Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Beräichert sech de Staat u méi héije Spritpräisser?

98564db35fe9fb3a7e99e3ce190b1607

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL

An der leschter Woch gouf virun allem op de soziale Reseauen ëmmer erëm d’Fro opgeworf, firwat d’Spritpräisser sou extreem an Luucht goungen …

Eng weider Fro, déi gestallt gouf, ass, wien hei déi grouss Gewënner sinn? Et liest een dacks: “Wa Präisser vum Sprit klammen, da kasséiert de Staat.” 

Richteg oder falsch?

Wee verdéngt wat op engem Liter Sprit?

D’Präisser vum Sprit bestinn aus 5 Komponenten: De Präis vu Produit + Accisen + CO2-Steier + TVA +  Distributiounskäschten.

RTL

De Basispräis vum Pëtrol

De Basispräis vum Pëtrol ass de Präis vum réie Pëtrol, deen op den internationale Mäert a Relatioun mat Demande an Offer tëschent Produzent an Raffinerien fixéiert gëtt. De Präis vum Produit variéiert awer och a Funktioun vun der internationaler Aktualitéit, déi d’Boursse beaflossen. D’Kotéierung vun de Präisser vun onsem Sprit gëtt um europäesche Spot Maart zu Rotterdam bestëmmt. De Groupement Pétrolier Luxembourgeois representéiert de Secteur hei am Land.

De Präis vum Pëtrol ouni Accisen an CO2-Steier fannt dir hei!

D’Accisen

D’Accise sinn eng indirekt Steier op verschiddene Produiten wéi Alkohol, Zigaretten a Pëtrolsproduiten. Dës Tax gëtt direkt beim Verkafspräis ugerechent. D’Accise gi vun der Douane akasséiert, eng vun den 3 fiskalen Administratioune vum Lëtzebuerger Staat. E minimalen Taux gëtt vun der Europäescher Kommissioun fixéiert, deen all Land als Basis fir säin eegenen Taux benotzt.  D’Accisen hunn zu Lëtzebuerg e fixen Taux, deen op Quantitéit berechent gëtt a net op de Wäert.

CO2-Steier

D’CO2-Steier ass eng Ëmweltsteier, berechent op d’Emissioune vum Kuelendioxid. (2021 waren dat 20€/Tonn CO2, 2022 gouf déi erhéicht op 25€/Tonn CO2). D’Zil vun dëser Tax ass et, d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren an e Fong opzebauen, fir alternativ a propper Energien ze fuerderen. Dës Steier gëtt och vun der Adminstration des Douanes et Accises akasséiert.

TVA (17%)

D’TVA ass eng proportional fix Steier op den Ëmsaz, déi jidderee muss op eng kaafte Wuer oder eng Déngschtleeschtung bezuelen. D’TVA fir Bensin an Diesel läit bei 17%.

Distributiounskäschten

Dat sinn d’Käschte fir den Transport vum Sprit a fir d’Fonctionement an d’Gestioun vun den Tankstellen.

Tauxen vun den Accisen, der CO2 Steier an den Distributiounskäschten fannt dir hei!

Wann dir tankt, wat kritt de Staat?

Dir fuert op d’Tankstell, maacht den Tank voll, gitt an d’Keess a bezuelt. Mol ass et sou vill, mol sou vill. Den Ënnerscheed ka scho bedeitend sinn. Dës 2 Beispiller weisen, wou är Suen higinn a wat den Ënnerscheed ka sinn.

Un Hand vun 3 Datumer analyséiere mir d’Ënnerscheeder tëschent, “héije Spritpräisser” (10.03.2022) bedéngt duerch d’Ukrain-Kris, oder “déiwe Spritpräisser” (24.04.2020), déi dem  Confinement unzerechne waren. Dertëschent huele mir en Datum am Februar 2022 fir eng Moyenne ze gesinn. (D’Zuele sinn hannert dem Komma zweestelleg opgeronnt, fir d’Rechnung méi iwwersiichtlech ze maachen.)

Beispill 1


  Präis 1. Februar 2022                   vs                         Präis 10. Mäerz 2022

      “E gudde Mount méi spéit, d’Präisser explodéieren”

 

Conclusioun vun dësem Verglach

  • Dir hutt am Mäerz voll getankt a bezuelt quasi 30%  méi aus ärem Portmonni fir déi selwecht Wuer. 127,20€ am Plaz vun 88,50€, ee gudde Mount méi spéit. Dat sinn 38,40€ méi.
  • D’Taxen (d’Accisen, d’CO2 Steier an d’Distributiounskäschten) bleiwen identesch. De Staat verdéngt net méi op dësen Taxen, obwuel de Sprit méi deier ass. Dësen Taux ass net variabel.
  • De Staat huet am Mäerz 5,62€ méi op der TVA vun engem 60-Liter-Tank verdéngt wéi am Februar. Independanten a Firmen, déi eng TVA-Nummer hunn, kënnen dës Zomm allerdéngs rembourséiert kréien.

