Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Wëll d’EU-Kommissioun mat zwee neie Reglementer “d’Populatioun kontrolléieren”?

Faktencheck: Wëll d'EU-Kommissioun mat zwee neie Reglementer "d'Populatioun kontrolléieren"? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Europäesch Kommissioun huet zwee Reglementer op de Wee bruecht, fir d’EU fit fir déi digital Zukunft ze maachen. Unhänger vu Verschwörungstheorië gesinn doran de Versuch vun der ieweschter EU-Institutioun, d’Bierger an Zukunft duerch Chippen, déi ageplanzt ginn, ze kontrolléieren.

D’Propose vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen iwwer d’Hierstelle vun elektroneschen Chippen an e Virschlag fir e Reglement iwwer en europäesche System fir en digitale Portefeuille gi vun Internetnotzer als Beweis dofir interpretéiert, dass d’EU “d’Populatioun kontrolléiere” wéilt. A Wierklechkeet huet den Entworf vum Gesetz fir “Halbleiter” als Zil, déi europäesch Produktioun vu Baudeeler ze erhéijen, déi fir vill Beräicher vum deegleche Liewen noutwenneg sinn. Dobäi geet net rieds vun der Implantatioun vun Chippe bei Mënschen. Doriwwer eraus enthält den Entworf vun engem europäeschen digitalen Identifikatiounssystem am Moment weder eng Limitatioune fir den Zougank zu bestëmmten Online-Déngschter nach eng Besteierung vun CO2-Zertifikater.

“Elektronesch Muechtergräifung iwwer de Kierper: D’Ursula #vonderLeyen an d’#EU-Bürokrate bereede sech dorop vir, 2023 en elektroneschen Chip fir d’Bierger anzeféieren an op de Wee vum chineesesche Sozialkreditsystem ze goen”, heescht et an engem Tweet, deen zënter Enn Dezember 2022 méi wéi 800 Mol gedeelt gouf.

An engem weideren Twitter-Thread gëtt de rumäneschen Europadeputéierte Cristian Terhes zitéiert, deen “opgedeckt” soll hunn, dass “op europäeschem Niveau e System nom Virbild vum chineesesche Sozialkredit an Aarbecht ass”. Hie schwätzt hei vum Projet fir en digitalen europäeschen Identifikatiounssystem (eID), deen hie mam kontroverse System a China vergläicht. De System bewäert do d’Populatioun an Entreprisë mat gudden a schlechte Punkte jee no hirem Behuelen.

Den Internetnotzer no soll de Cristian Terhes och de Gesetzentworf fir elektronesch Chippen (EU Chips Act) erwäänt a gesot hunn, dass mat deenen zwee kombinéierte Systemer, Chippe fir Bierger an eID, “d’Kontroll iwwer d’Bevëlkerung garantéiert ass”. Am Thread ginn nach eng Rei Links ernimmt, déi dës Behaaptungen ënnerstëtze sollen.

Dee selwechten Text gouf och op Telegram souwéi op Facebook a Frankräich an an der Belsch propagéiert.

RTL Capture d'écran réalisée sur Facebook le 14/02/2023

RTL Capture d'écran réalisée sur Twitter le 14/02/2023

A Wierklechkeet ginn an dësem Text zwee komplett ënnerschiddlech EU-Projete matenee vermëscht. Dat eent ass den EU Chips Act, mat deem déi europäesch Produktioun vun “Halbleiter” a Mikrochippen erhéicht soll ginn, déi a ville Beräicher wéi der Autosindustrie, der Hierstellung vun Telefonen oder Computeren asw. benotzt ginn.

Deen anere Projet betrëfft d’Aféiere vun enger europäescher elektronescher Identifizéierung, der eID, déi et den europäesche Bierger erméigleche soll, hir Donnéeën iwwer en digitale Portefeuille (European Wallet) ze zentraliséieren an an alle Memberlänner op bestëmmt Online-Déngschter zeréckzegräifen.

