Scroll Top

Faktencheck: Vill Falschmeldungen a sozialen Netzwierker am Kader vum aktuelle Israel-Palästina-Konflikt

Faktencheck: Vill Falschmeldungen a sozialen Netzwierker am Kader vum aktuelle Israel-Palästina-Konflikt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© AFP Archivbild

Vu Fake-Konten, déi sech als Journalisten ausginn, bis zu Krichscomputerspiller, déi Wouerechte verdréinen: Tech-Plattforme kämpfe mat engem Tsunami u Falschinformatioune ronderëm de Konflikt am Noen Osten tëscht Israel an de Palestinenser, nodeem se hir Mesurë fir d’Moderatioun vum Contenu zeréckgezunn hunn.

Feelinformatiounen hu sech wärend dem Konflikt tëscht Israel an der Hamas online verbreet, wéi d’AFP schonn e puer Mol ënnersicht huet, zum Beispill hei, hei, hei an hei.

Grouss Evenementer op der Welt léisen dacks eng Flut u Falschmeldungen aus. Mee Fuerscher soen, dass d’Ausmooss an d’Vitess vun der Verbreedung vu Feelinformatiounen no dem déidlechen Ugrëff vun der radikalislamistescher Palestinenserorganisatioun Hamas op Israel de Weekend vum 7. an 8. Oktober 2023 eenzegaarteg gewiescht wär.

De Konflikt géif en däischtert Beispill vun de manner staarke Kapazitéite vu prominente Plattforme wéi Facebook (vu Meta) an X, fréier Twitter, weisen, fir Falschinformatiounen ze bekämpfen. E Klima vun Entloossungen a Käschteminimiséierung hätt d’Sécherheetsekippen an d’Vertrauen ausgehielegt, sou d’Fuerscher. Virun allem bei X, dat dem Elon Musk gehéiert, verschäerft sech de Problem duerch eng Rei ëmstridde Mesurë wéi d’Neeshierstelle vu Konten, déi falsch Konspiratiounstheorië verbreeden, oder e Programm fir d’Verdeele vu Reklamme mat Content-Creator, dat Fuerscherinnen a Fuerscher no Ureizer fir héich Interaktiounszuelen, awer net fir Prezisioun schafe géif.

Expertinnen an Experte fäerten, dës Mesurë kéinten de Risiko erhéijen, dass Feelinformatiounen an der wierklecher Welt Schued uriichten an Haass a Gewalt produzéieren – besonnesch a sech séier entwéckelende Krisenzenarien, wéi deem an Israel an der Gazasträif.

“Sozial Medieplattformen hu Méi, mat der stänneger Flut u Feelinformatiounen an Opriff zu Gewalt matzehalen”, sot den Andy Carvin vum Digital Forensic Research Lab (DFRLab) vum Atlantic Council, enger Public Policy Denkfabrik zu Washington, USA, géintiwwer der AFP.

“Et ass en Trend, dee sech schonn zënter enger Zäit ofzeechent, an en huet sech duerch d’Entloossunge vu Vertrauens- a Sécherheetsekippen nëmmen nach verschlëmmert, wat hir Fäegkeet, mat dem Chaos Schratt ze halen, beanträchtegt”, sou de Carvin.

“An am Fall vun X hunn d’Ännerungen un der Plattform eng vun hire gréisste Stäerke komplett zerstéiert – d’Iwwerwaachung vu Breaking News an d’Ënnerstëtzung vun den Notzerinnen an Notzer bei der Ënnerscheedung vu Fakten a Fiktioun”, sot de Carvin.

“Flut vu Bedréier”

Notzerinnen an Notzer vu sozialen Netzwierker gi mat gefälschte Kampffotoen, ale Videoen aus Syrien, déi sou presentéiert ginn, wéi wa se aus der Gazasträif kéimen, an Opnamen aus Videospiller, déi als Kampfopnam vun der Hamas-Attack ausgi ginn, bombardéiert, sou d’Desinformatiounsfuerscherinnen a -fuerscher.

