Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: UV-Stralung léist Hautkriibs aus, Sonnecrème net

Faktencheck: UV-Stralung léist Hautkriibs aus, Sonnecrème net - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

UV-Stralung gëllt noweislech als Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs. A Videoen a sozialen Netzwierker behaapt e User, net d’Sonnenastralung, mee Sonnecrème géif Hautkriibs ausléisen. En plus géifen Antioxidantie souwéi d’Areiwe mat bestëmmten Ueleger besser viru Sonnebrand schützen. Dës Behaaptunge sinn awer falsch.

An zwee Videoe schwätzt e User dovun, dass Sonnecrème kriibserreegend wär an net d’Sonn dofir suerge géif, dass Mënschen Hautkriibs kréichen. Ausserdeem géifen oxidative Stress, schlecht Ernierung a “gëfteg Produkter” Kriibs ausléisen. Par contre géifen Antioxidantie souwéi d’Areiwe mat bestëmmten Ueleger Sonnebrand virbeugen.

Notzer hunn d’Videoen op Facebook verbreet, Zéngdausenden hu se op Telegram gesinn (hei an hei archivéiert). Och op Instagram krut ee vun de Videoen iwwer Dausend Likes. Och a serbescher Sprooch ass eng änlech Behaaptung am Ëmlaf. D’Behaaptungen aus de Videoe sinn allerdéngs falsch

RTL © AFP

An de Bäiträg ass e Mann ze gesinn, dee virun der Notzung vu Sonnecrème warnt an erkläert, dass dës kriibserreegend wär. D’Videoe kënnen op de User mam Numm “Ciho.m.a” zeréckverfollegt ginn, deen op Telegram an Instagram aktiv ass, wou hien ë.a. Noriichten a Videoe fir Selbstheelung mat Hëllef vun der Natur, awer och impfkritesch Inhalter post. Op sengem Instagram-Profil verlinkt hien d’Säit “Alpha Akademie”, bei där hie Coursë fir Angschtreduktioun a méi Selbstbewosstsinn gëtt.

Sonn ass Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs

D’Behaaptung, dass Sonnenastralung kee Kriibs ausléise géif, ass falsch. Ze laang an der Sonn an domat UV-Stralung ausgesat ze sinn, ass e grousse Risikofaktor fir Hautkriibs, schreiwen d’US Centers for Disease Control and Prevention (CDC) op hirer Internetsäit. “Déi meescht Zorte vun Hautkriibs ginn duerch eng ze staark Expositioun géintiwwer ultraviolettem (UV) Liicht ausgeléist. UV-Strale sinn eng onsiichtbar Stralung, déi vun der Sonn, Solarien a Sonneluuchten ausgeet. UV-Strale kënnen Hautzelle schiedegen”, heescht et op der Säit vun der Agence. Déi brittesch Wueltätegkeetsorganisatioun “Cancer Research” schreift ausserdeem op hirer Internetsäit: “Wann ee just eemol all zwee Joer e Sonnebrand kritt, ka sech de Risiko fir Melanom-Hautkriibs am Verglach dozou, wann een ni e Sonnebrand kritt huet, verdräifachen.”

Geneetesch Faktoren an ultraviolett Stralung sinn déi gréisst Risikofaktore fir de Melanom, déi schwéierst Form vun Hautkriibs (hei archivéiert), heescht et op der Internetsäit vun der “Deutschen Krebsgesellschaft“. “Als wichtegst Ursaach gëllt eng staark, erëmkommend UV-Belaaschtung mat Sonnebränn, woubäi virun allem Sonnebestralung am Kands- a Jugendalter eng Roll spillt.”

Hautkriibs-Inzidenz klëmmt

Et gëtt verschidden Aarte vun Hautkriibs. Net-Melanom-Hautkriibs, sougenannte wäissen Hautkriibs, gëllt der Däitscher Kriibsgesellschaft no als besser heelbar wéi schwaarzen Hautkriibs, déi geféierlechst an déidlechst Form vun Hautkriibs. Fir béid Kriibszorte gëllt: Sonnenastralung erhéicht de Risiko vun enger Erkrankung.