Am Géigesaz dozou, wat an de Publikatiounen, déi hei ënnersicht ginn, behaapt gëtt, sinn an den Texter iwwer d’eID am Moment keng Zouganksbeschränkung oder CO2-Zertifikater virgesinn.

Wat huet de Cristian Terhes wierklech gesot?

De rumäneschen Europadeputéierte Cristian Terhes ass Member vun der Mëtt-Riets-Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (EKR).

Den éischten Deel vu sengen Äusserungen, déi him vun Internetnotzer zougeschriwwe ginn, ass op der Websäit vum rumänesche Sender Antena 3 an engem Artikel vum 21. Januar 2022 mam Titel “Deputéierte Cristian Terhes behaapt, dass d’EU en nach méi schlëmme Restriktiounsplang preparéiert wéi de gréngen Zertifikat” ze fannen. Mam “gréngen Zertifikat” ass den digitale Covid-Zertifikat vun der EU gemengt.

Den Artikel zitéiert en Interview vum Europadeputéierten an enger Sendung vum Sender Subjectiv, an där de Cristian Terhes sot, dass “op europäeschem Niveau aktuell e System opgebaut gëtt, deen deem a China mat Sozialkreditter änlech ass, opgebaut gëtt”.

Hei fënnt een och den éischten Deel vum Zitat, dat dem Cristian Terhes vun Internetnotzer zougeschriwwe gëtt: “Ech selwer schaffen un engem änlechen Dossier am Europäesche Parlament wat d’eID (European Identification) betrëfft, bei deem all Persoun an der EU eng Identifikatiounsnummer, déi aus Zuelen a Buschtawe besteet, huet, déi Dir fir de Rescht vun hirem Liewe behale wäert, a mat dëser Nummer kënnt Dir bestëmmt Saache maachen oder net maachen. Zum Beispill gëtt Iech en CO2-Emissiounstaux zougewisen a mat dëser eID kënnt Dir Iech online, op sozialen Netzwierker an op Ärem Bankkont aloggen.”

Dogéint gëtt an dem Artikel net op de weideren Text agaangen, deen hei ënnersicht gëtt, an deem et ëm d’europäesch Politik am Beräich vun elektroneschen Chippe geet.

Och am Videoextrait vum Interview, deen am Artikel integréiert ass, schwätzt de Cristian Terhes och net iwwer déi europäesch Chip-Politik. Och bei der Sich no Stéchwierder op Franséisch, Englesch a Rumänesch ware keng esou Äusserunge vum Europadeputéierten ze fannen.

Europa wëll d’Produktioun vun elektroneschen Chippe fir d’Industrie erhéijen, net fir d’Mënschen

“D’Ursula #vonderLeyen a d’#EU-Burokrate bereede ech op d’Aféiere vun engem elektroneschen Chip fir d’Populatioun am Joer 2023 vir”, behaapten d’Internetnotzer. Hinnen no hätt d’Erhéijung vun Chippen an Europa, déi um héchste Stand vun der Technologie sinn, als Zil “d’Populatioun ze kontrolléieren”.

Dës Theorie vun engem angeebleche geheime Projet vun Elitten, fir d’Bevëlkerung ze “péngegen” an ze kontrolléieren, kënnt ëmmer nees an de Sphäre vu Konspiratiounen op a gouf vun der AFP hei an hei schonn iwwerpréift.

Op hirer Internetsäit erkläert d’Europäesch Kommissioun, dass Chippen, déi och als “Halbleiter” bezeechent ginn, de Pilier vun allen elektronesche Produite sinn. Se spillen eng zentral Roll an eise modernen Ekonomien an an eisem deegleche Liewen.”

“Déi jéngst weltwäit Verknappung vun Chippen huet d’Liwwerkette gestéiert, zu Verknappunge vu Produite geféiert, vum Auto bis bei Medikamenter, an an e puer Fäll hu souguer Fabricke mussen zougemaach ginn”, sou d’Kommissioun weider.

Den Text, deen hei iwwerpréift gëtt, baséiert op zwou verschiddene Riede vun der Ursula von der Leyen. De Begrëff “europäeschen Hightech-Ekosystem” staamt aus hirer Ried zur Lag vun der Unioun am Joer 2021, wéi d’Internetnotzer preziséieren.

