerch SF6 bäidréit a wärend der Liewensdauer (30 bis 40 Joer) vun den installéierten Anlage bestoe bleiwe wäert”, hunn 28 Fuerscherinnen a Fuerscher vun enger Rëtsch vu renomméierten Universitéiten an enger internationaler Etüd betount, déi 2020 an der Zäitschrëft “Athmospheric Chemistry and Physics” (Link hei archivéiert), ënner dem Titel “Déi zouhuelend atmosphäresch Belaaschtung duerch den Zäregas Schwiefelhexafluorid (SF6)”, verëffentlecht gouf.

Well Anlagen, déi Stroum aus erneierbaren Energiequelle produzéieren, méi kleng a méi wäit iwwer d’Land verspreet sinn, wéi beispillsweis Gas- oder Kuelkraaftwierker, hu fir hir Entwécklung “vill méi Verbindungen zum Stroumnetz” misse gebaut ginn, wat erëm zu enger Hausse vun der Zuel vun den installéierten SF6-haltegen Trennschalteren an Transformatore geféiert hu kéint, heescht et an där Etüd weider.

Keng global Daten iwwer Undeel vu Wandenergie un SF6-Emissiounen

Dat bedeit awer net, dass erneierbar Energien de Groussdeel vum weltwäit produzéierte Stroum liwweren oder dass si d’Haaptprofiteuren an -emittente vun SF6 sinn. De Jean-François Gérard vum CNRS huet gemengt: “Et gëtt keng Korrelatioun tëscht erneierbaren Energien an dem Asaz vun Anlagen, déi SF6 benotzen. Well wann den néidege Stroum net duerch erneierbar Energië produzéiert géif, géif en duerch aner Energiequellen hiergestallt ginn.”

Engersäits ass ze beuechten, dass den Undeel vun erneierbaren Energien un der weltwäiter Stroumproduktioun zwar klëmmt, awer der internationaler Energieagence (IEA) no am Joer 2022 29 Prozent vun der Gesamtquantitéit (Link hei archivéiert) ausgemaach huet. Der brittescher Denkfabrick Ember no louche Solar- a Wandenergie am Joer 2022 zesumme bei 12 Prozent. An Däitschland koumen, dem Bericht no, 32 Prozent vum Stroum aus Solar- a Wandkraaft.

Dat bedeit, dass déi reschtlech 71 Prozent duerch aner Energiequellen, virun allem Kuel, hiergestallt goufen, wéi an der Tabell vun der IEA (Link hei archivéiert), déi hei drënner ze fannen ass, ze gesinn ass:

RTL

Fir d’Auswierkunge vun SF6, deen a Schaltanlage benotzt gëtt, op d’Klima ze bewäerten, misst een den Undeel vun den SF6-Leckagen aus dësem Secteur un de gesamte weltwäiten SF6-Emissioune kennen. D’AFP huet bei hire Recherchen a verschiddene Quellen awer keng Zuelen dozou fonnt. Déi europäesch Ëmweltagence huet op d’Fro vun der AFP, ob esou Date disponibel wären, an enger E-Mail vum 9. Juni 2023 geäntwert, dass déi “hirem Wëssen no nach net existéieren”.

Déi schonn zitéiert Etüd vun der University of Cardiff hat zwar fir den Zäitraum 2015 bis 2016 en “Taux fir Lecks” vu schätzungsweis “0,40 Prozent” vum benotzten SF6 berechent. Wéi schonn ernimmt, hat sech dës awer op dat gesamt brittescht Stroumiwwerdroungs- a -verdeelernetz bezunn, dat heescht op all d’Stroumquellen zesummen.

Klammend SF6-Emissiounen

An hirem leschte Rapport aus dem Joer 2022 (Link hei archivéiert) hu Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler vum Weltklimarot déi global SF6-Emissiounen an d’Atmosphär ënnersicht. Dës klamme weider:

RTL

Weltwäit wär “SF6, deen an elektresche Verdeelersystemer, der Magnesiumsproduktioun an der Halbleiterhierstellung verwent gëtt, vu 7,3 ppt [“parts per trillion”, op Lëtzebuergesch: Deeler pro Billioun, Um. v. d. Red.] am Joer 2011 op 10,0 ppt am Joer 2019 (plus 36 Prozent) geklommen. D’SF6-Konzentratioun gëtt a ppt uginn. Alternativen zu SF6 oder SF6-fräien Apparater fir elektresch Systemer goufen an de leschte Joren disponibel gemaach, awer SF6 gëtt ëmmer nach heefeg a Schaltere verwent”, hunn d’Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler vum IPCC an hirem Rapport weider geschriwwen.

