Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Anti-Kreml-Propaganda weist Wladimir Putin viru Geriicht

Faktencheck: Anti-Kreml-Propaganda weist Wladimir Putin viru Geriicht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A Social-Media-Bäiträg sinn Opnamen opgedaucht, déi de russesche President Wladimir Putin hannert Gitteren ze weise schéngen a behaapten, hie wär wéinst Terrorismus verhaft ginn. Allerdéngs gouf de Clip manipuléiert, fir dem Putin säi Gesiicht mat engem aneren auszetauschen. De russesche President ass nach ëmmer un der Muecht.

“Breaking News: Den Ausseministère huet e Coup d’État a Russland annoncéiert a sot, de Putin wär ënner Hausarrest gestallt ginn”, wéi et an engem vereinfachte chineeseschen Tweet steet, deen den 12. September verëffentlecht gouf.

De Video, dee méi wéi 70.000 Views huet, schéngt de Putin hanner Gitteren an enger Aart Käfeg an engem iwwerfëllte Geriichtssall ze weisen.

De Clip huet Ënnertitelen, déi besoen, dass de russesche Leader wéinst dem “Plange vun Terrorakten” ugeklot gëtt.

D’AFP huet keng Beweiser fir esou e Coup d’État a Russland fonnt – oder dofir, dass de Putin am September verhaft a viru Geriicht gestallt gouf.

RTL A screenshot of the misleading post, taken on September 13, 2022

De Video gouf nieft enger änlecher Behaaptung och op Twitter a Gettr gedeelt.

Dem Kreml gëtt zanter der Invasioun an der Ukrain, déi de 24. Februar 2022 ugefaangen huet, virgehäit, Krichsverbriechen a Verbrieche géint d’Mënschlechkeet an de besate Gebidder begaangen ze hunn.

D’Invasioun vu Moskau huet de schlëmmste Konflikt zanter Joerzéngten an Europa ausgeléist, bei deem Dausenden Zivilisten ëm d’Liewe komm sinn.

Verschidden Notzer vu sozialen Netzwierker schéngen ze gleewen, dass dat Filmmaterial wierklech de Putin weise géif, obwuel vill Leit dorop hiweisen, dass hien dora méi jonk ausgesäit.

“Dat ass de Putin virun 30 Joer, [kuckt Iech] säi Bléck un”, kommentéiert een. Een aneren huet geschriwwen: “Dat wäerte fréier Opname vum Putin sinn.”

‘Schlaue Montage’

Eng ëmgedréint Billersich huet de selwechte Video fonnt, deen de 14. Februar 2012 op YouTube verëffentlecht gouf.

D’Videobeschreiwung erwäänt e Film mam Titel “The Assassination of Russia” a gëtt e Link zu engem Dokumentarfilm un, deen 2012 publizéiert gouf.

En AFP-Artikel aus dem Joer 2012 erkläert, dass de Video tatsächlech e “clever geschniddene Montage” war, an deem dem Putin säi Gesiicht op de Kierper vum fréieren Tycoon Michail Chodorkowski, deen elo am Exil lieft, gesat gouf.

De Clip, deen a Russland virun de Presidentiellen am Mäerz 2012 viral goung – gouf gedréit, fir Reklamm fir en Dokumentarfilm ze maachen, deen op engem Buch baséiert, dat behaapt, dass russesch Sécherheetsdéngschter 1999 eng Rei vun déidleche Bommenattacken an Appartementsquartieren arrangéiert hunn.

Op enger Plaz am Video weist d’Kamera eng DVD-Këscht, déi de Cover vum Dokumentarfilm op engem Schreifdësch weist.

RTL A DVD of “The Assassination of Russia” seen in the video (L) and the film's cover on its IMDb page (R)

D’Originalmaterial staamt aus “Chodorkowski”, engem Dokumentarfilm aus dem Joer 2011 iwwer den eemolegen Oligarch, deen 2003 wéinst Bedruch a Steierhannerzéiung am Prisong souz, nodeems hien e Konflikt mam Putin hat.

Haut lieft hien am britteschen Exil an ass zu engem vun de prominentste Kritiker vum Putin ginn.

Op der IMBd-Säit vum Dokumentarfilm si verschidde Fotoen ze gesinn, déi de Chodorkowski viru Geriicht weisen.

RTL Screenshot from a false post (L) and the original footage showing Khodorkovsky in court (R)

D’IMDb-Säit weist och Fotoe vun deene selwechte Beamten, déi am manipuléierte Filmmaterial ze gesi sinn.

RTL Screenshot from a false post (L) and the original footage showing officials at Khodorkovsky's court case (R)

Behaaptungen, de Video géif de Putin viru Geriicht weisen, goufe schonn am Mee 2022 vun der Faktencheck-Organisatioun ‘Vox Ukraine’ als falsch opgedeckt.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.