Deemools huet d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun den neien “European Chips Act” virgestallt, mat deem “zesummen e féierenden europäeschen Ekosystem fir elektronesch Chippen, d’Produktioun inclus, geschaaft soll ginn. Dat wäert eis Versuergungssécherheet assuréieren an d’Erschléisse vun neie Mäert fir europäesch Spëtzentechnologie erméiglechen”, sot d’Ursula von der Leyen, déi d’Nëtzlechkeet vun dëse “klengen Chippen, vun deenen esou vill ofhänkt: Smartphonen, elektresch Scooteren, Zich oder komplett intelligent Fabricke” verdeedegt huet.

Am éischte Link, deen an de Publikatiounen, déi hei ënnersicht ginn, ernimmt gëtt, erwäänt d’Europäesch Kommissioun dës Ried an erënnert dorun, dass “Halbleiter” “déi wesentlech Bestanddeeler vun digitale Produkter sinn, déi mir permanent benotzen, ob dat Smartphones, Computeren, Haushaltsgeräter, liewenswichteg medezinesch Geräter, Kommunikatioun, Energie, industriell Automatiséierung asw.” ass. Weder dësen nach de follgende Link, deen op eng Säit vun der Kommissioun iwwer den EU Chips Act verweist, ernimmen Chippen, déi Mënschen implantéiert ginn.

Weider Aussoen an de Publikatioune stamen aus enger Ried, déi spéider den 20. Januar 2022 um Wirtschaftsforum zu Davos virgedroe goufen. An enger extraordinärer Usprooch um Forum huet d’Ursula von der Leyen erkläert: “De Bedarf vun Europa un elektroneschen Chippe wäert sech an den nächsten zéng Joer verduebelen. Dowéinst musse mir den Niveau vun der Entwécklung, der Hierstellung an der Notzung vun dëser Schlësseltechnologie an Europa radikal steigeren.”

D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun huet an hirer Ried – déi hei vollstänneg opgeruff ka ginn – ausféierlech op d’Bedeitung vu Mikrochippen an “Halbleiter” fir déi modern Technik higewisen – an net op déi vermeintlech “elektronesch Besëtzergräifung vu Kierper”: “Haut hu mir Mikrochippen net just an eise Computeren an Telefonen, mee och an eisen Autoen, an eisen Heizungen, an eise Klinicken an an eisen Otemapparater. Et gëtt keng Digitaliséierung ouni Chippen”, sot si.

“Déi meescht vun eisen Approvisionnementer stame vun e puer wéinege Produzente baussent Europa, an dat ass eng Ofhängegkeet an Onsécherheet, déi mir eis net leeschte kënnen. Dowéinst solle bis 2030 20 Prozent vun der Mikrochip-Produktioun an Europa produzéiert ginn”, sou d’Ursula von der Leyen.

E puer Woche méi spéit am Februar 2022 huet d’Europäesch Kommissioun hire Plang iwwer 43 Milliarden Euro fir d’Produktioun vun “Halbleiter” an Europa virgeluecht, mat deem den Undeel vun Europa un der weltwäiter Produktioun vun “Halbleiter” vun aktuell ënner 10 Prozent erhéicht gi soll.

Zënter 2020 gëtt et weltwäit e Mangel un “Halbleiter”, an d’Liwwerketten ass immens ufälleg fir Evenementer wéi d’Covid-19-Pandemie, wéi d’Europäescht Parlament op senger Internetsäit erkläert.

Den 23. Januar 2023 huet d’Industriekommissioun vum Europäesche Parlament de Mesurëpak, dee vun der EU-Kommissioun virgeschloe gouf, ugeholl. Domat kënnen d’Verhandlunge mam Europäesche Rot fir d’Unhuele vum Reglement ufänken.

Et handelt sech ëm Chippen, déi den europäesche Bierger ab dësem Joer sollen ageplanzt ginn, fir si ze “kontrolléieren”, mee ëm wäertvoll Baudeeler, déi a ville Beräicher zum Asaz kommen.