Allerdéngs misst ee bei der Gréisstenuerdnung virsiichteg sinn: Klimafuerscherinnen a -fuerscher betounen, dass d’SF6-Konzentratiounen an der Atmosphär – all d’Emissiounsquellen zesummegeholl – am Verglach zu de Konzentratioune vun CO2 oder Methan, zwee aner Zäregasen, déi besonnesch observéiert ginn, nach ëmmer vill méi geréng wären.

Fir d’CO2-Konzentratioune benotze Fuerscherinnen a Fuerscher eng méi grouss Moosseenheet, nämlech “parts per million” (ppm), wat engem Milliounstel (10 héich -6, also sechs Nullen hanner dem Komma) entsprécht. Sou “läit déi weltwäit CO2-Konzentratioun an der Atmosphär am Moment bei ronn 420 ppm”, huet d’Cahty Clerbaux vum CNRS betount – am Verglach zu den 10 ppt, déi de Weltklimarot a sengem uewe genannte Rapport ernimmt.

Déi 28 Fuerscherinnen a Fuerscher vun der uewen ernimmter internationaler Etüd hunn ausserdeem betount, dass “dat geréngt atmosphärescht Mëschverhältnis vun SF6 am Verglach zu CO2 säi Bäitrag zum anthropogeene [mënschlech bedéngten, Um. v. d. Red.] Stralungsundriff op ongeféier 0,2 Prozent limitéiert”.

SF6-Emissioune gi genau iwwerwaacht

Doriwwer eraus ginn SF6-Lecks a -Konzentratiounen – wéi bei allen Zäregasen – vu Klimafuerscherinnen a -fuerscher ënnersicht a vum Agage-Netzwierk (Advanced global atmospheric gases experiment) weltwäit ganz präzis iwwerwaacht. Heibäi handelt et sech ëm en Netzwierk vu Laboen, déi systematesch Buedem- a Satellittemiessunge vun der Zäregaskonzentratioun an der Atmosphär maachen.

D’Miessunge géifen awer weisen, dass “d’SF6-Leckagen net duerginn, fir dëse Gas zu enger Verbindung ze maachen, déi an der Atmosphär an erhieflechem Mooss present ass. D’Auswierkunge vun Sf6 op d’Klima sinn am Moment nach geréng. A Satellittendaten ass et net siichtbar, well d’Konzentratioune sou geréng sinn, wärend aner Gase wéi CO2 oder Metha enorm Signaler senden”, huet d’Cahty Clerbaux erkläert.

Méi geréng SF6-Emissiounen an Industrielänner

D'”Hausse un SF6-Emissiounen” an Entwécklungslänner hätt déi “erhieflech Reduzéierungen” an Industrielänner mat hire “manner emittéierenden Industriepraktiken” iwwertraff, wéi déi 28 Fuerscherinnen a Fuerscher vun der Etüd iwwer d'”Belaaschtung” vun SF6 festgestallt hunn.

An den USA beispillsweis, wou “elektresch Iwwerdroungs- a Verdeelungssystemer de Groussdeel vun de Schwiefelhexafluorid-Emissiounen ausmaachen”, sinn d’SF6-Gesamtemissiounen aus alle Quellen tëscht 1991 an 2021 ëm 22,5 Milliounen Tonnen CO2-Equivalenter zeréckgaangen, wat engem Réckgang vun 73,7 Prozent entsprécht, wéi d’US-amerikanesch Agence fir Ëmweltschutz (EPA) an hirem jéngste Rapport iwwer Zäregasemissioune schreift (Link hei archivéiert).

