Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Den 1. Strofziedel am Joer ass NET gratis

RTL-Faktencheck: Den 1. Strofziedel am Joer ass NET gratis - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

Villäicht huet een et schonn héieren: “Den éischte Protokoll am Joer brauchs de net ze bezuelen.” Ma dat ass awer falsch.

Et ginn eng Partie Behaaptunge ronderëm en Avertissement taxé, also enger Verwarnung mat Geldstrof, wéinst ënnert anerem Falschparken oder Parken ouni gëltegen Ticket. Déi eng mengen et wier den éischten Avertissement taxé am Joer, deen ee géif geschenkt kréien. Anerer mengen, wann een deen éischten net bezilt, kënnt kee Rappell no soulaang een deen nächsten Avertissement da bezilt. Béides ass falsch.

E gratis Avertissement taxé gëtt et zu Lëtzebuerg net, deemno muss een deen och bezuelen, egal, ob et den éischte vum Joer ass oder net”, sou d’Police Lëtzebuerg.

Et huet ee 45 Deeg Zäit fir en Avertissement taxé ze bezuelen. Da kënnt per Post den éischten a leschte Rappell. Wann ee bis e Recommandé kritt mat der Opfuerderung d’Strof ze bezuelen, huet ee besser dëst ze maachen. Ignoréiert een dës Opfuerderung gëtt d’Strof nämlech verduebelt.

Artikel 4ter vum Code de la route: “À défaut de paiement ou de contestation, dans le délai imparti par la lettre recommandée prévue au paragraphe 1 er,
alinéa 2, d’un avertissement taxé décerné pour une infraction ne donnant pas lieu à une réduction de points, la personne pécuniairement responsable est informée qu’elle est redevable d’une amende forfaitaire correspondant au double du montant de l’avertissement taxé, par lettre recommandée.”

Wann een d’Strof net bezilt, well een dëst zum Beispill refuséiert, gëtt e Procès-verbal geschriwwen. D’Verwarnung mat Geldstrof kann awer och an anere Fäll zu engem Procès-verbal ordinaire ginn:

  • wann de Concernéierten ënner 18 Joer al ass
  • wann d’Strofdot am Zesummenhang mat Kierperverletzung oder Doudschlag steet
  • wann de Concernéierten den Avertissement taxé net am festgeluechtenen Zäitraum bezuelt huet
  • wann de Concernéierten erkläert, dass en net bereet ass, den Avertissement taxé ze bezuelen oder net an der Lag ass en ze bezuelen
  • wann d’Iwwerschreidung vun der Vitesslimitatioun méi wéi 50 Prozent méi héich ass wéi déi zoulässeg Héchstgeschwindegkeet an ee méi wéi 20 Kilometer d’Stonn driwwer ass

Dëst ass am Artikel 15 vum Code de la route festgehalen.

Et gëllt also: Et ass egal, ob et deen éischten am Joer ass oder net. Et ass egal, ob een deen zweeten an drëtten Avertissement taxé bezuelt huet oder net. All eenzel Verwarnung mat Geldstrof muss bezuelt ginn.

 

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.