An Däitschland a weltwäit (hei archivéiert) klammen d’Zuele vun Hautkriibsfäll vu Joer zu Joer, sou goufen dem däitsche Statistesche Bundesamt (hei archivéiert) no 2020 81 Prozent méi Mënschen an Däitschland mat Hautkriibs stationär am Spidol behandelt wéi nach am Joer 2000. Och d’Zuel vun den Doudesfäll ass geklommen, 2020 sinn am Verglach zum Joer 2000 53 Prozent méi Mënschen un Hautkriibs gestuerwen (ongeféier 4.000 Doudesfäll am Joer 2020, 2.600 Doudesfäll am Joer 2000). Der Däitscher Kriibsgesellschaft no sinn d’Neierkrankungen u schwaarzem Hautkriibs tëscht 1970 an 2015 ëm dat Fënneffacht geklommen (hei archivéiert). “De Risiko un engem maligne Melanom ze erkranke läit géigewäerteg bei zirka 2 Prozent, dat heescht, all 50. Mënsch an Däitschland erkrankt a sengem Liewen un engem schwaarzen Hautkriibs.”

Iwwer d’Ursaach vun der Hausse heescht et op der Websäit: “Eng däitlech Hausse vun de Fäll gëtt säit 2008 observéiert. Dat läit ë.a. dorunner, dass an deem Joer den Hautkriibsscreening an Däitschland agefouert gouf”. Insgesamt wär d’Hausse vun Hautkriibserkrankungen “enk mat den haut übleche méi laangen Openthalter vun de Mënschen an der Sonn verknëppt (z.B. duerch Vakanzereesen a südlech Länner).”

Dem European Cancer Information System (ECIS) no ass d’Hautkriibs-Inzidenz tëscht 1993 an 2013 an Däitschland geklommen (hei archivéiert). Besonnesch Mënsche vum 60. Liewensjoer u si betraff.

Kee Beweis fir Kriibs duerch Sonnecrème

Ee vun de Videoen, déi an de sozialen Netzwierker gedeelt goufen, ass eng Reaktioun op d’Noriicht, dass an Holland an Desinfektiounsspenderen, déi wärend der Corona-Pandemie opgestallt goufen, gratis Sonnecrème bereetgestallt gi soll. Doropshi sinn och an Däitschland Fuerderungen no gratis Sonneschutzmëttelen haart ginn, beispillsweis zu München. Op där Plaz zitt de User Ciho.m.a eng Parallel zu enger anerer ëffentlecher Gesondheetsoffer, de Corona-Impfstoffer. Dës bezeechent hie fälschlecherweis als Geentherapie, wéi d’AFP scho widderluecht huet. An den Zelle vu geimpfte Persounen ass d’mRNA just zäitweileg nozeweisen, erkläert d’Paul-Ehrlich-Institut (PEI) online.

De User Ciho.m.a behaapt ausserdeem, dass d’Zuel vun Hautkriibsfäll klamme géif, säit et Sonnecrème géif, a Sonnecrème den Ausléiser fir Hautkriibs wär. En Zesummenhang tëscht dem Benotze vu Sonnecrème an enger Kriibserkrankung huet d’Carola Berking, Direktesch vun der Hautklinick an der Universitéitsklinick Erlangen an zweet Presidentin vun der Arbeitsgemeinschaft Dermatologische Onkologie (ADO) vun der Däitscher Kriibsgesellschaft, géintiwwer der AFP den 18. Juli 2023 dementéiert: No der aktueller Studielag wäre “keng Stoffer a Sonnecrèmen, déi direkt kriibserreegend sinn.”

Dat géif och aner Kriibsaarten nieft Hautkriibs mat aschléissen, sou d’Berking. Tester hätte just erginn, dass an Ofbaustoffer vun ale Sonnecrèmë kriibserreegend Stoffer enthal wären, déi Hautkriibs oder aner Kriibszorten ausléise kéinten. Ausserdeem wär d’Dosis vun de kriibserreegende Stoffer an den Ofbaustoffer onkloer, huet d’Berking erkläert.

Och d’Dermatologin Elizabeth Buzney, Assistenzprofessesch fir Dermatologie op der Harvard Medical School, hat am Juni 2023 an engem Interview mat der Skin Cancer Foundation erkläert, dass Sonneschutzmëttel am Allgemenge sécher wären. “Et kann een iwwer déi angeeblech Risike vu Sonneschutzmëttel schwätzen, sou vill ee wëll, awer d’Wouerecht ass, dass se eis virun de potenzielle Risike vun der Sonn schützen”, sot si an deem Interview.

