Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video vu Selenskyj-Banner zu New York manipuléiert

Faktencheck: Video vu Selenskyj-Banner zu New York manipuléiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Zënter Enn Juni 2023 verbreet sech a sozialen Netzwierker e manipuléierte Video an enger Rei Sproochen.

Bei dem Video handelt et sech awer ëm eng Manipulatioun vun Opnamen, déi schonn 2021 verëffentlecht goufen. Déi gefälscht Reklamm gouf iwwer en anert Plakat geluecht. Ausserdeem waren zum Zäitpunkt, wéi de manipuléierte Video am Internet opgedaucht war, keng Reklammen oder Gerüster un dem entspriechende Gebai ubruecht.

“Friddensaktivisten erwächen NYC. Zu New York op der Fifth Avenue ass en Transparent opgedaucht mat der Opschrëft ‘Kee Selenskyj, kee Krich'”, schreift en Notzer de 16. Juli 2023 op Facebook. De Bäitrag enthält e Video vun aacht Sekonnen, an deem e Gebai, ronderëm dat eng Stee opgeriicht ass, zu New York mat Reklammen ze gesinn ass. Op engem vun de Reklamme steet anscheinend “No Zelensky, no war”. Op Telegram gouf de Clip iwwer 21.000 Mol gekuckt. Op der Plattform Twitter, déi an der Tëscht an “X” ëmgedeeft gouf, ass de Bäitrag och an Ëmlaf.

Ongeféier zur selwechter Zäit gouf de Video och an enger Rei anere Sproochen an Ëmlaf bruecht, z.B. op Slowakesch, Tschechesch, Polnesch, FranséischEngleschItalieenesch, Holllännesch oder Spuenesch.

RTL

De Video passt zu der Duerstellung, déi heefeg vu Quellen, déi dem Kreml nostinn, verbreet gëtt, no där den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj zur Zilscheif vun ëffentlechem Onmutt a Spott am Weste gi wär.

Zënter dem Ufank vum russeschen Ugrëff op d’Ukrain am Februar 2022 steet de Selenskyj ëmmer nees am Fokus vun Desinformatioun. D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng Rëtsch vun dëse Behaaptungen iwwerpréift, z.B. hei, hei oder hei.

De gedeelte Video gouf awer manipuléiert. D’AFP huet d’Originalmaterial vum Juli 2021 op YouTube fonnt. Dëst weist eng Reklamm fir “Tiffany & Co” – eng berüümt Bijouterie, déi sech zënter Joerzéngten am Gebai, dat am Video ze gesinn ass, befënnt. D’AFP huet och festgestallt, dass et am Juni 2023 keng Baugerüster oder Reklamme gouf, well d’Renovéierung vum Gebai am Abrëll 2023 ofgeschloss an dëst dann och nees fir d’Ëffentlechkeet zougänglech gemaach gouf.

De Bäitrag gouf och vun anere Faktencheck-Organisatioune wéi France24, MythDetector, Delfi oder dem Team vun der dpa iwwerpréift.

Originalvideo staamt vu Stadspadséiergang am Joer 2021

Wéi schonn ernimmt, handelt et sech bei dem Gebai mat de Reklammen an dem turquoise Baugerüst, dat am Video ze gesinn ass, ëm de Flagshipstore vum Bijoutier Tiffany. Den Numm vum Buttek ass op dem ënneschten Deel vun der Stee ze gesinn. D’Gebai befënnt sech um Eck vun der 5th Avenue a 57th Street zu New York City a gëtt och “The Landmark” (Link hei archivéiert) genannt. Duerch de Film “Breakfast at Tiffany’s” aus dem Joer 1961 gouf dësen Eck ganz bekannt.

Op der Sich no Biller vum Gebai huet d’AFP Artikele fonnt, déi am Summer 2021 op engleschen Internetsitte mat Schwéierpunkte wéi Architektur a Stadentwécklung zu New York City verëffentlecht goufen (hei oder hei). D’Elementer, déi op de Fotoen an dësen Artikelen ze gesi sinn, stëmme mat deenen iwwereneen, déi am Video, deen am Ëmlaf ass, ze gesi sinn – ofgesi vun der Reklamm op dem Gerüst. Dorop war ursprénglech e grousse Portrait vum Roseanne Park, Sängerin a Markenambassadrice vun Tiffany. D’Park hat d’Reklamm de 6. Mee 2021 och op hirem Instagram-Account gepost.