An der Europäescher Unioun huet den Undeel vun den SF6-Emissiounen (donkelblo an der Grafik ënnen, déi d’AFP vun der Europäescher Ëmweltagence bereetgestallt krut) am Joer 2021 ongeféier 0,1 Prozent vun de gesamten Zäregasemissiounen aus:

RTL

Citepa, eng onofhängeg Vereenegung, déi d’Auswierkunge vu mënschlechen Aktivitéiten op d’Klima an d’Loftverschmotzung bewäert, stellt säit 1999 och a Frankräich e réckleefegen Trend bei den SF6-Emissioune (Link hei archivéiert) fest:

RTL

Am Géigesaz dozou hunn déi 28 Fuerscherinnen a Fuerscher vun der uewe genannter Etüd aus dem Joer 2020 geschat, dass d’SF6-Emissiounen aus China “ongeféier zéngmol sou héich si wéi d’Emissiounen aus Westeuropa”.

Iwwerschaffe vu rechtleche Virschrëften

Fir d’Emissioune vu fluoridéierte Gasen – zu deenen nieft Fluorkuelewaasserstoffer (FKW) a Perfluorcarbonen (PFC) och SF6 gehéiert – ze reduzéieren, huet d’Europäescher Unioun schrëttweis e Reegelwierk opgesat, dat am Moment awer net virgesäit, dass dës duerch Gasen oder Verfaren ersat musse ginn.

2015 ass d’EU-Direktiv 517/2014 iwwer fluoridéiert Zäregasen (Link hei archivéiert), mat där d’Emissioun vu fluoridéierte Gasen tëscht 2014 an 2023 ëm zwee Drëttel gesenkt sollt ginn, a Kraaft getrueden. D’Veruerdnung beinhalt Bestëmmungen iwwer d'”Vermeidung vun Emissioune vu fluoridéierten Zäregasen” (Artikel 3), déi reegelméisseg Kontroll vun der Hermetizitéit vun Anlagen (Artikel 4), d’Installatioun vu “Leckage-Erkennungssystemer” ab engem bestëmmte Stellewäert fir de benotzte Gas (Artikel 5) souwéi d’Ausbildung an Zertifizéierung vu Persounen, déi un dësen Ariichtunge schaffen (Artikel 10).

“Dogéint gesäit dëst Rechtsinstrument keng Beschränkung vum op de Maart brénge vun elektreschen Apparater, déi SF6 enthalen, vir, well et zum Zäitpunkt vun der Ausaarbechtung vun der EU-Veruerdnung, déi aktuell gëllt, keng funktionéierend Alternativ gouf”, huet de franséischen Ëmweltministère géintiwwer der AFP an enger E-Mail vum 16. Juni 2023 betount.

Am Moment sinn op europäeschem Niveau awer Gespréicher fir d’Iwwerschaffe vun dëser Direktiv: Dës befanne sech an engem Erneierungsprozess, e Verbuet vun SF6 fir nei Anlage gëtt dem däitschen Umweltbundesamt no aktuell diskutéiert (Link hei archivéiert).

“Et ass speziell virgesinn, d’Verwende vun SF6 an d’op de Maart brénge vun elektresche Schaltanlagen, déi SF6 enthalen, erkennbar ze reduzéieren”, huet och de franséischen Ëmweltministère matgedeelt.

Am Kader vum vun der Europäescher Unioun ugestrieften Zil vun der Klimaneutralitéit bis 2050 huet d’Europäesch Kommissioun am Fréijoer 2022 (Link hei archivéiert) ë.a. virgeschloen, dass SF6 bis 2031 schrëttweis aus allen neie Schalteren, déi op de Maart kommen, erausgeholl soll ginn.

D’Verhandlungen tëscht den EU-Institutiounen daueren zanterhier un, wéi d’Europäescht Parlament den 21. Juni 2023 géintiwwer der AFP confirméiert huet (Link hei archivéiert).

Aarbecht un neien Technologien

SF6 ass deemno am Viséier vun der Europäescher Unioun. Dat géif zu enger “Bewosstsinnsbildung” zu dësem Sujet bäidroen, huet de Jean-François Gérard vum CNRS gemengt. Dowéinst schaffen Entreprisen zënter enger Rei Joren un der Entwécklung vun Alternativen, entweeder aus fluoridéierte Gasen, deenen hiert Zäregaspotenzial méi geréng ass wéi dat vun SF6, oder, wéi de franséische Konzern Schneider Electric (Link hei archivéiert), deen zu de weltwäit féierenden Hiersteller vun Transformatiounswierker gehéiert, mat Systemer, déi Loft als Isolator oder Vakuum als Mechanismus fir d’Stroumofschaltung notzen.

