Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Weltwirtschaftsforum wëll keng Hausdéieren am Kampf géint de Klimawandel ëmbrénge loossen

Faktencheck: Weltwirtschaftsforum wëll keng Hausdéieren am Kampf géint de Klimawandel ëmbrénge loossen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass ëmmer nees Zil vu Konspiratiounen a Falschinformatiounen. Mëtt Dezember 2022 huet sech am Internet eng Behaaptung verbreet, de WEF wéilt Hauskazen an Hënn schluechten, fir esou de Klimawandel ze bekämpfen. Dat sollen och e puer Medie matgedeelt hunn. Tatsächlech ass awer keng esou Fuerderung ze fannen, weder an de Publikatioune vum WEF, nach a Medieberichter. E Spriecher vum WEF huet d’Behaaptung géintiwwer der AFP och zeréckgewisen.

RTL

Facebook-Screenshot der Behauptung: 21.12.2022

 

Wat ass de Weltwirtschaftsforum?

De Weltwirtschaftsforum (WEF) beschreift sech op senger Internetsäit als international Organisatioun fir d’Fërderung vu Kooperatioun tëscht ëffentlechen a privaten Institutiounen. Ëmmer nees gëtt de WEF mat Konspiratiounen a Verbindung bruecht (z.B. hei, hei, hei). Och d’AFP huet scho Falschbehaaptunge widderluecht, no deenen de Grënner a President vum WEF, de Klaus Schwab, dovu geschwat soll hunn, Milliarde vu Mënschen ëmzebréngen.

De WEF fuerdert net, Hausdéieren ze schluechten

Schonn eng Stéchwuertsich huet keng passend Resultater iwwer d’Schluechte vun Hausdéieren, déi vum WEF ordonéiert gi wären, erbruecht. Och entspriechend Reaktiounen, beispillsweis duerch Déiereschutzorganisatiounen, sinn net ze fannen.

Bei enger Sich um Twitter-Profil vum WEF souwéi op Facebook sinn esou Ukënnegungen och net fonnt ginn. Am Oktober 2021 huet de WEF just e Video publizéiert, dee sech mat der positiven Auswierkunge vun Hausdéieren op d’psychesch Gesondheet vun de Besëtzer wärend der Corona-Pandemie beschäftegt huet. Am August 2019 huet de WEF e Video-Bäitrag iwwer d’Entwécklung vun insektebaséiertem Déierefudder verëffentlecht. Soou kéint déi ëmweltschiedlech Fleeschproduktioun verréngert ginn.

An an de Joren 2017, 2019 an 2020 huet de WEF just Artikel mat Bezuch iwwer d’Ëmweltauswierkunge vun Hausdéiere publizéiert. Doran heescht et, d’Bewosstsinn vum Ëmweltafloss duerch d’Fleeschproduktioun hätt verschidden Entreprisë souwéi Besëtzerinnen a Besëtzer dozou bruecht, d’Ernärung vun den Hausdéieren ze iwwerdenken, Portiounen ze reduzéieren oder vegetaresch Alternative virzezéien.

A kenger vun de Publikatiounen geet allerdéngs dovu rieds, Hausdéieren ze schluechten. Op Ufro vun der AFP huet e Spriecher vum WEF den 13. Dezember 2022 erkläert, d’Behaaptunge wäre falsch. “De WEF huet nach ni esou eng Ukënnegung ofginn.”

CNN a Bloomberg hunn däraarteg Berichter net propagéiert

D’Artikelen a Videoen, déi online am Ëmlaf sinn, behaapten och, d’Fuerderung vum WEF wär vu verschiddene Medien opgegraff ginn a verweisen dofir op Verëffentlechunge vu Bloomberg a CNN.

De Bloomberg-Artikel staamt vum Mäerz 2022 (den Artikel ass just mat engem Abonnement zougänglech, d’AFP huet en awer vollstänneg agesinn). Den Text setzt sech allerdéngs net mam Klimawandel auseneen, mee geet op d’Inflatioun an den USA an. An engem kuerzen Alinea erwäänt den Auteur d’Käschte fir d’gesondheetlech Versuergung vun Hausdéieren. Sou gëtt erkläert, dass “Fuerscher aus eethesche Grënn eigentlech keng Chemotherapie fir Hausdéiere recommandéieren”. Dës kéint bis zu 10.000 Dollar kaschten. D’Déier géif bei der Behandlung Niewewierkungen ausstoen, déi ganz vill Péng verursaachen, a géif de Risiko droen, och fir de Rescht vum Liewe wéizehunn.

En Artikel vum US-amerikanesche Sender CNN vum September 2022 diskutéiert den CO2-Foussofdrock vu Kazen- an Hondsfudder a verweist dofir op eng Etüd aus dem Joer 2017.

An deem Text heescht et, dass “Hausdéieren e miessbare positiven Afloss op eis kierperlech Gesondheet an eist geeschtegt Wuelbefannen hunn”. Generell hätte grouss Hausdéieren awer eng gréisser Ëmweltbelaaschtung wéi méi kleng, virun allem duerch déi gréisser Quantitéit un Narung, déi néideg ass. Dohier réit den Artikel beispillsweis méi kleng Hondsrassen ze halen. En Chihuahua hätt deemno e méi klengen CO2-Foussofdrock wéi e Bernhardiner.

Béid Artikele bezéie sech allerdéngs net op de WEF oder roden dozou, Hausdéieren ze schluechten oder stierwen ze loossen. Am CNN-Artikel heescht et souguer: “Awer keng Panik. Sech vu senge beschte Frënn ze verabschiden, ass net d’Léisung.”

Eng Rei Faktenchecke vu USA Today an Associated Press hunn déi angeeblech Behaaptung iwwer d’Schluechte vun Hausdéieren och als falsch bewäert. D’Faktencheckorganisatioun PolitiFact huet och mat enger Rei Déiererechtsorganisatioune souwéi dem Auteur vun der Etüd, déi am Artikel vu CNN genannt gouf, geschwat. Dësen huet d’Behaaptungen als “lächerlech” bezeechent.

Och aner Konspiratiounen, déi an de Blog-Artikelen, déi am Internet am Ëmlaf sinn, genannt goufen, huet d’AFP an der Vergaangenheet ënnersicht, z.B. Behaaptungen iwwer d’Iesse vun Insekten oder angeebleche Pläng vun der Entvëlkerung.

D’Behaaptungen iwwer déi brittesch Schauspillerin Emma Thompson bezéie sech op eng Ausso, déi si am Joer 2019 gemaach huet. E puer Medien hunn deemools bericht, d’Thompson hätt wärend engem Ëmweltprotest vun der Grupp “Extinction Rebellion” eng Wiederprevisioun ofginn, déi hirer Fantasie entspronge wär. Eng Opnam vun der Wiederprevisioun vum Emma Thompson ass op der Websäit vun der brittescher Zeitung “Evening Standard” ze fannen. Dora seet d’Schauspillerin, d’Mënsche sollte sech waarm undoen, Reserve fir Liewensmëttel uleeën an dorun denken, dass dat duerchschnëttlecht Hausdéier vill Protein enthale géif. Kazen an Hënn ze iessen, dozou rifft si allerdéngs net op.

Fazit: De WEF huet keng Fuerderunge verëffentlecht, no deene Mënschen hir Hausdéieren zugonschte vun der Andämmung vum Klimawandel schluechte sollten. Och d’Medie CNN a Bloomberg hunn net dozou opgefuerdert. Souwuel de WEF wéi och CNN hunn just Artikelen iwwer den Afloss vun Hausdéieren op d’CO2-Emissioune verëffentlecht.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.