D’Benotze vu Sonneschutzmëttel gëtt och vun der International Agency for Research on Cancer recommandéiert, engem Gremium vun der Weltgesondheetsorganisatioun, deen Etüden a Recommandatioune fir Kriibspreventioun erausgëtt. Änlech Behaaptungen, dass Sonnecrème Hautkriibs ausléise géif, huet d’AFP schonn op Hollännesch widderluecht. Doriwwer eraus gëtt d’Sécherheet an d’Wierksamkeet vu Sonneschutzmëttel an der Europäescher Unioun duerch d’EU-Kosmetikdirektiv gereegelt, an den USA duerch d’U.S. Food and Drug Administration.

Schutzkleedung a keng direkt UV-Stralung si gudde Sonneschutz

D’Jelena Stojkovic-Filipovic, Assistenzprofessesch an der Klinick fir Dermatologie a Venerologie an der Universitéitsklinick Serbien, huet de 17. Juli 2023 géintiwwer der AFP erkläert, dass sech de Sonneschutz net just op Sonneschutzmëttel beschränke sollt. “An éischter Linn ass et unzeroden, sech am Schiet opzehalen, wann ëmmer et méiglech ass, awer och Schutzkleedung ze droen. An dësem Fall kéint een d’Benotze vu Sonneschutzmëttelen op den Haaptpartië beschränken, déi der Sonn ausgesat sinn an net duerch Kleedung geschützt kënne ginn.”

Si huet op eng Etüd verwisen (hei archivéiert), no där eng Kombinatioun aus Liichtschutzkleedung a Sonneschutzmëttele fir Kierperdeeler, déi net bedeckt sinn, warscheinlech den optimale Wee fir Sonneschutz mat minimalem Risiko wär. Der Etüd no hunn eng Rei Untersuchunge gewisen, dass ee vun de Problemer beim Benotze vu Sonneschutzmëttelen dora besteet, dass d’Benotzer se net konsequent opdroen.

An obwuel verschidden Déiereversich méiglech schiedlech Auswierkunge vun der Laangzäitbenotzung vu Sonneschutzmëttele gewisen hätten, géif et nach u validen Untersuchungen um Mënsch feelen, sou d’Stojkovic-Filipovic. “Trotzdeem ass d’Vermeide vun direkter Sonnenastralung u sonnegen Deeg, besonnesch an der Joreszäit an op geographesche Plazen, op deenen d’Stralung am intensiivsten ass, souwéi d’Droe vu Kleedung mat engem Liichtschutzfaktor e ganz wichtege Schutz géint UV-Stralung”, huet si erkläert.

Verschidden Inhaltsstoffer vu Sonnecrème schiedegen d’Ëmwelt

Doriwwer eraus ginn eng Rei Sonneschutzmëttel Ulass zur Suerg, well se duerch verschidde cheemesch Inhaltsstoffer wéi Octocrylen d’Ëmwelt schiedegen (hei archivéiert). Déi franséisch Gesondheetsagence ANSES huet e Verbuet vun Octocylen a Sonneschutzmëttele gefuerdert.

Cheemesch Filteren, déi a verschiddene Sonneschutzmëttele benotzt ginn, fir UV-Stralen ze blockéieren, schueden dem US National Ocean Service no dem Ekosystem vun de Mierer a besonnesch de Koralleriffer.

Ausserdeem stécht d’Faarfpigment Titandioxid a munche Sonnecrèmen a bis viru Kuerzem och a Liewensmëttel (hei archivéiert). 2022 huet d’EU e Verbuet fir d’Benotze vum Faarfstoff a Liewensmëttel erlooss, well et am Verdacht steet, kriibserreegend ze sinn. Déi Europäesch Agence fir Liewensmëttelsécherheet (EFSA) koum am Mee 2021 zum Schluss (hei archivéiert), dass et als Zousazstoff fir Liewensmëttel potenziell kriibserreegend an domat méi sécher wär. An der Benotzung vu Kosmeetik gëllt et an den zoulässege Konzentratiounen fir d’Uwendung op der Haut als sécher, wéi de Wirtschaftlechen Ausschoss fir Verbrauchersécherheet vun der Europäescher Kommissioun an engem Statement aus dem Joer 2020 (hei archivéiert) matdeele gelooss huet.