Fachleit ginn dovun aus, dass den technologesche Fortschrëtt an Zukunft den Asaz vun SF6 reduzéiere wäert.

An den USA kënnen “al Schutzschaltere bis zu 2000 Pond SF6 [907 Kilogramm, Um. v. d. Red.] enthalen, wärend modern Schutzschalteren normalerweis manner wéi 100 Pond [45 Kilogramm, Um. v. d. Red.] enthalen”, sou déi amerikanesch Ëmweltschutzagence op hirer Websäit (Link hei archivéiert).

De franséischen Ëmweltministère huet matgedeelt, dass d’Branche vun der Wandkraaft (och a Bezuch op d’Verwendung vun SF6) eng nei Industrie wär. Méi wéi 50 Prozent vun den Anlage wäre manner wéi zéng Joer al. D’Bedreiwer vu Wandkraaftanlage géifen an dësem Beräich forméiert ginn. Déi franséisch Elektricitéitsgesellschaft EDF huet 2022 matgedeelt, d’SF6-Emissioune vun hire Kärkraaftwierker ëm 45 Prozent reduzéiert ze hunn (Link hei archivéiert).

Och den däitsch-spueneschen Hiersteller Siemens-Gamesa, ee vun de gréisste Produzente vu Wandenergieanlage weltwäit, gouf bekannt, bis spéitstens 2030 op den Asaz vun SF6 ze verzichten. Engem Pressecommuniqué souwéi engem Bäitrag op Facebook aus dem Joer 2022 no (Link hei archivéiert) sollen nei Wandrieder “sou séier wéi méiglech, spéitstens awer bis zum Joer 2030” ouni Schwiefelhexafluorid auskommen.

SF6-Emissiounen an Däitschland ginn zeréck

An Däitschland hunn d’Bundesrepublik souwéi déi däitsch Wirtschaft am Joer 2000 en Ofkommes dozou getraff (Link hei archivéiert). An dësem Kader hu Produzente vun SF6 souwéi Hiersteller a Bedreiwer vun elektreschen Ekipementer iwwer engem Kilovolt (1000 Volt) am Joer 2005 eng fräiwëlleg Selbstverflichtung ofgeschloss: SF6-Emissioune sollen – wou ëmmer méiglech – vermidden an agesat SF6-Quantitéite fir d’Funktiounserfëllung miniméiert ginn.

D’Emissiounen un SF6 an Däitschland goungen Informatioune vum däitschen Umweltbundesamt (Link hei archivéiert) bei Produktioun a Verwendung och däitlech zeréck:

RTL

Dem däitsche Statistesche Bundesamt no (Link hei archivéiert) goufen an Däitschland 2020 ronn dräi Milliounen Tonnen CO2-equivalenten SF6 fräigesat. Dat entsprécht engem Undeel vun 0,4 Prozent un de gesamten Zäregasemissioune vun der Bundesrepublik.

Am Verglach dozou huet den däitsche Bannefluchverkéier tatsächlech en Undeel vun 0,3 Prozent un de gesamten däitschen CO2-Emissiounen, wéi Donnéeë vum Bundesverband der Deutschen Luftverkehrswirtschaft aus dem Joer 2019 weisen (Link hei archivéiert).

Allerdéngs beleeën Donnéeë vum Umweltbundesamt (Link hei archivéiert), dass de Groussdeel vun den däitschen SF6-Emissiounen aus Schallschutzscheiwe staamt, wärend elektresch Ekipementer (vun deene Wandrieder nees just e klengen Deel sinn) just ronn 15 Prozent ausmaachen:

RTL

Fazit: Schwiefelhexaflourid ass en héich wierksamen Zäregas. E gëtt an elektresche Schaltanlagen agesat, déi ë.a. och fir d’Notzung vu Wandkraaft gebraucht ginn. Bei Emissioune maache Wandrieder kee besonnesch relevanten Deel aus.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.