“Et gëtt kee Plang”, Chippe bei de Bierger ze implementéieren, sot e Spriecher vun der Europäescher Kommissioun géintiwwer der AFP an engem Interview vum 17. Februar 2023.

Zwee weider Links, déi vun Internetnotzer gedeelt goufen, verweisen op zwee Artikelen, vun deene sech ee mam amerikaneschen Equivalent vum EU Chips Act an deen anere mat den Auswierkunge vum EU Chips Act op d’Innovatioun an Europa beschäftegt. De leschten Artikel erwäänt Fuerschungen iwwer neuromorpheen Informatik, déi sech un der Funktiounsweis vum Gehier inspiréiert, awer et handelt sech ëm eng privat Initiativ, déi net dorop aus ass, Chippen an d’Gehier vun enger Persoun ze implantéieren.

Keng CO2-Quoten an aktueller Versioun iwwer digital Identitéit virgesinn

Dem Cristian Terhes no änelt de Projet vun der Europäescher Unioun iwwer digital Identitéit dem chineesesche Sozialkreditsystem.

De Cristian Terhes stellt eng Änlechkeet mam Projet fir digital Identitéit (eID) vun der Europäescher Unioun hier, mat deem e perséinlechen digitale Portefeuille kreéiert soll ginn, deen et den EU-Bierger an Awunner erméiglecht, hir perséinlech Donnéeën op enger eenzeger Plaz ze sammelen an iwwer eng eenzeg Identifikatioun op ëffentlech a privat Online-Déngschter wéi Bankkonten, Fluch- oder Hotelreservatiounen zougräifen ze kënnen.

An der Belsch gëtt et schonn en änleche System, deen et de Bierger a Residenten erméiglecht, eng Rei vun administrativen Demarchen online duerchzeféieren.

De Cristian Terhes ass Rapporteur pour avis vun der Kommissioun fir Biergerfräiheeten, Justiz a bannescht Affären zum Sujet eID, dat heescht hie gouf vun dëser Kommissioun mam Ausschaffe vun engem Rapport fir dëse Gesetzentworf beoptraagt.

Dësen Entworf fir e Reglement gouf vun der Europäescher Kommissioun am Juni 2021 virgeluecht an huet als Zil, d’Veruerdnung, déi 2014 iwwer den europäesche Kader fir digital Identitéit ugeholl gouf, ze modifiéieren.

Den 9. Februar 2023 hunn d’Membere vun der Kommissioun fir Industrie, Fuerschung an Energie vum Europäesche Parlament gréng Luucht fir d’Entaméiere vun interinstitutionelle Verhandlunge ginn, déi finalement zum Unhuele vun dësem Reglement féiere sollen, wat “warscheinlech Enn vun dësem Joer” de Fall wäert sinn, esou eng europäesch Quell, déi vun der AFP den 3. Februar 2023 befrot gouf.

Eng Kéier ugeholl, wäert dëst Reglement – am Géigesaz zu enger Direktiv – fir d’Memberlänner vun der Europäescher Unioun obligatoresch sinn.

Allerdéngs, wéi d’Parlament preziséiert, “wäert d’Benotze vun dësem europäesche Portefeuille fräiwëlleg sinn”, an d’Deputéiert wëllen “all differenzéiert Behandlung vu Bierger, déi sech géint d’Benotze vun dësem Instrument entscheeden, verbidden.”

D’Texter zur eID sinn online fräi zougänglech. Bis de 17. Februar 2023 gouf keng Aféierung vun enger CO2-Emissiounsquot oder der geplangter Limitéierung zu bestëmmten Déngschtleeschtunge wéi sozialen Netzwierker oder Bankkonte fir d’Bierger ernimmt.

Et handelt sech also zum aktuellen Zäitpunkt net ëm e System, dee mat dem “chineesesche Sozialkredit” ze vergläichen ass. En Ausdrock, deen op eng Initiativ vun der chineesescher Regierung verweist, déi zënter enger Rei Joren op lokalem Niveau e System vu “gudden a schlechte Punkte” fir d’Bierger an d’Entreprisen test.