Oxidative Stress féiert net direkt zu Hautkriibs

De Videoen no géif d’Acrème mat Sonneschutzmëttelen zu oxidativem Stress féieren, deen Hautkriibs ausléise géif: “Wa mir eis mat Sonnecrème aschmieren, produzéiert eis Haut a Kombinatioun mat der Sonn oxidative Stress”, seet de Ciho.m.a. Oxidative Stress (hei archivéiert) kann am Kierper entstoen, wa sech beispillsweis duerch Schuedstoffbelaaschtungen, UV-Stralung, Ozon an aner Ëmweltaflëss oder och kierpereege Virgäng wéi Immunofwier fräi Radikaler bilden. Ass d’Belaaschtung méi grouss wéi d’Schutzreaktioun vum Kierper, déi sougenannt antioxidativ Kapazitéit, entsteet oxidative Stress. “Dee féiert zu Hautkriibs”, schlussfollgert de User a sengem Video. An dëser Form wär den Zesummenhang verfälscht duergestallt, huet d’Carola Berking vun der Hautklinick an der Universitéitsklinick Erlangen erkläert.

D’UV-A-Stralung vun der Sonnenastralung kéint fräi Radikaler ervirruffen, déi erëm “u Krankheete bedeelegt kënne sinn”, sot d’Berking géintiwwer der AFP. “Wie sech mat Sonnecrème aschmiert, denkt, e ka méi laang an der Sonn bleiwen, well hien net sou séier e Sonnebrand kritt”, sot si weider. “Doduerch kënnt méi UV-A-Stralung op eis Haut, déi d’Sonnecrème net komplett filtere kann. Sou kann exodative Stress entstoen.” Soumat wär um Enn dat individuellt Verhalen ausschlaggeebend dofir, ob eng Persoun trotz Benotze vu Sonnecrème engem méi héijen Hautkriibsrisiko ausgesat ass.

Antioxidantien a Liewensmëttel vermeide kee Sonnebrand

Amplaz vu Sonnecrème, sou heescht et an de Videoen, sollt ee sech léiwer mat Antioxidantie viru Sonnebrand schützen a sou säin Hautkriibsrisiko miniméieren. Antioxidantie si kënschtlech hiergestallt oder natierlech Substanzen, déi verschidden Aarte vun Zellschiedegunge verhënnere kënnen (hei archivéiert), heescht et op der Säit vu “Medline Plus”, engem Service vun der National Library of Medicine. Antioxidantie sinn a ville Liewensmëttel, Uebst a Geméis inklusiv, enthalen. Se sinn och als Narungsergänzungsmëttel ze kréien.

Och dës Behaaptung aus de Videoen huet d’Carola Berking net confirméiert. Si wéisst vu kenger Etüd, “déi beleet, dass Antioxidantien, déi iwwer d’Narung opgeholl ginn, géint Sonnebrand bzw. Hautkriibs hëllefen”, huet si erkläert. Antioxidantien, déi duerch d’Narung opgeholl ginn, géifen net an d’Haut kommen. Zwar kéint “déi reegelméisseg Consommatioun vu bestëmmtem Geméis wéi Muerten, Séissgromperen, oder Tomaten Carotinoiden duerch antioxidativ Effekter an der Haut e gewësse Liichtschutz produzéieren”, huet d’Berking erkläert. “Dëse photoprotektiven Effekt vu Carotinoiden ass awer vergläichsweis geréng an et konnt a kenger Etüd iwwerzeegend gewise ginn, dass dat dann och géint Hautkriibs schützt.” Gläichzäiteg géif et och keen Narungsmëttel ginn, dat noweislech Hautkriibs ausléise géif.

Schliisslech gëtt an de Videoen an de sozialen Netzwierker recommandéiert, sech mat Ueleg aus Muertesom, Hambierueleg, Sesamueleg oder Kokosueleg amplaz vu Sonneschutzmëttelen anzecrèmen, fir sech virun engem Sonnebrand ze schützen. “Déi genannt Ueleger hu keen UV-Filter”, huet d’Carola Berking erkläert. Villméi wär d’Areiwe mat dësen Ueleger kontraproduktiv, wann ee schweesse géif, well se d’Pore verstoppen an een nach méi schweesse géif.

Fazit: UV-Stralung a soumat Sonnenastralung ass en Haaptrisikofaktor fir Hautkriibs, wéi verschidde wëssenschaftlech Quelle confirméieren. En plus ass Sonnecrème keen Ausléiser fir Kriibs. Aktuell si keng Inhaltsstoffer a Sonneschutzmëttele bekannt, déi beim Opdroen Haut- oder eng aner Zort vu Kriibs ausléisen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.