Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Net just bei Corona: Impfung: Géint Krankheet schützen oder eis muttwëlleg ëmbréngen?

Net just bei Corona: Impfung: Géint Krankheet schützen oder eis muttwëlleg ëmbréngen? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Grad ëm d’Impfunge ginn et ëmmer nees déi wëllsten Theorien. An och, wa se quasi all scho widderluecht konnte ginn, hale se sech awer haartnäckeg.

Ëmmer nees héiert ee vu Leit dobaussen oder liest een am Internet déi wëllsten, kuriéisten a verschiddensten Theorien. Iwwert de Summer gräife mer bei RTL.lu déi bekanntste Verschwörungstheorien aus de verschiddenste Beräicher op, probéieren z’erklären, u wat d’Supporter vun den eenzelen Theorië gleewen, a setzen deem wëssenschaftlech Erklärungen a Fakten entgéint.

Wou kënnt d’Angscht virun der Impfung hier?

1998 huet den Dokter Andrew Jeremy Wakefield am medezinesche Fachmagasinn “The Lancet” en Artikel publizéiert, deen an der Fachwelt an och beim Public fir vill Opreegung gesuergt huet. A sengem Schreiwes ass hien op 12 Fäll agaangen, wou hien iwwerzeegt war, datt MMR-Kombinatiounsvaccinen, déi ënner anerem géint Mumps oder Riedelen agesat ginn, bei de Kanner zu Autismus gefouert hunn. Dësen Artikel huet dofir gesuergt, datt a Groussbritannien a spéider och weltwäit däitlech manner Leit sech an hir Kanner impfe gelooss hunn.

No Kritik un der Methodik an dem Widderleeë vum Wakefield sengen Aussoe gouf den Artikel aus dem Magasinn zeréckgezunn, an awer hält sech dës Theorie nach ëmmer an de Käpp vun de Supporter an am Internet. Dowéinst gëtt den Andrew Wakefield och nach gären als “Papp vun allen Impfgéigner” bezeechent, och wann et scho virun dëser Publikatioun Leit gouf, déi sech géint Impfunge gewiert hunn.

Angscht virun der Impfung: E grousst Thema (och wärend Corona)

D’Publikatioun vum Wakefield huet dozou gefouert, datt nach méi Leit Angscht virun der Impfung kruten oder reegelrecht zu Impfgéigner gi sinn. Si hu sech selwer awer och hir Kanner net impfe gelooss an och probéiert, mat hirem angeebleche Wëssen iwwert d’Impfungen hir Matmënschen ze iwwerzeegen, sech net impfen ze loossen.

E groussen an éischter trauregen Héichpunkt hat dës “Beweegung” dann 2020 an 2021, wou d’Covid-Pandemie an déi fir vill Leit vill ze vill séier hiergestallte Corona-Impfungen Héichkonjunktur haten. Aus dem “Impfunge kënne krank maachen” oder “Impfunge kënne schwéier Niewewierkungen hunn” gouf dann an den extreem Fäll och “mRNA-Vaccine veränneren eis DNA“, “Impfunge sollen d’Mënschheet ëmbréngen” oder “mat Impfunge soll d’Populatioun kontrolléiert ginn“. Ënner anerem stoung de Bill Gates nieft anere Vertrieder vun den Elitten am Generalverdacht, datt hie mat den Impfunge Leit wéilt en Chip aplanzen, fir Muecht iwwer si ze hunn, an dofir de Coronavirus erschaf hätt.

RTLE Plakat op der Manif géint d’Coronamesuren de 4. Dezember 2021 um Glacis. / © Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

Fir verschidde Mënschen, déi an deene Méint op d’Strooss gaange sinn a protestéiert oder sech esouguer radikaliséiert hunn, war och kloer, datt si keng Impfung brauchen, well et de Coronavirus guer net gëtt.