Beispill 2

Mäerz 2022                       vs                   Abrëll 2020

“2 Joer méi fréi”

Conclusioun vun dësem Verglach

  • Un dësen zwou Grafiken gesäit een, dass de Konsument zwee Joer méi fréi fir déi selwecht Quantitéit eng Differenz huet vun iwwer 76,70€ fir e vollen Tank.
  • Uganks 2020 gouf et nach keng CO2-Steier, déi gouf eréischt am Januar 2021 agefouert. Dat mécht en Ënnerscheed op engem 60-Liter-Tank vun 3,60€. Eng weider Hausse vun der CO2-Steier ass fir Januar 2023 virgesinn, vu 25€/Tonn ob 30€/Tonn CO2. Dat wäert um Präis vun engem 60-Liter-Tank e Plus sinn vu 84 Cent, déi de Staat méi an d’Keess kritt.
  • Den Taux vun den Distributiounskäschte gouf 2021 liicht no uewen revidéiert
  • De Pëtrolspräis am Akaf (Abrëll 2020) war um Liter manner deier, wéi d’Totalitéit vun den Accisen um Liter.

Wéi ass et mam Bensin?

Dës Beispiller un Hand vum Diesel kann een op de Bensin, sief et de 95er Oktan oder den 98er Oktan, selwer ausrechnen. Taxë wéi CO2 Steier an Accisen leie beim Bensin liicht iwwer deene vum Diesel. Och de Basispräis vum Produit variéiert, an domat och d’TVA! Den Detail vun den Taxen an Accisen kënnt dir hei nokucken

https://douanes.public.lu/content/dam/douanes/fr/accises/Taux-Accises-LU-2022-02.pdf

Wéi evoluéiert de Präis an d’Taxen un Hand vun onsen 3 Datumen?

D’Suen, déi an d’Staatskeess iwwer d’Accisen erakommen (Taxen, CO2 an Distributioun), variéieren net proportionell mam Präis op der Pompel, wéi een dat hei op der Grafik ka gesinn.

Conclusioun vum Faktencheck

De Staat verdéngt egal fir Diesel oder Bensin, an egal wéi de Präis op der Pompel ass, ëmmer 0,42 Cent pro Liter Sprit u fixe Steieren (Accisen an CO2). Distributiounskäschte missten d’Bedreiwer vun den Tankstellen fir hir Salairen a Fraisen recuperéieren. Wat allerdéngs variéiert, ass d’TVA. Ass de Präis vum Sprit méi héich, kasséiert de Staat méi TVA, also geet och méi an d’Keess.

Den RTL-Faktencheck weist, datt de Staat effektiv pro verkaafte Liter bei enger Hausse vun de Pëtrolsproduiten méi verdéngt. Allerdéngs hunn héich Präisser och en Impakt op d’Verhale vun de Konsumenten. Ass de Sprit méi deier, gëtt an der Reegel manner verkaf.

Op Nofro krute mer vum Finanzministère follgend Zuelen zu de Recetten duerch d’ TVA an d’Accisen (Stand 28.02.2022). Bei den Accisen um Bensin ass et ee Plus vu 9,6 Prozent par Rapport zur nämmlechter Period d’lescht Joer, et läit een awer 3,2 Milliounen Euro ënnert de Recetten, déi am Budget 2022 virgesi waren. Änlech ass et och mam Diesel, hei ass et e Plus vun 9,6 Prozent, par Rapport zu 2021, hei läit een 23 Milliounen Euro ënnert de budgetiséierten Accisen.

Bei den TVA-Recetten (net nëmme Pëtrolsproduiten) huet de Staat ugangs vum Joer 8,5 Prozent méi Suen ageholl, wei dat Joer virdrun a 27,7 Milliounen Euro méi, wei am Budget virgesinn. Duerch di kal Progressioun kritt de Staat méi TVA-Recetten eran, dat well dës e fixe Prozentsaz vum Verkafspräis ausmécht.

Déi wierklech Gewënner vun den héije Spritpräisser

Produzenten, Raffinerien an Distributeure sinn déi grouss Gewënner vun héije Spritpräisser.

Wann en Distributeur vill stockéiere kann, da kann hien och méi spekuléieren, andeems hie méi Flexibilitéit beim Monitoring vum Marché huet. Fir si gëllt d’Reegel: De Gewënn ass am Akaf an net am Verkaf.

De Marché ass momentan nervös wéinst der Ukrain-Kris an d’Bourssë reagéieren op all Beweegunge vun den Haaptacteuren aus dësem Business. Dëst bewierkt am Moment déi grouss Variatiounen um Präis vum Barrel, déi Repercussiounen hunn op de Präis op der Pompel. Och de psychologesche Volet spillt den Ament eng bedeitend Roll.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.