Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Blëtzen d’Radare vun de Roude Luuchten och bei Orange?

RTL-Faktencheck: Blëtzen d'Radare vun de Roude Luuchten och bei Orange? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Le premier radar feu rouge du pays est entré en service le 23 juillet 2021 / © Domingos Oliveira/ RTL Luxembourg

Zënter der Installatioun vum éischte Radar fir Rout Luuchten zu Lëtzebuerg, hu vill Leit hir eegen Theorie iwwer de Fonctionnement vun dësem Apparat. Awer wéi funktionéieren d’Radare genee?

Et ass wichteg ze wëssen, dass aktuell zu Lëtzebuerg just ee Radar fir Rout Luuchten operationell ass. Et handelt sech ëm den Apparat, deen op der Stäreplaz installéiert ass. De Radar gouf den 23. Juli 2021 a Betrib geholl, also viru bal engem Joer.

D’Zuel vun den operationelle Radare fir Rout Luuchte gëtt deemnächst awer vervéierfacht. Zu Hollerech goufe viru Kuerzem nei Apparater installéiert, an obwuel se blëtzen, gouf nach keen Automobilist sanktionéiert. Firwat net? Well dës dräi Radaren nach an der Testphas sinn.

WÉI FUNKTIONÉIERE SE?

Am Géigesaz zu deem, wat ee vläicht denkt, blëtzen d’Radare fir Rout Luuchten net just Gefierer, déi iwwer Rout fueren. Se kontrolléieren och d’Vitesse vun den Automobilisten.

An der Praxis sinn dës Apparater ëmmer esou installéiert, dass d’Chauffere vun hanne geblëtzt kënne ginn. Op dës Manéier kënnen d’Apparater de Passage vun de Roude Luuchten a gläichzäiteg d’Vitesse vun den Autoen iwwerwaachen.

RTL Un radar feu rouge installé à Hollerich en 2022 / © Domingos Oliveira/ RTL Luxembourg

AB WÉINI ASS EEN IWWER ROUT GEFUER?

Dat ass eng Fro, déi ëmmer nees opdaucht, a se ass berechtegt. Effektiv kann een heiansdo iwwerrascht ginn, wa Luuchten op Rout sprangen. An déi gutt Noriicht ass, dass d’Reegele ganz kloer sinn.

“De Radar fir Rout Luuchten erfaasst Verstéiss um Niveau vun der Luucht vun deem Moment un, wou de viischten Deel vum Auto méi wéi zwee Meter iwwer der Haltelinn steet“, erkläert den Transportministère.

Mat anere Wierder, wann een net méi wéi zwee Meter iwwer d’Haltelinn fiert, gëtt een net bestrooft. Et gëtt natierlech dovun ofgeroden, aus dem Gefier ze klammen, fir den Depassement ze iwwerpréiwen.

Gutt ze wëssen: An exzeptionelle Fäll vun engem Depassement vun der Haltelinn fir e Gefier vum Bereetschaftsdéngscht laanscht ze loossen, gëtt “eng Foto vum Gefier gemaach, awer et gëtt kee Verstouss festgehalen.”

BLËTZT DE RADAR OCH BEI ORANGE?

“Ech gouf geblëtzt, wéi ech bei Orange driwwer gefuer sinn”,  ass eng Behaaptung, déi ee sécherlech scho vun engem Frënd oder Bekannten héieren huet. Mä dat ass net wouer a kann net geschéien.

Den Transportministère huet op Nofro hin en Donneschdeg confirméiert, dass de Radar fir Rout Luuchte keng Gefierer blëtzt, wann d’Luucht op Orange spréngt.

Wann ee beim Passage op der Stäreplaz en Doute hat, kann een also berouegt sinn. Et kritt een an den nächste Woche kee Protokoll heemgeschéckt.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.