Grad an de soziale Medien, a Bloggen an iwwer Video-Plattformen hu sech dës Theorië ganz séier verbreet a selwer ernannten Experten op de Plang geruff. A villen europäesche Länner hu si dann och zu Protester, zu Lëtzebuerg ënner anerem d'”Marche blanchen”, opgeruff, un deenen nieft de Corona-Leugner och vill Rietsextremer, Géigner vum Ausbau vun den Handynetzer an aner Veronsécherter deelgeholl hunn.

Mat Impfunge Krankheete mat schwéieren an deels déidlechem Verlaf an de Grëff kréien

Wéi mer schonn opgezielt hunn, ginn et vill verschidde Verschwörungstheorië ronderëm déi eenzel Vaccinen. Dës Theorië sinn dann och zum Deel Schold drun, datt duerch de Manktem vun der Bereetschaft, sech impfen ze loossen, an der Populatioun sech d’Krankheeten net ausrotte loossen oder deels déidlech Krankheeten, déi ee scho gemengt hat, ausgerott ze hunn, nees optauchen. Dëst confirméieren d’Dokter Judith Hübschen an hir Mataarbechterin Lisa Hefele, déi am Luxembourg Institute of Health fuerschen. Si ginn e rezent Beispill aus dem Grand-Duché: 2019 koum et zu engem Ausbroch vu Riedelen an enger Schoul zu Lëtzebuerg. Ausgangspunkt war deemools e Kand, wat net geimpft war. “Glécklecherweis konnt den Ausbroch séier op en Enn bruecht an eng Verbreedung vun der Krankheet verhënnert ginn“, esou d’Expertinnen an hirer Äntwert. Dëst wier awer e gutt Beispill, datt och zu Lëtzebuerg Lächer am Impfschema dofir suerge kënnen, datt Krankheeten, wou ee gemengt huet, se ënner Kontroll ze hunn, nees optauchen. Wat also den Undeel un ongeimpfte Leit an enger Populatioun méi grouss ass, wat de Risiko, datt viséiert Krankheeten nees ausbriechen a sech verbreeden, och méi grouss gëtt. Leit, déi net geimpft sinn, setzen also net just sech enger Gefor aus, mä och aner Leit, wéi zum Beispill Persounen, déi aus medezinesche Grënn net geimpft dierfe ginn.

Leider, esou déi zwou Expertinnen, huet d’Corona-Pandemie a ville Länner dozou gefouert, datt d’Zoustëmmung fir Impfprogrammer nogelooss huet an dëst schrauft d’Gefor, datt u sech Krankheeten, déi verhënnert kënne ginn, nees ausbrieche kéinten, däitlech erop.

RTLEng Persoun bei enger Impfung géint de Coronavirus den 18. Januar 2021 am Impfzenter an der Victor Hugo Hal an der Stad. / © Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

D’Fuerscherinnen aus dem LIH confirméieren, datt et bei verschiddene Leit, wa se geimpft ginn, zu Niewewierkunge ka kommen. Dëst sinn awer an der grousser Majoritéit “mëll Verleef“, déi och nees séier fortginn. An dës Kategorie fält ënner anerem liicht Féiwer oder e Wéi op der Plaz, wou een d’Sprëtz krut. Si betounen awer och an hirer Äntwert, datt all medezinesch Interventioun e gewëssene Risiko mat sech bréngt, mä bei den Impfungen “iwwerweien déi positiv Effekter däitlech“, well se Krankheeten, déi e ganz schwéiere Verlaf kënnen hunn, verhënneren an d’Verbreedung vun dëse Krankheete limitéieren. Schwéier Niewewierkunge bei Vaccine wieren awer “enorm seelen“.

Dofir plädéiere béid Expertinnen och dofir, datt ee méi iwwert de Succès vu Vaccine soll diskutéieren. Als Beispill huele si dofir nees d’Riedelen, déi bei Kanner e ganz schwéiere Verlaf kënnen hunn an eventuell och zum Doud kënne féieren. Duerch d’Impfung ass dës Krankheet mat schwéieren Auswierkungen nämlech ganz rar ginn. Diskussiounen iwwert déi positiv Aspekter vun den Impfunge kéinten nämlech e Fundament vum Vertrauen an d’Impfcampagnë mat sech bréngen an esou “eng méi gesond Zukunft fir jidderee fërderen“.