RTL

Mam Zil, dat ursprénglecht Filmmaterial ze fannen, souwéi graff Informatiounen iwwer de méiglechen Zäitraum, an deem dëst Filmmaterial opgeholl kéint gi sinn, huet d’AFP versicht, de Clip op YouTube ze fannen. Op der Plattform fanne sech heefeg Videoe vun Tier duerch Stied a bekannte Metropolen, an deenen och d’Ëmgéigend méi genee ze gesinn ass.

Duerch eng Stéchwierdersich mat de Wierder “Walking Tour New York” (Lëtz.: “Spadséiergang New York”), dem Google-Sichoperateur “site:youtube.com” (domat ginn d’Resultater op Saisien op YouTube limitéiert, well an éischter Linn YouTube-Videoe vun Intressi fir d’Recherche waren) souwéi eng Aschränkung vun der Zäitfënster fir d’Sich op d’Summerméint 2021 huet d’AFP den Originalvideo fonnt (Link hei archivéiert), dee fir déi digital Manipulatioun benotzt gouf.

Et gouf de 15. Juli 2021 mam Titel “Walking in New York City 4K. 5th Avenue. People, Cars and Street Sounds” (Lëtz. “Spadséiergang zu New York City 4K. 5th Avenue. Mënschen, Autoen a Stroossegeräischer”) publizéiert – also nach virun der russescher Attack op d’Ukrain am Februar 2022.

Vu Minutt 1:06 vum Originalvideo u sinn déi selwecht Elementer wéi am Clip, deen aktuell verbreet gëtt, ze gesinn. Dat sinn z.B. eng Fra, déi mat engem Hond iwwer d’Strooss geet, eng Rout Luucht an eng kleng Reklamm, och mat dem Portrait vum Roseanne Park, am Hannergrond op Buedemhéicht. De Verglach ass ënnen duergestallt:

RTL

Duerno schwenkt d’Videokamera no uewen a filmt d’Gebai vun Tiffany, dat voll mat Reklammen ass. Ofgesi vun dem manipuléierte Plakat mat der Opschrëft “No Zelensky, no war” stëmmen all aner Reklammen an Elementer vum Originalclip mat deenen am gefälschten Extrait iwwereneen:

RTL

Änlech “NYC Walking Tour”-Videoe vum Summer 2021 (z.B. hei, hei, hei an hei) dokumentéieren och, dass sech d’Gerüst mat der Tiffany-Reklamm un dem Gebai dru war – awer keen Anti-Selenskyj-Plakat.

Keng Gerüster oder Plakater um Gebai zum Zäitpunkt vun der Verëffentlichung vum manipuléierte Video


Medienberichten
no gouf de Flagshipstore vun Tiffany a Manhattan vun 2019 bis Abrëll 2023 renovéiert. An der StreetView-Optioun vu Google Maps ass ze gesinn, dass d’Gebai an de Joren 2021 (Link hei archivéiert) an 2022 (Link hei archivéiert) tatsächlech vun enger Stee ëmgi war.

Engem Pressecommuniqué vun Tiffany no gouf d’Reouverture vum Buttek de 27. Abrëll 2023 gefeiert, zwee Méint éier de manipuléierte Video eropgeluede gouf. Zu deem Zäitpunkt hu sech keng Gerüster oder Reklamme méi un der Fassad vum Gebai befonnt. Dat gouf och op enger AFP-Foto vum 26. Abrëll 2023 dokumentéiert:

RTL
AFP / KENA BETANCUR

Op YouTube gëtt et Videoen, déi weisen, dass am Abrëll 2023 (Link hei archivéiert) just nach Reschter vum Baugerüst um Buedem ze gesi waren. Am Mee 2023 (Link hei archivéiert) ware guer keng Gerüster oder Plakater méi um Gebai.

RTL

Den 29. Juni 2023, den Dag, un deem de manipuléierte Video a sozialen Netzwierker an Ëmlaf bruecht gouf, koum et zu engem klenge Brand am ënneschten Deel vum Bauwierk (hei an hei). Aus Loftbiller vun der Zeen (Link hei archivéiert) geet ervir, dass et zu dësem Zäitpunkt keng Baugerüster oder Reklamme um Gebai gouf.

Fazit: De gedeelte Clip mat engem angeeblechen Anti-Selenskyj-Plakat zu New York ass manipuléiert. Am Originalvideo, dee schonn 2021 op YouTube eropgeluede gouf, ass eng aner Reklamm ze gesinn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.