“Et gëtt keen europäesche Projet”, deen de Bierger den Zougank zu bestëmmten Online-Déngschter verhënnere soll, sot e Spriecher vun der Europäescher Kommissioun de 17. Februar 2023 géintiwwer der AFP.

“D’Bierger kréien e perséinlechen digitale Portefeuille op hire Mobiltelefon, mat deem si digital Donnéeën an Dokumenter wéi en digitale Fürerschäin identifizéieren an deele kënnen. Déi nei europäesch digital Pabeiere wäerten et allen Europäer erméiglechen, op Online-Déngschter zouzegräifen, ouni privat Identifizéierungsmethode benotzen oder onnéideg perséinlech Donnéeë musse weiderzeginn. Mat dëser Léisung hu si déi voll Kontroll iwwer d’Donnéeën, déi si deelen”, huet de Johannes Bahrke bäigefüügt.

De Spriecher vun der Europäescher Kommissioun sot och nach, dass “an den eID-Texter net vun CO2-Zertifikater fir d’Bierger rieds geet.”

RTL La présidente de la Commission européenne, Ursula von der Leyen, lors d'une session plénière au Parlement européen à Strasbourg, le 15 février 2023. ( AFP / Frederick FLORIN)

An der Theorie kéint esou een digitale Portefeuille vun e puer Staate genotzt ginn, fir Bierger ze erfaassen oder hinnen den Zougank zu bestëmmten Déngschtleeschtunge ze verspären, erkläert d’Claire Levallois-Barth, Coordinatrice vum Léierstull fir Wäerter a Richtlinne fir perséinlech Informatiounen um Institut Mines-Télécom zu Paräis. “Theoreetesch an technesch wär et méiglech, dëst Instrument ze mëssbrauchen, fir CO2-Quoten ze imposéieren oder een zeréckzeverfollegen”, sot si der AFP de 14. Februar 2023. Dat wär awer “an den aktuellen Texter net virgesinn” a “géif dem RGPD – dem generelle Reglement fir Dateschutz – an der Europäescher Charta fir Grondrechter widderspriechen“, huet si betount.

Doriwwer eraus géif dëst Instrument net vun der Europäescher Unioun, mee vun de Memberstaate bereetgestallt, huet d’Claire Levallois-Barth erkläert. “D’Europäesch Unioun ass net fir d’Identitéit zoustänneg. All Memberstaat ass dofir verantwortlech, e Portefeuille zur Verfügung ze stellen oder enger Entreprise d’Geneemegung dofir ze ginn”. Wéi et an der Belsch vun der Privatentreprise Itsme gemaach gëtt.

“Mir brauchen eng Identifizéierung op europäeschem Niveau”, huet den Etienne Wéry, Affekot fir Technologie-Droit, gemengt an erkläert, dass esou ee System d’Demarchen vereinfache géif, wa beispillsweis eng Hospitalisatioun an engem aneren EU-Memberstaat néideg gëtt.

“A ville Länner gëtt et Systemer mat nationalen Identifikatiounsnummeren, fir beispillsweis Zougank zu der Sozialversécherung ze kréien”, huet hien der AFP den 13. Februar 2023 erkläert. “Awer et ass e leeschtungsfäegen Outil, mat deem d’Informatioune vun enger Persoun ganz einfach openeen ofgestëmmt kënne ginn. Aus dësem Grond kann déi national Identifikatioun an de meeschten europäesche Länner net vun den Entreprisen, mee just vun den Autoritéiten, wann och mat Limitten, benotzt ginn.”

Wärend “an der Theorie” d’Aféierung vun CO2-Quote mat dëser Technologie méiglech wär, “hunn ech keng Kenntnis vun dësem politesche Wëllen”, huet den Etienne Wéry bäigefüügt.

Wéi aner Perséinlechkeete wéi de Bill Gates oder de Klaus Schwab steet och d’Ursula von der Leyen am Zentrum vu Falschinformatiounen. E puer dovu goufe vun der AFP iwwerpréift (hei, hei, hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.