Vaccine ginn detailléiert getest, éier se op de Maart kommen

An der Entwécklungsphas ginn d’Impfungen ëmmer nees getest an am Detail iwwerpréift, éier se iwwerhaapt fir de Maart zougelooss ginn. D’Dokter Judith Hübschen an d’Lisa Hefele präziséieren dann och, datt dës Vaccinen an de klineschen Etüden un dausende Leit getest ginn, fir hir Sécherheet an hir Wierksamkeet ze bewäerten. Ma nieft de Pharmaentreprisen, déi se hierstellen an d’Etüden duerchféieren, iwwerwaachen d’Autoritéiten an och d’Weltgesondheetsorganisatioun d’Vaccinen och nach no hirer Zouloossung genau, fir d’Sécherheet ze confirméieren.

RTLDës Grafik vu Leopoldina weist, wéi eng Phasen e Vaccin duerchlafe muss, éier en op de Maart ka kommen. / © Leopoldina

Dacks dauert et Jore bis e Vaccin hiergestallt a getest gouf an op de Maart konnt kommen. Beim Vaccin géint de Covid-19 respektiv SARS-CoV-2 ass dëst däitlech méi séier gaangen an dëse war no Méint respektiv no engem Joer quasi scho prett, fir ausgeliwwert ze ginn. Dëst erklären d’Virologe vum LIH domadder, datt wärend der Pandemie op engem globalen Niveau zesummegeschafft gouf an d’Entwécklungsprozesser an d’Resultater vun Etüden transparent gemaach goufen. Och, datt d’Technologie an der Fuerschung fir Vaccinen an de leschte Joren e grousse Fortschrëtt gemaach huet an datt d’Impfung géint de SARS-CoV-2 Prioritéit hat an dowéinst och vill Ressourcen an dës Fuerschung gefloss sinn, hunn hei eng wichteg Roll gespillt.

Awer och, esou d’Experte vum LIH, konnten d’Wëssenschaftler, déi un de Vaccine geschafft hunn, “schonn op Erkenntnisser an Entwécklungsprozesser, déi et scho ginn, zeréckgräifen“. Doduerch konnt de Vaccin méi séier entwéckelt ginn, well een eben net “bei Null” huet missten ufänken, wéi dat bei aneren Impfungen de Fall ass. Déi klinesch Etüden, wéi se an der Grafik opgelëscht ginn, goufen dann zum Deel och zu der selwechter Zäit duerchgefouert, fir den Zäitopwand ze reduzéieren, ouni awer d’Sécherheet vum Vaccin ze beanträchtegen.

“Falsch Behaaptunge schueden der Gesondheet an der Sécherheet”

“Aussoe wéi d’Behaaptungen, datt de SARS-CoV-2 a Wierklechkeet net existéiert oder datt d’Pandemie vun iergendengem geplangt gouf, si schlussendlech eng Gefor fir d’Gesondheet an d’Sécherheet vu jidderengem“, esou d’Judith Hübschen an d’Lisa Hefele. “Et wier wichteg, de Leit zouverlässeg Informatiounsquellen ze ginn, fir datt si hir Decisiounen op wëssenschaftlech fundéiert Resultater beroue loosse kënnen.” An der Fuerschungsgrupp, fir déi si um LIH schaffen, komme verschidde Methoden an den Asaz, mat deenen ee Viren net just kann noweisen, mä esouguer ka charakteriséieren. An esou ëmfangräich Fuerschungen, Daten a Beméiunge gëtt et weltwäit. Zil dovunner ass et, fir d’Ausbreedung vu Vire besser ze verstoen an esou d’Verbreedung dovunner méiglechst effektiv anzedämmen oder esouguer ze verhënneren.

D’Behaaptungen, datt eenzel Persounen, wéi de Bill Gates, eng Pandemie plangen oder datt Mënsche bei enger Impfung gechippt ginn, “baséieren net op wëssenschaftlech Beweiser oder glafwierdeg Quellen,” esou béid Expertinnen, déi nach eng Kéier widderhuelen, datt d’Vaccinen dorobber ausgeluecht sinn, fir d’Mënsche viru bestëmmten an deelweis déidleche Krankheeten ze schützen.