E Bild, dat am Internet am Ëmlaf war, huet wuel israeelesch Zaldote gewisen, déi vun der Hamas gefaange geholl goufen. D’AFP huet awer erausfonnt, dass dat Bild am Joer 2022 wärend enger Militärübung zu Gaza opgeholl gouf.

RTL © AFP

D’AFP huet och eng Rëtsch Bäitrag op X, Facebook an TikTok fonnt, déi en angeeblech vum Wäissen Haus gefälscht Dokument gewisen hunn, an deem Israel 8 Milliarden Dollar u Militärhëllef zougesprach goufen.

“Déi grouss Quantitéit u manipuléierten, gefälschten, ale Videoen a Biller vun Attacken, déi (online) am Ëmlaf sinn, mécht et méi schwiereg ze verstoen, wat an Israel a Gaza lass ass”, sot den Alessandro Accorsi, e Senior Analyst bei der Denkfabrik Crisis Group.

Den Accorsi huet “grouss Bedenke” geäussert, dass d’Feelinformatiounen, besonnesch gefälscht Biller vu Geiselen, dorënner och Kanner, d’Gewalt unheize kéinten.

“A Krise wéi terroristeschen, grujelegen Doten, Kricher an Naturkatastrophen tendéieren d’Mënschen dozou, sech op Social-Media-Plattformen ze stierzen, fir séier gutt zougänglech Informatiounen ze kréien”, sot den Imran Ahmed, Geschäftsféierer vum Center for Countering Digital Hate, géintiwwer der AFP.

“(Awer) d’Flut vu Bedréier, déi Ligen an Haass verbreeden, fir Online-Interaktiounen an Unhänger ze gewannen, kombinéiert mat Algorithmen, déi dës extreem a beonrouegend Inhalter fërderen, ass de Grond, firwat Social Media tatsächlech sou eng schlecht Plaz ass, fir un zouverlässeg Informatiounen ze kommen.”

“Grondleeënd futti”

Dobäi kënnt, dass et sou ausgesäit, wéi wann Tech-Entreprisen hir Beméiunge fir d’Verbesserung vun der Informatiounsqualitéit géingen opginn.

D’Unzuel u Persounen, déi iwwer sozial Netzwierker wéi Facebook oder X op Noriichtesäite kommen, ass am Laf vum leschte Joer dramatesch zeréckgaangen. Dat weisen Donnéeë vun der Maartfuerschungsentreprise Similarweb, déi an US-Medien zitéiert goufen.

Ufank Oktober 2023 huet X decidéiert, Links an Zukunft just nach als Biller an ouni Titel unzeweisen, eng Verännerung, déi Experten no d’Visiteurszuele vun Noriichtesäiten nach weider reduzéiere kéint.

De Musk selwer huet dofir hefteg Kritik kritt, wéi hie seng bal 160 Millioune Follower op X opgefuerdert huet, zwee “gudde” Konten ze followen, fir sech iwwer de Krich ze informéieren – béid Konte sinn als Verbreeder vu Feelinformatioune bekannt.

RTL © AFP

De Musk huet säi Bäitrag zwar spéider nees geläscht, mee dee gouf bis dohin awer milliounefach gesinn. X huet net op eng Ufro vun der AFP no engem Kommentar reagéiert.

“Obwuel et ëmmer nach eng grouss Zuel un talentéierte Journalisten a Fuerscher gëtt, déi X notzen, fir der Ëffentlechkeet ze hëllefen, besser ze verstoen, wat vir sech geet, ass d’Signal-Rausch-Verhältnis net méi ze erdroen”, sot de Carvin vun DRFLab.

“Den Notzen als zouverlässegt Instrument fir Recherche a Berichterstattung ass grondleeënd futti a wäert sech méiglecherweis ni méi erhuelen.”

Dësen Artikel ass eng Iwwersetzung vun engem engleschsproochegen Artikel vum Anuj Chopra, AFP-Korrespondent fir Desinformatioun zu Washington. Dësen Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.