Transparenz zu Lëtzebuerg bei Corona

Wat d’Niewewierkunge vun de fënnef Vaccinen, déi géint de Coronavirus zu Lëtzebuerg am Asaz sinn, ugeet, publizéiert de Gesondheetsministère reegelméisseg e Rapport, wou een all d’Niewewierkungen, déi no enger Impfung bei Persounen agetruede sinn an déi ee gemellt krut, notéiert. De Ministère preziséiert awer am Rapport, datt net all Fall, deen an hirer Statistik opgelëscht och forcement op d’Impfung zeréckzeféieren ass, mä agetrueden ass, nodeem d’Persoun geimpft gouf.

Esou goufe bis den 12. Juni 2023, wéi dee leschte Rapport erauskoum, 1.403.058 Dose Vaccin zu Lëtzebuerg genotzt, dat bei 509.231 Persounen. Bei all dësen Impfunge goufen der Santé 2.537 Fäll vun Niewewierkunge gemellt, wouvun der 660 als “schwéier” deklaréiert goufen. A 426 Fäll hunn d’Leit misste behandelt ginn, konnten och eventuell kuerz Zäit net schaffe goen oder d’Haus verloossen, hunn awer net missten hospitaliséiert ginn. D’Santé beschreift den Zoustand vun dëse Patienten als “grippenänlech Symptomer“. An 188 Fäll koumen d’Leit an d’Spidol an a weideren 28 Fäll waren d’Leit hospitaliséiert an et huet Liewensgefor bestanen. An 18 vun de gemellte Fäll si Leit gestuerwen.

Zitt een de Verglach Impfung par rapport vu gemellter Niewewierkung, esou kënnt een an dësem Fall op 0,18 Prozent. Eng grouss Majoritéit vun de Leit, déi ee vun de Corona-Vaccine kruten, haten als keng méiglech Niewewierkung respektiv goufe se der Santé net gemellt.

Fazit

Keng Verschwörungstheorie weist esou däitlech, datt Debunking näischt bréngt, wéi d’Impf-Ligen. Déi medezinesch Communautéit huet antëscht mat 99,9999-prozenteger Sécherheet bewisen, datt Impfen näischt mat Autismus ze dinn huet“, schreiwen de Christian Alt an de Christian Schiffer an hirem Buch, wat sech mat diverse Verschwörungstheorien ausenanersetzt. An trotzdeem tauchen déi oder änlech “Ligen” an Theorien ëmmer nees an diverse Blogs am Internet oder de soziale Medien op.

RTL© DIGICOMPHOTO/SCIENCE PHOTO LIBRA / FCA / Science Photo Library via AFP

Dat Schlëmmst bei dëser Rei u Verschwörungstheorien ass awer, datt d’Leit, déi se verbreeden an ëmsetzen, net just sech an eventuell hir Kanner enger Gefor aussetzen, mä och eng Rei aner onbedeelegt Mënschen. Well wa sech Krankheeten, déi d’Medezin u sech duerch Impfungen schonn ënner Kontroll huet, nees verbreeden, well déi sougenannt Herdenimmunitéit feelt, kann dat schwéier Konsequenze mat sech bréngen.

Dofir sinn eis zwou Expertinne vum LIH och net midd ginn am Interview, ëmmer nees ze widderhuelen, datt sech Persounen, déi sech onsécher sinn, op zouverlässeg Sourcë sollen zeréckgräifen, fir sech ze informéieren. Dëst vu seriéise Gesondheetsorganisatiounen, medezinesche Fachleit oder wëssenschaftleche Quellen. Als Beispill hu se do déi europäesch Gesondheetsautoritéit ECDC, d’WHO, d’Robert Koch Institut oder och divers Gesondheetsministèren uginn. Well d’Zil vun engem Vaccin ass et, d’Persoun, déi geimpft ass, virun enger bestëmmter Krankheet ze schützen.

Sourcen

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.